Episoder
-
Et sollt eng méi speziell Am Takt-Sendung ginn. Am Mëttelpunkt vun dësem Episod stoung d'Fra, nëmmen e puer Deeg nom internationale Weltfraendag. Dowéinst dann och eng KënschtlerIN am Interview, d'Barkissa.
-
No enger kuerzer Fuesvakanz si mir erëm do, dat och direkt mat zwee Invitéeën.
-
Manglende episoder?
-
Zu New Orleans, do wou seng musikalesch Virléiften doheem sinn, huet de Steph Colling sech fir säin 2. Album inspiréiert. An deen ass elo endlech fäerdeg a kënnt dëse Freiden eraus.
-
Haut stoung d'Sendung ganz ënnert dem Pop-Stär, ënner anerem wéinst eiser Invitée vum Owend.
-
Et war eng Grëtz méi rau dës Kéier Am Takt.
-
Fir déi éischt Sendung vum Joer hu mir eng schéin Mëschung aus Pop-Folk a Reggae-Hip Hop um Menü.
-
Fir de lescht Sendung vum Joer hu sech The Tame and The Wild ugemellt. D'Grupp schléisst 2023 mam Titel Save Our Daughters iwwert deen dann och diskutéiert ginn a selbstverständlech hat de Flëpp d'Gittar, an d'Seja seng Stëmm jo souwisou, dobäi.
-
Eng instrumental Band, eng nei Sängerin an een internationale Grupp: dat steet um Menü op dëser éischter Episod am Dezember.
-
Leschten Episod fir de Mount November. 2 Artisten hate sech dës Kéier ugemellt; de Sacha Hanlet, bekannt duerch Mutiny On The Bounty an Them Lights, an de Francisco Fernandez vun The Ferocious Few.
-
Eng nei Single, eng nei EP an een neien Album - dat alles gouf den Owend "Am Takt" thematiséiert, gläich mat 3 Invitéeën.
-
2 Gäscht am Episod vum 13. November; eng Kéier mat engem Buch, déi aner Kéier mat enger Gei.
-
Falls den Titel nach keen Indiz war: et ass eng gutt gepaakten an diversifiéiert Sendung dës Kéier.
-
Nieft e puer Lidder déi an d'Course geschéckt goufe fir Lëtzebuerg d'nächst Joer zu Malmö beim ESC ze vertrieden, waren dës Kéier och Alfalfa an The Horse Blinders bis op de Kierchbierg komm.
-
Dës Kéier si mir e klenge Rock-Mix um Start, plus zwou Album-Releasen.
-
Et geet ëm nei Musek, mental Gesondheet an den Anniversaire vum "Women Life Freedom Movement" am Iran op dësem 9.Oktober.
-
Et schéngt d'Sendung vun den Newcomer dës Kéier ze sinn.
-
Wien dës Woch wëlles hat an d'Rockhal ze pilgeren, kann direkt e puer Lëtzebuerger Gruppen do entdecken. En Donneschden invitéiert de Rocklab op zwou weider Live-Sessions an e Freiden ass de Lucas Ferraz op Besuch fir säi Solo-Debut-Album Demons In My Head virzestellen.
-
Dës Woch ass e bëssen eng méi lass hei zu Lëtzebuerg, deemno och bei eis am "Am Takt".
-
Am Episod vum 11. September war erëm fir jiddereen eppes dobäi; nei Musek vu Versus You, Stelise steieren op den nächsten Album duer, e Lidd iwwert den FC Marisca Miersch an den Josh Island war do fir iwwert säin éischten Album ze schwätzen
-
No enger klenger Summerpaus si mir erëm do mat engem liicht adaptéierte Konzept an enger Partie neie Releasen.
- Vis mere