Bölümler
-
Nee, déi klassesch Limousine ass nach ëmmer am Rennen, och wann eist Stroossebild haaptsächlech vun SUV an heiansdo nach Kombien dominéiert gëtt. Op verschiddene Mäert ass d’Limousine esou guer richteg beléift – aus deem Grond lancéiert vu sengem neien A6 och nees eng 4-diereg Sedan-Versioun. De Paul Origer duerft sech zu Porto d’A6 Limousine als Avant-Première schonn emol ukucken.
-
Et ginn Autoen, déi polariséieren, nach éier se wierklech um Marché sinn, respektiv éier ee se iwwerhaapt déi éischte Kéier op eise Stroosse gesäit. A genau esou ee Modell hat den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun am Mäerz e puer Deeg fir ze testen. Ech géif et mol resuméiere mam zesummegesate Wuert «Power-Kombi».
-
Eksik bölüm mü var?
-
Den VW ID Buzz kritt méi Muskelen, a geet an d'Verlängerung. Esou kéint een den Automag vun haut iwwerschreiwen. Wéi grouss a wéi staark ass deen dann elo? De Christian Schmit hat en am Test, salut Christian...
-
E Bestseller gouf bei d'Visagistin geschéckt. Dat d'Iwwerschrëft haut am Automag. No 4 Joer gouf bei Skoda de Modell Enyaq iwwerschafft. Wat koum dobäi eraus? De Christian Schmit war fir eis mat op di international Presentatioun. Salut Christian...
-
Ah jo, et ginn nach Kombi-Limousinnen an et ginn och nach Verbrennermotoren – fir de Paul Origer eng freedeg Noriicht wéi e vun Audi op Porto ageluede gouf, fir déi neist Generatioun vum Uewerklass-Audi ze entdecken.
-
2 Joer sinn et elo schonn, dat d’Mark smart ënnert dem Mammenhaus Geely en neie Start gemaach huet. Nom Test vum smart #1 virun engem gudde Joer ass elo den Tour un der Coupé-Versioun #3 gewiescht. Wéi deen sech am Alldag gemaach huet, dat huet de Paul Origer fir eis erfuer!
-
E neie VW an der Gamme ass haut Thema am Automag. Et ass e weideren SUV dee sech an de Portfolio vun der Mark areit. Gouf op de Numm Tayron gedeeft a ka mat 7 Sëtzer bestallt ginn, an eegent sech esou och fir Leit mat méi Plaz Uspréch.
De Christian Schmit war fir eis op der Presentatioun an huet erausfont wat dee Modell da nach esou kann. Gudde mëtteg -
Leschte Samschdeg war den internationalen Fraendag. An eng international Ikon am Automobil-Secteur huet leschte Samschdeg säi 75. Gebuertsdag gefeiert. De VW Bulli! Den 8. Mäerz 1950 ass deen éischten T1 zu Wolfsburg vum Band gelaf. Antëscht ass ee jo och beim Bulli am E-Zäitalter ukomm. Hei zu Lëtzebuerg gouf dat gefeiert mat enger Randonnée duerch d'Land. Vum T1 bis zum ID Buzz war all Generatioun vertrueden. Fir eis war de Christian Schmit mat dobäi.
-
Den aktuellen Topmodell vun der Mercedes-Uewerklass lauschtert op de laangen Numm Mercedes-AMG E 53 Hybrid 4Matic plus. An et ass no der C-Klass deen zweeten AMG, deen elektresch Hëllef kritt! Wéi en sech fiert an ob en déi 3 Buschtawe verdéngt, dat huet de Paul Origer op knapp 1500 km erausfonnt.
-
D’Renaissance vun enger Auto Mark ass ëmmer eppes Besonnesches, an erlieft e net all Dag.
Am Frankräich gouf awer elo DELAGE nees zum Liewen erwecht. A wéi! Mat engem Formel 1 Auto fir op d‘Strooss inklusiv engem 12 Zylinder made in France.
De Christian Schmit huet de Patron vun Delage zu Paräis kenne geléiert. -
Am Januar goung de Bréisseler Auto Salon 2025, jo elo Brussels Motor Show gedeeft, mat engem remarkabele Succès op en Enn. Och deen huet gewisen dass den Interessi fir Automobil a Mobilitéit weiderhi Bestand huet. Dat huet een och bei de Nouveautéite vu Stellantis konnte feststellen. Do interesséiere mir eis haut fir d'Evolutioun bei Lancia, Fiat a Peugeot. De Christian Schmit.
-
Di 101. Editioun vun der Brussels Motor Show am Januar war en Erfolleg. Welt- an Europapremièren haten et bis dohi gepakt, och därer aus dem Stellantis Grupp. Zu deem jo Marke wéi Citroën, Peugeot, Opel, DS, Fiat, Alfa Romeo an och Lancia gehéieren.Wéi positionéiert sech de Grupp fir Zukunft, wéi eng Ambitiounen huet een? De Christian Schmit huet sech mat de Responsabelen aus der Chef-Etage kënnen ënnerhalen.
-
Den Nofolger vum Ateca ass ee wichtege Modell fir Cupra – schliisslech soll den Terramar den Erfolleg viruféieren a sech am populäre Segment vun de kompakten SUV behaapten. Elo stoung den neie Cupra Terramar dem Paul Origer fir een Alldagstest zur Dispositioun!
-
D’Renaissance vun enger Auto Mark ass ëmmer eppes Besonnesches, an erlieft e net all Dag.
Am Frankräich gouf awer elo DELAGE nees zum Liewen erwecht. A wéi! Mat engem Formel 1 Auto fir op d‘Strooss inklusiv engem 12 Zylinder made in France.
De Christian Schmit huet de Patron vun Delage zu Paräis kenne geléiert. -
Et war den heemleche Star um Mondial de l’Auto zu Paräis. La bagnole, vun der franséischer Mark Kilow. Kilow steet hei fir e nidregt Gewiicht, an et et ass an sech esou eppes wéi 2 CV an 21. Jorhonnert interpretéiert.
De Christian Schmit souz schon dran. -
Den Audi Q6 e-tron am Alldag, dat ass eisen Testauto an deenen nächste Minutten. De Christian Schmit war am groussen SUV vun der Mark mat de véier Réng ënnerwee. Salut Christian...
-
Den Opel Frontera steet haut am Mëttelpunkt am Automag. Dee gouf am Dezember op enger Plaz presentéiert wou vill Lëtzebuerger ganz gäre Vakanz maachen. Palma de Mallorca war ausgewielt ginn, an de Christian Schmit huet dierfe mat dohinner, an ass déi zwee Modeller gefuer.
-
An der leschter Stonn war de Premierminister den Invité fir de Neijosch Interview am Automag. Do huet hien verzielt dass hien eigentlech vill méi dacks selwer hannert de Volant wéilt, sech wënscht dass mir d'Mobilitéit am Alldag mat engem gudde Mix aus individuellen an ëffentlechen Transport och 2025 hikréien.
Hien huet léiwer di neisten Technologie déi um Marché ass wéi en Oldtimer. Huet als Déngscht Limousine déi vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn geierft.
An elo am zweeten Deel gi mir gewuer op een och alt mam Moto oder Vëlo ënnerwee ass, mam ëffentlechen Transport eventuell? Schéin Erliefnesser ënnerwee mam Auto, den 1. Auto iwwerhaapt, de Punkte Konto an d'Gléckwënsch fir d'neit Joer ginn et och.De Christian Schmit am Interview mam Premierminister Luc Frieden. -
2025 hu mir gëscht ugefaangen. An am Automag ass een haut besonnesch houfreg de Staatsminister Luc Frieden ze begréissen. Wat huet deen 2024 beweegt, a wat wënscht e sech a Saache Mobilitéit fir 2025?
De Christian Schmit huet dat dëser Deeg am Staatsministère nogefrot. -
D'Mark mat de 4 Réng, Audi ass am Moment ganz äifreg, a presentéiert nei Modeller. Och Elektroautoen kann een elo a ville Variatioune bei hinne bestellen. Den A6 e-tron gläich an zwou Varianten.
De Christian Schmit war fir den Automag op der internationaler Presentatioun dobäi. - Daha fazla göster