Эпизоды
-
Haut am Automag « Made in Japan“. Et steet e Mazda am Mëttelpunkt, an zwar de Modell 3. Do koum elo vrun allem Neits ënnert d’Hauf.
De Christian Schmit hat dësen am Test. -
Haut gëtt et am Automag ganz exklusiv, de Weekend gouf nämlech an Italien eng nei Autosmark gebuer, an do huet RTL net dierfe feelen. De Chris Schagen huet de Weekend um Comer-Séi verbruecht a war bei engem ganz besonnesche Moment mat dobäi.
-
Пропущенные эпизоды?
-
Iwwer 8 Millioune mol gouf de Renault 4 vun 1961 bis 1992 verkaf. Elo steet e Nofollger vun der R4 an de Startlächer. Di international Presentatioun war dëser Deeg a Portugal, an de Christian Schmit war fir eis dohinner. Mëtteg Christian
-
Knapp 4 Joer sinn et hir, dat Kia hiren éischten als rengen Elektroauto konzipéierten EV6 lancéiert hunn. Deemools war et net nëmmen deen opfällegen Design mee och déi ultramodern Technik, déi den EV6 vun der Konkurrenz ofgehuewen huet. Wéivill elo beim Facelift moderniséiert gouf, dat huet de Paul Origer a sengem Alldagstest erausfonnt.
-
Fir déi eng Kult an eng Ikon, fir déi aner een absurd Relikt aus enger anerer Zäit – mee eent steet fest: bal keen anere konnt sech esou laang am Auto-Universum behaapten wéi d’Mercedes-G-Klass. Fir hir eng weider Chance ze ginn, wollt Mercedes de G-Dinosaurier op modern Zäiten virbereeden an huet em méi wéi een Elektromotor ageplanzt. Ob verschidde Fans zu Recht geschockt sinn, dat huet de Paul Origer an engem kuerzen Alldagstest erausfonnt.
-
Iergendwéi richt et hei schonn no Bensinn… am Automag vun haut steet nämlech e Modell am Mëttelpunkt, dee méi dacks bei der Tankstell bäifiert. Den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp ass bei mir, an du haas de Cupra Leon Sportstourer VZ am Test...
-
Nee, déi klassesch Limousine ass nach ëmmer am Rennen, och wann eist Stroossebild haaptsächlech vun SUV an heiansdo nach Kombien dominéiert gëtt. Op verschiddene Mäert ass d’Limousine esou guer richteg beléift – aus deem Grond lancéiert vu sengem neien A6 och nees eng 4-diereg Sedan-Versioun. De Paul Origer duerft sech zu Porto d’A6 Limousine als Avant-Première schonn emol ukucken.
-
Et ginn Autoen, déi polariséieren, nach éier se wierklech um Marché sinn, respektiv éier ee se iwwerhaapt déi éischte Kéier op eise Stroosse gesäit. A genau esou ee Modell hat den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun am Mäerz e puer Deeg fir ze testen. Ech géif et mol resuméiere mam zesummegesate Wuert «Power-Kombi».
-
Den VW ID Buzz kritt méi Muskelen, a geet an d'Verlängerung. Esou kéint een den Automag vun haut iwwerschreiwen. Wéi grouss a wéi staark ass deen dann elo? De Christian Schmit hat en am Test, salut Christian...
-
E Bestseller gouf bei d'Visagistin geschéckt. Dat d'Iwwerschrëft haut am Automag. No 4 Joer gouf bei Skoda de Modell Enyaq iwwerschafft. Wat koum dobäi eraus? De Christian Schmit war fir eis mat op di international Presentatioun. Salut Christian...
-
Ah jo, et ginn nach Kombi-Limousinnen an et ginn och nach Verbrennermotoren – fir de Paul Origer eng freedeg Noriicht wéi e vun Audi op Porto ageluede gouf, fir déi neist Generatioun vum Uewerklass-Audi ze entdecken.
-
2 Joer sinn et elo schonn, dat d’Mark smart ënnert dem Mammenhaus Geely en neie Start gemaach huet. Nom Test vum smart #1 virun engem gudde Joer ass elo den Tour un der Coupé-Versioun #3 gewiescht. Wéi deen sech am Alldag gemaach huet, dat huet de Paul Origer fir eis erfuer!
-
E neie VW an der Gamme ass haut Thema am Automag. Et ass e weideren SUV dee sech an de Portfolio vun der Mark areit. Gouf op de Numm Tayron gedeeft a ka mat 7 Sëtzer bestallt ginn, an eegent sech esou och fir Leit mat méi Plaz Uspréch.
De Christian Schmit war fir eis op der Presentatioun an huet erausfont wat dee Modell da nach esou kann. Gudde mëtteg -
Leschte Samschdeg war den internationalen Fraendag. An eng international Ikon am Automobil-Secteur huet leschte Samschdeg säi 75. Gebuertsdag gefeiert. De VW Bulli! Den 8. Mäerz 1950 ass deen éischten T1 zu Wolfsburg vum Band gelaf. Antëscht ass ee jo och beim Bulli am E-Zäitalter ukomm. Hei zu Lëtzebuerg gouf dat gefeiert mat enger Randonnée duerch d'Land. Vum T1 bis zum ID Buzz war all Generatioun vertrueden. Fir eis war de Christian Schmit mat dobäi.
-
Den aktuellen Topmodell vun der Mercedes-Uewerklass lauschtert op de laangen Numm Mercedes-AMG E 53 Hybrid 4Matic plus. An et ass no der C-Klass deen zweeten AMG, deen elektresch Hëllef kritt! Wéi en sech fiert an ob en déi 3 Buschtawe verdéngt, dat huet de Paul Origer op knapp 1500 km erausfonnt.
-
D’Renaissance vun enger Auto Mark ass ëmmer eppes Besonnesches, an erlieft e net all Dag.
Am Frankräich gouf awer elo DELAGE nees zum Liewen erwecht. A wéi! Mat engem Formel 1 Auto fir op d‘Strooss inklusiv engem 12 Zylinder made in France.
De Christian Schmit huet de Patron vun Delage zu Paräis kenne geléiert. -
Am Januar goung de Bréisseler Auto Salon 2025, jo elo Brussels Motor Show gedeeft, mat engem remarkabele Succès op en Enn. Och deen huet gewisen dass den Interessi fir Automobil a Mobilitéit weiderhi Bestand huet. Dat huet een och bei de Nouveautéite vu Stellantis konnte feststellen. Do interesséiere mir eis haut fir d'Evolutioun bei Lancia, Fiat a Peugeot. De Christian Schmit.
-
Di 101. Editioun vun der Brussels Motor Show am Januar war en Erfolleg. Welt- an Europapremièren haten et bis dohi gepakt, och därer aus dem Stellantis Grupp. Zu deem jo Marke wéi Citroën, Peugeot, Opel, DS, Fiat, Alfa Romeo an och Lancia gehéieren.Wéi positionéiert sech de Grupp fir Zukunft, wéi eng Ambitiounen huet een? De Christian Schmit huet sech mat de Responsabelen aus der Chef-Etage kënnen ënnerhalen.
-
Den Nofolger vum Ateca ass ee wichtege Modell fir Cupra – schliisslech soll den Terramar den Erfolleg viruféieren a sech am populäre Segment vun de kompakten SUV behaapten. Elo stoung den neie Cupra Terramar dem Paul Origer fir een Alldagstest zur Dispositioun!
-
D’Renaissance vun enger Auto Mark ass ëmmer eppes Besonnesches, an erlieft e net all Dag.
Am Frankräich gouf awer elo DELAGE nees zum Liewen erwecht. A wéi! Mat engem Formel 1 Auto fir op d‘Strooss inklusiv engem 12 Zylinder made in France.
De Christian Schmit huet de Patron vun Delage zu Paräis kenne geléiert. - Показать больше