Episodes
-
Episodes manquant?
-
An eisem Podcast Drëtt Hallschent de Sport-Talk ass dës Woch de Max Mannes op Besuch.
-
Lescht Woch war d'FLA Leeferin Charline Mathias eis Invitée an der Drëtter Hallschent.
-
Dës Woch war déi fréier Nationalspillerin am Dëschtennis Danielle Konsbrück eise Invitée an der Drëtter Hallschent.
-
Dës Woch war den neien Direkter vun der ALAD eisen Invité an der Drëtter Hallschent.
Mam neien Direkter vun der ALAD Loïc Hoscheit schwätze mir ënnert anerem iwwer d'Fonctionement vun der Lëtzebuerger Anti Dopping Agence, awer och iwwer d'Rechter an och d'Flichte vun den Athleten vis-à-vis vun der ALAD. De Loïc Hoscheit erzielt awer och, wat hie bei der ASO geschafft huet a firwat Paris-Roubaix fir hien eng ganz speziell Course bleift. -
Dës Woch ass de Spiller vum Swift Hesper eisen Invité an der Drëtter Hallschent.
-
Dës Woch ass den 31 Joer alen Handballspiller Dan Scheid Invité an der Drëtter Hallschent.
-
An der Drëtter Hallschent dréint sech mam Nationaltrainer vun der FLBB alles ëm de Basket.
-
An der Drëtter Hallschent ass d'Triathletin Jeanne Lehair op Besuch am Studio.
-
An der Drëtter Hallschent ass de Fechter Flavio Giannotte op Besuch am Studio.
Dës Woch ass de Flavio Giannotte den Invité an der "Drëtter Hallschent".. De Fechter huet dem Rich Simon ënnert anerem erzielt, wéi hie bei de Fechtsport komm ass a wéi realistesch eng Olympia Qualifikatioun ass. Do dernieft ass hien awer och an d´Geschicht vum Fechtsport agaangen an hien huet och erkläert, datt dat Mental a sengem Sport, eng ganz wichteg Roll spillt. -
An der Drëtter Hallschent goung et dës Woch ëm dem Dino Toppmöller an Erwin Bradasch hir Karriär.
-
An der Drëtter Hallschent goung et dës Woch ëm dem Urs Meier seng Karriär als Arbitter, als Futtball-Expert op der Tëlee an ëm de "VAR".
-
An der Drëtter Hallschent goung et dës Woch ëm d'EM-Campagne vun de roude Léiwen.
D'Lëtzebuerger Futtball Nationalekipp huet d'Europameeschterschaftsqualifikatioun mat 17 Punkten ofgeschloss. Nach ni huet eng FLF-Formatioun méi Punkte geholl.
Am Podcast Drëtt Hallschent zitt de Jeff Kettenmeyer mat den RTL-Experten a fréiere Nationalspiller Marc Oberweis an Eric Hoffmann de Bilan.
Nieft deem Sportleche geet et awer och ëm ee méiglechen neie Kontrakt vum Luc Holtz, enger Partie Niewegeräischer wärend dëser Campagne a wéi eng Spiller um Terrain besonnesch erausgestach hunn.
Donieft kucken déi Dräi awer och schonns no vir op de Playoff vun der Nations League, deen am Mäerz gespillt gëtt. -
An der Drëtter Hallschent gëtt dës Woch net nëmmen iwwer Tennis geschwat.
-
An der Drëtter Hallschent gëtt dës Woch iwwer Futtball geschwat.
-
An der Drëtter Hallschent gëtt dës Woch iwwer de Para-Sport geschwat.
An der Drëtter Hallschent gëtt dës Woch iwwer de Para-Sport geschwat. Beim Rich Simon ass d' Katrin Kohl op Besuch, déi mat Spina Bifida op d'Welt komm ass. Iwwer 100 Meter mam Rollstull huet d'Liichtathletin Chance fir sech fir d'Paralympics zu Paräis ze qualifizéieren. Am Podcast erzielt d'Katrin Kohl ënnert anerem, wéi si bei de Para-Sport komm ass a wéi gutt dee bei eis am Land organiséiert ass. -
Dës Woch 1.500-Meter-Spezialisten Invité am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".
An der Drëtter Hallschent ass dës Woch d‘Vera Hoffmann d‘Invitée. Beim Rich Simon erzielt 1.500-Meter-Spezialistin, déi op der Universiade d‘Sëlwermedail gewonnen huet ënnert anerem, wéi wéi zefridde si mat der leschter Saison war, wéi den Training mat hirem Frënd Bob Bertemes ausgesäit a wéi een de Sport an de Beruff ënnert en Hutt kritt. -
Dës Woch ass de President vun der Associatioun vun de Sportsproffen Invité am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".
- Montre plus