Bölümler
-
De Premierminister Luc Frieden gëtt och nach Präsident vu senger Partei. Firwat mécht hien dat? Kann en do iwwerhaapt vill Aarbecht rastiechen? An ass déi nei Féierungsetage vun der CSV en taktesch clevere Coup? Ausserdeem: e Bléck op d'Sozialwalen an op d'Kongresser vun ADR, LSAP an Déi Gréng.
-
No Oppositioun an Zivilgesellschaft leet sech elo d'Procureure générale Martine Solovieff mam Léon Gloden un. Bléiwen effektiv ronn 1200 Enquêten am Justizsystem léien, well Beamte mussen d'Heescheverbuet duerchsetzen? Ausserdeem: D'Partei Fokus an hire Grënner Frank Engel buddelen sech an der Affär Semedo ëmmer méi en déift Lach, an e Bléck op d'Oscars gëtt et natierlech och!
-
Eksik bölüm mü var?
-
Mat senger Ausso, Heescherte géife moies an der Stad aus "décke Limousinne mat belsche Plaquen" gelooss ginn, huet de Léon Gloden d'Diskussiounen ëm d'Heescheverbuet am Wanter mat op d'Spëtzt gedriwwen. Elo stellt sech eraus: Beleeë kann den Inneminister déi Ausso iwwerhaapt net. Ausserdeem: d'Monica Semedo geet fir Fokus an d'Europawahlen an de Claude Meisch iwwersteet säi Skandälche bis elo ouni Schued.
-
Amplaz mat enger Superwahllëscht an d'Europawahlen ze goen, bléift fir d'LSAP nach den "natierleche" Spëtzekandidat Marc Angel. Kann dat gutt goen? A wéi eng Chance ass dat fir déi jonk LSAP-Politikerinnen a -Politiker? Ausserdeem: Déi weltwäit Noriichtelag ass düster. Wat mécht dat mat engem, wann een an de Medie schafft?
-
Eng jonk Fra erhieft Reprochë géint de Minister Claude Meisch. Deen dementéiert alles a beim Parquet läit keng Plainte fir. Vill Damp, kee Feier? Mir schwätzen iwwer d'Affär Meisch an iwwer d'Standarden, déi Medie beim Beriichten iwwer esou Fäll sollte virun Aen hunn. Ausserdeem: den Inneminister stellt der Stad Polizisten aus anere Gemengen zur Verfügung an déi si net glécklech doriwwer.
-
Et huet laang - ze laang - gedauert, mee d'Regierung seet endlech: déi einfach Heescherei soll net kriminaliséiert ginn. Hätten sech Frieden, Gloden a Margue eng Rëtsch Kritik kenne spueren, wann se dës mënschlech Ausso scho virun enger Réi Woche gemaach hätten? Ausserdeem: Ginn d'Baueren och zu Lëtzebuerg geschwënn op d'Strooss? A wat geschitt mat Christophe Hansen, dem designéierten EU-Kommissär, no den Europawahlen?
-
De Luc Frieden ass net frou. Mat der lëtzebuergescher Press, déi hie wéinst dem Heescheverbuet net mat Rou léisst. Mat der auslännescher Press, bei där hie Saache gesot, awer net sou gemengt huet. Dréckt sech do een aus der Verantwortung? Ausserdeem: Lëtzebuerg huet seng Kandidatin fir de Eurovision Song Contest.
-
Grad wou mer gemengt haten, am Dschungel vun de juristeschen Onsécherheete géif ni méi d'Sonn schéngen, lant e Procureur. D'Heescheverbuet huet also wuel keng juristesch Grondlag - mee d'Diskussioun ass domat nach laang net eriwwer. Ausserdeem: de Jean Asselborn geet an d'Pensioun an net an d'Europawahlen, a fir en CSV-Politiker kéint d'Spëtzekandidatur vum Nicolas Schmit nach eng schlecht Nouvelle ginn.
-
D'Land geet am Schnéi ënner, d'Stad an de Polizisten, déi d'Heescheverbued ëmsetze sollen. Zënter e Méindeg ass déi nächst Phase vum ëmstriddene Gesetz amgaangen. Goufe scho Leit protokolléiert? Wat kascht dat? A wat, wann dee Protokoll net ka bezuelt ginn? Ausserdeem: Den Nicolas Schmit schéngt Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialiste fir d'Europaparlamentswalen ze ginn.
-
Den Inneminister Léon Gloden mengt ze wëssen, wien d'Verantwortung dréit fir de Vandalismus u sengem Haus: d'Lëtzebuergesch Kulturzeen. Déi hat et gewot, den Här Affekot fir seng Decisiounen ze kritiséieren! Ausserdeem: de Premierminister Luc Frieden huet a sengem éischten Neijoerschinterview vill iwwert seng Vue op de Klimawandel verroden.
-
A schonn ass nees e Joer ëm. An der leschter Episod vum Joer schwätze mir iwwert d'Heescheverbuet an der Stad a kucken op déi politesch a medial Evenementer vum Joer 2023 zréck. Et geet ëm Walen, Mëttelfanger a Futtball - a natierlech ginn et nach Musik- a Podcastrecommandatiounen fir de Schluss vum Joer (oder de wäite Wee zréck op Lëtzebuerg).
-
De Wanter ass do a fir de neie Policeminister heescht dat: Zäit fir Heescherten aus der Stad ze geheien. De Leon Gloden huet d'Decisioun vu senger Virgängerin Taina Bofferding, de Stater "Platzverweis" net z'approuvéieren, réckgängeg gemaach. Ausserdeem: de längste Streik zu Lëtzebuerg zënter 30 Joer a den Ufank vum lëtzebuergeschen Eurovision Song Contest-Marathon.
-
Déi nei Regierung steet. Mat gréisstendeels bekanntem Personal, mee awer e puer Iwwerraschungen. Ausserdeem: Wat war mam Koalitiounsaccord lass? An: Musek vu Lëtzebuerg - Cosmokramer!
-
Stellt Iech vir, et wier Pressekonferenz, mee kee seet eppes! E bëssen d'Gefill, wat déi éischt Woche vum Luc Frieden senger Regentschaft zu Lëtzebuerg hannerloossen. Nach kéinten d'Gremie vun CSV an DP sech queesch stellen - gutt, datt déi dem Koalitiounsaccord mussen zoustëmmen, ier se en dierfe liesen...
-
Bis Enn nächster Woch wëllen CSV an DP duerch si mat hire Koalitiounsverhandlungen. E strammen Zäitplang, mee - wann een dem zukünftege Premier wëll gleewen - dann si sech déi zwou Parteie jo am grousse Ganzen eens. Bis op d'Posten, mee doriwwer schwätze mer (nach) net. Ausserdeem: de neie Beatles-Song an d'Oppositioun, déi sech waarm mécht.
-
De Pierre war um Xavier Bettel sengem - virleefeg - leschten EU-Sommet als Premierminister. Mir schwätzen iwwert seng EU-Karriär. Ausserdeem: e Bléck op diplomatesch Verzwackungen a Kultur-Tipps fir de Feierdag.
-
D'Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP ginn an déi nächst Ronn, d'Aarbechtsgruppe sinn amgaangen ze schaffen. Wourop läit de Fokus? Wien sëtzt a wéi engem Aarbechtsgrupp? A wien ass guer net vertrueden? Ausserdeem: e Bléck op d'Wielerwanderung an d'Finanze vum Staat.
-
D'Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP ginn an déi nächst Phas. Fir d'Parteie leeft alles no Plang, fir de Presserot awer net. Wéist den #Luc, wéi hie wëlles huet, mat der Press ëmzegoen? Ausserdeem: déi gréng huelen sech endlech un hirer eegener Nues an d'lëtzebuergesch Futtballnationalekipp mécht sech d'Liewe ganz schwéier.
-
D'Chamberwahlen 2023 si gelaf a Lëtzebuerg kritt eng nei Regierung. Wuel mat zum Deel ale Personal. Um Programm: den iwwerraschend däitleche Schluss vu Blo-Rout-Gréng. Déi ze erwaardend Ausriichtung vun enger CSV-DP-Regierung ënnert engem Premierminister Luc Frieden. D'Zukunft vun der LSAP. De gréngen Debakel. An de Ruck, dee rietsen.
-
Virun de Chamberwahlen 2023 maache mir en Ausbléck. Wéi knapp gëtt et? Wéi ee Bezierk gëtt decisiv? An huet d'Affär Giorgetti en Afloss op d'Wahlresultat? Ausserdeem: Mir kucken op d'Nuit des Musées an eise Besuch am Festungsmusée.
- Daha fazla göster