Episodes
-
Original Opnamen aus der Zäit vun de 50er Jore ginn et praktesch keng méi. Déi meescht Radio-Emissioune sinn deemools nämlech live iwwer d'Antenn gaangen, ouni datt e Band matgelaf ass.
D'Historiker Jens van de Maele a Julia Harnoncourt hu fir d'Online-Ausstellung "Minett Stories" awer nogestallt, wéi Fraen-Radio sech an de 50er Joren unhéieren huet. Eraus komm ass d'Audio-Stéck "Zuhause mit Ketty und Catherine".
Wéi ass dat Stéck entstan? A wat seet et iwwer déi gesellschaftlech Stellung vun de Fraen direkt nom zweete Weltkrich aus? Dat freet de Rick Mertens d'Julia Harnoncourt an der drëtter Episod vun der Zäitspuer. -
An der Nuecht vum 26. op de 27. November 1918 sinn zu Esch méi ewéi 60 Butteker geplëmmt ginn: D'Escher waren esou rosen op d'Geschäftsleit, datt si hir Regaler a Vitrinne futti geschloen hunn. Mee obwuel grousse Materialschued entstanen ass, sinn d'Onroue vun deemools relativ séier nees a Vergiessenheet geroden.
Zwee jonk Historiker vun der Uni Lëtzebuerg hunn d'Evenementer vun deemools elo fir d'Online-Ausstellung "Minett Stories" nei opgeschafft. D'Julia Harnoncourt an den Daniel Richter si bei hire Recherchen ënner anerem op en ausféierleche Police-Rapport iwwer d'Onroue vun November 1918 gestouss. Deen hu si esou spannend fonnt, datt si en zu engem Audio-Stéck mam Titel "Tumulte in Esch" verschafft hunn.
Mee däerf een als Historiker iwwerhaapt esou kreativ mat Geschicht ëmgoen? Dat ass eng vun de Froen, déi de Rick Mertens deenen zwee an der "Zäitspuer" gestallt huet. -
Missing episodes?
-
1981 huet déi lescht Eisenäerz-Minn zu Lëtzebuerg zougemaach. Iwwer 40 Joer méi spéit, kann ee sech just nach schwéier virstellen, wéi haart den Aarbechtsalldag ënner dem Buedem deemools war. An eiser Emissioun "Zäitspuer" loosse mir Leit zu Wuert kommen, déi d'Minnenaarbecht selwer materlieft hunn.
Datt dës Erënnerungen un d'Minnenaarbecht nach ëmmer accessibel sinn, ass dem Luciano Pagliarini ze verdanken. De Lokalhistoriker huet an de 70er, 80er, a fréie 90er Joren stonnelaang Leit interviewt, déi selwer an de Minne geschafft hunn, oder am direkten Ëmfeld vun de Minnenaarbechter gelieft hunn.
D'Tounopname vun dëse Gespréicher gëtt et bis haut, an si sinn eng Goldgrouf fir Leit, déi sech fir déi industriell Vergaangenheet vun der Minett-Regioun interesséieren.
D'Historiker François Klein a Marco Gabellini hunn d'Kollektioun fir d'Online-Ausstellung nei opgeschafft. De Rick Mertens huet sech an der "Zäitspuer" erkläre gelooss, firwat des Opnamen esou wäertvoll sinn.