Episoder

  • De Summer ass fort a mir si rëm do: Déi gutt Mod start an déi zweet Staffel. An der éischter Episod kucke mir op déi méi roueg lescht Méint zréck. D’Lynn erzielt vu sengem „erwuessene Summer“, d’Melody huet e Festival opgeriicht, erkläert wat “mat den Hänn schaffen” fir en Impakt op säi Wuelbefannen hat a mir ginn Insights an de Paralympics-Podcast fir deen de Lëtzebuerger Journal ee Joer laang d’Athlet*inne begleet huet an zum Schluss den Tom Habscheid déi éischt Medail säit 40 Joer mat Heem bruecht huet.

    Ausserdeem geet et em Belaaschtbarkeet am Aarbechtsalldag. Wéi een Afloss huet eist Privatliewen dorop, wéi wichteg ass eng raimlech Trennung vun Aarbecht a Fräizäit – a kann ee léieren, besser duerzehalen? Stéchwuert Resilienz. Zum Schluss brauche mer dech: An der zweeter Staffel wäerte mir ëmmer erëm eng gutt Mod am Podcast op Besuch hunn. Du bass eng oder du kenns eng? Schéck eis deng Proposen op [email protected], ob [email protected] oder iwwer Privatmessage ob Instagram. Mir freeën eis op dech.

    Hei geet et bei de Paralympics-Podcast "D'Hoffnungsdréier": https://open.spotify.com/show/4teknHsHmKNsdAxsbfvYtH?si=T_YCXoz0SlyEwWjAau7bOA

  • Wéini fillt Dir Iech op Ärer Aarbecht valoriséiert? D'Lynn an d'Melody schwätzen doriwwer, wéi ënnerschiddlech d'Erwaardunge vu Mataarbechter*inne sinn, a wéi wichteg et ass, dës kloer ze kommunizéieren. D’Melody hat e Leadership Workshop iwwert Konfliktmanagement. Ausserdeem deele si mat Iech hier Highlights aus der Woch: D'Melody huet en Artikel iwwer d'Einsamkeet vu Männer am Alters- a Pfleegeheem geschriwwen an d'Lynn gëtt en Abléck an déi ugepasste Social Media Strategie vum Lëtzebuerger Journal. Dir wëllt bei eis e Stage maachen? Sief et am Journalismus, Podcasting oder Marketing? Da lauschtert eran.

  • Manglende episoder?

    Klik her for at forny feed.

  • Kënnt Dir Iech nach un déi éischte Kéier erënnere, wéi Dir Är nei Aarbechtskolleeg*inne kennegeléiert hutt? D’Melody an d’Lynn schwätzen iwwer den Impakt vum éischten Androck an iwwert Blender*innen an der Mediebranche. Firwat ass et e schmuele Grad tëscht "ob säi Bauchgefill lauschteren" a "sech selwer a Fro stellen"?  Ausserdeem deelt d'Melody en Abléck an d'Zesummenaarbecht mat Stagiair*innen. Zum Schluss gëtt et nach eng Äntwert op d'Fro aus der Community: "Fir wat gitt dir verhältnesméisseg vill a wéineg Suen aus?"

    D'Etüd, iwwer déi mir am Episod schwätzen:

    https://journals.plos.org/plosone/article?id=10.1371/journal.pone.0090779

    Den Artikel vun eisem Stagiaire Rodrigo Ribeiro:

    https://journal.lu/de/portugiesinnen-und-die-schule-eine-komplizierte-beziehung

  • D'Lynn ass vum 1. Abrëll u Presidentin vum Lëtzebuerger Presserot. An deem Kader ass eis positiv opgefall, dass an de leschte Woche vill Fraen zu Lëtzebuerg op Féierungspositioune komm sinn. Mir schwätzen driwwer, wisou et wichteg ass, dass mer eis net dorop ausrouen. D'Melody gëtt en Iwwerbléck iwwer d'Fuerderunge vun dësem Fraestreik, an zum Punkt géint Gewalt géint Fraen deelen hatt an d'Lynn perséinlech Erfarungen. Zum Schluss huele mer iech mat op de Fraestreik, wou mer nogefrot hunn, fir wat dir et wichteg fannt, dass mer och 2024 nach esou e Streik hunn.

    Ulafstellen: 
    https://violence.lu/ 
    https://fed.lu/wp/
    https://454545.lu/

  • Mir hunn eng gutt Mod op Besuch: D'Chantal Rossi huet knapp 40 Joer beim Tageblatt geschafft. Ugefaang als Dactylo, huet d'Chantal déi meescht Zäit vu senger Karriär als Direktiouns- a Redaktiounssekretärin verbruecht. D'Chantal erzielt aus sengem fréieren Aarbechtsliewen awer och iwwert d'Erausfuerderunge vun der Pensioun wa vun haut op muer de gereegelten Dagesoflaf wechfält. Dernieft schwätzen d'Melody an d'Lynn iwwert d'Wichtegkeet vu Mediekompetenz an de Schoulen a firwat et ganz normal ass, datt et zu engem Sujet 10 verschidde Wourechte ginn.

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

  • Dësen Episod starte mer mat engem Grond, fir ze feieren: De Misch Pautsch, Journalist aus eiser Ekipp, ass den neie President vun der ALJP (Association Luxembourgeoise des Journalistes Professionnels). D'Melody ass selwer schonn e puer Joer Member am Veräin an erkläert wat d'Roll vun der Journalist*innenassociatioun ass. Duerno erziele se wat si alles op hir To-Do-Lëschte schreiwen a wéi déi géint negativ Gedankespiralen hëllefe kënnen. 

    An d'Lynn erkläert seng fréier ambivalent Bezéiung zu automateschen Out-of-Office Messagen déi Iech souguer viru potenzielle Mëssverständnisser ofséchere kënnen.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

  • Happy new year un all déi gutt Moden dobaussen! Mir huelen eis keng Virsätz fir d'neit Joer, dofir hu mir der fir Iech! D’Lynn erkläert dem Melody d’IKIGAI-Method an d’Melody hëlt säi Schlofrhythmus auserneen a kritiséiert, datt Leit déi spéit opstinn ëmmer als méi faul duergestallt ginn. Zum Schluss gi mer op Äre Feedback an a versichen erauszefanne firwat Betriibsfeieren dacks ausaarten.

    Aus dem Episod:
    https://journal.lu/de/zu-wenig-beachtung

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

  • Ier mer eis an de Chrëschtdagswansinn stierzen, beäntwere mer nach déi brisant Fro: "So, streit dir och heiansdo?" D'Äntwert ass ganz kloer: "Jo." An dësem Episod gitt Dir gewuer, wat do lass ass a firwat et grad an eiser Branche esou wichteg ass. Ausserdeem erziele mer Iech, wat Enn des Jores bei eis nach esou usteet, wéi Pressereesen oflafen, an eis ass opgefall, dass vill Leit d'Tendenz hunn, hier Aarbecht kleng ze schwätzen, nach virun deem s, se se iwwerhaapt ofginn hunn.

  • Chrëschtdag steet virun der Dier a scho gi mer all mat Invitatiounen iwwerschott, sief et privat oder am Kontext vun der Aarbecht. Op deenen Eventer spillt Alkohol eng zentral Roll. Mir notzen des Zäit vum Joer fir doriwwer ze schwätzen, wéi present Alkohol an eiser Gesellschaft ass a wéi wichteg et ass, op sech opzepasse fir net an ongesond Muster ze verfalen. Ausserdeem schwätze mer doriwwer, dass wann een an enger Féierungspositioun ass, ee säin eigentlechen Job oft guer net méi mécht. An d'Lynn presentéiert iech d'Bestëmmungsbuch fir d'Lëtzebuergesch Business-Welt. E Geheimtipp fir dass dir op Networking-Eventer méi einfach mat aneren an d'Gespréich kommt.

    Du brauchs Hëllef oder du kenns Leit déi Hëllef brauchen? Hei kannst du dech informéieren:

    Centre National de Prévention des Addictions: http://cnapa.lu/fr/
    Suchtberodung Online: https://www.suchtberodungonline.lu/de/Suchtberoodung Suchtberodung vun Arcus: https://www.arcus.lu/20/suchtberatung
    Äddi.C: https://www.addic.lu

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

  • Chrëschtdag steet virun der Dier a scho gi mer all mat Invitatiounen iwwerschott, sief et privat oder am Kontext vun der Aarbecht. Op deenen Eventer spillt Alkohol eng zentral Roll. Mir notzen des Zäit vum Joer fir doriwwer ze schwätzen, wéi present Alkohol an eiser Gesellschaft ass a wéi wichteg et ass, op sech opzepasse fir net an ongesond Muster ze verfalen. Ausserdeem schwätze mer doriwwer, dass wann een an enger Féierungspositioun ass, ee säin eigentlechen Job oft guer net méi mécht. An d'Lynn presentéiert iech d'Bestëmmungsbuch fir d'Lëtzebuergesch Business-Welt. E Geheimtipp fir dass dir op Networking-Eventer méi einfach mat aneren an d'Gespréich kommt.

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

  • Am Kader vum 75. Anniversaire vum Lëtzebuerger Journal hu mer dësen Episod live zu Maacher am Kulturhuef opgeholl. Mir schwätzen iwwert d’Visitt vum Grand-Duc, wéi mer eis op eis Ried viru Public preparéiert hunn an erklären Iech eisen Insider “Nach séier eng Wäsch amaachen”. Stellt Iech vir Dir preparéiert säit e puer Méint en Event, dann ass en endlech do a wat ass duerno? Dir fillt Iech eidel. Wéi gutt, datt et geschwënn erëm viru geet: Déi gutt Mod geet op Tour! Wouhin? Dat decidéiert dir!

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkunge per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

  • Et ass Hierscht a lénks a riets fänken d’Leit u mat Houschten. Gedanke wéi „oh nee, ech däerf elo net krank ginn” oder “wéi bréngen ech der Ekipp bäi, dass ech ausfalen“ tauchen op. Et ware Walen a mir feiere Gebuertsdag, 75 Joer Lëtzebuerger Journal. Mir schwätzen iwwert d’Komfortzone déi nach ni souwäit fort war wéi an de leschte Méint a wéi mir doru gewuess sinn. Zum Schluss ginn et nach e puer Tipps, wéi ee mat YouTube Mathé léiert.

    !!! Mir feiere Gebuertsdag !!! An deem Kader kritt Dir beim Ofschléisse vun engem Monatsabo 75 % op den éischte Mount geschenkt. Einfach de Code #journal75 aginn: https://journal.lu/de/products

    !!! Meet the Gang !!!
    Du wëlls eis kenneléieren? Da komm de 25. oder 26. Oktober (14h00-18h0) op Maacher an de Kulturhuef op eis Ausstellung: "De Lëtzebuerger Journal vu Print op Digital". Mir freeën eis op Dech!

  • Kuerz no der Rentrée fokusséiere mir eis op d’Weiderbildung. D'Melody war um b°future festival fir konstruktive Journalismus an Dialog an huet vill Inspiratioun an nei Iddie matbruecht. Fir d’Lynn huet och dat neit Schouljoer ugefaangen. Scho säit e puer Joer gëtt hat Radioscoursen am LCD am Kader vum BTS Media Writing. Eis ass opgefall, datt vill Leit net wëssen, wéi eng Ënnerstëtzungen a Méiglechkeeten et hei zu Lëtzebuerg ginn, fir sech nieft der Aarbecht weiderzebilden. Et geet ëm de Sujet "Boreout" an ausserdeem schwätze mir doriwwer, wéi et ass als éischt an der Famill op eng Uni ze goen, awer och doriwwer, datt en Handwierk léieren dacks leider nach ëmmer manner Wäertschätzung an der Gesellschaft kritt wéi en Uni-Diplom.

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

    Aus der Episod:
    Congé individuel de formation: https://guichet.public.lu/fr/citoyens/travail-emploi/conges-jours-feries/formation-professionnelle/conge-individuel-formation.html/

  • Hutt dir och d'Gefill, dass Verbindlechkeet an ärem Ëmfeld net méi grouss geschriwwe gëtt? E Rendezvous ass séier ofgesot oder war guer net opgeschriwwe ginn, well "do war jo näischt méi komm". An dësem Episod schwätze mir driwwer, wéi mir mat esou Situatiounen ëmginn a wéi mer probéiere proaktiv dogéint ze steieren. Et geet awer och drëm, wéi wichteg e Support System vu Frënn a Famill ass, wann een e stressegen Alldag huet. Am participativen Deel "Ech wollt just eppes Klenges nofroen", liese mir nees ee vun äre Message vir a schwätzen iwwer d'Thema Mental Load – also déi Belaaschtung, déi duerch d'Organisatioun vun Alldagsaufgaben entsteet an zum groussen Deel onsiichtbar ass.

    Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

  • Mir huelen Iech mat an eisen Alldag. Mir erziele vun eisem méi oder manner erhuelsame Congé a firwat mer dee méi wäit am Viraus musse plangen. Mir deelen eis Pläng, mëttes op en Networking Event ze goen an diskutéieren, firwat d'Netzwierken esou wichteg ass. Zousätzlech deelen an beschwätze mer Äre Feedback zu Episod #1.

    Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

  • Am éischten Episod stelle mir eis vir an erzielen, wat hannert dem Titel "Déi gutt Mod" stécht. Et dréint sech ganz vill iwwert d’Verantwortungsgefill a wéi wichteg et ass, Responsabilitéit ofzeginn. Wat passéiert mat engem selwer, mee och mat de Mataarbechter*innen, wann ee sech fir alles verantwortlech fillt an näischt delegéiert? Mir diskutéieren iwwer Sätz wéi "Wanns du et mëss, da weess ech datt, et klappt" oder "Hei komm, ech maachen et séier selwer, dann ass et gemaach".

    Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/oder per E-Mail op [email protected] a [email protected] ze schécken.

    Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products