Эпизоды
-
Zejoert gouf hie mam Prix révélation vum CAL ausgezeechent.
Am Centre d'art nei Liicht kann een aktuell dem Pit Riewer seng éischt Solo-Ausstellung gesinn an där d'Molerei zwar am Mëttelpunkt steet, den Ausgangspunkt awer ëmmer eng Foto ass an och e Gedicht eng wichteg Roll spillt. An engem Café zu Diddeleng huet de Moler dem Claudia Kollwelter ënnert anerem erkläert wéi d'Ausstellung zustane koum, wéi en iwwer Ëmweeër schlussendlech zu Antwerpen Molerei studéiert huet a wat de CAL Präis fir hie bedeit. -
Als Dänzerin a Choreografin ass d'Claudia Urhausen souwuel op der Bün wéi och hannendrun doheem.
Zanter iwwer 15 Joer schafft si u souwuel artistesche wéi och edukative Projeten a kombinéiert Danz mat net just Musek, mee och Theater oder Konscht. Trotz gutt gefëlltem Agenda, huet si tëscht Prouwen an de Rotonden Zäit fonnt fir mam Claudia Kollwelter iwwert hir Aarbecht ze schwätzen, iwwert Hip-Hop, d'Ënnerscheeder mat Professionellen Dänzer a Laien ze schaffen a villes méi... -
Пропущенные эпизоды?
-
"Ach Schissimatucki" oder "Wozu noch arbeiten?" datt sinn nëmmen e puer Titele vu Biller déi de Moment an der Galerie Reuter Bausch gesi kann.
Wierker vum Kënschtler Roland Schauls, deen no Joren emol rëm zu Lëtzebuerg ausstellt. D'Claudia Kollwelter huet an der Ënneschtgaass mam Moler ënnert anerem iwwert säi Schaffprozess geschwat, iwwert Ironie, Stuttgart a Spontanitéit. -
"N vun der Welt" heescht déi zweet EP vun der Lëtzebuerger Rapperin Nicool.
D'Release dovunner ass an e puer Deeg an d'Musekerin huet bei enger Taass Kaffi mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert d'Welt vum Hip-Hop geschwat, iwwert Sujeten déi se impaktéieren an influenzéieren an awer och iwwert hir sozial Oder an d'Parallellen tëscht Musek a Psychotherapie. -
Beyond Nature heescht seng aktuell Expo an der Galerie "Reuter Bausch".
Den Arny Schmit stellt net just Tableaue, mee och Installatiounen aus. A sengem Studio huet deMoler dem Claudia Kollwelter erkläert wou seng Leidenschaft fir Landschaften hir kënnt, wéi hie vum zeechnen op d'mole koum an haut och méi dräidimensional schafft. Donieft huet de Kënschtler iwwert seng eegen Entwécklung geschwat, iwwert d'Technik déi hie fir seng Biller benotzt an d'Loscht mat der Konscht ze experimentéieren. -
Sport, Musek, BD - de John Rech lieft vill Passiounen. Seng Léift fir d'Musek koum an der Schoul mat der Band T42 an dono Dream Catcher.
A sengem Büro zu Diddeleng huet den John Rech méi erzielt iwwer säin Job als Direkter vum Kulturzenter Op der Schmelz, iwwer seng Begeeschterung, fir BDe mam Andy Genen ze maachen an iwwer den Dream-Catcher-Album, dee se viru fënnef Joer am Musée des Mines opgeholl hunn an elo op de Live-Concerten derbäi hunn. -
Als Dänzerin, Choreographin a Politikerin huet d'Sylvia Camarda e gutt gefëllten Agenda.
D'Passioun fir den Danz huet si schonn als Kand entdeckt an du stoung och séier fest datt dat net just en Hobby sollt bleiwen. Ma och hiert d'politescht Engagement ass hir extrem wichteg, an dofir ass et och net Zoufall datt d'Claudia Kollwelter d'Sylvia Camarda an der Stater Gemeng begéint huet fir ënnert anerem iwwert Projeten ze schwätzen déi an Zukunft ustinn: -
Dës Woch geet et ëm de "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900".
Wéi verschiddenaarteg kléngt d'Lëtzebuerger Sprooch uechtert d'Land? Den Alain Atten huet et dokumentéiert. De Geografieprofesser Claude Schmit huet Sproochkaarten entworf an digitaliséiert. Mat geschafft hunn och d'Linguistinne vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Sara Martin an Nathalie Entringer. -
"The x" heescht e neien Electro-Pop Duo dee rezent seng éischt EP eraus bruecht huet.
D'Sarah Kertz an de Yannick Stein sinn d'Gesiichter a Stëmmen derhannert. Op der Terrass vun engem Café huet d'Claudia Kollwelter d'Museker getraff a mat hinnen ënnert anerem iwwert d'Musekszeen zu Lëtzebuerg, Concerten an zukünfteg Projete geschwat. -
No "Schatzritter" a "Barrage" huet d'Laura Schroeder mat "Maret" hiren drëtte Long-Métrage am Kino..
"Maret" erzielt déi ongewéinlech Geschicht vun enger Fra, déi vun engem Moment op deen aneren d'Erënnerung un déi lescht Joren aus hirem Liewe verléiert. Eng revolutionär Operatioun op Lanzarote kéint hir hëllefen, mee d'Maret ass sech net méi sécher, ob si nach wëllt déi Persoun sinn, déi se lo lues a lues entdeckt. -
Den éisterräicheschen Auteur war am Abrëll op Liesrees zu Lëtzebuerg.
Hien ass Auteur a Bauer a fir de Reinhard Kaiser-Mühlecker si béid Beruffer Passiounen a béid Passioune vermësche sech och a senge Bicher. Dobäi sinn et keng Sachbicher, mee Romaner an deenen d'Geschichten am ländleche Raum spillen mat allen Erausfuerderungen, Krisen an Engagementer, déi haut d'Landwirtschaft kennt. Aus sengem rezente Roman "Wilderer", fir deen en de bayresche Buchpräis krut, huet en zu Lëtzebuerg gelies. -
Schonn zanter 7 Joer gëtt et den "Augenschmaus".
"Beim Nëssert" zu Biergem war déi 1. Editioun vum Creators Market. Dono koum eng Chrëscht-Editioun an de Rotonden dobäi an elo de 4. Juni ass de Rendezvous zu Hollerech am Schluechthaus. Dat am Kader vum "European Design Festival". Iwwer 150 Kënschtler haten sech gemellt fir mat dobäi ze sinn - wéi mécht een do d'Selektioun, wat erwaart de Public bei dëser Editioun an wéi gesäit d'Zukunft vum "Augenschmaus" aus? Doriwwer huet d'Claudia Kollwelter mat den Organisateure geschwat: -
Theater, Film oder Serien - d'Lëtzebuerger Schauspillerin mat portugiseschen Originnen huet sech an de leschte Joren e Numm hei am Land gemaach.
"The Censor" heescht d'Theaterstéck an deem d'Magaly Teixeira Enn Mee am Kinneksbond matspillt. Wéie Rôle de Publikum dobäi spillt, ënnert anerem dat huet d'Actrice dem Claudia Kollwelter tëscht de Prouwe verroden, mee och iwwert weider Projete geschwat. -
De Festival vu Wooltz an d'Nuit des Lampions si wuel déi gréissten Evenementer vun der ASBL Cooperations.
D'Direktesch huet an engem Café um Lampertsbierg mam Claudia Kollwelter awer net just iwwert de Programm vun dësen zwee Events geschwat. D'Elvira Mittheis verréit wat alles hannert der ASBL stécht a wat de Public och soss nach déi nächst Wochen a Méint zu Wooltz erwaart. -
"Home Sweet home" heescht déi nei Expo, déi de belsche Kënschtler Stéphane Halleux an der Galerie Schortgen weist.
Laang virum Oscar fir de Kuerzfilm "Mr. Hublot" huet de Sculpteur Stéphane Halleux säin eenzegaartegen Univers opgebaut. Wëll d'Zeechnen him ze laangweileg ginn ass, ass hien op Skulpturen ëmgeklommen mat enger besonnescher Technik a senger grousser Begeeschterung fir all méiglech Piècen aus Metal, Lieder, Stoff, déi en op Brocanten a Floumäert gesicht huet.
Seng éischt Ausstellung war 2003 an der Galerie Schortgen an der Stad an den Intérêt war direkt grouss. An dat ass huat och nach esou, weess de Maurice Schortgen. -
"In Absence" heescht hir aktuell Ausstellung an der Galerie Reuter Bausch.
D'Kënschtlerin schafft haaptsächlech an der Fotografie, mee och mat Video, Toun an Installatiounen. An dat kombinéiert d'Lisa Kohl och dacks an hiren Expoen. D'Claudia Kollwelter huet si an der Galerie an der Ënneschtgas begéint. -
D'Pendelen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg, geograpesch a sproochlech, ass fir de Samuel Hamen Alldag.
"Wie die Fliegen" heescht de Roman vum Samuel Hamen, deen am däitsche Verlag "Diaphanes" erauskënnt. Am Théâtre National gëtt dës Woch "False Sun/Falsche Sonne" gewisen, eng Produktioun, bei där hie sech mat Texter vun der britescher Schrëftstellerin Anna Kavan befaasst. -
"La Tête Qui Explose" esou heescht de neien Album vum Dany Le Loup.
De Rapper huet awer eigentlech seng Musekscarrière an der Punkzeen ugefaangen. Wéi en op den Hip Hop gewiesselt ass, wat et mat sengem Kënschtlernumm op sech huet a wat en fir d'Zukunft geplangt huet, datt huet den Dany Coimbra dem Claudia Kollwelter am 1535 zu Déifferdeng erzielt: -
Den 10. Februar war den däitsche Schauspiller a Museker Jan Josef Liefers fir eng Liesung am Cube 521 zu Maarnech.
Virun ausverkaaftem Haus huet hien aus dem Roman "Über Menschen" vum Juli Zeh gelies. De Jan Josef Liefers ass vrun allem ganz populär ass duerch seng Roll vum exzentresche Professer Börne an der Tatort-Serie, déi zu Münster spillt. Säin éischte grousse Succès hat en am Film "Knockin on heaven's door" nieft dem Til Schweiger an dem Thierry Van Wervecke. -
1996 war hien den Initiator vum Théâtre National a bis haut säin Direkter.
Fir d'Produktioun "Café Terminus", déi eng dystopesch Vue op Lëtzebuerg 2039 soll sinn a sech um Stéck "Der Eismann kommt" vum Eugene O'Neil inspriréiert, huet de Frank Hoffmann net nëmmen als Regisseur, mee och als Auteur geschafft. Gewise gëtt eng Gesellschaft an der Kris, mat Personnagen, déi sech an engem Café zesummeverschanzen. - Показать больше