Episoder
-
Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!!
Den Neijoersvirsaz Ă«nnert de lĂ«tzebuergesche Podcasts start mat Elan an den ĂŒblechen zwou bis drĂ€i Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprĂ©cht wĂ©i Ă«mmer wĂ©ineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awer hĂ«tzeg Diskussiounen, flaach Witzer an absolut grenzwĂ€erteg Aussoen.
New year, old habits. An domadder hu mir eisen Neijoersvirsaz schonn direkt futti gemaach. -
Och wann et NACH NET eise versprachene Live ass: mir kënnen iech net einfach esou hÀnke loossen. Bei den 3. groussen TAUMEL Awards blécke mir am Smoking op dat lescht Joer zréck a verginn déi prestigiéis PrÀisser a beléifte Kategorien, wéi zum Beispill 'Vull vum Joer' oder 'Grond fir den 112 unzeruffe vum Joer' (presentéiert vum CGDIS). Kee vun den Nominéierte wollt sech op eiser Gala blécke loossen, mee dat verwonnert lo och net wierklech, oder?
Merry XMAS léif Fësch.
-
Manglende episoder?
-
EnthÀlt: StrÀitgespréicher, domm Wuertwitzer, Falschinformatiounen.
Grad wanns de mengs, dass de et gepackt hues fir wÀrend 6 Méint politescher Dauer-Kommunikatioun net verréckt ze ginn, komme mir 3 fréipensionnéiert Radiosgesiichter em den Eck a ginn dir de Gnodestouss.
SpĂ©itstens an dĂ«ser Folg beweise mir endgĂŒlteg, dass eis Mammen an der Schwangerschaft Crack gefĂ«mmt hunn a kommentĂ©iere mat enger MĂ«schung aus Autismus a geeschteger Absence non-excusĂ©e d'Resultater vun den Nationalwalen.
-
Wéi all gudde Porno kënnt och dëse Summer iergendwann op en Enn. An dat bedeit, dass mir drÀi aus eisen Ecker gekroch kommen (De Joe aus der VIP-Vakanz a Griechenland, de Philippe aus engem geheime Mönch-Meeting an de Kasematten an Baschti vun ënnert engem grousse Steen).
A fir iech nees ënnerduerchschnëttleche Content liwweren, mat Léift op der Hand gemaach, wéi bei der italienescher Nonna. Haut am Mix: Eise Familiestammbam ass anscheinend e Krees, de Joe huet komesch Begéignungen am Bus a mir probéieren eis un der Welt vu muer - Kënschtlech Intelligenz huet et an d'ErklÀr&Laach gepackt.
-
Mir haten et leider, leider versprach: Nodeems eis belsch Noperen an der leschter Folg kritt hunn, wat hinnen historesch an ethesch zousteet (Frechheeten a Mobbing) wëlle mir an dëser Folg dann eis journalistesch Grondausbildung éieren, an de Sujet och vun der anerer SÀit beliichten. Der Belsch also...Komplimenter maachen. Mir sinn sou anescht ginn.
-
Wéi gewinnt leien an eisem klenge Kuschelpodcast Normalitéit a komplette Chaos ganz no beieneen.
Sou hu mer och um Europadag eng Folg opgeholl déi tëscht Léift an Haass balancéiert - bëssi wéi de Fred Keup um Drotseel vun der Existenz als Neonazi.
NiewebÀi diskutéiere mir natierlech och iwwer d'Kréinung vum Charles III., d'al Praxis vum Duelléieren an de Baschti schwÀtzt iwwert sÀin dÀischtert Geheimnis...
-
Et war esou laang an der Maach: Eist Management-Team huet sech an onzielege Sëtzunge mat der Maison du Grand-Duc iwwer Klengegkeeten am Vertrag gestridden, d'Land huet wéinst multipele Krisen ëmmer nees misse vu sengem Staatschef getréischt ginn an awer ass et elo endlech sou wÀit...
S.A.R. de Grand Duc Henri, Porteur vum slowakesche wÀissen Duebel-KrÀiz-Uerden, léisst sech erof fir eise Podcast ze besichen. A mir sinn immens geéiert! Et ass just suboptimal, dass mir nach eng ganz Rei Saachen ënnert eis ze beschwÀtzen hunn...N.B.: Eis Affekoten hunn eis geroden, fir op dëser Plaz nach emol ze betounen, dass mir e satireschen (an de Wieder vun den Affekoten: iwwerflëssegen) Podcast sinn, dee mat der Realitéit nÀischt ze dinn huet. Dat Gespréich ass vun enger AI geschriwwe ginn.
-
De Pippo ass nees zréck vu sengem spirituelle Retreat! An dofir si mir och nees do.
An et gëtt vill Spannendes ze beschwÀtzen: déi neisten Hiobsbotschaften aus der AI-Welt, déi wuel legendÀersten HochzÀit vun de leschten zwou Wochen, eng Competitioun fir déi dommste Wuertspiller a villes méi.
Mir verspriechen: mat eis vergeet d'ZÀit *net* wéi am Fluch. -
Frësch gepresst a just fir iech: Eng nei Folg mat originelle Fake News zum Ursprong vun der Cactus-Dynastie, Amphibien an Social Eating.
Net ze vergiessen natierlech de Merci vun der Woch, an e Sponsor-Message (nee, net vun der Pizzeria Le Special).
Siiiiiuuu. -
Wat den Dan Kersch an dem Myriam Cecchetti sÀi Mëttelfanger fir d'Demokratie sinn, dat si mir fir d'Podcastwelt zu Lëtzebuerg. An deem Sënn luede mir nees an op eng Table Ronde zum Thema 'Pippo's Powerpoint Persiflage'. Raum fir Participatioun ass leider net ageplangt.
-
Dësen Episode vum zertifiéiert beschte Podcast aus der Kategorie 'Gëlle Fro an ErklÀr&Laach' ass d'Kinneksdisziplin fir all Fësch:
Wien sech duerch déi éischt 20 Minutte wuertwiertleche SchÀiss wullt, gëtt belount duerch dat, woufir mir mat eisem Numm stinn. ErklÀren a laachen. Laang ass et hier. -
2023 huet scho laang ugefaangen, mee mir erweche lo réischt aus eisem onverdéngt Wanterschlof: de Pippo an de Joe hunn alt wéinstens vun neie Rubricke gedreemt, se erziele vum Spa an der Eifel an de Baschti kritt esou lues seng Perséinlechkeet vum Radio an déi vum Podcast net méi getrennt - eng klassesch Féckmillchen. Mee ëmmerhin: eis huet et gutt gedoen, fir nees beieneen ze setzen. Lo hoffe mer just, dass dir hei net ze vill IQ-Verloscht kritt.
-
2. TAUMEL Awards Zeremonie
LIVE aus dem kléngen Turnsall vu Peppeng melle mir eis mat der wuel gréisster PrÀisgala östlech vun der WÀisser Iernz: haut decidéiert sech, wien am leider och nees miese Joer 2022 déi beléiften Taumel Awards mat heem huelen dierf. A Kategorien vu 'Vull vum Joer' bis zum 'Richtege Peoples Choice Podcast Award' ass alles dobÀi fir de grousse Joresréckbleck. Avec amour, Àr drÀi Profiditoen.
-
Wat ass bei de Podcast Awards schief gaang? Paus net dobÀi, Happy Hippos net dobÀi, a yours truly och net... Mir ginn op Spueresich a kommen zu (k)enger Konklusioun. Fir et mat den onstierfleche Wierder vun engem vun de gréissten a breedsten Dichter vun eisem Land ze soen: FCK RTL
-
An der Hoffnung dass een eis sënnlos a liicht iwwerflësseg Beschreiwungen hei liest, ass hei eng wichteg Warnung: D'gëlle Fro probéiert e Podcast-Monopol opzebauen an zesumme mat den Illuminati vum Gruppetto aus ganz Lëtzebuerg ze kontrolléieren! Du kanns dat nëmme verhënneren andeems du des Folg lauschters an op Follow klicks! D'Schicksal vum Land, jee vun der ganzer Groussregioun lÀit an denge WurschthÀnn.
-
WĂ©i an engem episodesche Filmmeeschterwierk vum Wes Anderson huele mir iech haut mat op eng verzaubert Rees duerch eis defekt KlĂ€ranlag, bis uewe gefĂ«llt mat onsĂ«nnegen Themen an enger grousser Fro: Wat mĂ©cht de Joe mam Soundboard? Ausserdeem mat um Start (oder um Stizzle, wĂ©i d'Kids net soen) sinn de Merci vun der Woch, eng philosophesch Fro an d'Thema Dout. Ăa promet seet de Belsch.
-
Eng Folg sou gefëllt mat Inhalt, dass se bal platzt: Vun engem onnéideg laangen Ausfluch an d'Sportwelt begi mir eis natierlech kuerz op d'Insel fir iwwert déi eenzeg Premierministesch ze schwÀtzen, déi jeemools engem Kinnek AN enger Kinnigin gedéngt huet. Mir hunn en extrem praktesche Lifehack fir iech, de Merci vun der Woch an NATIERLECH: de grousse Quiz mat Euphemisme fir Masturbatioun.
-
Wéi kann een den Erfolleg vum Jeff Bezos kopéieren - nee - verbesseren? Dat a weider #Lifehacks presentéiere mir iech an enger neier Folg live aus dem Geckenhaus. Ausserdeem beschÀftege mer eis mat der Fro: Wat mécht méi korrupt: Muecht oder Geld? Mir mussen et jo wëssen.
Inzest dierf als Thema natierlech och net feelen, mee dat kennt dir jo souwisou vun eis. -
HÀerzlech Wëllkomm zréck bei der Russland-Krim-Bréck vun de lëtzebuergesche Podcasts!
Mir sinn zréck aus der Summerpaus a bidden Iech endlech nees gratis Intelligenz-Immodium. Dat ënnert anerem mat engem Bléck op eise verstëpsten Insta-Kanal, dem Baschti senge kulinareschen Aventuren, an engem Joe, deen lo alles anescht maache wëll wéi fréier...
C'est n'importe quoi géif de Belsch soen, mee je kiffe. -
Et gĂ«tt esou lues elle waarm, a mir verofschidden eis an eng absolut onverdĂ©ngte Summerpaus. Ăier mir fort sinn fir an iergendenger Toilette ze tauchen, bidde mir awer natierlech nach eng KĂ©ier eng uerdentlech Portioun Blödsinn, vum Joe senger Mamm, dĂ©i duerch hiren HĂ«nner otemt, bis hin zu den neisten Dommheete vum lĂ«tzebuergeschen Twitter. Fir Antiinformatioun ass wĂ©i Ă«mmer gesuergt.
Also léif Fësch, bis am Hierscht, passt gutt op iech op.
Kussi, Àr drÀi Liblings-Evolutiounsbremsen - Vis mere