エピソード
-
"Das "Wie bitte?"-Leben einer Schwerhörigen" sou den Ënnertitel vun dësem Buch an dem eng jonk Lëtzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift
An dëser Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm "net héieren" an "net verstoen". An dat ass net dat selwecht! Dass d'Jillian Petry net gutt héiert, dat gouf duerch en Zoufall entdeckt, wéi si 4 Joer hat. Am Interview erzielt si, wéi et sech ufillt, mat enger onsiichtbarer Behënnerung ze liewen, déi bei hire Matmënschen net ëmmer op Versteesdemech stéisst. Dovun huet si sech awer net dovun ofbrénge gelooss, hiert Liewen esou ze gestalten wéi si et fir gutt fënnt, sief et als Enseignante oder als Autorin vu Romantasy-Bicher. "Tomaten auf den Ohren" ass hiren Témoignage. -
Mam Gedichtband "Salztage + zurück" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Prix Servais 2025
Ugangs sollt de Gedichtband "Alltage + zurück" heeschen, "Salztage" trëfft et awer besser.
Vill Mier a vill Tréinen stiechen dodran, sou d'Carla Lucarelli iwwer hire Gedichtband "Salztage + zurück". Fir d'Schrëftstellerin déi (no 2022 mat hirem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir") eng zweete Kéier op der Shortlëscht vum Prix Servais steet, ass dëst Wierk keng Feel-good-Lecture. Et ass awer och net onbedéngt en Ausdrock vu Pessimismus. Villméi dréckt et eng gewëss Maturitéit aus, déi mat der Naivitéit an den Illusioune vun der Jugend opgeraumt huet. Wat bleift, ass e geschäerfte Bléck deen och Schéinheet an deene klengsten Detailer erkenne kann.
"Salztage + zurück" vum Carla Lucarelli ass bei den éditions Phi erauskomm. -
エピソードを見逃しましたか?
-
Am Kader vun der Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée hu bekannte Lëtzebuerger Auteuren sech mam Thema Steen beschäftegt.
De Robert Weis ass Paläontolog am Naturmusée, Schrëftsteller a Matgrënner vum Verlag Michikusa Publishing. Zesumme mam Davide Sapienza huet hien d'Buch "Rocklines. Un voyage géopoétique à travers la Minett UNESCO Biosphere" (éditions Phi, 2022) erausbruecht. A sengem aktuelle Buch "Yamabushi - La sagesse des montagnes" (Transboréal, 2025) erzielt hien vun enger vu senge Reesen a Japan.
D'Ulrike Bail schreift Gedichtbänn déi sech all Kéiers mat spezifeschen Themen beschäftegen. Fir hire Lyrikband "wie viele faden tief" den ronderëm d'Thema "bitzen" opgebaut ass, krut si 2021 de Prix Servais. Dëse Band ass elo ganz rezent och op Franséisch iwwersat ginn, mam Titel "point invisible" (Les éditions Blancs Volants, 2025) Hiren neitste Gedichtband dréit den Titel "im halblichten geäst deines atems" (Conte Verlag, 2023)
De Bernd Marcel Gonner ass e Lëtzebuerger Schrëftsteller deen an Däitschland lieft a schafft. Fir säi Kannerbuch "Pirat oder Seeräuber sterben nie" krut hien 2017 deen éischte Präis am nationale Literaturconcours. 2021 gouf hie mam "Deutscher Preis für Nature Writing" ausgezeechent. Säin neitst Wierk ass d'Lauschterbuch fir Kanner "Allerhand! Frosch und Fant". (cclive 4 Kids)
D'Elise Schmit krut fir hiren Erzielband "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" 2019 de Prix Servais. Si ass och Iwwersetzerin, Literaturkritikerin a schreift fir den Theater. Bei eisem Gespréich konnt si leider net dobäisinn, si huet awer um Event "Stein schreiben" dat de 4te Mäerz vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mam CNL organiséiert gouf, deelgeholl an huet eng Auswiel vun onverëffentlechte Gedichter ronderëm d'Thema "Steen" virgedroen.
Wien sech d'Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée ukucke wëll, dee muss sech allerdéngs begannen, si ass just nach bis de 16te Mäerz ze gesinn! -
"Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy
"Gelegenheit macht Mörder" sou kéint een déi éischt Säite vun dësem Krimi iwwerschreiwen. E puren Zoufall verleet eng Täter-Persoun dozou, e Mord ze begoen. A vun do un huet dës Persoun - wuertwiertlech - Blutt geleckt. Kuerz drop geschitt e misteriéisen Duebelmord - an dobäi wäert et net bleiwen. D'Kommissarin Dany Kerner enquêtéiert a pickt dobäi an en Harespelsnascht aus Mobbing, Muechtmëssbrauch a Mord. D'Polizistin léisst sech dovun awer net découragéieren. Hire Virwëtz ass gestëppelt a si huet net wëlles kleng bäizeginn. Do dernieft muss si sech och mat private Verännerunge beschäftegen, déi hiert Familjeliewen op d'Kopp geheien.
Der Claude Dominicy ass e spannende an däischtere Krimi gelongen. Wie kann hir et do verdenken, dass si selwer och e bëssen am Schiet bleiwe wëll?
Am Interview erzielt d'Claude Dominicy wéi si un d'Schreiwe komm ass, wéi eng Krimi-Auteuren si selwer gäere liest a wéi eng Zukunftspläng si fir hir Kommissarin Dany Kerner huet.
"Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy ass am däitsche Gmeiner Verlag erauskomm. -
"Léa ou la théorie des systèmes complexes" vum Ian de Toffoli
2023 ass et als Theaterstéck am Kapuzinertheater gewise ginn, elo ass d'Buch beim renomméierte franséische Verlag "Actes Sud" erauskomm.
Dokumentatioun a Fiktioun: dem Ian de Toffoli säin Text ass béides. Deen dokumentareschen Deel zeechent d'Geschicht vun enger mächteger US-amerikanescher Petrolsdynastie no an erfuerscht d'Zesummespill tëscht Industrie a Politik an deen nefasten Afloss deen dëse komplexe System op eis Ëmwelt huet.
D'Figur vum Léa dogéint ass reng fiktiv. An enger Welt déi duerch den ongebremste Klimawandel riicht an d'Mauer fiert, gesäit hat keng Zukunftsperspektiv méi a radikaliséiert sech. Gläichzäiteg muss hat erkennen, dass hat selwer en Deel vun dësem komplexe System ass.
Am Interview erzielt den Auteur Ian de Toffoli vu senge Recherchen zu engem brisanten Thema dat duerch d'Aktualitéit ëmmer méi an de Fokus réckelt. -
"Vergissmeinnicht - Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno" vum Guy Koenig
Stiefesdag 1969. De Commissaire Bertemes huet Bereetschaftsdéngscht, an eigentlech erwaart hie sech e rouegen Dag. Mä et kënnt anescht. De Juge d'instruction vun Dikrech rifft un, et ass e Mord geschitt, an de Bertemes muss sech direkt op de Wee an d'Éislek maachen. D'Affer ass den Egon Schmit, en däitschen Hauptmann a fréiere Wehrmachtszaldot dee fir eng Commémoratiounsfeier zu Dierbelt war.
Dat ass d'Ausgangssituatioun vum Guy Koenig sengem neie Roman "Vergissmeinnicht" . Am Interview erzielt hien wéi déif d'Wonnen aus der Zäit vu der Rundstedt-Offensiv och 25 Joer méi spéit nach waren, an dat zu engem Moment wou et esou ausgesinn huet, wéi wann sech grad alles an der Welt géif veränneren.
"Vergissmeinnicht" vum Guy Koenig ass bei Op der Lay erauskomm. -
"Nightscapes" 3 onheemlech Geschichten vum Percy Lallemang
Alpdreem gi wouer am Percy Lallemang sengen Nightscapes. E Mann ouni Schiet, eng kriminell Band déi am Edinburgh vun den 1830er Joren Läiche klaut, eng Serie vu misteriéise Mordfäll am London vum Joer 2055. "May cause nightmares and visions. Contains traces of horror" sou heescht et schonn am Klappentext. Dir sidd also gewarnt! Am Interview erzielt de Percy Lallemang vu senger Faszinatioun mam Horror-Genre, awer och mat der Stad Edinburgh an hirer räicher Geschicht. Lauschtert eran...wann Dir Iech traut!
"Nightscapes" vum Percy Lallemang ass bei Black Fountain Press erauskomm. -
"Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François
Am Luc François sengem éischten Erzielband ass all Geschicht eng Virwëtztut!
De Luc François, Joergang 1993, schreift zënter iwwer 10 Joer Fantasy-Romaner. Säi lescht Buch "Wasserstand" hat et op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Mat "Hirngespinste und Silberstreife" leet en elo säin éischte Kuerzgeschichte-Band vir. Natierlech ass och nees Fantasy mat am Spill, awer net nëmmen. An deenen 12 Geschichten triede verkannte Superhelden op, fiktiv Rockstaren, an Eisebunn-Nostalgiker. De Lieser gëtt matgeholl op eng verwurrelt Zäitrees a kann engem Personnage hannert d'Stir kucken...wuertwiertlech. Wéi en op all déi droleg Iddien kënnt? Dat erzielt de Luc François am Interview.
"Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François ass bei Hydre éditions erauskomm. -
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand
An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten.
Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem 3D-Printer ausgedréckt ginn. Vitesse ass alles wat zielt, well nëmmen dee Liwwerdéngscht deen d'Wuer als éischte prett huet an se bei de Client liwwere kann, mécht e Geschäft. Dobäi gëtt och gären emol mat onfaire Mëttele geschafft...
Dem Tom Hillenbrand säi Roman spillt an enger Zukunft déi engem beonrouegend kënneg virkënnt. Konsum ass zum Selbstzweck ginn, an d'Bringer si gläichzäiteg d'Helden an d'Sklaven vun dësem System.
Méi doriwwer am Interview mam Tom Hillenbrand!
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand ass bei Kiepenheuer und Witsch erauskomm. -
D'USA an 10 Bicher
Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren.
D’Resultat ass e Podcast an deem ganz verschidde Bicher beschwat ginn vum Washington Irving senge Kuerzgeschichten iwwer esou bekannt Wierker wéi “The Great Gatsby” bis bei méi rezent Romaner wéi zum Beispill “Man in the Dark” vum Paul Auster oder “American Dirt” vun der Jeanine Cummins.
Fir d'Walen an den USA mécht de Podcast "Lecture vun heiheem" sech ausnamsweis op de Wee iwwer de grousse Pull. -
Enseignante, Editrice a Schrëftstellerin: d'Anne-Marie Reuter schwätzt an dëser Episode vun der Lecture vun heiheem iwwer hiren éischte Roman
D'Anne-Marie Reuter ass dem literaresche Public am beschten als Editrice bekannt. Mat hirem Verlag "Black Fountain Press" huet si der engleschsproocheger Literatur zu Lëtzebuerg eng Stëmm ginn. Hannert de Kulissen huet si awer jorelaang och un engem eegene Roman geschafft. "M for Amnesia" ass den Titel vun hirem Débutroman, enger Dystopie an der sech alles ëm d'Mémoire dréint. Erënnerungen gi verluer an erëmfonnt, mä sinn dës Erënnerungen och echt oder just Illusioun? Kënnen Erënnerunge manipuléiert ginn, a, wa jo, wat mécht dat mat de Mënschen? Iwwer dës, a weider spannend Themen geet et am Interview mat der Anne-Marie Reuter.
"M for Amnesia" vun der Anne-Marie Reuter ass bei Black Fountain Press erauskomm. -
Déi legendär Weltraum-Missioun Rosetta vun der European Space Agency, verständlech noerzielt fir Kanner
Op engem klenge Fiels ze landen dee mat héijer Vitess duerch de Weltall jauft, dat war den Défi deen d'European Space Agency (ESA) mat der Missioun Rosetta ugeholl hat. 2004, no méi wéi 10 Joer Preparatioun, goung et lass, mä et sollt nach eng Kéier 10 Joer daueren bis de Space-Lander Philae um Koméit opsetze konnt. An hirem neie Buch "To Meet a Comet" erzielt d'Isabelle Marinov wéi vill Schwieregkeeten hu misste gemeeschtert ginn bis et souwäit war.
Am Interview verréit si awer och wéi et mam Hugo, dem Alex an dem Julie, den Helden aus hirem beléifte Kannerbuch "Boy Underground" weidergeet. Mir tauchen am Mëttelmier no engem Schëffswrack aus der Réimerzäit, mir léiere Chinesesch a mir ginn an de Kino! -
A sengem Roman "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion" erzielt de Claude Schmit eng alternativ Geschicht vum Jesus.
De Jesus ass um Kräiz gestuerwen, gouf begruewen, ass operstaanen, an an den Himmel opgefuer. Dat ass den Narrativ vun der Bibel, sou wéi mir e kennen. Mä wat wier, wann hien iwwerlieft a sech vu senge Blessuren erholl hätt? Wann de Prophet vun Nazareth villäicht souguer en neit Liewen ugefaangen hätt? Genee dat ass den Ausgangspunkt vum Claude Schmit sengem Roman "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion". Am Interview erzielt den Auteur wat hien un dem Thema gereizt huet a wéi en sech d' Figur vum Jesus als Mënsch virgestallt huet.
"Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion"
Claude Schmit
erauskomm bei den éditions Phi
ISBN 978-2-919818-18-1
20€ -
"Camille Sutor - Lion de la résistance - Löwe des Widerstandes" vum André Grosbusch
Den 19te Mee 1944 ass de Camille Sutor mat nëmmen 23 Joer a sengem Elterenhaus zu Iermsdref vun der Gestapo erschoss ginn.
"Net ee vu villen", dat ass den Ënnertitel vun dësem Wierk mat dem den Historiker André Grosbusch un deen eminente Resistenzler erënnert.
Wéi ee Courage de Camille Sutor hat war fir sech géint d'Nazien ze stellen, awer och wéivill Geschéck a Schlauheet néideg waren fir den Alliéierte wichteg Informatiounen zouzespillen ouni sech erwëschen ze loossen, doriwwer hunn ech mech mam Auteur André Grosbusch a mat der Nathalie Brachmond-Sutor, der Enkelin vum Camille Sutor sengem Brudder Richard, ënnerhalen. -
An dëser Episode vum Podcast schwätzt déi jonk Lëtzebuerger Autorin iwwer den éischten Deel vun hirer Serie, de Roman:"A Searing Faith"
Dat jonkt Rena geet an de Bësch fir Kraider ze sammelen, a wéi hat zeréckkënnt ass säin Doheem zerstéiert. Dat ganzt Duerf ass bis op d'Grondmaueren ofgebrannt, keng Spuer vun Iwwerliewenden. Vun engem Moment op den aneren ass dat jonkt Meedchen alleng op sech gestallt, ouni Famill an ouni eng Äntwert op déi Froen déi hat net méi lassloossen. Wat ass geschitt? War d'Feier wierklech en Accident oder ass et ganz bewosst geluecht ginn? A gëtt et Hoffnung fir op d'mannst seng Schwëster lieweg erëmzefannen? Dem Maya säi Rank ass deen eenzegen Indiz deen d'Rena huet, mä hat wäert net opginn bis hat d'Wouerecht erausfonnt huet. A ganz onerwaart fënnt hat nei Frënn déi hat bei senger Sich ënnerstëtzen.
"A Searing Faith" ass den éischte Roman vum Audrey Martin an den Ufank vun enger Serie bei der d'Lieser ofstëmme kënnen a wéi eng Richtung d'Geschicht sech weider entwéckele soll. Am Interview verréit déi jonk Autorin méi iwwert den Univers vun "The Heart Pyre" a wéi een als Lieser un der Geschicht deelhuele kann. -
Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrément skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen.
Lëtzebuerger reese gären, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat ënnert dem Titel "A Pint of Fish Fingers" bei Black Fountain Press erauskomm ass, erzielt hie vu senge Reesen, déi e gréisstendeels an engleschsproocheg Länner gefouert hunn. Am Interview verréit hien wat een alles erliewe kann wann een ouni e Su an der Täsch zu London festsëtzt, wat d'Leit op der anerer Säit vum grousse Pull iwwer Lëtzebuerg wëssen, (oder och net) an dass déi spannendst Reesen een heiansdo op ganz onerwaarten Destinatioune féiere kënnen... -
Iergendwéi hänkt alles schif, am Liewe vun de Personnagen aus dem Guy Helminger senge Kuerzgeschichten
Biller déi vun der Mauer verschwannen, Bicher déi aus Regaler erausfalen, e kollektiven Dram an e Schrëftsteller dee bei engem Openthalt am Spidol an eng aner Dimensioun ze gerode schéngt. Fir d'Personnagen an dem Guy Helminger senge Stories ass op eemol näischt méi esou wéi et emol war. Hir Welt geréit an d'Rutschen, wéi e Stillleben dat alles anescht wéi stëll ass. An dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" erzielt de Guy Helminger awer net nëmmen vun de Verbindungen tëscht senge Figuren déi sech tëscht de Geschichten hin an hier bewegen an dobäi ëmmer nei Facetten vu sech präisginn. De Schrëftsteller a Globetrotter léisst eis och u senge Reesen deelhuelen. Viru kuerzem war hien an Indien an am Nepal, hien erënnert sech awer och u säi Besuch a Brasilien. A wien de Guy Helminger kennt, dee weess, dass hien sech op senge Reesen och op Plazen traut, déi den duerchschnëttlechen Tourist éischter net um Radar huet...
"Das Geräusch der Stillleben" vum Guy Helminger ass bei Capybarabooks erauskomm -
Wouerecht oder Liggen? Realitéit oder Illusioun?
E Mann erwächt aus dem Koma a ka sech un näischt méi erënneren. No an no probéiert hien d'Puzzlestécker vu sengem Liewen nees zesummenzesetzen a mécht dobäi onerwaarten Entdeckungen. Seng Kandheet an engem verruffene Quartier, seng Fra mat der iergend eppes net stëmmt, seng Aarbecht an enger Zeitungsredaktioun a kromm Geschäfter déi e besser gehat hätt einfach ze ignoréieren...an d'Fro wéi en eigentlech an déi Situatioun komm ass an der en sech elo erëmfënnt. Ass en einfach esou an de Koma gefall...oder iere gestouss ginn?
A sengem Erzielwierk "Kappgras" féiert den Nico Helminger säi Protagonist (an domat och de Lieser) an e Labyrinth aus Wouerechten an Hallefwouerechten, aus Fakten an Illusiounen. Et kritt een e Feeling vu "Film noir", dat duerch déi vill cinematografesch Referenzen nach verstäerkt gëtt. Am Interview verréit den Nico Helminger awer och, wat säin Alter Ego Tomas Bjørnstad als nächst geplangt huet.
"Kappgras" vum Nico Helminger ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm -
Déi däitsch-ungaresch Schrëftstellern huet scho vill Präisser gewonnen. Mat hirem Roman "Muna" stoung si op der Shortlist vum däitsche Buchpräis 2023.
Georg-Büchner-Preis, Ingeborg-Bachmann-Preis, Deutscher Buchpreis 2013: d'Terézia Mora ass eng wichteg Stëmm an der aktueller däitscher Literatur.
Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi däitsch-ungaresch Schrëftstellerin de 5te Mäerz op Besuch zu Lëtzebuerg. Nodeems si schon 2013 den däitsche Buchpräis fir "Das Ungeheuer" kritt hat, huet si et mat dem neitste Roman "Muna oder Die Hälfte des Lebens" och 2023 nees op d'Shortlist gepakt. D'Muna huet 18 Joer a lieft 1989 an Ostdäitschland, kuerz ier d'Mauer fällt. Déi jonk Fra begéint dem Magnus, verléift sech an hien a verbréngt eng Nuecht mat him. Da verschwënnt hien, an et wäert 7 Joer daueren ier si sech erëmbegéinen. Et entwéckelt sech eng Bezéiung, déi allerdengs vun emotionaler Keelt a souguer Gewalt geprägt ass. Trotzdem bréngt d'Muna et net fäerdeg sech vun him ze trennen. Aus senger Léift zum Magnus gëtt eng Obsessioun.
Firwat léisst d'Muna, dat jo eigentlech eng intelligent an talentéiert jonk Fra ass, sech dat iwwerhaapt gefalen? Wéi ass et méiglech, dass hat als eenzegt net wouerhëllt, dass seng Bezéiung zum Magnus rengt Gëft ass? Déi Froen si mir beim Liesen net aus dem Kapp gaangen, an ech hu mech mat der Terézia Mora doriwwer ënnerhalen.
"Muna oder Die Hälfte des Lebens" vun der Terézia Mora ass am Luchterhand Verlag erauskomm -
Bulimie ass dacks nach ëmmer en Tabuthema. Dobäi ass déi Iessstéierung, déi meeschtens Meedercher a jonk Frae betrëfft, alles anescht wéi harmlos.
An hirem Buch mat dem bewosst provokativen Titel "Zum Kotzen schön" erzielt d'Renée Reding vum Lisa, engem Meedchen vu 14 Joer, dat mat de Verännerungen déi säi Kierper an der Pubertéit duerchleeft, net eens gëtt. Hat fënnt sech ze déck a beschléisst ofzehuelen. Mä säi Plang geréit ausser Kontroll a vun do un bestëmmt d'Wo säin Alldag. Kalorien zielen gëtt zu enger Obsessioun, an de Sport, dee bis elo e schéinen Hobby war, gëtt zu engem Mëttel fir déi verhaasste Kalorien ze verbrennen. D'Lisa belitt seng Frënn, seng Famill a virun allem sech selwer. Sou laang bis et seng Ligen net méi oprecht erhale kann.
Am Interview erzielt d'Renée Reding wat si dozou bewegt huet, dëst Thema opzegräifen a firwat et esou wichteg ass doriwwer ze schwätzen.
"Zum Kotzen schön - Eine Geschichte über Bulimie und Freundschaft" vun der Renée Reding ass am Selbstverlag erauskomm. D'Autorin ka fir Liesungen iwwer d'Mailadress [email protected] kontaktéiert ginn. - もっと表示する