Episoder

  • De JĂ©rĂŽme an d'Bea Ă«nnerhalen sech mat hir iwwer hirt neit Buch "Die HĂ€user von drĂŒben",e Band mat Kuerzgeschichten op DĂ€itsch.

    D'Fabienne Faust huet sech bis elo Ă©ischter en Numm als Lyrikerin gemaach, an dat a verschiddene Sproochen. Mat "Tu veux danser" (Ă©ditions Phi 2014) oder "Hier - ein Fehlen" (Ă©ditions Phi 2020) huet si sech an der Poesie-Zeen zu LĂ«tzebuerg etablĂ©iert. Weider ervirzestrĂ€ichen ass zum Beispill nach hir Mataarbecht um Sammelband "High Five" (Black Fountain Press 2019) zu dem si Gedichter op Englesch bĂ€igesteiert huet. Mat hirem neitste Buch "Die HĂ€user von drĂŒben" geet si op en neie Wee, et ass e Band mat Kuerzgeschichten op DĂ€itsch. Am Interview mam JĂ©rĂŽme Jaminet a mam Bea Kneip erzielt si, wat si dozou inspirĂ©iert huet, a firwat de BlĂ©ck aus der FĂ«nster an op "Die HĂ€user von drĂŒben" fir si esou wichteg ass.
    "Die HĂ€user von drĂŒben" vun der Fabienne Faust ass bei den Ă©ditions Phi erauskomm
    D'Kuerzgeschicht "Summer Flakes" vun der Fabienne Faust ass am Recueil "Solarpunk" enthalen, erauskomm bei "Aner Welten"

  • 2023 war Slowenien Gaaschtland op der Frankfurter Buchmesse. De JĂ©rĂŽme an d'Bea hu sech an dĂ©i slowenesch Literatur eragelies

    "A Honeycomb of Words" oder "Waben der Worte" dat war de Motto vun der slowenescher PrĂ€senz zu Frankfurt. An hirer PrĂ€sentatioun erklĂ€ren d'Organisateuren dat esou:"So wie de Bienen - angesichts ihrer GrĂ¶ĂŸe- unermesslich weit in die Welt hinausfliegen, um mit einem Tropfen Nektar und einem Pollenkorn heimzukehren, so kamen auch verschiedene kulturelle, kĂŒnstlerische und intellektuelle EinflĂŒsse in die slowenische Sprache und die slowenische Kultur...So entstand eine Kultur, die die europĂ€ische Vielfalt widerspiegelt und zugleich einzigartig und originell ist. Es ist eine eigenstĂ€ndige Zelle, die weiß, dass sie ihre Existenz und Entwicklung der Eingebundenheit in die Wabe der Menschheit verdankt."
    Slowenien ass e klengt Land, mat ronn 2 Milliounen Awunner. Dass seng Literatur awer alles anescht wĂ©i kleng ass, dovu konnten de JĂ©rĂŽme Jaminet an d'Bea Kneip sech iwwerzegen. Si hu Bicher vu prominente sloweneschen Auteuren wĂ©i dem Drago Jančar, der Mojca Kumerdej an dem AleĆĄ Ć teger gelies a sech mat der Katja Stergar (Directrice vun der slowenescher Buchagence) souwĂ©i der amerikanesch-slowenescher Autorin Erica Johnson Debeljak Ă«nnerhalen. A si hunn och e puer slowenesch SpezialitĂ©iten dĂ©gustĂ©iert!

    Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat:
    "Als die Welt entstand" Drago Jančar
    "Unter die OberflÀche" Mojca Kumerdej
    "Das Lachen der Götter" Aleƥ Ơteger
    "Verliebt, verheiratet, verwitwet, verhurt" Erica Johnson Debeljak (S.Marix Verlag)
    "Die Wilden und die Eleganten - Neue Literatur aus Slowenien" zusammengestellt von AleĆĄ Ć teger (Die Horen, Zeitschrift fĂŒr Literatur, Kunst und Kritik, Nummer 291) Wallstein Verlag

  • Mat "NuebelschnĂ©ier" huet de Jean Back e ganz persĂ©inlechen Erzielband erausbruecht.

    "Nuebelschnéier", dat sinn zwou Kuerzgeschichten an e Kapitel mat Textfragmenter déi op den éischte Bléck nÀischt mateneen ze dinn hunn, déi awer all iergendwéi zesummenhÀnken.
    "De Firmi" gëtt aus der Siicht vun engem klenge Jong erzielt, deen an enger Psychiatrie ass, well e vu senger Mamm mësshandelt gouf. Trotzdeem wënscht en sech nÀischt méi wéi nees bei si ze kommen.
    "De wÀissen Tiger" spillt an engem Altersheem. Den Enkel, dee seng Bom regelméisseg do besicht, fënnt no an no méi iwwert hier JugendzÀit eraus a léiert déi eeler Damm vun enger ganz anerer SÀit kennen.
    An "Ze déif a d'Gewan gekuckt - 20 Glieser an e puer Schierbelen" verschafft de Jean Back den Doud vu senger Mamm, déi viru kuerzem am Alter vun 93 Joer gestuerwen ass.
    Am Interview mat de "BicherLieser" JérÎme Jaminet a Bea Kneip verréit de Jean Back wéi en duerch de Roger Manderscheid un d'Schreiwe komm ass, hien erzielt vun enger Schoulaufgab déi him, Joren duerno, e wichtege LiteraturprÀis abruecht huet an hie geet op dee schwierege Prozess vun der Trauer ëm seng Mamm an.

    De Jean Back, Joergang 1953, schreift op DÀitsch an op Lëtzebuergesch. Mat "Wollekestol" huet hien 2003 sÀin éischte Roman bei den Editions ultimomondo erausbruecht. Fir seng Novelle "Amateur" gouf hien 2010 mam European Prize for Literature ausgezeechent. Nieft der Literatur interesséiert sech de Jean Back och fir Molerei, Fotografie a Film. Vun 1989 bis 2015 war hien Direkter vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA) zu Diddeleng.
    "Nuebelschnéier" vum Jean Back ass bei Kremart Edition erauskomm.

  • MĂ©i wĂ©i StĂ©ierkampf a Sangria: De JĂ©rĂŽme Jaminet an d'Bea Kneip maachen en Tour iwwer dĂ©i iberesch Hallefinsel

    Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat:

    "Tage ohne Cecilia" Antonio Muñoz Molina
    "Die Mauersegler" Fernando Aramburu
    "Die Reise nach Ordesa" Manuel Vilas
    "Mein Herz so weiß" Javier Marías
    "Mitten im Sommer" Ana Iris SimĂłn
    "Geliebte und Feinde" Rosa Montero
    "Das Schweigen des Sammlers" Jaume Cabré
    "Singe ich, tanzen die Berge" Irene SolĂ 
    "Juan Belmonte. Stiertöter" Manuel Chaves Nogales

    Am Interview: d'Journalistin a Schrëftstellerin Rosa Montero

  • A sengem neie Gedichtband "Das Karussell von Odessa" beschĂ€ftegt de Pit Hoerold sech mam Krich an der Ukraine.

    D'Situatioun tëscht der Ukraine a Russland hat hie scho laang virum 24ste Februar 2022 am Bléck. Wéi de Krich dunn ausgebrach ass, war et dem gebiertege Beetebuerger wichteg, sech och literaresch domat ausenaner ze setzen.

    De Pit Hoerold ass net nëmme Lyriker, mÀ och Museker, Auteur vu Kannerbicher, an hien ass ee vun de Pappen vum Prix Laurence, bei dem all Joers jonk Auteuren tëscht 12 a 26 Joer hir Texter areeche kënnen. Haaptberufflech huet hie sech mat Publicitéit beschÀftegt, a senger FrÀizÀit ass hien e passionnéierte Velosfuerer. Iwwer all dat, an nach villes méi huet hien sech mam JérÎme Jaminet a mam Bea Kneip fir hiere literaresche Podcast "RTL BicherLies" ënnerhalen

  • Si huet 15 Bicher verĂ«ffentlecht, 1997 krut si de Servais-PrĂ€is an elo de Batty-Weber-PrĂ€is

    D'Margret Steckel, déi 1934 a Mecklenburg gebuer ass, 1955 d'DDR verlooss huet, an zënter 1983 zu Lëtzebuerg lieft, verschafft an hiere Bicher déi ënnerschiddlechst Themen. Vum Polit-Skandal iwwer Kandheetserënnerungen bis zu engem grousse Roman iwwer d'Famill Servais. Si huet villes z'erzielen an si mécht dat esou spannend dass de JérÎme an d'Bea doriwwer bal d'ZÀit vergiessen!

    Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat:
    Vun der Margret Steckel:
    "Aus-Weg-Los" (ErzÀhlung) Lambda, Hamburg 1989
    "Nie wieder nirgendwo" 1993
    "Der Letzte vom bayrischen Platz" Ă©ditions Phi 1996
    "Die TrÀne aus der Wand" Neuer Hochschulschriftenverlag, Rostock 2000
    "Die Schauspielerin und ich" Ă©ditions Phi 2003
    "Servais, Roman einer Familie" Ă©ditions Guy Binsfeld 2010
    "Ins Licht sehen" (ErzÀhlungen) capybarabooks 2016
    "Jette, Jakob und die andern" capybarabooks 2017
    "Daisy Fiedler" capybarabooks 2021
    "Meine Sprache, mein Farbkasten - Rede zur Literatur 08" CNL 2021

    Vun aneren Auteuren:
    "StĂŒrze aus unterschiedlichen Fallhöhen" Elise Schmit, Hydre Ă©ditions
    "Ein Wort in Esels Ohr" JĂ©rĂŽme Jaminet, capybarabooks

  • EisterrĂ€ich ass dĂ«st Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse vum 27sten bis den 30sten AbrĂ«ll.

    Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser JérÎme Jaminet a Bea Kneip fir sech mat der Literatur aus der Alperepublik ze beschÀftegen! De JérÎme huet sech souguer druginn, fir de Motto vun der éisterrÀichescher PrÀsenz zu Leipzig op déi richteg éisterrÀichesch Manéier auszeschwÀtzen. "meaoiswiamia", dat ass guer net esou einfach!
    Wat sech hannert dem Motto verstoppt, wéi et dem Verlagswiesen an EisterrÀich geet, a wéi eng Auteuren an Auteurinnen aus der Alperepublik een op kee Fall verpasse sollt, doriwwer hunn d'Bea an JérÎme sech natierlech och mat der Katja Gasser ënnerhalen.
    Ausserdeem hu si mat der Helena Adler, enger vun den aktuell erfollegrÀichste éisterrÀichesche Schrëftstellerinnen, iwwer hieren neie Roman "Fretten" geschwat, si diskutéieren iwwer dem Michael Köhlmeier seng Roadnovel "Frankie" an si hunn natierlech nach eng ganz Rëtsch Lies-Tipps mat am GepÀck!

  • Dem Volker Kutscher seng Krimiserie ass d'Romanvirlag fir d'ARD Kultserie "Babylon Berlin"

    Zënter 2017 leeft d'Krimi-Serie Babylon Berlin op der ARD an ass mëttelweil scho richteg Kult ginn. D'Tele-Serie baséiert op de Romaner vum Volker Kutscher.
    De Kommissar Gereon Rath léist am Berlin vun den 1920er an 1930er Joren MordfÀll op.

    Mat "Transatlantik" ass viru kuerzem den 9te Band vun der Serie erauskomm, an den Auteur Volker Kutscher ass en Dënschdeg 7te Februar 2023 an der Cité Bibliothéik an der Stad op Besuch. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser JérÎme Jaminet a Bea Kneip fir sech duerch seng Bicher ze schmökeren an natierlech och en Interview mam Volker Kutscher ze maachen.

    A wann Dir elo virwĂ«tzeg sidd an Iech e bĂ«sse mĂ©i erziele loosse wĂ«llt, da kĂ«nnt Dir Iech fir d'Liesung mam Volker Kutscher umellen, am beschte per Mail op [email protected]. D'Evenement gĂ«tt vum Institut Pierre Werner an Zesummenaarbecht mat der CitĂ© BibliothĂ©ik organisĂ©iert.

  • De JĂ©rĂŽme Jaminet an d'Bea Kneip Ă«nnerhalen sech mam Roland Meyer, Anja Di Bartolomeo a Claudine Muno

    Jugendbicher ginn der hei zu Lëtzebuerg net vill geschriwwen. Wann der an enger Saison 3 beieneen erauskommen, ass et also sécher derwÀert, fir déi Bicher an hir Auteure virzestellen!
    Am neitsten Episode vum literaresche Podcast RTL BicherLies ënnerhalen de JérÎme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam Roland Meyer, mam Anja Di Bartolomeo a mam Claudine Muno. Hir Bicher schwÀtze ganz ënnerschiddlech Themen un, vum Klimawandel iwwer mental Problemer, hÀuslech Gewalt, d'Pandemie bis bei d'Sich no der eegener Identitéit. Am Gespréich geet et awer net just ëm d'Bicher u sech, mÀ och ëm d'Situatioun vun de Jonken am allgemengen.
    Net vergiess ass och d'Fro: Liesen déi Jonk iwwerhaapt?
    3 cool Bicher ginn op alle Fall am Podcast virgestallt, an och d'Auteure selwer hunn e puer Buchtipps matbruecht.

    "Koma 21" vum Anja Di Bartolomeo ass bei den Ă©ditions Guy Binsfeld erauskomm
    "Dëst ass net dÀi Liewen" vum Claudine Muno ass bei Op der Lay erauskomm
    "Leandro" vum Roland Meyer ass bei capybarabooks erauskomm

  • D'SchrĂ«ftstellerin an Actrice schwĂ€tzt iwwer hiert Buch "To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love"

    Hiert neit Buch "To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love" ass e Gesamtkonschtwierk an dem d'Fabienne Hollwege nieft Gedichter a Prosatexter och mat Zeechnungen, Fotoen a CollagĂ« schafft. A mat Musek, well et lĂ€it och eng CD mat eegene Lidder a vertounte Gedichter dobĂ€i.
    Am Interview verréit d'Fabienne Hollwege wéi si hir Lieweserfahrung als Fra, Mamm a Kënschtlerin am Buch verschafft huet, wéi komplex d'Zesummenaarbecht mat ville verschiddene Kënschtler-Kollegen fir dëse Projet war a wéi eng Bicher si an der Lescht am meeschte beandrockt hunn.

  • An dĂ«ser Episod vun der RTL BicherLies schwĂ€tzen de JĂ©rĂŽme an d'Bea iwwer Bicher vun ukraineschen Auteur(innen)

    Et ass derwÀert, sech an déi ukrainesch Literatur eranzeliesen! Dat ass de Fazit vum JérÎme Jaminet a vum Bea Kneip, nodeems si sech mat de Wierker vun engem Serhij Zhadan, Tanja Maljartschuk oder Andrej Kurkow beschÀftegt hunn. An op der Frankfurter Buchmesse konnten si suguer en Interview mam Andrej Kurkow, dem Auteur vu "Graue Bienen", a ganz rezent op DÀitsch iwwersat, "Samson und Nadjeschda" ophuelen! Ausserdeem sinn si 3 ganz engagéierten Damme begéint, déi matgehollef hunn tëscht MÀerz an Abrëll vun dësem Joer eng ukrainesch Bibliothéik am Rollengergronn op d'Been gesat hunn.

  • DĂ«s GesprĂ©ichsronn dĂ©i den 2te Mee 2022 am Kader vum Beetebuerger Litera-Tour opgezeechent gouf, beschĂ€ftegt sech mam Thema kĂ«nschtlech Intelligenz.

    Kënschtlech Intelligenz ass eent vun de groussen Theme vun eiser ZÀit. Eng generell kënschtlech Intelligenz oder mënschenÀhnlech Roboteren wéi se dacks am Film oder an der Literatur beschriwwe ginn, si wuel nach Zukunftsmusek, mÀ Algorithmen verstoppen sech bal an all Eck vun eisem deegleche Liewen. An engem fréieren Episode vun eiser RTL BicherLies hate mir d'Thema KI an der Literatur schonn opgegraff, a genee dat Thema hunn de JérÎme Jaminet an ech an enger Gespréichsronn verdéift, déi am Kader vun der traditioneller Beetebuerger Litera-Tour an der europÀescher Kulturhaaptstad Esch 2022 organiséiert gouf. Den 2te Mee hate mir eis dofir 3 Kl-KoryphÀen an de Magic Mirror zu Beetebuerg agelueden.
    Déi éisterrÀichesch Schrëftstellerin Raphaela Edelbauer huet fir hire Roman "Dave" dee vun der Konstruktioun vun enger genereller KI erzielt, den éisterrÀichesche BuchprÀis gewonnen. Den dÀitschen Auteur Dietmar Dath schreift a "Venus siegt" vun enger Mënschheet déi sech um Planéit Venus néiergelooss huet, an do mat Robotoren an onofhÀngege kënschtlechen Intelligenzen zesummelieft. An de Lëtzebuerger KI-Spezialist Maxime Allard setzt dës Fiktiounen fir eis an de Kontext. Wat ass elo scho machbar, wat ass realistesch a wéi eng praktesch an ethesch Froen ginn doduerch opgeworf? Am Gespréich dat Dir hei nach eng Kéier lauschtere kënnt, geet et ënner anerem ëm Autoen déi ouni Chauffeur fueren, ëm Smarthomes a Sexroboteren. D'RTL BicherLieser JérÎme Jaminet a Bea Kneip heeschen Iech domat "Willkommen im TechnozÀn"!

  • Ausgangs Juni waren zu Klagenfurt an EisterrĂ€ich dĂ©i 46st "Tage der deutschsprachigen Literatur". Den RTL-Bicher-Lieser JĂ©rĂŽme Jaminet war dobĂ€i.

    14 SchrĂ«ftsteller a SchrĂ«ftstellerinne waren invitĂ©iert fir aus hiren Texter ze liesen, an der Hoffnung dee mat 25000€ dotĂ©ierten Ingeborg-Bachmann-PrĂ€is ze gewannen. Wien den HaaptprĂ€is gewonnen huet a wĂ©i eng Texter mat engem vun deenen anere PrĂ€isser belount goufen, doriwwer Ă«nnerhalen sech de JĂ©rĂŽme Jaminet an d'Bea Kneip an der neister Episode vun der RTL BicherLies. Dass dĂ©i 7 Jurysmemberen net Ă«mmer enger Meenung waren a mat Momenter nawel zolitt gestridde gouf, wĂ©i eng Texter aus dĂ«se StrĂ€itgesprĂ©icher als GewĂ«nner ervirgaange sinn, a wat dĂ©i eenzel SchrĂ«ftsteller(innen) sech esou alles afale gelooss hunn fir d'Jury ze beandrocken (mat emol mĂ©i an emol manner Erfolleg) ... alles dat gitt Dir am Podcast gewuer!

    Iwwer dës Texter geet am Podcast rieds:

    Leon Engler „Liste der Dinge, die nicht so sind, wie sie sein sollten“

    Elias Hirschl „Staublunge“

    Juan Guse „Im Falle des Druckabfalls“

    Alexandru Bulucz „Einige Landesgrenzen weiter östlich, von hier aus gesehen“

    Ana Marwan „Wechselkröte“

    All dës Texter fënnt een um Site vum BachmannprÀis: bachmannpreis.orf.at

    Den DĂ©butroman vun der Anna Marwan heescht "Der Kreis des Weberknechts" (Otto MĂŒller Verlag, Salzburg)

  • An hirem Podcast RTL BicherLies verrooden de JĂ©rĂŽme Jaminet an d'Bea Kneip, wien den 13te Juni op dem legendĂ€re bloe CanapĂ© Plaz huelen dĂ€erf.

    Wie schon emol zu Frankfurt oder Leipzig op der Buchmesse war, konnt dat Miwwelstéck net iwwersinn: Das blaue Sofa. Op dem bloe Canapé hunn a méi wéi 20 Joer méi wéi 3000 Schrëftsteller a Schrëftstellerinne Plaz geholl, dorënner vill NobelprÀislaureaten an aner bekannte Perséinlechkeeten. Den nÀchste Méindeg gëtt dat legendÀert Miwwel fir een Owend an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg installéiert. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser JérÎme Jaminet a Bea Kneip fir an der neitster Episod vun hierem Podcast dee bloe Canapé an de Mëttelpunkt ze stellen.

    Bertelsmann an Zesummenaarbecht mat der NationalbibliothĂ©ik invitĂ©ieren op en eemolege literareschen Owend mat 4 SchrĂ«ftsteller(innen) aus 3 LĂ€nner. D'Jenny Erpenbeck, 1967 zu Ost-Berlin gebuer, Ă«nnerhĂ€lt sech mam JĂ©rĂŽme Jaminet iwwer hiere Roman "Kairos". InvitĂ©iert ass och den Ă©isterrĂ€ichesche BuchprĂ€is-GewĂ«nner vun 2018, den Daniel Wisser, deen aus sengem Erzielband "Die erfundene Frau" virliest. D'LĂ«tzebuergerin Julia Holbe, der hieren Ă©ischte Roman "Unsere glĂŒcklichen Tage" direkt e Bestseller ginn ass, prĂ€sentĂ©iert hiert zweet Buch "Boy meets Girl". An de Samuel Hamen, Literaturkritiker a SchrĂ«ftsteller, hĂ«llt eis mat an d'Ënnerwaasser-Welt mat sengem Buch "Quallen". DĂ«s GesprĂ©icher gi vun der Susanne Biedenkopf (ZDF) a vum Michael Sahr (ZDF) moderĂ©iert.
    Wie wëll dobÀi sinn, dee soll sech de Méindeg 13te Juni um 19 Auer an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg als Rendez-vous verhalen. D'Entrée ass gratis, et muss een sech awer umellen. Gratis Ticketen fënnt een op www.tickettailor.com (De Link ass ze fannen um Site vun der Nationalbibliothéik www.bnl.lu)

  • An dĂ«ser Episode beschĂ€ftegen de JĂ©rĂŽme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam Wierk vum Abdulrazak Gurnah, dem GewĂ«nner vum Literatur NobelprĂ€is 2021

    Den Abdulrazak Gurnah, 1948 am Sultanat Sansibar gebuer, lieft a schafft zënter de 60er Joren a Groussbritannien. Hien ass Professer fir englesch a postkolonial Literatur un der University of Kent. 2021 gouf him den NobelprÀis fir Literatur zouerkannt. Seng Wierker waren zu dem ZÀitpunkt nach net all op DÀitsch iwwersat, an déi déi schonn iwwersat waren, waren dacks vergraff. Elo sinn 2 vu senge Romaner nei op DÀitsch erauskomm. De JérÎme an d'Bea hu se gelies, an si hate souguer d'Gelegenheet fir sech mam Auteur doriwwer z'ënnerhalen.

  • MĂ©i wĂ©i 7000 Inselen an iwwer 100 Milliounen Awunner, dat sinn d'Philippinnen.

    D'Bevëlkerung setzt sech aus ville verschiddenen Ethnien zesummen, an et ginn e sëlleche Sprooche geschwat. Déi geographesch Distanz vu ronn 10.000 Kilometer iwwerbrécken eis RTL Bicher-Lieser JérÎme Jaminet a Bea Kneip wéi gewinnt, mat Hëllef vun der Literatur. Dofir hu si sech net nëmmen a Bicher vun de Philippinne verdéiwt, mÀ si hu sech och mat Experten ënnerhalen, deenen si um philippinesche Stand op der Frankfurter Buchmesse begéint sinn. De JérÎme huet sech souguer mat philippinesche Sprachwierder beschÀftegt!
    Ausserdeem gidd Dir gewuer wien oder wat den "Tikbalang" ass, an et ginn et och nees eng ganz Rëtsch Buchtipps, vu Klassiker iwwer zÀitgenëssesch Literatur, bis bei Kannerbicher a Graphic Novels. Souguer eng philippinesch Netflix-Serie kënnen de JérÎme an d'Bea Iech recommandéieren.

  • An der «RTL BicherLies» hunn de JĂ©rĂŽme Jaminet an d’Bea Kneip dĂ«s KĂ©ier dĂ©i jonk SchrĂ«ftstellerin a Servais-Laureatin vun 2017, Nora Wagener op Besuch.

    Si ënnerhalen sech, dës Kéier am virtuelle Studio, mat hir iwwer hiren neie Kuerzgeschichteband «Was habe ich verpasst» dee bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm ass.
    No engem Ausfluch an d’Welt vum Roman leet d’Nora Wagener mat hirem neie Buch «Was habe ich verpasst» nees eng Sammlung vun 12 Kuerzgeschichte vir, an deenen d’Protagonisten d’Liewen einfach esou laanscht sech lafe loossen, ouni et wierklech richteg an d’Hand ze huelen. Kuerzgeschichte si jo d’SpezialitĂ©it vun der jonker Autorin

    WĂ©i e Buchtipp d’Nora Wagener matbruecht huet, wĂ©i si d'Literaturkritik zu LĂ«tzebuerg gesĂ€it a wat et mat hirer «China Connection» op sech huet, dĂ«s an eng ganz RĂ«tsch weider Froen ginn an der RTL BicherLies beĂ€ntwert.

  • 2020 huet si de Concours LittĂ©raire gewonnen, 2021 krut si de Prix Servais. De JĂ©rome Jaminet an d'Bea Kneip huelen d'Ulrike Bail an d'KrĂ€izverhĂ©ier.

    GĂ«tt haut iwwerhaapt nach Poesie gelies? A wĂ©i soll een als Lieser un e Gedichtband erugoen? Doriwwer Ă«nnerhalen sech de JĂ©rĂŽme an d'Bea mat der Lyrikerin a Servais-Laureatin Ulrike Bail. Ausserdeem schwĂ€tze si iwwert den neie Gedichtband "statt einer ankunft" (mam Manuskript vun dĂ«sem Gedichtband huet d'Ulrike Bail 2020 den nationale Literaturconcours gewonnen) an d'Lyrikerin erzielt wĂ©i si d'Inspiratioun fir hir Gedichter op...BusarrĂȘten fonnt huet.

  • Am Interview: De KI-Expert Maxime Allard an de Journalist a SchrĂ«ftsteller Dietmar Dath

    Roboteren a kënschtlech Intelligenzen si scho laang en Thema a Filmer a Bicher. De JérÎme Jaminet an d'Bea Kneip setzen sech an der neitster Episode vun der RTL BicherLies mat zwee rezente Bicher zu dem Thema auserneen an diskutéiere mam Schrëftsteller a Journalist Dietmar Dath. A si loosse sech vun engem Expert erklÀren wéi realistesch esou Duerstellunge sinn.
    Iwwer dës Bicher gëtt diskutéiert:
    Kazuo Ishiguro: "Klara und die Sonne" , Blessing Verlag (Originaltitel: Klara and the Sun)
    Ian McEwan: "Maschinen wie ich" (Machines like me)
    Dietmar Dath: "Gentzen oder: Betrunken aufrÀumen" Verlag Matthes Seitz Berlin

  • 7. Am KrĂ€izverhĂ©ier: De Francis Kirps

    De Francis Kirps huet 2020 fir sÀin Erzielband "Die Mutationen" direkt 2 wichteg LiteraturprÀisser gewonnen: De Servais-PrÀis, mÀ och den europÀesche LiteraturprÀis EUPL. An der RTL BicherLies geet et awer ëm sÀin neiststent Buch.
    "Eber im Nebel - von Tieren und anderen Verwandten" sou de kompletten Titel. An do geet et ëm politesch engagéiert Dinosaurier, ugrëffeg Villercher, mutéiert Mais a kultivéiert Insekten. Dernieft kënnt och eng Galapagos -Deckelsmouk zu Wuert an e gespenstesche Stand-Up Comedian dreift sÀin Onwiesen. MÀ och wann dem Francis Kirps seng Protagoniste meeschtens Déieren oder op d'mannst iwwernatierlech Wiese sinn, geet et letztendlech dach ëm d'Mënschen. De Francis Kirps léisst sech vum JérÎme Jaminet a vum Bea Kneip e Lach an de Bauch froen. Ausserdeem huet hien nach e Buchtipp matbruecht, hie setzt sech kritesch mam Bachmann-PrÀis auserneen an en erzielt, wéini a wou déi nÀchste Liesunge geplangt sinn. Zum Beispill den 22ste September 2021 an der Nationalbibliothéik, wou en sech der nationaler an internationaler Literaturkritik stellt.