Episodit
-
Zejoert gouf hie mam Prix révélation vum CAL ausgezeechent.
Am Centre d'art nei Liicht kann een aktuell dem Pit Riewer seng Ă©ischt Solo-Ausstellung gesinn an dĂ€r d'Molerei zwar am MĂ«ttelpunkt steet, den Ausgangspunkt awer Ă«mmer eng Foto ass an och e Gedicht eng wichteg Roll spillt. An engem CafĂ© zu Diddeleng huet de Moler dem Claudia Kollwelter Ă«nnert anerem erklĂ€ert wĂ©i d'Ausstellung zustane koum, wĂ©i en iwwer ĂmweeĂ«r schlussendlech zu Antwerpen Molerei studĂ©iert huet a wat de CAL PrĂ€is fir hie bedeit. -
Als DĂ€nzerin a Choreografin ass d'Claudia Urhausen souwuel op der BĂŒn wĂ©i och hannendrun doheem.
Zanter iwwer 15 Joer schafft si u souwuel artistesche wĂ©i och edukative Projeten a kombinĂ©iert Danz mat net just Musek, mee och Theater oder Konscht. Trotz gutt gefĂ«lltem Agenda, huet si tĂ«scht Prouwen an de Rotonden ZĂ€it fonnt fir mam Claudia Kollwelter iwwert hir Aarbecht ze schwĂ€tzen, iwwert Hip-Hop, d'Ănnerscheeder mat Professionellen DĂ€nzer a Laien ze schaffen a villes mĂ©i... -
Puuttuva jakso?
-
"Ach Schissimatucki" oder "Wozu noch arbeiten?" datt sinn nëmmen e puer Titele vu Biller déi de Moment an der Galerie Reuter Bausch gesi kann.
Wierker vum KĂ«nschtler Roland Schauls, deen no Joren emol rĂ«m zu LĂ«tzebuerg ausstellt. D'Claudia Kollwelter huet an der Ănneschtgaass mam Moler Ă«nnert anerem iwwert sĂ€i Schaffprozess geschwat, iwwert Ironie, Stuttgart a SpontanitĂ©it. -
"N vun der Welt" heescht déi zweet EP vun der Lëtzebuerger Rapperin Nicool.
D'Release dovunner ass an e puer Deeg an d'Musekerin huet bei enger Taass Kaffi mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert d'Welt vum Hip-Hop geschwat, iwwert Sujeten déi se impaktéieren an influenzéieren an awer och iwwert hir sozial Oder an d'Parallellen tëscht Musek a Psychotherapie. -
Beyond Nature heescht seng aktuell Expo an der Galerie "Reuter Bausch".
Den Arny Schmit stellt net just Tableaue, mee och Installatiounen aus. A sengem Studio huet deMoler dem Claudia Kollwelter erklÀert wou seng Leidenschaft fir Landschaften hir kënnt, wéi hie vum zeechnen op d'mole koum an haut och méi drÀidimensional schafft. Donieft huet de Kënschtler iwwert seng eegen Entwécklung geschwat, iwwert d'Technik déi hie fir seng Biller benotzt an d'Loscht mat der Konscht ze experimentéieren. -
Sport, Musek, BD - de John Rech lieft vill Passiounen. Seng LĂ©ift fir d'Musek koum an der Schoul mat der Band T42 an dono Dream Catcher.
A sengem BĂŒro zu Diddeleng huet den John Rech mĂ©i erzielt iwwer sĂ€in Job als Direkter vum Kulturzenter Op der Schmelz, iwwer seng Begeeschterung, fir BDe mam Andy Genen ze maachen an iwwer den Dream-Catcher-Album, dee se viru fĂ«nnef Joer am MusĂ©e des Mines opgeholl hunn an elo op de Live-Concerten derbĂ€i hunn. -
Als DÀnzerin, Choreographin a Politikerin huet d'Sylvia Camarda e gutt gefëllten Agenda.
D'Passioun fir den Danz huet si schonn als Kand entdeckt an du stoung och séier fest datt dat net just en Hobby sollt bleiwen. Ma och hiert d'politescht Engagement ass hir extrem wichteg, an dofir ass et och net Zoufall datt d'Claudia Kollwelter d'Sylvia Camarda an der Stater Gemeng begéint huet fir ënnert anerem iwwert Projeten ze schwÀtzen déi an Zukunft ustinn: -
DĂ«s Woch geet et Ă«m de "LĂ«tzebuerger Sproochatlas 1900".
Wéi verschiddenaarteg kléngt d'Lëtzebuerger Sprooch uechtert d'Land? Den Alain Atten huet et dokumentéiert. De Geografieprofesser Claude Schmit huet Sproochkaarten entworf an digitaliséiert. Mat geschafft hunn och d'Linguistinne vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Sara Martin an Nathalie Entringer. -
"The x" heescht e neien Electro-Pop Duo dee rezent seng Ă©ischt EP eraus bruecht huet.
D'Sarah Kertz an de Yannick Stein sinn d'Gesiichter a StĂ«mmen derhannert. Op der Terrass vun engem CafĂ© huet d'Claudia Kollwelter d'Museker getraff a mat hinnen Ă«nnert anerem iwwert d'Musekszeen zu LĂ«tzebuerg, Concerten an zukĂŒnfteg Projete geschwat. -
No "Schatzritter" a "Barrage" huet d'Laura Schroeder mat "Maret" hiren drëtte Long-Métrage am Kino..
"Maret" erzielt déi ongewéinlech Geschicht vun enger Fra, déi vun engem Moment op deen aneren d'Erënnerung un déi lescht Joren aus hirem Liewe verléiert. Eng revolutionÀr Operatioun op Lanzarote kéint hir hëllefen, mee d'Maret ass sech net méi sécher, ob si nach wëllt déi Persoun sinn, déi se lo lues a lues entdeckt. -
Den éisterrÀicheschen Auteur war am Abrëll op Liesrees zu Lëtzebuerg.
Hien ass Auteur a Bauer a fir de Reinhard Kaiser-MĂŒhlecker si bĂ©id Beruffer Passiounen a bĂ©id Passioune vermĂ«sche sech och a senge Bicher. DobĂ€i sinn et keng Sachbicher, mee Romaner an deenen d'Geschichten am lĂ€ndleche Raum spillen mat allen Erausfuerderungen, Krisen an Engagementer, dĂ©i haut d'Landwirtschaft kennt. Aus sengem rezente Roman "Wilderer", fir deen en de bayresche BuchprĂ€is krut, huet en zu LĂ«tzebuerg gelies. -
Schonn zanter 7 Joer gëtt et den "Augenschmaus".
"Beim Nëssert" zu Biergem war déi 1. Editioun vum Creators Market. Dono koum eng Chrëscht-Editioun an de Rotonden dobÀi an elo de 4. Juni ass de Rendezvous zu Hollerech am Schluechthaus. Dat am Kader vum "European Design Festival". Iwwer 150 Kënschtler haten sech gemellt fir mat dobÀi ze sinn - wéi mécht een do d'Selektioun, wat erwaart de Public bei dëser Editioun an wéi gesÀit d'Zukunft vum "Augenschmaus" aus? Doriwwer huet d'Claudia Kollwelter mat den Organisateure geschwat: -
Theater, Film oder Serien - d'LĂ«tzebuerger Schauspillerin mat portugiseschen Originnen huet sech an de leschte Joren e Numm hei am Land gemaach.
"The Censor" heescht d'Theaterstéck an deem d'Magaly Teixeira Enn Mee am Kinneksbond matspillt. Wéie RÎle de Publikum dobÀi spillt, ënnert anerem dat huet d'Actrice dem Claudia Kollwelter tëscht de Prouwe verroden, mee och iwwert weider Projete geschwat. -
De Festival vu Wooltz an d'Nuit des Lampions si wuel déi gréissten Evenementer vun der ASBL Cooperations.
D'Direktesch huet an engem Café um Lampertsbierg mam Claudia Kollwelter awer net just iwwert de Programm vun dësen zwee Events geschwat. D'Elvira Mittheis verréit wat alles hannert der ASBL stécht a wat de Public och soss nach déi nÀchst Wochen a Méint zu Wooltz erwaart. -
"Home Sweet home" heescht déi nei Expo, déi de belsche Kënschtler Stéphane Halleux an der Galerie Schortgen weist.
Laang virum Oscar fir de Kuerzfilm "Mr. Hublot" huet de Sculpteur Stéphane Halleux sÀin eenzegaartegen Univers opgebaut. Wëll d'Zeechnen him ze laangweileg ginn ass, ass hien op Skulpturen ëmgeklommen mat enger besonnescher Technik a senger grousser Begeeschterung fir all méiglech PiÚcen aus Metal, Lieder, Stoff, déi en op Brocanten a FloumÀert gesicht huet.
Seng Ă©ischt Ausstellung war 2003 an der Galerie Schortgen an der Stad an den IntĂ©rĂȘt war direkt grouss. An dat ass huat och nach esou, weess de Maurice Schortgen. -
"In Absence" heescht hir aktuell Ausstellung an der Galerie Reuter Bausch.
D'KĂ«nschtlerin schafft haaptsĂ€chlech an der Fotografie, mee och mat Video, Toun an Installatiounen. An dat kombinĂ©iert d'Lisa Kohl och dacks an hiren Expoen. D'Claudia Kollwelter huet si an der Galerie an der Ănneschtgas begĂ©int. -
D'Pendelen tëscht DÀitschland a Lëtzebuerg, geograpesch a sproochlech, ass fir de Samuel Hamen Alldag.
"Wie die Fliegen" heescht de Roman vum Samuel Hamen, deen am dÀitsche Verlag "Diaphanes" erauskënnt. Am Théùtre National gëtt dës Woch "False Sun/Falsche Sonne" gewisen, eng Produktioun, bei dÀr hie sech mat Texter vun der britescher Schrëftstellerin Anna Kavan befaasst. -
"La TĂȘte Qui Explose" esou heescht de neien Album vum Dany Le Loup.
De Rapper huet awer eigentlech seng MusekscarriĂšre an der Punkzeen ugefaangen. WĂ©i en op den Hip Hop gewiesselt ass, wat et mat sengem KĂ«nschtlernumm op sech huet a wat en fir d'Zukunft geplangt huet, datt huet den Dany Coimbra dem Claudia Kollwelter am 1535 zu DĂ©ifferdeng erzielt: -
Den 10. Februar war den dÀitsche Schauspiller a Museker Jan Josef Liefers fir eng Liesung am Cube 521 zu Maarnech.
Virun ausverkaaftem Haus huet hien aus dem Roman "Ăber Menschen" vum Juli Zeh gelies. De Jan Josef Liefers ass vrun allem ganz populĂ€r ass duerch seng Roll vum exzentresche Professer Börne an der Tatort-Serie, dĂ©i zu MĂŒnster spillt. SĂ€in Ă©ischte grousse SuccĂšs hat en am Film "Knockin on heaven's door" nieft dem Til Schweiger an dem Thierry Van Wervecke. -
1996 war hien den Initiator vum Théùtre National a bis haut sÀin Direkter.
Fir d'Produktioun "CafĂ© Terminus", dĂ©i eng dystopesch Vue op LĂ«tzebuerg 2039 soll sinn a sech um StĂ©ck "Der Eismann kommt" vum Eugene O'Neil insprirĂ©iert, huet de Frank Hoffmann net nĂ«mmen als Regisseur, mee och als Auteur geschafft. Gewise gĂ«tt eng Gesellschaft an der Kris, mat Personnagen, dĂ©i sech an engem CafĂ© zesummeverschanzen. - Näytä enemmän