Episodes
-
Jiddwerengem säi Kriibs geziilt zerstéieren, ouni Schued u gesonden Zellen. A sécher goen, dass näischt nowiisst. Dat ass d'Zil vun der Kriibsfuerschung.
-
Brauch et Atomstroum als Bréckentechnologie fir d'Energiewend a fir CO2-neutral ze ginn? Zu Lëtzebuerg ass d'Diskussioun iwwer Atomenergie nees lancéiert.
-
Missing episodes?
-
Ëm déi Fro huet sech d'Diskussioun am Kloertext gedréint, wou vill iwwert den Drock rieds goung, ënnert deem d'Kanner haut stinn.
-
Déi séier Victoire, déi de Putin sech erhofft hat, war et net, d’Ukrain hält dem russeschen Aggresseur nach ëmmer d’Stier, d’Fro ass just wéi laang nach.
-
Wéi kann een aggressiivt an “normaalt” Heeschen ënnerscheeden? Gëtt et méi Aarmut oder zitt Lëtzebuerg Heescherten un?
-
Op wéi engem Planéit mir an Zukunft liewen an iwwert Zukunft vun de fossille Energien diskutéieren eng 197 Staaten op der COP28, ausgerechent an der Wüüst.
-
Ëm déi Fro goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee.
-
Sinn Europa a Lëtzebuerg mat enger neier Well u Flüchtlinge konfrontéiert? Ass et e logisteschen oder méi e politesche Problem?
-
Mir sinn zu 70% eng Natioun vu Proprietären, nach, mee ass dat och an Zukunft méiglech an néideg?
-
Am Kloertext geet et dëst Kéier ëm d'Steieren an d'Kafkraaft am Grand-Duché.
-
Am Kloertext goung et dës Kéier ëm d'Visiounen, déi déi verschidde Parteien fir d'Schoul hunn.
-
Jidderee sollt Zougank zum bescht méigleche Traitement hunn. Gëtt eise Gesondheetssystem deem gerecht oder besteet schonn eng Zwou-Klasse-Medezin?
-
Et gi spannend Walen am Hierscht! Onse Politmonitor confirméiert, dass sech déi dräi grouss Parteien ëmmer méi e Kapp u Kapp Renne liwweren.
-
Am Kloertext geet et ëm d'Gemengewalen an eng grouss Stater Ronn.
-
Nach ni war et sou liicht, wielen ze goen, mä grad emol 20 Prozent Net-Lëtzebuerger maache mat.
Manktem un Informatioun, keen Intressi, net integréiert - well et och gutt ouni geet? Wéi vill liewen Mënschen aus den 170 Natiounen hei am Land iwwerhaapt zesummen, mateneen oder méi niefteneen? Jiddereen a senger Blos ouni matzekréien, wat de anere mécht an ausmécht? Wei gesinn déi Nei-Lëtzebuerger déi al agesiessen a wéi verännere Si onst Land? - Show more