Episodes

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi zwou Mammen doriwwer schwÀtzen, wat fir hir Kanner an der Vakanz maachen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    E Studentenjob

    A: So, wat maachen deng Kanner an der Grousser Vakanz?

    B: De Jonah schafft ee Mount an engem SupermarchĂ© an d’Eva schafft drĂ€i Wochen an enger Maison Relais.

    A: Wow! Immens!

    B: Dat war net Ă«mmer sou! Virun zwee Joer hate se frĂ€i an hu vill doheem gelatzt. D’Wieder war net gutt an hir FrĂ«nn waren an der Vakanz. Mir waren och zwou Wochen a Portugal, mee dĂ©i aner sechs Woche ware se doheem. De Mathis an ech hu geschafft.

    A: Hm
dat ass eebe meng Suerg. D’lescht Joer war de Christophe drĂ€i Wochen a FrankrĂ€ich, fir sĂ€i FransĂ©isch ze verbesseren. Hien huet do bei enger Famill gewunnt. Moies hat hie Schoul an nomĂ«ttes hu se flott AktivitĂ©ite gemaach. Mee dĂ«st Joer bleift hien och heiheem. Ech schaffen och a kann net kucken, wat en alles mĂ©cht. Ech hunn Angscht, datt e just doheem hĂ€nkt a Videospiller spillt. E Studentenjob ass eng gutt Iddi.

    B: VerstĂ€ndlech. Jo, esou lĂ©iert hie Verantwortung ze iwwerhuelen a verdĂ©ngt seng eege Suen. Et gĂ«tt vill MĂ©iglechkeeten: an engem CafĂ© oder an engem Restaurant zerwĂ©ieren, an engem Buttek, op engem BĂŒro, op der Gemeng schaffen...., mee du bass spĂ©it un. Ech hoffen, dir fannt nach eppes. Vill SchĂŒler melle sech schonn am Wanter an am FrĂ©ijoer un.

    A: O mei, da si mer jo scho vill ze spéit un!

    B: Keng Panik! Du fënns online bestëmmt nach Saachen.

    A: An op der Schueberfouer zerwéieren? Ech hunn dat a menger Jugend drÀi Summeren hannerenee gemaach. Déi ass jo eréischt am August.

    B: Hien ass dach nach keng 18, oder?

    A: Hien ass 16.

    B: Da geet dat net. MannerjÀreger dÀerfen net méi op der Fouer zerwéieren.

    A: A sou!?

    B: VlÀicht kann en Nohëllef ginn? Hien ass dach elo bestëmmt gutt am Franséischen.

    A: SÀi Franséisch ass besser, mee nach net gutt genuch, fir aneren ze hëllefen. (laacht)

    B: A wéi engem Fach ass hien da gutt?

    A: Hien ass immens gutt an der Mathé. Ech froen hie mol, mee ech mengen, Nohëllef ginn ass him net aktiv genuch.

    B: An engem SupermarchĂ© schaffen oder zerwĂ©ieren ass definitiv aktiv. Dem Jonah seng TĂąchĂ« sinn: Regaler araumen, de Clienten hĂ«llefen, botzen, wann e Produit brĂ©cht, an der BĂ€ckerei hĂ«llefen a Sandwiche maachen, asw. Hien huet dat schonn d’lescht Joer gemaach a war immens zefridden. Hien ass aktiv an en ass a Kontakt mat MĂ«nschen. Hie schwĂ€tzt all Dag LĂ«tzebuergesch, DĂ€itsch, FransĂ©isch an Englesch. Dat gefĂ€lt him och gutt.

    A: Dat kléngt super! Ech kucken dat den Owend direkt.

    B: Schreif dem Philippe, e soll scho sÀi CV virbereeden.

    A: Dat maachen ech! Merci fir deng Hëllef!

    B: ‘t ass gĂ€r geschitt!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut hu mir d'Sophie Gitzinger an d'Aude Forestier bei eis am Studio. D'Sophie ass Lëtzebuergeschproff am INLL an hÀlt de Cours ,,Freed um Schreiwen''. Hatt erzielt eis e bëssen iwwer de Cours. D'Aude ass eng vun den Apprenanten aus dem Cours. Hatt liest eis ee vu sengen Texter vir.

    Den Text gouf vum Aude Forestier am Kader vum Cours "Freed um Schreiwen" verfaasst. © 2025 all Rechter virbehal.

  • Episodes manquant?

    Cliquez ici pour raffraichir la page manuellement.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen iwwer d'Tenue fir op eng HochzÀit schwÀtzen. Am zweeten Deel schwÀtzen zwou Persounen doriwwer, wat si op eng Mottoparty undoe sollen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht! Haut hĂ©iere mir, wĂ©i eng Persoun enger anerer iwwer hir vegan ErnĂ€rung erzielt. Duerno schwĂ€tzen zwee Kolleegen iwwer traditionell an alternativ Medezin.

    -

    D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht! Haut hĂ©iere mir, wĂ©i zwou Persounen iwwer eng Renovatiounsaarbecht schwĂ€tzen. Duerno hĂ©iere mir, wĂ©i dĂ©i zwou Persounen zesummen e Bett opbauen.

    -

    Transkript:

    Eng Wunneng renovéieren

    A: Moie Jenny, wéi ass et? Ech hunn héieren, du an de Marc, dir plënnert geschwënn?

    B: Jo, mir hunn endlech eppes fonnt, wat an eise Budget gepasst huet. Et ass en zimmlech grousst Appartement mat zwee Schlofzëmmeren zu MÀrel.

    A: Flott! Kënnt dir direkt eraplënneren?

    B: Nee, leider net. D’Wunneng ass e bĂ«ssen ze almoudesch fir eise GoĂ»t a mir hunn decidĂ©iert, se e bĂ«ssen ze renovĂ©ieren.

    A: A sou! Wat loosst dir da maachen?

    B: Relativ vill.. fir d’éischt ginn nei Waasserleitunge geluecht, well d’RĂ©ier schonn al sinn. Et ass eng Residence aus de 70er Joren. Da gĂ«tt och de Buedem an der Stuff nei gemaach, do ass elo nĂ€mlech nach Tapis plein. Kanns de dir dat virstellen?

    A: Dat wier nÀischt fir mech, mat mengen Allergien
 an dir hutt jo och nach en Hond


    B: Eeben! Dofir gĂ«tt den Tapis plein erausgerappt an et gĂ«tt e Laminatbuedem mat Holzoptik geluecht. An da wĂ«ll de Marc och gĂ€r d’SchlofzĂ«mmer an d’Stuff nei ustrĂ€ichen, well him d’Faarf net gefĂ€lt.

    A: Dat kléngt no vill Aarbecht
 an och NiewekÀschten
 Hat dir dat alles mat ageplangt?

    B: Na ja, wĂ©i mir d’Wunneng kucke waren, war eis scho kloer, datt mir se e bĂ«ssen almoudesch fannen. Mee d’Lag ass top, direkt beim MĂ€reler Park, a se huet och eng Garage mat Parkplaz. Dat war eis wichteg. A fir dee PrĂ€is hate mir soss nĂ€ischt an der Stad fonnt
 Mee mir hunn e Kolleeg vu mengem Papp, deen eis hĂ«lleft mam Buedem, an UstrĂ€iche wollte mir selwer maachen.

    A: A, dat geet jo dann. A schlussendlech hues du dann eng Wunneng, déi esou ass, wéi s du se gÀr hÀss.

    B: Dat stëmmt. Laangfristeg gesinn lount et sech sécher, mee de Moment ass alles e bësse stresseg. Ech hoffen, datt mir awer an zwee Méint eraplënnere kënnen.

    A: Ech hoffen och fir dech! A wann s de hëllef brauchs, fir unzestrÀichen oder Miwwel opzebauen, mell dech.

    B: Merci, vlÀicht kommen ech nach op déi Offer zeréck!

    E Miwwel opbauen

    A: Ok, dat hei misst d’Bettgestell sinn. Mat wat solle mir ufĂ€nken?

    B: Am beschte mam Kader. Hei ass d’Beschreiwung, kuck emol.

    A: Merci. Hmm
 fir d’éischt musse mer d’SĂ€itestĂ©cker mam Kappdeel verschrauwen. GĂ«ff mir emol den ImbusschlĂ«ssel.

    B: Dee klengen oder dee groussen?

    A: Dee klenge misst duergoen. Merci! Kanns du an dĂ€r ZĂ€it wgl. d’Schrauwen zortĂ©ieren?

    B: Ok. Brauchs du den Akkuschrauber net?

    A: Nach net, mee glÀich.

    O mei, d’Schrauwe sĂ«tzen awer zimmlech fest. Kanns du mir de Gummishummer reechen?

    B: Hei. Pass op, datt s de d’Holz net futti mĂ©chs!

    A : Nee, nee, keng Suerg, ech passen op. Sou
 dat passt. Elo brauch ech e SchrauwenzĂ©ier, fir de Kader vum Ressort unzeschrauwen.

    B: Wou ass en? Ech fannen en net.

    A: E misst ganz ënnen an der Geschierkëscht leien. Kuck emol do.

    B: A jo, hei ass en. VoilĂ .

    A: Merci!

    B: Klappt jo ganz gutt bis elo, oder?

    A: Jo, zu zwee geet et méi séier.

    B : Definitiv. A wa mer fĂ€erdeg sinn, ginn ech der een aus.

    A: Deal! Mee gĂ«ff mer nach emol d’Waasserwo, ech wĂ«ll kucken, ob d’Bett riicht steet.

    B: Hei ass se.

    A: Merci. Jo, et ass alles riicht. Uff. Sou, elo musse mer just nach de Ressort uschrauwen, an dann ass dat Schlëmmst gepackt.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    -

    Transkript:

    Réckbléck - Nationalfeierdag

    Emma: Salut Alma! Hues de gutt gefeiert fir Nationalfeierdag?

    Alma: Hallo Emma! Jo, ech hat e super Owend!

    Emma: Cool, wat hues du da gemaach?

    Alma: Ech si gĂ©int aacht Auer mat enger FrĂ«ndin an d'Stad gefuer. Et ware scho vill Leit do an d'StĂ«mmung war richteg flott. Mir sinn duerch d’Stad getrĂ«ppelt a ware bei dĂ©i verschidde BĂŒnen. Et gouf Live-Musek an DJ-en. Mir wollten och onbedĂ©ngt d’Freedefeier kucken, dofir si mir op de Pont Adolphe gaangen.

    Emma: A... Déi nei Bréck. War do net ze vill Gedrécks?

    Alma: Dach, wéi ëmmer, mee et war wierklech der WÀert.

    Emma: Ech hunn d’Fotoe gesinn et huet wierklech fantastesch ausgesinn. Bass de dono direkt heemgaangen?

    Alms: Nee, mir si nach eng ZĂ€it do bliwwen, hunn eng Wurscht bei engem Stand giess an e Patt gedronk. An du? Hues de och eppes gemaach?

    Emma: Jo, awer éischter den 23. Juni. Mee meng Kanner waren awer mat de Scoute beim Fakelzuch derbÀi.

    Alma: A, cool! Wat hues du dann den 23. gemaach?

    Emma: Ech hu mer d’MilitĂ€rparad ugekuckt. Ech wollt dat scho laang mol live gesinn.

    Alma: A wéi war et?

    Emma: Super! Ech war schonn um hallwer zéng do, fir eng gutt Plaz ze kréien. Et war wierklech flott déi Groussherzoglech Koppel ze gesinn.

    Alma: O, du hues se wierklech gesinn?

    Emma: Jo! Si sinn och laanscht gefuer a jiddereen huet mat de FĂ€ndele gewonk.

    Alma: Dat klĂ©ngt wierklech schĂ©in. VlĂ€icht ginn ech d’nĂ€chst Joer och kucken.

    Emma: Jo, mee vlĂ€icht gesĂ€is de nĂ€chst Joer net mĂ©i de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria-Theresa. Am Oktober ass jo den Trounwiessel.

    Alma: Stëmmt! De Prënz Guillaume gëtt jo dann offiziell Groussherzog. Ech si wierklech gespaant, wéi dat wÀert ginn.

    Emma: Ech och! An ech froe mech, wĂ©i d’Nationalfeierdag dann d’nĂ€chst Joer ausgesĂ€it. VlĂ€icht gĂ«tt eppes Neies organisĂ©iert?

    Alma: Hmm
 Wie weess.

    Fir en Test léieren

    Julie: Salut Nora! Kanns du mir e bëssen hëllefen?

    Nora: Salut Julie! Natierlech, wat ass lass?

    Julie: Ech hu geschwënn en Test am Lëtzebuergeschen an ech weess net richteg, wéi ech mech preparéiere soll. Mir maachen en Héierverstoen, Liesverstoen a schrëftlechen Ausdrock.

    Nora: A, jo, ech hunn och ee viru Kuerzem gemaach. Ech kann dir e puer Tipps ginn. Wéi léiers du normalerweis?

    Julie: Ech lĂ©ieren e bĂ«ssen d’Vokabelen, dĂ©i mir am Cours gesinn an ech maachen e puer Übungen am Buch. Mee ech fĂ€erten, dass ech am HĂ©ier-a Liesverstoen nĂ€ischt verstinn.

    Nora: Fir d’HĂ©ierverstoe recommandĂ©ieren ech dir Podcasten ze lauschteren oder Videoen ze kucken. Op Youtube fĂ«nnt ee genuch Videoen an du kanns och de Podcast PoterkĂ«scht lauschteren. Wichteg ass, dass du Saache fir dĂ€in Niveau fĂ«nns.

    Julie: Soll ech beim lauschteren och Saachen notéieren?

    Nora: Jo, dat hĂ«lleft definitiv. Schreif d’Wierder op, dĂ©i s du net kenns, a probĂ©ier se dono nozeschloen, am LOD.lu zum Beispill. A wann s du d’Transkriptioun fĂ«nns, da lies dono eng KĂ©ier den Text.

    Julie: Ok. A fir d’Liesverstoen?

    Nora: Hmm, wĂ©i gesot, du kanns d’Transkriptioune vun den Audioe liesen, d’Texter aus dem Buch a Kannerbicher sinn och super fir den Ufank. Huel dir ZĂ€it beim Liesen a stell dir selwer e puer Froen, wĂ©i zum Beispill : Wien? Wat? WĂ©ini? Wou? NotĂ©ier dono d’Äntwerten.

    Julie: Ganz gutt Iddi! A wat ass mam schrëftlechen Ausdrock?

    Nora: Schreif kleng Texter a fro dĂ€i Proff, e Kolleeg oder eng FrĂ«ndin, fir se ze verbesseren. Du kanns d’Orthografie och op Spellchecker.lu oder Saz.lu verbesseren.

    Julie: Dat ass eng super Iddi. Wéi laang soll ech all Dag léieren?

    Nora: 20 Minutte pro Dag si scho gutt. Méi wichteg ass, dass du reegelméisseg léiers.

    Julie: Du hues mir elo wierklech gehollef! Ech fille mech direkt besser!

    Nora: Dat freet mech. A jo, bal hÀtt ech vergiess, du kanns och op LLO.lu oder Exercice.lu verschidden Exercicë maachen a Lëtzebuergesch léieren.

    Julie: Jo, dat kennen ech schonn. Merci!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht! Haut schwĂ€tze mir iwwer HausdĂ©ieren. Fir d'Ă©ischt hĂ©iere mir, wĂ©i zwou Persounen doriwwer schwĂ€tzen, en Hond z'adoptĂ©ieren. Duerno hĂ©iere mir eng Annonce um Radio, an dĂ€r zwee DĂ©iere vermĂ«sst ginn.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    En Hond adoptéieren

    A: So, ech iwwerleeĂ« schonn eng ZĂ€it, fir en Hond z’adoptĂ©ieren. Elo hunn ech endlech genuch ZĂ€it a Plaz, mee ech weess net, ob ech lĂ©iwer en Hond aus dem DĂ©ierenasyl oder aus engem DĂ©iereschutz am Ausland adoptĂ©iere soll. Wat mengs du? Du hues jo schonn e bĂ«ssen Erfarung mat HĂ«nn.

    B: Ech fannen et immens, datt s du léiwer en Hond adoptéiere wëlls wéi een ze kafen! Mee jo, de Choix tëscht dem Déierenasyl an engem Hond aus dem Ausland ass net evident. Béid Optioune si gutt, mee se hu Vir- an Nodeeler. Weess du schon, wat fir en Hond s de sichs?

    A: Am léifsten een, dee roueg an net ze grouss ass. Et wier och gutt, wann e scho propper wier.

    B: Hmm, dann ass en Hond aus dem DĂ©ierenasyl vlĂ€icht besser. D’Personal kennt d’DĂ©ieren a se kĂ«nnen dir soen, wĂ©i se sech verhalen, ob se zum Beispill eleng bleiwe kĂ«nnen, wĂ©i se sech mat aneren HĂ«nn verhalen, an esou wieder.

    A: Dat ass wouer. Mee mir dinn déi Hënn, déi op de Stroossen a LÀnner wéi RumÀnien a Spuenie liewen, och immens leed. Deene wëll ee jo och hëllefen.

    B: Kloer, dat verstinn ech. DĂ©i DĂ©iere liewen oft a grausame BedĂ©ngungen. Mee dofir si se och oft Ă€ngschtlech. DĂ©i meescht kennen d’Liewen am Haus net, a sinn och keng LĂ©ngt gewinnt. Dat heescht, datt ee mĂ©i Gedold an Training brauch.

    A: Also mengs du, en Hond aus dem Asyl wier méi einfach?

    B: Net onbedéngt, mee et ass oft méi einfach anzeschÀtzen. Ausserdeem kanns du e virdrun e puer Mol besiche goen an zum Beispill mat ëm spadséiere goen a kucken, ob e bei dech passt. Bei engem Hond aus dem Ausland hues du just e puer Biller oder Videoen.

    A: Ech verstinn. Mee et ginn et net och Organisatiounen, dĂ©i d’HĂ«nn hei zu LĂ«tzebuerg fir d’éischt an eng Fleegefamill brĂ©ngen?

    B: Dach, dat gĂ«tt et och. Dat ass e gudde MĂ«ttelwee. Da wunne se schonn an enger Famill a se kĂ«nne sech schonn e bĂ«ssen un d’Liewen am Haus gewinnnen, an d’Leit kĂ«nnen dir soen, wĂ©i den Hond esou ass.

    A: Dat klĂ©ngt gutt. Hmm
 wĂ©i hues du et da gemaach ?

    B : Mir hunn eisen Hond hei am DĂ©ierenasyl adoptĂ©iert. Mir hate Chance, de Lucky huet eis direkt gefall an hien huet sech och mat eis wuelgefillt. Ech denken, et wier eng Iddi, einfach emol an d’DĂ©ierenasyl kucken ze goen.

    A: Merci! Dat hëlleft mir scho weider. Ech mengen, ech ginn de Weekend emol kucken.

    B: Gutt Iddi! Huel dir awer ZĂ€it – sech en Hond zouleeĂ«n, ass eng grouss Entscheedung.

    Komme mir elo bei d’DĂ©iererubrik vum Donneschdeg, den 19. Juni:

    Zanter gëschter Nomëtteg gëtt um Kierchbierg de Metti, e brongen Dackel vermësst. Hien huet véier Joer an huet e rout Halsband mat engem sëlweren UnhÀnger mat sengem Numm un. Hien ass zoutraulech, mee warscheinlech fÀert en e bëssen.

    Wann dir de Metti gesinn hutt oder wĂ«sst, wou hien ass, da mellt iech wgl bei der Madamm Hoffmann op der Nummer 631 809 265 oder schreift eis eng WhatsApp Noriicht op d’Nummer 671 27 72 44.

    An nach eng Kéier: de Metti, e brongen Dackel, gëtt um Kierchbierg vermësst.

    De Beetebuerger Zoo mellt, dass e Papagei aus hirem Park fortgeflunn ass. Et handelt sech Ă«m en Hyazinth-Ara an en ass ongefĂ©ier ee Meter grouss an e weit 1,4 Kilo. Seng Fierderen si blo a ronderĂ«m d’Aen an de Schniewel ass hie giel. D’Personal aus dem Zoo deelt nach mat, dass hien Ă«mmer sĂ€in Numm rifft. Hie lauschtert op den Numm Rocky.

    Falls dir e gesitt, preparéiert en Teller mat Nëss oder enger Wuerzel. Domat ass hien immens frou. Rufft dann och beim Déiereschutz ënnert der Nummer 48 93 95 un oder kontaktéiert de Beetebuerger Zoo op der Nummer 51 10 48 1.

    Merci fir Är HĂ«llef!

  • Moien an hĂ€erzlech wĂ«llkomm an der PoterkĂ«scht. Wa mir d’Noriichten um Radio lauschteren, dann hĂ©iere mir meeschtens schlecht Noriichten: Krisen, Accidenter, StrĂ€it – a just heiansdo positiv Noriichten. Haut maache mir dat anescht. An dĂ«sem Episod erziele mir iech just gutt Noriichte vun de leschte MĂ©int bis haut.
    Mir hoffen, datt mir iech den Dag esou e bësse méi schéi maache kënnen:


    Gesondheet

    Eng nei Kënschtlech Intelligenz kann unhand vun engem Elektrokardiogramm potenziell déidlech HÀerzproblemer a Stéierunge vum HÀerzrythmus bei Risikopatiente scho 14 Deeg virdrun erkennen. De Projet ass nach an der Testphas, mee esou kéinten an Zukunft vill Leit gewarnt ginn a Mënscheliewe gerett ginn.

    Musek

    Musek mĂ©cht bekanntlech glĂ©cklech, dat huet eng EtĂŒd aus Finnland elo wĂ«ssenschaftlech bewisen. Wa mir Musek lauschteren, schĂ«tt eist Gehier GlĂ©ckshormoner, wĂ©i zum Beispill Dopamin aus. Virun allem bei eise Liblingslidder gĂ«tt de Belounungssystem an eisem Gehier aktiviĂ©iert, esou wĂ©i mir dat kennen, wa mir eppes SchĂ©ines erliewen oder e gutt StĂ©ck Schockela iessen. Musek ka Stress reduzĂ©ieren, eis StĂ«mmung verbesseren a souguer hĂ«llefen, manner PĂ©ng ze spieren. Also... lauschtert Ă€r Playlist mat Ă€re Liblingslidder a scho gĂ«tt Ă€ren Dag e bĂ«sse besser!


    Natur

    Am Amazonas schĂŒtzen d’Regierung an d’MĂ«nschen de ReebĂ«sch besser: et gi manner Beem Ă«mgehaen. Den Taux ass dĂ©i Ă©ischt KĂ©ier zanter aacht Joer mĂ©i niddereg wĂ©i dĂ©i lescht Joren. Ee Grond dofir ass och, dass vill LĂ€nner sech fir d’Erhale vum ReebĂ«sch Amazonas engagĂ©ieren.


    Déieren an Aartevilfalt

    Vill LĂ€nner hunn hir Schutzgebidder fir DĂ©ieren um Land an am Mier am Joer 2025 erweidert. Besonnesch am Mier gĂ«tt et elo Schutzgebidder, fir d’Korallen, d’FĂ«sch an aner Mieresbewunner ze schĂŒtzen.

    Gesellschaft a Solidaritéit

    Ëmmer mĂ©i Leit engagĂ©iere sech benevol fir sozial Projeten. D’EU-Kommissioun annoncĂ©iert, datt d’Zuel vu Benevollen 2025 sou hĂ©ich wĂ©i nach ni ass. Besonnesch jonk Persoune setze sech fir de Klimaschutz a fir Leit, deenen et net esou gutt geet, an.

    Kultur

    Kannerbicher sollen hëllefen, fir datt indigen a bedrot Sproochen net ausstierwen:
    Op der ganzer Welt gĂ«tt et ongefĂ©ier 7000 Sproochen. Wann eng Sprooch ausstierft, da verlĂ©iere mer och d’Kultur, dĂ©i zu der Sprooch gehĂ©iert. E weltwĂ€ite Projet vun enger Organisatioun vun de Vereenten Natiounen zesumme mat enger Organisatioun, dĂ©i Kanner- a Jugendliteratur fĂ«rdert, wĂ«ll eng Sammlung mat Bicher fir Kanner a Jugendlecher, och Comicken a Sachbicher, kreĂ©ieren.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun enger Frëndin en Audio-Message mat enger Akafslëscht schéckt. Duerno héiere mir, wéi d'Frëndin am Supermarché ass an d'Produkter keeft.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Akafslëscht (Audio-Message)

    D: Hallo Martine, ech si schonn am Auto a kann elo net mĂ©i schreiwen. Ech schĂ©cken dir e klengen Audiomessage mat der AkafslĂ«scht fir haut den Owend. Du gees jo an deen neie SupermarchĂ© am Quartier. Ech hoffen du fĂ«nns alles. Also... Mir brauchen en hallwe Kilo Tomaten fir d’EntrĂ©e. Fir de Schockelaskuch brauche mir och nach e Pak Miel. Dat ass alles. Merci! A nee... Pardon. Kaf och nach eng FlĂ€sch Olivenueleg. Mir hu kee mĂ©i doheem. A kaf och nach e Liter MandelmĂ«llech, du weess jo, d’Sabrina ass laktosintolerant an hatt dĂ€erf keng MĂ«llech drĂ©nken. Elo ass et awer alles... Merci! Äddi!

    Am Supermarché

    A : EntschĂ«llegt, kĂ«nnt Dir mir hĂ«llefen, wannechgelift?

    B: Jo, natierlech. Wat sicht Dir?

    A: Ech brauch Tomaten. Wou fannen ech déi?

    B: D’Tomate sinn do hannen am Rayon vum GemĂ©is.

    A: A, merci! A wou ass d’Miel?

    B: D’Miel ass am drĂ«tte Rayon, beim Zocker.

    A: Ok. An den Olivenueleg, wou fannen ech deen?

    B: Den Olivenueleg ass och am Rayon vum Miel.

    A: Tipptopp! Villmools merci fir Är HĂ«llef. Nach eng lescht Fro: Hutt Dir och MandelmĂ«llech?
    B: Nee, mir hu leider keng Mandelmëllech méi. Iwwermuer kënnt eng nei Liwwerung. Als Alternativ hu mir Soja- oder Huewermëllech. Déi schmaachen och gutt.
    A: Merci. Dat ass fein.

    C: Gudden Owend. Hutt Dir alles fonnt?

    A: Jo, merci.
    C: Hutt dir schonn eng Clientskaart?
    A: Nee, nach net. Ech huelen de Formulaire mat heem.

    C: An der Rei. Dat mĂ©cht dann 23 Euro 75. Braucht Dir eng Tut ?

    A : Jo, wannechgelift.

    C: Dat kascht 10 Cent extra.

    A: Dat ass an der Rei. Merci!

    C: Bezuelt Dir boer oder mat der Kaart?

    A: Ech bezuele mat der Kaart, wannechgelift.

    C: Braucht Dir den Ticket?

    A: Nee merci.

    C: Dann nach e schéinen Dag.

    A: Merci glÀichfalls.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut schwÀtze mir iwwer kleng Accidenter. Fir d'éischt héiere mir, wéi eng Persoun sech an de Fanger geschnidden huet. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun enger Frëndin erzielt, datt si de Réck wéi huet.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    E klengen Accident

    A: Au!

    B: Wat ass?

    A: Ech hu mech an de Fanger geschnidden!

    B: Hal en ënner kaalt Waasser!

    A: Dat maachen ech grad!

    B: Gutt!

    A: An elo?

    B: WĂ©ckel Kichepabeier ronderĂ«m an drĂ©ck fest op d’Wonn.

    A: Ok.

    eventuell kleng Paus

    A: Gutt, et huet opgehalen ze bludden.

    B: Ech desinfitzĂ©ieren d’Wonn nach. Looss dat e bĂ«ssen drĂ©chnen, ech ginn eng Plooschter sichen.

    A: Merci!

    B: Voilà. Ass d’Plooschter net ze fest?

    A: Nee.

    B: Deet et wéi?

    A: Nee, et pickt just e bëssen. Merci fir deng Hëllef! Kanns du mer just wannechgelift e puer Tranchë Brout schneiden? Mee, pass op, dass de dech net och an de Fanger schneits!

    B: Ech probéieren!

    En Hexeschoss

    A: AllĂŽ?

    B: Hallo! Hei ass d’Lisa.

    A: O! Du kléngs awer net gutt!

    B: Ma Nee! Ech hunn e Problem!

    A: Wat ass lass?!

    B: Ech hu mech virdru gebéckt, fir mÀi Schong ze strécken a wéi ech mech nees gestreckt hunn, hat ech op eemol schrecklech de Réck wéi. Ech hu mech geluecht, mee lo leien ech hei an et gëtt net besser. Ech ka mech kaum beweegen a kommen net méi op!

    A: Aua! Dat ass definitiv en Hexeschoss!

    B: Jo? Ech hat dat nach ni!

    A: Dach, ech hat dat schonn! Da kann ee kaum nach opstoen! Ech konnt, zum Beispill meng Box net mĂ©i undoen an d’Schong net mĂ©i strĂ©cken, asw.

    B: O, nee! Ech muss awer schaffe goen!

    A: Nee...du kanns bestëmmt och net an den Auto eraklammen oder aus dem Auto erausklammen! Dat gëtt nÀischt! Hues de schonn eng Ibuprofen ageholl?

    B: Jo.

    A: WÀermt hëlleft! Hues de e KiischtekÀrkëssen oder eng Bull doheem?

    B: Jo, ech hunn eng Bull.

    A: Gutt! Da fĂ«ll dĂ©i mat kache Waasser a lee dech drop. Oder lee dech direkt an d’Bidden...!

    B: Ha ha, da kommen ech ni méi do raus.

    A: Jo, ok!

    B: Mengs de, ech muss an d’Urgence?

    A: Nee!!! Wann, da gees de fir d’éischt bei dĂ€in Hausdokter oder deng Hausdocktesch. Wann et der muer net besser geet, dann hĂ«ls de e Rendez-vous. Da kann een der e Muskelrelaxans oder KinĂ© verschreiwen.

    B: Ok. Ech hunn och nach eng Sallef heiheem. Ech maachen déi nach drop.

    A: Perfekt! A maach keng séier Beweegungen! Soll ech laanschtkommen, fir der ze hëllefen?

    B: Nee, nee! Ech ruffe meng Schwëster nach un. Hat ass net op den Telefon gaang. Ech hunn dir ugeruff, well s du dech jo mat Réckeproblemer auskenns. Merci fir deng Rotschléi an deng Hëllef!

    A: GĂ€r geschitt! Versuerg dech gutt! Gutt Besserung a so Bescheed, wann s de eppes brauchs!

    B: Merci! Maachen ech! Äddi!

    A: Äddi!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun hirem Patron vun hiren Aktivitéiten op der Aarbecht erzielt. Am zweeten Deel erzielt eng Persoun hirer Frëndin, wat si an hirer leschter Vakanz gemaach huet.

    Transkript:

    Aktivitéiten op der Aarbecht

    Patronne: Moien HÀr Welter! Wéi geet et Iech haut?

    Aarbechter: Bonjour! Et geet mir gutt, merci. An Iech?

    Patronne: Och ganz gutt, merci. KĂ«nnt Dir mir soen, wĂ©i Är AarbechtszĂ€ite muer sinn? Ech muss dat an de System androen.

    Aarbechter: Jo, natierlech. Ech kommen um 6:50 an d’Fabrick, ech badge mech an an ech fĂ€nken um 7:00 Auer mat schaffen un.

    Patronne: A sou a wat maacht Dir als éischt?

    Aarbechter: Vun 7:00 bis 9:00 maachen ech d’Maschinnen un a kontrollĂ©ieren d’Material.

    Patronne: An dono?

    Aarbechter: Vun 9:00 bis 10:30 paken ech d’Produkter an d’KĂ«schten.

    Patronne: An der Rei. Maacht Dir och eng Kaffispaus?

    Aarbechter: Jo, déi maachen ech vun 10:30 bis 10:45.

    Patronne: Gutt. A wĂ©ini maacht Dir Är MĂ«ttespaus?

    Aarbechter: Meng Mëttespaus ass vun 12:00 bis 12:30.

    Patronne: Dir maacht nëmmen eng hallef Stonn Paus?

    Aarbechter: Jo, ech iessen nëmmen eng Schmier an drénken en Téi.

    Patronne: Ok. A wéi geet et dono weider?

    Aarbechter: Vun 12:30 bis 15:30 lueden ech d’PĂ€ck an de Camion a kontaktĂ©ieren d’Clienten.

    Patronne: A wéini sidd Dir fÀerdeg mat schaffen?

    Aarbechter: Ech sinn um 16:00 fÀerdeg an ech gi géint 16:10 heem.

    Patronne: Dir sidd ganz gutt organiséiert. Merci HÀr Welter!

    Aarbechter: GĂ€r geschitt!

    Meng lescht Vakanz

    A: Salut Caroline! Wéi geet et dir?

    B: Moie Lara! Et geet mir gutt, ech si ganz entspaant. Ech war grad an der Vakanz.

    A: A, flott! Wou waars de dann?

    B: Ech war eng Woch eleng a Spuenien, zu San Sebastiån. Dat ass eng schéi Stad am Norde vum Land. Do gëtt et Bierger a Plagen.

    A: Ganz eleng? War et net langweileg fir dech?

    B: Am Ufank hat ech e bësse Bedenken, mee et war guer net langweileg. Ech konnt maachen, wat ech wollt a mengem eegenen Tempo an ech hat ZÀit fir mech selwer. Dat huet mir wierklech guttgedoen.

    A: Dat kann ech gutt verstoen! Wat hues du dann alles gemaach?

    B: Villes! NomĂ«ttes war ech meeschtens op der Plage. D’Waasser war frĂ«sch, mee agreabel. Ech hu gelies, war schwammen an hu mech gesonnt. Moies hunn ech Yoga um Strand gemaach – dat war wierklech flott, mat de GerĂ€ischer an dem Geroch vum Mier.

    A: Dat kléngt no enger relaxer Vakanz. Mee du hues gesot, du hues och Sport gemaach?

    B: Jo, ech war och aktiv! Ech si Mountainbike an de Bierger gefuer. Do gëtt et vill Weeër an der Natur. Een Dag sinn ech bal véier Stonne gefuer. Ech war och zweemol wanderen.

    A: Wow! Hues de och eppes Neies probéiert?

    B: Jo! Ech war an enger Surfschoul. Déi éischt Stonne sinn ech dauernd vum Briet gefall, mee mat der ZÀit gouf et besser. Et war ganz witzeg!

    A: Dat kléngt wierklech cool! Wéi laang waars de eigentlech fort?

    B: Ech war zéng Deeg fort. Dat war genau richteg. Ech hu vill erlieft, mee hat och ZÀit fir ze raschten.

    A: Ech kréie richteg Loscht och esou eng Vakanz ze maachen.

    B: Jo, ech kann et wierklech recommandĂ©ieren. San SebastiĂĄn ass eng super Plaz – et ass net ze grouss, mee et gĂ«tt vill ze gesinn an ze maachen.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen en Ausfluch plangen. Duerno héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer Aktivitéiten am Alter schwÀtzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    En Ausfluch buchem

    A: HÀnks de rëm um Handy?

    B: Jo, pardon, ech buche grad eng Rees fir meng Mamm a mech. ‘t ass mĂ€i Gebuertsdagskaddo fir meng Mamm.

    A: Kee Problem. Schéin! Wouhi geet et?

    B: Majo, dës Agence organiséiert Dagesreesen. Den 23. Juni fuere se op Stroossbuerg. Vu datt bei eis Nationalfeierdag ass an a FrankrÀich kee Feierdag ass, fannen ech et flott, deen Dag eng Stad ze besichen. Dann ass et net esou voll wéi de Weekend.

    A: Flott! Dat stëmmt! Wéi ass dann de Programm?

    B: Mir fueren um 7 Auer moies um Park & Ride Bouillon fort an-

    A: O, dat ass fréi!

    B: Jo, mee dann huet een eppes vum Dag. Um 10.15 komme mer zu Stroossbuerg un. Um hallwer 7 owes fiert de Bus nees zeréck op Lëtzebuerg.

    A: Hm...

    B: Et kann ee jo am Bus fir dohin e bësse schlofen.

    A: An engem Bus kréien ech keen A zou.

    B: VlÀicht bass de manner midd wéi s de mengs! Mir maachen dat reegelméisseg. Et ass wierklech praktesch, well ee sech ëm nÀischt brauch ze këmmeren. Et muss een net selwer fueren, et muss ee keng Parkplaz sichen an no engem laangen Dag ass een och frou, wann een net nach heemfuere muss. Ech hunn nom Entdecken a Shoppe keng Energie méi, fir mam Auto heemzefueren. Dat hei ass wierklech praktesch!

    A: A wéi vill kascht dat?

    B: DĂ«sen Tripp kascht 80 € pro Persoun.

    A: Ok.

    B: Op hirem Site kanns de kucken, wat fir Trippen a Reesen et nach gëtt. VlÀicht fënns de eppes, dat der gefÀlt.

    A: Jo, ech kucke mol. Merci fir den Tipp!

    -

    Aktivitéiten am Alter

    A: Hallo! Wéi geet et dir?

    B : Gutt an dir?

    A: Och gutt! Ech war de Mëtteg bei menger Bomi. Mir hunn zesumme gekacht a giess.

    B: Schéin! Wéi geet et hir?

    A: Et geet hir gesondheetlech gutt, mee se fillt sech immens aleng. Se kuckt vill Tëlee a liest vill, mee et ass all Dag dat selwecht.

    B: Dat deet mer leed fir si. Meng Bomi ass jo och eleng, mee si huet wierklech Chance mat hirer Gemeng. D’Gemeng organisĂ©iert vill AktivitĂ©ite fir eeler Leit. Eemol de Mount geet si an e SproochecafĂ©, fir mat de Leit, dĂ©i LĂ«tzebuergesch lĂ©ieren, ze schwĂ€tzen. Si huet do och d’kenne gelĂ©iert, eng Tuneesierin. Si treffe sech reegelmĂ©isseg, fir zesummen ze poteren an ze kachen.
    Eemol d’Woch geet si an de “Fit am Alter”. Do turne si am SĂ«tzen a wann d’Wieder gutt ass, gi se an e Park spadsĂ©ieren.

    A: Wéi flott!

    B: Gëtt et an hirer Gemeng keng esou Offeren?

    A: Ech muss kucken, ech hunn emol net doru geduecht.

    B: Stréckt si gÀr?

    A: Jo, ganz gÀr. Si heekelt och gÀr.

    B: Ma dat passt gutt! Meng Bomi trëfft sech zwee bis drÀi Mol de Mount mat Leit vun all Alter, wou si dann zesumme strécken an heekelen, mee virun allem zesumme poteren. Et sinn esouguer Teenageren derbÀi! Ech ginn dir mol menger Bomi hir Telefonsnummer. Wann deng Bomi Loscht huet, da ka se menger Bomi uruffen.

    A: O, wéi léif. Dat ass eng super Iddi! Ech froe se mol, mee si ass bestëmmt motivéiert! Villmools Merci!

    B: Ganz gÀr geschitt! Mir kënnen eis jo heiansdo zu véier treffen! Ech wëll och emol strécke léieren.

    A: Dat maache mer!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer de Marathon an der Stad Lëtzebuerg schwÀtzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    De Marathon zu Lëtzebuerg

    A: Salut Vinz, hues du e Samschdeg den Owend schonn eppes vir ?

    B : Nee, nach net. Firwat ?

    A : Ech lafe mat e puer FrĂ«nn beim ING Night Marathon mat – awer just de Semi, also den hallwe Marathon.

    B: Wow, seriö? Dee war ech nach ni kucken.

    A: Da gĂ«tt et ZĂ€it! Et ass e risegt Lafevenement hei zu LĂ«tzebuerg, dat grĂ©isst aus dem Land. Et komme Leit aus der ganzer Welt fir matzelafen, an natierlech lafen och vill ambitionnĂ©iert Hobbyleefer vu LĂ«tzebuerg mat. D’Ambiance an der Stad ass einfach super!

    B: Kléngt cool! Also ass et net just e Sportsevenement, mee éischter eng grouss Party?

    A: Jo, dat kann ee scho soen. D’Stad ass voll mat Leit, dĂ©i dĂ©i verschidde Leefer ufeieren. De Laf fĂ€nkt um Kierchbierg un a geet dann op de Lampertsbierg an duerch d’Stad. De Marathon geet och iwwer MĂ€rel an op d’Gare, mee herno kĂ«nnt jiddereen erĂ«m um Kierchbierg un.

    B: Dat ass awer keng einfach Streck!

    A: Nee, virun allem de Schluss geet zimmlech biergop. Ech hoffen, ech packen dat, mee ech hu gutt trainéiert.

    B: Firwat deet ee sech dann esou eppes un?

    A: Ech sinn d’lescht Joer fir d’éischt mat e puer FrĂ«nn an d’Stad kucke komm an ech hunn dĂ©i AtmosphĂ€r einfach immens fonnt. E puer MĂ©int duerno, hunn ech mech du fir eng Ă©ischt Course ugemellt, bei dĂ€r ech 10 Kilometer gelaf sinn an dat ass awer relativ gutt gaangen.

    B: Wéi laang trainéiers du dann elo fir de Semi-Marathon?

    A: Ech hu mech am Ufank vum Joer ugemellt a lafen elo zĂ«nter zwee MĂ©int mĂ©i konsequent, dat heescht 3 Mol d’Woch. An all Woch e puer Kilometer mĂ©i. Ech hoffen, dass ech et an zwou Stonne packen!

    B: BestĂ«mmt! VlĂ€icht kann ech dech jo och ufeiere kommen. WĂ©i kommen ech dann e Samschdeg am beschten an d’Stad? Fueren d’Busser?

    A: Hmm, du muss e bĂ«ssen oppassen. Vill Stroosse si wĂ©inst dem Laf gespaart an e puer Busser fueren en anere Wee. Kuck am beschten um Internet, do fĂ«nns du bestĂ«mmt all d’Informatiounen.

    B: An der Rei. VillÀicht kommen ech einfach mam Vëlo. Gitt dir dann duerno och nach eraus?

    A: Kloer! Et ginn iwwerall After-Partyen: an der Uewerstad, am Gronn, an esouguer um Glacis. Ech wÀert zwar midd sinn, mee fir ee Béier misst et nach duergoen.

    B: Haha, dat wĂ«ll ech gesinn. Gutt, ech sinn dobĂ€i: fir iech unzefeieren, a fir d’After-Party duerno.

    A: Flott, dat freet mech! VillÀicht kanns du jo och e Schëld mat engem coole Sproch maachen.

    B: Jo, dat ass eng Iddi. VlÀicht fÀlt mir jo eppes Kreatives an. Ech iwwerleeë mir mol eppes!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut schwÀtze mir mat iech iwwer d'Theema Upcycling. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Upcycling

    A: So, d’Kanner lĂ©ieren de Moment, wĂ©i ee richteg recyclĂ©iert, mee ech wĂ«ll hinnen och gĂ€r weisen, wat een nach alles mat Offall maache kann. Du hues mer d’lescht Joer vun dengem Upcycling-Projet erzielt, oder?

    B: Genee! Dat war fir mÀi Stage an der Spillschoul.

    A: Kanns du mer e puer Iddie ginn? Ech weess, um Internet fënnt een alles, mee hues du Beispiller, déi gutt mat de Kanner fonctionéiert hunn?

    B: Jo, natierlech! Eppes, wat sĂ©ier geet, ass en Tic-tac-toe aus FlĂ€schendeckelen. Du mools d’Spill op e StĂ©ck Kartrong vun enger aler KĂ«scht a si kĂ«nnen d’Deckele umolen, entweeder mat zwou verschidde Faarwen oder se mole Symboler drop: en X, e Krees, eng Sonn, en HĂ€erz oder eppes Aneres.

    A: A, dat ass flott! Da fÀnken ech mol un, Deckelen ze sammelen. Mir benotzen net méi sou vill plastiks FlÀschen


    B: Jo, ok! Eng aner Iddi ass, kleng BlummendĂ«ppen aus alen Dousen ze bastelen. DĂ©i hunn ech och doheem, fir meng Kraider an der Kichen. Fir d’éischt muss de d’BĂ©chsen natierlech spullen an de schaarfe Rand vun all BĂ©chs mam Hummer platt schloen. Duerno muss de mam Hummer a mat engem Nol e puer LĂ€cher an de Buedem schloen an da kĂ«nnt der d’BĂ©chs mat Acryl-Faarf umolen. Waart, ech weisen der eng Foto vu mengen...

    A: O, super! Wéi schéin! Déi Iddi gefÀlt mer immens gutt!

    B: Merci! Aus ale KĂ«schten aus Holz oder Kartrong kann een och flott Saache maachen: eng EtagĂšre, e Poppenhaus oder direkt eng kleng Stad mat Gebaier aus MĂŒsli- a CornflakeskĂ«schten. Kuck, d’Stad, dĂ©i d’Kanner opgeriicht hunn ass bal sou grouss wĂ©i eise Klassesall.

    A: Mega! Do si jo och kleng Figuren!

    B: Genee, d’Persounen an d’DĂ©iere sinn aus alen ToilettĂ«rulloen an och ganz einfach ze maachen.

    A: Super! Domat sinn d’Kanner och laang beschĂ€ftegt a kĂ«nne kreativ sinn.

    B: Genee! A wéi all Léierin oder Schoulmeeschter muss de lo ufÀnken, Toilettërulloen ze sammelen.

    A: Haha! Allerdéngs!

    B: Wéi gefÀlt der meng Posch? Déi hunn ech aus enger aler Jeansbox gebitzt!

    A: Cool!

    B: GesÀis de, du kanns och eleng upcycelen a kreativ sinn.

    A: O, ech fÀerten, ech si leider net sou douéiert wéi s du!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi drÀi Persounen iwwer Aktivitéiten, déi ee mat de Kanner zu Lëtzebuerg maache kann, schwÀtzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    AktivitĂ©ite fir d’Kanner

    Luc: Salut Anna, salut Samira! Wéi geet et iech haut?

    Anna: Salut Luc! Ganz gutt, merci. Ech kucke grad, wat ech de Weekend mat de Kanner maache soll. Wéi geet et dir Samira?

    Samira: Mir geet et och gutt, mee ech sinn e bësse midd, ech hu mech dës Woch vill ëm mÀi Bouf gekëmmert. Hien ass immens aktiv!

    Luc: Haha, jo, dat kennen ech. Meng Duechter war dës Woch och voller Energie. Ech sichen och nach no enger Aktivitéit fir de Weekend.

    Anna: Meng Kanner wollten nees an de Parc Merveilleux goen. Mir waren d’lescht Woch do a si hunn et einfach super fonnt.

    Samira: Jo, de Beetebuerger Park ass wierklech flott. Et gĂ«tt esou vill Spiller an DĂ©ieren. Et kritt ee souguer speziellt Fudder fir d’DĂ©ieren ze fidderen. Dat hunn d’Kanner besonnesch gĂ€r.

    Luc: Ech war nach ni do, mee ech hu schonn dovun héieren. Kënnt een einfach dohin?

    Anna: Jo, ganz einfach. Si hunn och e Parking a souguer Navetten.

    Samira: Wësst der wat och flott ass? De PÀiperleksgaart zu Gréiwemaacher! Mir waren virun zwou Wochen do. Et war immens schéin.

    Luc: Kann een do PĂ€iperleke kucken?

    Samira: Jo, do gëtt et bis zu 40 verschidden Zorte vu PÀiperleken, mee och Villercher, Beien an tropesch Planzen. Déi vill verschidde Faarwen hu mengem Bouf virun allem gefall. Et ass awer zimmlech waarm a fiicht dobannen.

    Anna: Dat klĂ©ngt interessant! Do kĂ«nnen d’Kanner mol eppes Neies gesinn a lĂ©ieren.

    Luc: A propos lĂ©ieren – mir ware viru Kuerzem am NaturmusĂ©e an der Stad. Meng Duechter interessĂ©iert sech fir Fossilien an Dinosaurier. Hatt war faszinĂ©iert!

    Samira: O, do war ech nach net mat mengem Bouf. Ass dat och fir kleng Kanner?

    Luc: Et hÀnkt vun der Ausstellung of, mee ech mengen ab 6 Joer misst dat awer an der Rei sinn. Ech weess, dass vill PrimÀrschoulen dohinner ginn. De Musée ass immens interaktiv.

    Anna: Dat fannen ech esou wichteg! Mir waren d’lescht Joer am Luxembourg Science Center zu DĂ©ifferdeng. Meng Kanner hu mat Roboteren a mat engem risege MagnĂ©it gespillt. Et war wĂ©i eng Spillplaz mat WĂ«ssenschaft.

    Samira: Wow! A wat kascht dee Spaass?

    Anna: Fir Erwuessener sinn et 15 Euro a fir d’Kanner 9 Euro mengen ech, mee et ass wierklech der WĂ€ert.

    Luc: Mir kënne jo eng Kéier all zesumme mat de Kanner dohinner goen.

    Samira: VlÀicht kënne mir jo all Kéier op eng aner Plaz goen, da gesi mir alles Méigleches. Dëse Weekend kéinte mir vlÀicht an den Escher Déierepark goen, se hu gutt Wieder gemellt an et ass gratis.

    Anna: Jo, cool Iddi! D’Kanner kĂ«nnen do ronderĂ«m lafen, DĂ©iere gesinn, fidderen an heemelen.

    Luc: Topp! Mir fÀlt och grad an, dass et den Train 1900 gëtt? Do fiert ee mam Dampzuch vum Fond-de-Gras bis op Péiteng an erëm zeréck.

    Samira: Wierklech?! Dat hunn ech net kannt, mÀi Bouf ass e grousse Fan vun Zich!

    Anna: Da maache mer dat déi zweet Kéier, wa mir eis gesinn a falls et net reent.

    Luc: Jo! Dat ware lo vill Informatiounen. Loosst mech dat opschreiwen. Also: Parc Merveilleux zu Beetebuerg, de PÀiperleksgaart zu Gréiwemaacher, den Naturmusée an der Stad, de Luxembourg Science Center zu Déifferdeng, den Déierepark zu Esch an den Train 1900 am Fonds-de-Gras.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer administrativ Prozeduren wann een nei zu Lëtzebuerg am Land ass schwÀtzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript

    Zu Lëtzebuerg ukommen

    Elena: Moie StĂ©phanie! Ech si lo zĂ«nter enger Woch hei zu LĂ«tzebuerg, mee ech hunn d’Gefill, et gĂ«tt sou vill ze reegelen! Ech weess net, wou ech ufĂ€nke soll.

    Stéphanie: Hallo Elena! Jo, effektiv. Et ass am Ufank e bësse vill, mee ech hëllefen dir gÀren. Hues de dech scho bei der Gemeng ugemellt?

    Elena: Nee, nach net. Firwat ass dat wichteg?

    StĂ©phanie: Du muss dech umellen, well s du dann e Certificat de rĂ©sidence da kriss. Dee brauchs du fir vill administrativ Prozeduren, wĂ©i zum Beispill d’Krankekeess oder fir e Bankkonto opzemaachen.

    Elena: A, ech verstinn! An, wéi ass et mat der Krankekeess?

    StĂ©phanie: Du muss dech bei der Caisse Nationale de SantĂ© (oder: CNS) umellen. Wann’s de schaffe gees, mĂ©cht dĂ€i Patron dat fir dech. Wann s du nach keng Aarbecht hues, da muss du dech selwer bei der CNS umellen.

    Elena: Ok... A wéi eng Pabeiere brauch ech dofir?

    Stéphanie: Normalerweis brauchs du deng Identitéitskaart, de Certificat de résidence an eventuell en Aarbechtskontrakt.

    Elena: A wann ech e Bankkonto wëll opmaachen?

    Stéphanie: Do brauchs de och deng Identitéitskaart an e Certificat de résidence. E puer Banke froen och en Aarbechtskontrakt.

    Elena: Wow. Merci! Nach eng lescht Fro, wéi ass et mat der Steiernummer? Kréien ech déi automatesch?

    Stéphanie: Jo, normalerweis kriss du se automatesch, mee ech géif an denger Plaz eng Kéier bei der Administration des contributions directes uruffen, wann s du méi konkreet Froen hues. Vill Informatiounen stinn awer och op Guichet.lu an do kanns du alles noliesen.

    Elena: Ui! Ech hunn nach vill ze maachen! Wat ass da genau Guichet.lu?

    StĂ©phanie: Guichet.lu ass eng offiziell RegierungssĂ€it, wou s de all administrativ Informatioune fĂ«nns, dĂ©i s de zu LĂ«tzebuerg brauchs. Et ass wĂ©i e Guide fir d’Steieren, d’SozialversĂ©cherung, Wunnen, d’Aarbecht an nach Villes mĂ©i.

    Elena: Ok, ech verstinn. Villmools merci fir all déi Informatiounen an deng Hëllef!

    StĂ©phanie: ‘t ass gĂ€r geschitt.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi drÀi Persounen iwwer hir Hobbye schwÀtzen. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen hir Moiesroutine beschreiwen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript

    Iwwer FrÀizÀitaktivitéite schwÀtzen (A1)

    B: Myriam, wat méchs du gÀr an denger FrÀizÀit?

    M: Ech liese gÀr Bicher. Liese mécht mir Spaass. An du, Ben, wat méchs du gÀr an denger FrÀizÀit?

    B: Ech spille gÀr Fussball. Dat ass flott! Ech liese guer net gÀr.

    M: Schued! An du, Liz, wat ass dÀin Hobby?

    L: MÀin Hobby ass molen. Mee ech liesen och gÀr!

    M: Cool! Wat ass dÀi Liblingsbuch?

    L: Hmm
 Ech sinn e groussen Harry-Potter-Fan.

    M: A, du lies gĂ€r Fantasy-Bicher !

    L: Jo, dat ass richteg.

    B: Harry Potter fannen ech och flott. Ech kucken d’Filmer gĂ€r mat menger FrĂ«ndin. Hatt ass och e Fan vun der Serie.

    L: Ben, spills du just Fussball, oder kucks du och Fussball?

    B: Natierlech kucken ech och gÀr Fussball! Meng Liblingsekipp ass den FC Barcelona. Ech kucken all Match op der Tëlee.

    M: Hues du e Liblingsspiller?

    B: Jo, de Pedri. Hien ass jonk a spillt ganz gutt.

    L: Cool!

    Moiesroutine (A2)

    T: Hallo Lea! Du bass awer erĂ«m frĂ©i um BĂŒro.

    L: Moien Theo! Jo, ech sinn all Dag fréi hei. Ech stinn schonn um 6 Auer moies op.

    T: Seriö? Ech erwĂ€che meeschtens erĂ©ischt um hallwer aacht. Da maachen ech fir d’éischt emol drĂ€i Mol de Wecker aus


    L: Haha, dat kennen ech nach vu frĂ©ier. Mee elo muss ech mech all Dag tommelen. Ech erwĂ€che meng Kanner, doe se un – dat dauert Ă«mmer laang.

    T: O jo, dat kléngt stresseg.

    L: Dat ass et och! Duerno duschen ech mech sĂ©ier, ech decken den DĂ«sch, maachen de Kaffi fir jiddereen an ech preparĂ©ieren e Snack fir meng Kanner fir mat an d’Schoul. Duerno geet mĂ€i Mann mat de Kanner op de Bus.

    T: Ech si frou, datt ech just u mech denke muss. Ech stinn op, maachen d’Kaffismaschinn un, an da scrollen ech e bĂ«ssen um Handy. Duerno doen ech mech un, wĂ€sche mech a rasĂ©iere mech. Ech drĂ©nke bal ni Kaffi doheem.

    L: Ech muss moies doheem eppes iessen, soss iessen ech duerno um BĂŒro ze vill Schockela!

    T: Heiansdo huelen ech eng Schmier mat, mee meeschtens kafen ech e Croissant oder eng Schockelasrull beim BĂ€cker.

    L: A wĂ©i kĂ«nns du op de BĂŒro?

    T: Normalerweis fueren ech mam Bus. Ech lauschteren ënnerwee e Podcast oder ech liesen e Buch. An du?

    L: Ech fueren Ă«mmer mam Auto. No der Aarbecht kann ech meng Kanner direkt an d’Schoul siche goen. Mee heiansdo brauch ech laang, wa vill VerkĂ©ier op der Autobunn ass.

    T: Jo, dat kennen ech. De Bus steet och oft an der Stad am Stau. O, et ass scho bal néng Auer! Meng Reunioun fÀnkt glÀich un!

    L: Vill Spaass! Bis herno an der Kantin!

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut hu mir den Auteur Bruno de Pinho am Studio. Hie schwÀtzt mat eis iwwer sÀi Buch ,,Vergréisser deng Taass... an hal op, dech ze beschwéieren''.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Fir dësen Episod gëtt et keen Transkript.

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun eng aner op de Flughafe siche kënnt an iwwer hiert Liewen erzielt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun enger anerer vun hirem Auslandsemester a Spuenien erzielt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick).

  • WĂ«llkomm zrĂ©ck an der PoterkĂ«scht! Haut schwĂ€tze mir iwwer Recycling zu LĂ«tzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Recycling

    A: Wou leien déi giel Tuten?

    B: Wéi eng giel Tuten?

    A: Ma déi fir de Plastik!

    B: Du mengs déi blo Tuten!

    A: Sinn déi zu Lëtzebuerg blo? An DÀitschland si se giel. O mei! Ech hoffen, hei ass net alles anescht.
    Kanns du mer wannechgelift erklÀren, wéi dat mam Recycling zu Lëtzebuerg fonctionéiert?

    B: Natierlech! Mir hu vĂ©ier verschidden DreckskĂ«schten. An dĂ©i schwaarz DreckskĂ«scht kĂ«nnt den Offall, deen een net recyclĂ©iere kann, wĂ©i z.B. Iessreschter, ofgelafe LiewensmĂ«ttelen, Schierbelen, den Dreck aus dem Staubsauger, asw. . An eiser Gemeng gĂ«tt dĂ©i schwaarz DreckskĂ«scht ee Mol d’Woch eidel gemaach. Genee wĂ©i dĂ©i grĂ©ng. DĂ©i gĂ«tt och all Woch eidel gemaach. An dĂ©i grĂ©ng DreckskĂ«scht kĂ«nnt den natierlechen Offall, dat heescht: Gras, Blieder, Onkraut (ouni Buedem) aus dem Gaart an den Offall vun Uebst a GemĂ©is. Hues du en Hond?

    A: Jo! De Lucky!

    B: Majo, dengem Hond sĂ€in Hondsdreck kĂ«nnt och doran. Aus all deem Offall kann herno Biogas hiergestallt ginn. Dat nennt ee grĂ©ng, also erneierbar an nohalteg Energie, a wa mer dĂ©i benotze kĂ«nnen, brauche mer keng fossil Energie, wĂ©i PĂ«trol, Äerdgas a Kuel!

    A: ‘t ass wouer! Ech muss vill mĂ©i dorop oppassen! Ech hu kee Gaart, mee ech hunn awer all Dag Uebst- a GemĂ©isoffall...

    B: Jo, ech och...
    Dann...an déi blo Dreckskëscht kommen de Pabeier an de Kartong. Dës Poubelle gëtt bei eis ee Mol all zwou Wochen eidel gemaach. Dat ass nach net laang esou. Fréier ass se just ee Mol de Mount eidel gemaach ginn, mee dat geet elo net méi duer, well mir elo esou vill Artikelen um Internet bestellen, déi a Kartrongskëschte geliwwert ginn.

    A: Genee.

    B: Opgepasst: bei Pizzakartrongen soll een déi Deeler, wou Fett oder Tomatenzooss drop ass, net an déi blo Dreckskëscht geheien, mee an déi schwaarz!

    A: Ok! Du hues gesot, datt Schierbelen an déi schwaarz Poubelle kommen. Firwat kommen déi net an de Glascontainer?

    B: Jo, net all Glas ass d’selwecht. An dĂ©i brong DreckskĂ«scht kĂ«nnt Glas, wĂ©i z.B. GedrĂ©nksflĂ€schen, Glieser, wou Zooss, GemĂ©is, Gebeess oder sou dra war, Flaconen fir Kosmetik, mee keng Glieser, aus deenen een drĂ©nkt. DĂ©i Schierbele kommen an dĂ©i schwaarz DreckskĂ«scht. Keramik a parzelĂ€ins Schierbele kommen och dodran.

    A: Ok. A wéi oft ginn déi brong Dreckskëschten eidel gemaach?

    B: Bei eis ee Mol de Mount. Ech weess awer net, ob dat an all Gemeng esou ass.

    Sou! ZousĂ€tzlech zu de vĂ©ier DreckskĂ«schte gĂ«tt et dann och nach d’blo Tuten.

    A: Fir de Plastik.

    B: Jo, mee net nëmme fir de Plastik.

    A: WĂ©i ech d’lescht Woch heemgaange sinn, stoungen d’blo Tute virun den Haiser an dunn hunn ech eng Multiprise an enger bloer Tut gesinn! Dat ass inakzeptabel!

    B: Watgelift?!? Dat geet dach net!

    A: Ma jo!

    B: Komm, mir kucken nach eng KĂ©ier, wat alles an d’blo Tut kĂ«nnt. WĂ©i ass de Site?

    A: www.valorlux.lu

    B: Also... Verpackungen aus Plastik, wĂ©i GedrĂ©nksflĂ€schen, Duschgel, Shampoing, asw., WĂ€sch- a BotzmĂ«ttelen, Becheren, JughurtsdĂ«ppercher asw., plastiks BlummendĂ«ppen, Barquetten, d’EmballagĂ« vu Sixpacken an Tuten.

    A: Mee, opgepasst: kee schwaarze Plastik!

    B: A jo! An net just Plastik! Och Verpackungen aus Metall, Dousen, Deckelen aus Metall an-

    A: -KĂ€erzen?!

    B: Nee, dee klenge Becher aus Metall vun den Téiliichten.

    A: A, ok!

    B: Zum Schluss dann nach GedrĂ©nkskartrongen, wĂ©i MĂ«llech, Ram oder Jus. O Nee, ech gesi grad: Styropor kĂ«nnt net an d’blo Tut! WĂ©i penibel! Ech hunn de Leit, dĂ©i do schaffen, onnĂ«tz Aarbecht gemaach...

    A: Gutt ze wëssen!

    B: Wichteg ass och, datt een d’Verpackunge platt drĂ©ckt an ausser e puer Reschter solle se eidel sinn. Alles anescht gehĂ©iert net an d’blo Tut. D'Valorlux-Tute ginn all zwou Wochen ofgeholl.

    A: Dat war vill Informatioun an et gëtt wierklech villes, wat ee recycele kann!

    B: Jo! Wann een net sou vill Plaz doheem huet, kann een dat alles natierlech och selwer an de Recyclingzenter féieren.