Episodios
-
7,6 Millioune mol huet en sech verkaf, de VW Tiguan! Zu Recht kann een do vun engem, grousse Succès schwätzen. Elo start déi drëtt Generatioun vum kompakten SUV an de Paul Origer war fir eis bei der Presentatioun zu Nice dobäi.
-
Elektro Autoen erbléckst e jo elo ëmmer méi dacks am deegleche Stroosse Verkéier.
Kann e sech och elo op d’Rees an d’Ausland mat hinnen trauen, a klappt dat mam Oplueden ënnerwee.
Dat fanne mir haut eraus, wëll de Christian Schmit war mam Testauto, dem Volvo C40, op den Tour.
Salut Christian. Wou goung d’Rees dann hin? -
¿Faltan episodios?
-
« Im Kleinen entsteht Grosses » dat ass de Slogan vun eise Noperen am Saarland. A genee dohi geet d’Rees elo am Automag.
Beckingen an Überherrn sinn eis Destinatiounen. Well do ass de Rolf Hartge Edel Tuner doheem.
De Christian Schmit war dohin invitéiert. -
Wëll jo zu Bréissel dëst Joer keen Auto Salon organiséiert gouf, hat de Grupp Stellantis decidéiert seng Nouveautéiten, an den Ausbléck op 2024 op enger anerer Plaz ze weisen.
An hat um Brussels Gate Expo Space a säin "House of Innovations" invitéiert. De Christian Schmit war bis dorober kucke gefuer. -
Am Automag ginn d´Krallen eraus gefuer. Nämlech déi vum Peugeot Léiw. An deem heiten Fall sinn et elektresch Krallen, vum 308. Fir iwwer deen Auto ze schwätzen ass de Rich Simon bei mir. Deen Auto gouf et bis elo net an enger Elktroversioun....
-
E bëssen an den Hannergrond geroden ass e schonn, den Hybrid. Et ginn awer och Marken déi un em festhalen. Wéi zum Beispill Mercedes-Benz. Si kombinéieren esouguer nach ëmmer den Diesel- mam Elektromotor, den neiste Worf ass déi aktuell C-Klass als C 300 de. De Paul Origer huet e fir eis am Alldag getest.
-
Volvo huet schonn eng Zäitchen Elektromodeller an der Gamm – allerdéngs baséieren C40 an XC40 nach ëmmer op enger Verbrennerplattform. Mat de Buschtawen EX start elo eng nei Modellrei, déi als reng E-Autoe konzipéiert gouf. Éischte Worf ass den EX30, deen Ufank Juli zu Lëtzebuerg seng statesch Première feieren duerft. De Paul Origer war fir eis deemools mat dobäi.
-
Subaru - di japanesch Mark hat invitéiert fir der Press de neie Modell Crosstrek ze presentéieren. Wéi nei deen tatsächlech ass, huet de Christian Schmit fir eis eraus fonnt.
-
Villäicht hu dir elo an der Chrëschtvakanz geplangt, fir deen een oder anere Musée ze besichen. De Rich Simon huet viru kuerzem een Autosmusée entdeckt, deen et absolut derwäert ass eng Kéier kucken ze goen. Nämlech de Mazda Musée zu Augsburg...
-
Bei der VW Ënnermarque ID gëtt et mam ID. 7 Zouwuess. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp huet sech den Topmodell aus der elektrescher Gamme vu VW net just ugekuckt, mee a Südfrankräich fir eis ganz genee ënnert d’Lupp geholl.
-
Laang ass et hier, dass d'Kolleegen aus der Automag-Redaktioun e Vertrieder vun der amerikanescher Mark Tesla konnte probéieren. Et war 2016, wéi de Pascal Becker am Automag den Tesla Model S 90d an Norweegen op Schnéi an Äis entdecke konnt. 2017 war et dunn de 7-Sëtzer Tesla Model X, deem e sech ugeholl hat... an zanterhier war et roueg ginn wat d’Mark Tesla ugeet, bis op eng Ausnam Andy Brücker?
-
De Renault Espace steet haut am Mëttelpunkt am Automag. E Modell mat Traditioun, dee jo elo vum Van Segment an dat vum SUV, also Sport Utility Vehicle gewiesselt ass. Trotzdeem kéint e jo awer ëmmer nach zu 7 op d'Rees goe mat him. Ob dat wierklech geléngt? Dat huet de Christian Schmit erausfonnt, a war mat him op e gréisseren Ausfluch.
-
Kleng a bezuelbar Elektroautoen si bis elo éischter d’Ausnahm. Opel versprécht awer genee dat mam opgefrëschen Opel Corsa Electric. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp war mam Corsa Electric ronderëm Rüsselsheim ënnerwee an huet op den éischte Kilometer Andréck gesammelt.
-
An elo am Automag kréie mir eng Welt Première presentéiert. Dat mam Modell Superb vu Skoda. Op d'Mark Skoda, déi jo zum VW Grupp gehéiert, ass een houfreg an der tcheschecher Republik, an dowéinst gouf déi Welt Première dann och zu Prag zelebréiert.Fir eis war de Christian Schmit mat un d'Stad un der Moldau gereest.
-
Concept Cars sinn ëmmer eng spannend Saach - engersäits kënnen d’Autosmarken a virun allem hir Designer sech esou richteg goe loossen, anerersäits gëtt et een interessanten Ausbléck op dat, wat iergendwann vläicht emol kënnt. Esou war et och mam Citroën Oli deen zesumme mam Goodyear Eagle Go zu Lëtzebuerg virgestallt gouf. De Paul Origer war fir eis op der Plaz an duerft de Prototyp esouguer emol fueren.
-
MAC, Museum Art and Cars, dat ass zu Singen an Däitschland. Zwee Muséeën an engem Park mat 4000m2 Expo Fläch op e puer Etagen verdeelt.Eenzegaarteg anescht esou hire Motto, an de Christian Schmit konnt sech fir den Automag heivun iwwerzeegen?
-
Haut ass et de Renouveau an der Elektromobilitéit bei Nissan. Virun enger Zäitche huet en scho seng Weltpremière gefeiert, a lues a lues gesäit een en dee Modell op eise Stroossen. De Nissan Ariya. Iwwer de Summer war deen och an der Automag Redaktioun ukomm - an de Christian Schmit konnt en elo sou richteg testen.
-
Op eng Welt Première war den RTL Automag dëser Deeg ageluede ginn. Citröen hat zu Paräis den neien Ë C3 devoiléiert, deen den Accès zum Elektro Auto fir jidderee kéint erméiglechen. Mat un d'Seine war fir eis de Christian Schmit gereest, a konnt sech mam CEO vu Citroën Thierry Koskas an deem Kontext ënnerhalen.
-
Haut stellt de Rich Simon eis de neien Mazda MX-30 e-SKYACTIV R-EV vir. An ënnert dem Capot vum Japaner verstoppt sech eng interessant Technik.
-
Honda steet haut am Mëttelpunkt vum Automag. A wat gëtt et do esou Neies frot dir iech? Mir hunn d'Äntwert. Den ZR-V. Dat ass e vun de neie Modeller an der Honda Gamme, koum elo am September an d'Automag Redaktioun, an de Christian Schmit huet dësen dierfe fueren.
- Mostrar más