Bölümler
-
Et ass eng vun den banaalsten Saachen an eisem Liewen an awer stécht esou vill an eisem Otem wat mir net wouerhuelen. Mat den richtegen Techniken kann een sech entspanen oder nees Energie kréien, et kann een Saachen opschaffen oder sech komplett aus enger Stresssituatioun erauszéien. Wéi een den sougenannten "Breathwork" kann ugoen, an weieng ganz einfach Übungen een selwer kann man, dat erklärt äis d'Michèle Schons, Radiosspeakerin an Life Coach, mee och Expert am Breathwork, also Otemübungen.
-
Dass Planzen eis kennen hëllefen ass scho laang bekannt, dass et awer ëmmer em déi richteg Mëschung geet an dass déi fir anescht ass ass vlait net esou gewosst. Haut Reesen mer bis an Indien an interesséieren eis fir hier traditionell Medezin an do spillt alles eng Rolle fir eis Gesondheet ugefaangen bei deem wat mer iessen. AyurVeda op englesch iwwersat “ knowledge of life and longevity" also "Langliewen an virun allem gesond" dat wëllen mer jo all, wei mer dat kennen ugoen mat Ayurveda dat erklärt eis den John Schlammes, Yoga Prof an Ayurveda Ernährungs- an Gesondheetsberoder.
-
Alternative Medezin, do denkt een séier un also Traditionell Chinesesch Medezin an aus där kennt dann och d’Akupunktur an déi gëtt schonn iwwer 3000 Joer praktizéiert. An Asien Géigenden ass des Technik awer vill méi rezent. Wei kennen Nolen heelen an weieng Impulser setzen si am Kierper? Bei wat kann een Akupunktur uwenden an wei effikass ass dat ganzt? Fir doriwwer ze schwätzen ass den Dokter Tom Elvinger, Generalist & Akupunkturist.
-
Och 2021 zecken nach ëmmer vill Leit fir bei den Psycholog oder den Psychiater ze goen wann et hinnen séileg net gutt geet. Deels natierlech och well dëst nach net vun der Krankekeess gett, wat sech jo an Zukunft zu Lëtzebuerg kéint änneren. Wat ass iwwerhaapt den Ënnerscheed tëscht Psychologe, Psychotherapeut, Psychiater an Coach an wat kann wiem an weienger Liewenssituatioun hëllefen… ech schwätzen dorriwer mam Psychotherapeut Michel Junker Hien deen sech op Schematherapie spezialiséeiert huet an och Member ass vun der Association Luxembourgeoise de Cognitivo-Comportementale.
-
“Let go of things, calm your mind, nurture your soul” - www.less.lu
Haut geet et em eppes wat mer all ze vill doheem hunn, nämlech Saachen… fir déi eng ass et den Schaaf voller Kleeder déi een ni undeet, déi aner hunn eng Kichen voller Tasen an Tupperware wou een ni richteg weess wouhin domat. 10 Handdicher op den Kapp oder 100 Puer schong… mir kennen den Problem an un sech och d’Léisung. Mat manner Saachen lieft et sech net just méi einfach mee och indirekt vill méi gesond. Doriwwer schwätzen mer haut mam Nicole Wiesner, déi 2017 Less.lu gegrënnt huet an elo als Expert bei d’Leit heemgeet fir hinnen ze hëllefen manner ze hunn. Pay-what-you- wish ass den Moment dem Nicole sain Business Schema. Dat ass jo immenz! Méi dozou am Podcast! -
Schonn déi antik Tibetaner wossten et; de beschte Remède géint Keelt ass… Keelt! Hieren Yoga mécht een net nëmme méi resistent mee och méi staark a méi fit.
TOUMO - iwwersat : "inner fire” also d’Feier wat an äis brennt ass eng Technik aus dem Tibetanesche Yoga an et geet drëms wei ee kann de Kierper an och de Geescht fir extrem Konditiounen adaptéieren. Et kann een sech natierlech virstellen dass dat gutt ass fir den Immun System, mee do geschéien nach vill méi Saachen, an der Keelt.
Déi bekanntesten Meeschter aus aiser Zait sin den Wim Hof mat sengen verréckten Äis a Schnéi Experimenter an den Maurice Daubard deen mat sengen 91 Joer nach emmer iwwer 15min an 1 Grad Wasser bueden geet. Mat "Cold Yoga" kann een Immunsystem stäerken, Cellulite reduzéieren, Endorphiner ukuerbelen also Gléckshormoner an Enthusiasmus, a méi staarkt fir duerch d’Liewen ze goen et ass och en Anti-inflammatoire… wat brauch ee méi! Bei "be well" gëtt et haut esou richteg äis kal! Am Interview ass den vielfältegen Philippe Kieffer, deen beim Maurice Daubard geléiert huet an och zu Lëtzebuerg Yoga an der Keelt unbidd. -
Faaschten, also fir Stonne, Deeg oder esouguer Wochen näischt z'iessen gëtt et schonn Joerhonnerten. Wat huet et domadder op sech an wat geschitt dobäi am Kierper an am Geescht. Doriwwer schwätzen ech mam Monique Schmit vun Fastenwandern.lu. Si ass pensionéiert Infirmière an huet sech hiert Liewen laang mat Ernierung an Gesondheet beschäftegt. Zanter 25 Joer mëscht si all Joers eng Faaschtewoch no Buchinger a beschäftegt sech och soss ganz vill mat gesonder vitalstoffräicher Vollwertkascht. Nieft hirem Engagement bei den Faaschtenwanderer geet si och soss vill wanderen, Vëlofueren an danzen. www.fastenwandern.lu
-
Musek an Téin hunn en groussen Effekt op äis. Se kennen frou stemmen oder traureg. Ma doriwwer eraus kënnen se äis awer och déif entspanen an et ass och eng Methode fir verschiddenes am Kierper ze débloqueieren. Mam Gilles Heinisch, zertifiéierten Entspanungstrainer an Klangmassagepraktiker schwätzen mer an dësem Episode iwwert d'Beneficen vun Soundhealing an als Bonus gëtt et um Enn dann och nach eng Klangmassage fir vun doheem aus matzemaachen. Macht et iech also gemittlech. www.calme.lu
-
Dass Sport oder physesch Aktiviteit gudd ass fir den Kierper an och den Geescht ass wuel jidferengem bekannt. Mee wéi wichteg ass den Mindset beim Sport an op waat kann een selwer oppassen oder wéi kritt een sech selwer motvéiert? De Jeff Paulus ass Fitnesscoach, Personal Trainer an Athletiktrainer. Hien huet Sportwëssenschaft am Master zu Saarbrecken studeiert an ass Diplom Sportprof. Zanter 2011 ass hien selbststänneg an huet sain Studio AFORM gegrënnt (elo um Belval). Hien huet och vill Handball gespillt souguer och fir d’ Nationalequipe. Den Jeff ass Educateur gradué an Papp vun engem klenge Meedchen. Hien wees ganz gudd wei schwiereg et ass heiansto den Sport mam Alldaag ze jongeleieren. www.aform.lu
-
D'Karen Decker ass Bësch Coach, ma als passionéiert Bësch Guide weess hat awer och ganz vill iwwert d’Beem an och soss all Bëschbewunner ze zielen. D’Karen ass elengerzéiend Mamm vun 2 Kanner, Educateur gradué an huet sech nach ëmmer fir orientalesch Philosophy a Spiritualitéit interesséiert. En Trip a Japan mat 19 Joer hat och do en groussen Afloss. D’Karen huet dann och Chinesesch Medezin studéiert, en Diplom als Face-Yoga-Prof a meditéiert reegelméisseg. 2016 hat hatt en totalen Burnout deen 3 Joer gedauert huet an den Bësch huet gehollef fir do nees erauszekommen a genee dat mécht hat dann och haut mat de Leit: Bësch Coaching… an dat ka vill méi bewierke wéi ee vlait kéint op den éischte Bléck mengen…
www.beschcoaching.lu -
Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen?
Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani.
Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...