Episodes
-
Et gëtt vill ze din!
Mir machen de Debriefing vum DeuLux Lauf a vum Trail Uewersauer, zwou bekannt Coursen am lëtzebuerger Laafkalenner.
Mir schwätzen awer och e bëssen iwwert d´Crossen déi waren a nach kommen a natierlech dierf de wëchentleche Weltrekord net fehlen!
Kontakt:
Email: [email protected]
IG: @watleeft.podcast
-
D´Jil ass erem fit a mir wärtne allen 2 de Weekend um DeuLux Lauf sin, och wann eis Zieler e bessen auserneen gin. Ausserdem fanne mir haut eraus wat eigentlech déi bäschten Coursedistanz ass a firwat.
Kontakt:
Email: [email protected]
IG: @watleeft.podcast
-
Missing episodes?
-
D'Auer gouf gestallt, wat bedeit dass mir demnächst wuel net méi dolaanscht kommen och mol am Däischteren mussen ze lafen. Wäi een dat am bäschten ugeet kläre mir haut.
De Weekend sin awer och direkt zwee lëtzebuerger Championstitelen vergi ginn an mer hun alt erem e neie Weltrekord gesin. Alles dozou an der Folg vun haut!
Kontakt:
Email: [email protected]
IG: @watleeft.podcast
-
D´Jil ass elo säit enger Zäit verletzt a kann net sou lafe wéi et gäre wéilt. De perfekten Anlass fir iwwert d´Thema Verletzungen ze schwätzen, wéi een se vermeide kann mee och wéi een net nëmme physesch mee och psychesch domat ëmgeet wann et een awer emol erwëscht.
Zudem gouf zu Chicago de MArathon Weltrekord bäi den Damen gebrach an huet nodréiglech fir vill Diskussioune gesuergt. Eis Meenung zum Thema wëlle mir ierch neiterlech net virenthalen.
Kontakt:
Email: [email protected]
IG: @watleeft.podcast
-
Den Tom war läschte Weekend zu Nice a Südfrankräich an ass do e 54km Trail gelaf an et ass besser gang wei erwaart. Mee mir schwätzen haut och doriwwer wat eigentlech eis Motivatioun ass fir ze lafen a wéi sech déi iwwert Joren geännert huet.
Kontakt:
Email: [email protected]
IG: @watleeft.podcast
-
Haut de grousse Recap vum Jil sengem Marathon Debut zu Berlin an enger Rei organisatiounsschwieregkeeten op der Route du Vin zu Réimech.
Hei als kuertz ergänzung d´Classement vum Lëtzebuerger Championnat am Semi-Marathon an iwwer 5km:
Semi (Hären):
1. Niall Foley
2. Luc Scheller
3. David Trampert
Semi (Dammen):
1. Zsanett Moczo (Championne FLA)
1. Margaux Bruls
2. Shefi Xhaferaj
3. Runa Egilsdotter
5km (Hären):
1. Charel Weicherding
2. Yannick Lieners
3. Tom Recht
5km (Dammen):
1. Sandra Lieners
2. Liz Weiler
3. Carole Kill
Kontakt:
Email: [email protected]
IG: @watleeft.podcast
-
Et ass esouwäit, d´Jil flitt muer op Berlin fir säin eichten Marathon ze lafen. D´läscht Woch si mir awer och allen 2 schon eng Course gelaf an si suguer béid op de Podium komm!
-
Et war de perfekte Weekend fir ze lafen a mir hu gudd profitéiert! Haut schwätze mir iwwer Kompressiounsstrëmp an Stretching, mee och iwwer de läschte Weekend vun der Liichtathletikssaison vun dësem Joer a wat et do fir Iwwerraschunge gouf.
Kontakt:
Email: [email protected]
IG: @watleeft.podcast
-
Mir kucken eis haut un wéi een eigentlech déi läscht Wochen virun enger Course managed, schwätzen iwwert en curiosen 100m Sprint a freeën eis iwwert eng Bronzemedail fir Lëtzebuerg bäi de Paralympics.
Kontakt:
Email: [email protected]
IG: @watleeft.podcast
-
D´Jil verleeft sech zu Bochum a mecht e puer extra Kilometer während den Tom de ganze Weekend anere Leit bäim Lafe nokuckt amplatz selwer virun d´Dier ze goen.
Ausserdem kläre mir haut op wéi een am Schongrayon de reichtege Choix trefft an machen en Recap vum Ultra Trail du Mont Blanc wou eis dësst Joer erem en Trailrunningfest gebuede gouf.
Kontakt:
Email: [email protected]
IG: @watleeft.podcast
-
D´Jil preparéiert e Marathon während den Tom op Bali seng Gesondheet op d´Spill setzt bäim laafen. Wat een am Fall vun engem iwwerduechschnettlech waarmen Hiescht ka maache fir e kille Kapp ze behalen a Geschichten vun Skandinaven déi net ophale kenne Rekorder ze briechen.
Kontakt:
Email: [email protected]
IG: @watleeft.podcast
-
Härzlech wëllkomm bei der alleréichter Episode vu Wat Leeft!
An dëser Pilotfolge gess du gewuer wat hei eigentlech leeft an wat dech an Zukunft hei erwaard.
Mir stellen eis kuerz vir awer och net zevill. Wanns de méi iwwert eis wëlls gewuer gin muss de an Zukunft all Mëttwoch bäi der neier Episode aschalten.
Kontakt:
Email: [email protected]
IG: @watleeft.podcast