Bölümler
-
Virun e puer Deeg, koum d´Nouvelle, datt den Arbitter Jean Samida gestuerwen ass. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon op seng Karriär zeréck an hie seet eis awer och, wéi d´Situatioun am Championnat ass. An dat souwuel bei den Damme wéi bei den Hären.
-
Am nationalen Basket ginn de Weekend déi éischt Matcher vun den Halleffinallen bei den Dammen an den Hären gespillt. Am Rebound vun dëser Woch huet de Sam Rickal sech am Virfeld d'Matcher bei den Hären méi genau ugekuckt. Et kann ee sech spannend Dueller erwaarden.
-
Eksik bölüm mü var?
-
Am Härebasket fält muer an zwou Partien d'Decisioun wien nieft der Etzella an Esch an d'Halleffinallen vum Championnat kënnt. Am Modus "Best of Three" steet et tëscht Walfer an der Fiels an tëscht Steesel an der Sparta no zwee Matcher 1-1. Den Heemvirdeel kéint eng gewësse Roll spillen. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
-
Dës Woch war déi zweeten Editioun vun der Basket Awards Night. Bei där ginn alleguerten déi Leit ausgezeechent, déi am laf vun der Saison positiv op sech opmierksam gemaach hunn. Am Rebound vun haut ass dat een Thema a mir ginn och gewuer, wou d'Ehis Etute deemnächst am Asaz ass. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert...
-
Am Basket ass dëse Weekend de leschte Spilldag vun der Qualifikatiounsronn bei den Hären. Déi huet awer praktesch just nach ee statistesche Wäert. Apropos Statistik: an der NBA huet de Lebron James eppes fir seng gemaach. Dat sinn Themen haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.
-
De Black Star Miersch ass ee vun den eelste Basketveräiner aus dem Land. Dëst Joer gëtt de Club 90 Joer al. Datt et an där Zäit op an of goung, ass normal. Den Héichpunkt hate si an den 1960er Joren, wéi si 2x Champion goufen. An der Lescht sinn si tëschent der National 2 an der héchster Divisioun hin an hier gependelt, konnte sech ni méi wéi 1 Joer uewen halen.
Zanter 2015 sinn si nëmme méi zweetklasseg gewiescht. Mee dat kënnt sech elo ännere, Guy Seyler: -
Gëschter war fir d'Hären Nationalekipp den Optakt vun der Pre WM-Qualifikatioun. An do gouf et zu Cluj a Rumänien och den éischte Succès. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon op dee Match zeréck an och no vir op dee vun e Sonndeg géint Norwegen...
-
Wolz ass bei den Dammen ouni Zweiwel, d'Ekipp vun der Saison. D'Ekipp aus dem Éislek, steet nämlech sécher am Titel Play-Off. Dat hate wuel déi allermannst, deene Wëlzer virun der Saison zougetraut. Am Rebound vun haut steet Dammenekipp vu Wolz am Fokus. De Rich Simon kuckt awer och kuerz op d'Häre Championnat vum leschte Weekend zeréck...
-
Zu Bartreng, huet sech an den zwou leschte Woche vill gedoen. Engersäits gouf et een Trainerwiessel an een neien/alen Amerikaner ass zeréck komm, anersäits war et, no den Ëmbauaarbechten, de Retour an de Centre Attert. An an der Fiels ass no 6 Spilldeeg, eng positiv Serie op een Enn gaangen. Dat sinn Themen am Rebound vun dëser Woch, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
-
Am Basket war d'Wanterpaus eng relativ kuerz. De leschte Weekend ass nämlech schonns nees gespillt ginn. An do gouf et bei den Hären direkt de Spëtzematch tëscht Ettelbréck a Steesel. An där Partie wollt d'Amicale Revanche huelen fir d'Néierlag an de Véierelsfinalle vun der Coupe géint d'Etzella. Dat ass ënnert anerem Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
-
Am Basket goufen e Mëttwoch déi leschte Matcher virun der Wanterpaus gespillt. D'Sparta ass an eegener Hal nawell zerguttst géint Ettelbréck ënnert d'Reider komm. Déi zwou Ekippen stinn haut am Mëttelpunkt vum Rebound.
-
Am Rebound vun haut, kucke mir zeréck op de leschte Weekend. Am méi speziell op déi zwou Ekippe bei den Dammen a bei den Hären, déi bis elo eng ganz schwéier Saison hunn. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert....
-
Déi leschte Méint waren Damme vum Gréngewald a vun Diddeleng am EuroCup engagéiert. Deen ass fir béid Ekippe gëschter op een Enn gaangen. Fir den T71 mat engem positive Resultat a Polen géint Gorzow a fir Damme vun Hueschtert, mat enger héijer Néierlag géint Bourges aus Frankräich. Den EuroCup ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
-
Bei den Dammen waren Diddeleng an de Gréngewald dës Woch nees am EuroCup am Asaz. De Gréngewald huet an eegener Hal a leschter Sekonn mat 91 op 90 géint Antalya aus der Tierkei gewonnen. Den T71 hat an der Slowakei ee ganz schwéier Stand géint Pietanske. Dat sinn ënnert anerem Themen am Rebound vun dëser Woch, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
-
Déi leschte Woch war fir Dammennationalekipp den Optakt vun der Europameeschterschaftsqualifikatioun. Auswäerts huet d'FLBB Selektioun géint d'Schwäiz gespillt an heiheem géint Bosnien-Herzgowina. An no deenen zwee Matcher stinn zwou Victoiren zu Buch. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt
-
2025 ass d´Europameeschterschaft am Damme Basket. Fir déi Lëtzebuerger Selektioun huet d´Qualifikatioun awer schonns gëschter ugefaangen. An der Schwäiz gouf et ee Succès géint "d´Eidgenossinnen". Dat ass Thema am Rebound vun haut, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt....
-
Aus der héchster Basket-Divisioun falen um Enn ëmmer 2 Ekippen eraus. Dat waren déi lescht Saison Zolwer an Hiefenech. Gewéinlech brécht dann d’Ekipp auserneen, well déi bescht Spiller de Schratt an d’Nationale 2 net mat ginn a léiwer bei en anere Club wiesselen. Et ass duerfir erstaunlech, datt bei Hiefenech – bis op eng Ausnam – de ganze Stack dem Veräin trei bliwwen ass. Am Rebound vun haut huet de Guy Seyler sech mat deem Thema befaasst.
-
An der Woch waren d´Aachtelsfinallen vun der Coupe. An dat souwuel bei den Dammen, wéi och bei den Hären. Déi grouss Iwwerraschungen sinn ausbliwwen. Dat ass een Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
-
All Woch ee Match am Eurocup, praktesch all Woch Championnat an deemnächst och nach d' Aachtelsfinallen an der Coupe. Dat ass de Menü fir Dammen aus dem Gréngewald an Diddeleng. Am Rebound vun haut, geet de Rich Simon ënnert anerem der Fro no, wéi dat un d'Substanz vun de Concernéierte geet a wat eng europäesch Participatioun fir ee Veräin bedeit....
-
Et ass eng chargéiert Woch am Lëtzebuerger Basket: De leschte Weekend gouf Championnat gespillt, an der Woch Coupe an elo nees Championnat. A bei den Damme steet elo och nach Euroleague um Programm. Dat sinn Themen dës Woch am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.
- Daha fazla göster