Episoder

  • D'Boursen als Handelsplaze gëtt et schonn zanter Joerhonnerten. D'Pabeiere ginn hautdesdaags awer net nëmmen anescht echangéiert, mee och d'Roll vun der klassescher Bourse huet evoluéiert. Wéi kann sech d'Lëtzebuerger Bourse am internationale Verglach nach demarkéieren, wéi eng Tendenze wäerten an Zukunft dominéieren a wéi wichteg sinn Daten dobäi?⁣⁣⁣
    ⁣⁣⁣
    De Bryan Ferrari schwätzt mat sengen dräi Invitéen am Detail driwwer. De Carlo Oly ass fir de Relationship Management beim Luxembourg Stock Exchange responsabel. De Raphael Duarte ass Portfolio Manager an Analyst bei CapitalAtWork vum Groupe Foyer. De Julien Kohn ass bei der Spuerkeess mat zoustänneg fir de Bond-Portefeuille vun der Bank. ⁣⁣⁣
    ⁣⁣⁣
    Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  • Vous êtes-vous déjà demandé comment les banques et les institutions financières protègent vos informations, et pourquoi la réglementation en vigueur est stricte ? En effet, les exigences d'identification sont constamment adaptées pour faire face aux dangers en mutation de plus en plus rapide. ⁣

    Bryan Ferrari discute des développements en matière de collecte de données personnelles et de son usage avec trois invité·e·s. Ananda Kautz est membre de la direction de l'ABBL et est en charge des domaines paiement, digitalisation et durabilité. Pierre Grasset est membre de la direction de Luxtrust et a en charge le volet qui touche aux client·e·s. Joseph Delhaye est Head Legal chez Spuerkeess et a été responsable de l'onboarding de la clientèle pendant 30 ans.⁣

    Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  • Manglende episoder?

    Klik her for at forny feed.

  • Une société fonctionnant sans recours à des moyens de paiement physiques est tout à fait envisageable, et même réalisable aujourd'hui. Mais qu'en est-il de l'inclusion financière, de la protection des données, de la cybersécurité et de la dépendance technologique y liées ? Peut-on atténuer de manière efficace les risques potentiels pour les consommateur·rice·s et l'économie dans son ensemble ?⁣

    Bryan Ferrari en discute en profondeur avec trois invité·e·s. Natasha Deloge est Head of Innovation de la CSSF, entre autres en charge de l'Innovation Hub. Olivier Rozet est Chief Experience Officer d'Edonys, qui est la nouvelle marque de Vireo, une start-up 100% Made in Luxembourg. Serge Wagener est Vice-President et Head of Business Unit Payments à la Spuerkeess.⁣

    Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  • De European Long-Term Investment Fund gouf vun der Europäescher Unioun an d'Liewe geruff, fir laangfristeg Investitiounen an Europa ze fërderen. Wéi eng Diere ginn domat fir privat Investisseuren opgemaach? A wéi profitéiert d'Wirtschaft op där anerer Säit vun dëser neier Méiglechkeet, fir Kapital ze bannen?⁣

    De Bryan Ferrari diskutéiert mat sengen dräi Invitéen am Detail zu dëse Froen. De Marc Meyers ass Associé an der Étude Loyens & Loeff, ass Responsabel fir d'Fongendepartement a gouf vun der Luxembourg Private Equity and Venture Capital Association (LPEA) invitéiert. Den David Zackenfels ass zanter 10 Joer Jurist beim Lëtzebuerger Fongverband ALFI a betreit am alternative Beräich och de Volet ELTIF. De Claudio Pompei schafft bei der Spuerkeess am Departement vun der Clientèle institutionnelle mat Fokus op alternativ Fongen.⁣

    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣

    Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  • Et war e mouvementéiert Joer, dat och d'Banken- a Finanzwelt net kal gelooss huet. Am leschten Episod 2023 steet bei Evergreens generell déi Lëtzebuerger Ekonomie am Fokus, déi nieft Maartturbulenzen och den Afloss vu Krich, héijen Zënsen an Inflatioun ze spiere krut. Wéi schwiereg ass et, dëst alles an engem europäesche Kontext ze navigéieren, a wéi problematesch ass d'Situatioun am Logement fir déi zukünfteg Entwécklung?⁣

    De Bryan Ferrari mécht mat sengen zwee Invitéen e Réck- an Ausbléck. De Serge Allegrezza ass Direkter vum Statec, dem Institut fir Statistik a Wirtschaftsstudien. De Jean-Paul Olinger ass Direkter vun der UEL, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Patronatsorganisatiounen.⁣

    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣

  • Am November koum d'Nouvelle, dass Lëtzebuerg seng Kreditbonitéit – de sougenannten Triple A – behält. Firwat ass dëse Label esou wichteg? Wien decidéiert doriwwer, a wéi en Afloss huet den "AAA" net nëmmen op de Finanzsecteur, mee och allgemeng op d'Wirtschaft am Grand-Duché?⁣⁣
    ⁣⁣
    Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat zwee Invitéen. D'Françoise Thoma, Generaldirectrice vun der Spuerkeess, erlieft dëse Prozess vum Rating zwee mol d'Joer hautno mat. De Bob Kieffer, Direkter vum Trésor, erkläert d'Wichtegkeet vum Kreditrating aus der Siicht vum Staat.⁣⁣
    ⁣⁣
    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣⁣⁣

  • Verification and traceability are at the core of the blockchain technology. Is it still on its way to revolutionising the digital realm? What real-world problems is it poised to solve in the near future, for example in the financial sector?⁣

    Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Ivie Satijn is the Marketing Manager at Tokeny, provider of tokenisation solutions. Gilbert Fridgen is Professor and PayPal-FNR PEARL Chair in Digital Financial Services at the University of Luxembourg. Christophe Medinger is Deputy Head of Business Unit "Digitalisation" at Spuerkeess.⁣

    Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerger Journal's Studio J.

  • Manque de diversification ou ancienne sagesse ? Les Luxembourgeois·e·s ont tendance à graviter vers l'immobilier quand il s'agit d'édifier leur patrimoine financier, ou bien de laisser l'argent à l’abri dans le confort de leur compte bancaire. Y a-t-il des évolutions contemporaines, notamment chez les jeunes, ou d'autres types investissements qui pourraient changer fondamentalement cette manière d'agir ? Quels efforts restent à faire an matière d'éducation financière ? Bryan Ferrari en discute avec trois invité·e·s qui viennent de domaines très différents.⁣

    Claudia Halmes-Coumont est directrice de Lalux Assurances-Vie. Julien Pénasse est professeur à l'Université du Luxembourg au département des Finances. Claude Hirtzig est responsable du département Retail & Professional Banking auprès de la Spuerkeess.⁣

    Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  • Quel est le rôle des quatre plus grands groupes d'audit et de conseil dans l'économie du Luxembourg ? Quels sont les futurs développements prévus dans leurs activités ? Quatre représentant·e·s dévoilent l'empreinte indélébile de leurs sociétés sur le Grand-Duché en discussion avec Bryan Ferrari et dressent un tableau des défis et opportunités qui dessinent leur avenir.⁣

    Julie Batsch est associée chez PwC, responsable de l'industrie bancaire et auditrice. Stanislas Chambourdon est associé chez KPMG et en charge des activités banques et assurances. Pascal Martino est associé chez Deloitte, en charge de l'industrie bancaire. Dorian Rigaud est associé chez EY et responsable du secteur bancaire.⁣

    Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  • Les Exchange Traded Funds sont des fonds indiciels qui cherchent à suivre fidèlement l'évolution des indices boursiers. Quelles sont les différentes catégories d'ETFs et quelle est la différence par rapport aux instruments financiers traditionnels ? Quels sont les risques associés à leur utilisation et les bonnes pratiques à adopter avant d'investir ?⁣⁣⁣
    ⁣⁣⁣
    C'est ce dont discute Bryan Ferrari avec trois expert·e·s en la matière. Solène Garnavault de Fidelity International s'occupe du développement commercial des solutions ETF à Luxembourg. Antoine Perrier gère la distribution des ETFs sur le Luxembourg et la Belgique chez DWS, et Guillaume Dambrine de Franklin Templeton s'occupe de la distribution de leur gamme d'ETFs en France et au Luxembourg.⁣⁣⁣
    ⁣⁣⁣
    Evergreens by Spuerkeess est une co-productioun avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.⁣⁣
    ⁣⁣
    Avertissement : Les invité·e·s parlent en leur nom propre et ce podcast ne constitue pas un conseil financier. Tout auditeur·rice est invité·e à se familiariser avec le sujet et à se renseigner.

  • K.I. oder A.I., op Englesch, huet en neit Zäitalter agelaut. Wat fréier Science Fiction war, kéint geschwë scho Realitéit sinn: Maschinnen iwwertreffen de Mënsch, deen se gebaut a programméiert huet. Wat kann déi Intelligenz, déi kënschtlech geschaf gouf, bis ewell? Wéi eng Méiglechkeeten erginn sech doduerch an der Gesellschaft, a méi spezifesch am Banken- a Finanzwiesen? An iwwerweit den Notzen, deen de Mënsch doraus zitt, déi potenziell Geforen?⁣

    Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Misch Strotz ass ee vun Fondateuren a CEO bei Neon Internet, enger Agence, déi sech fokusséiert op nei Trends an d'Medie vun der Zukunft. De Jacques Pütz kënnt aus dem Banken- a FinTech-Milieu, kennt sech aus a Saachen Digitalisatioun an Innovatioun, a schafft aktuell bei Proximus als Head of Product Management vun Digital Trust Produiten. De Christophe Atten schafft bei der Spuerkeess am Beräich Data, wou eent vun den Ziler ass ze kucken, wéi een A.I. notze kann, fir de Clienten nei Produiten ze proposéieren.⁣

    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣⁣⁣

  • Talent acquisition and retention have become more crucial than ever in today's competitive job market. With companies vying for the best candidates, it's essential to create the right workplace culture. In this episode in English language, we explore how companies can introduce and cultivate talent magnetism, and why it matters more than ever for business success.⁣

    Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Prof. Dr. Marion Festing is Professor of Human Resource Management and Intercultural Leadership at ESCP Business School's Berlin campus. Lieven Lambrecht is the Head of HR at PwC Luxembourg. Jennifer Kearny is the HR Director at Amazon Transportation Services in Luxembourg.⁣

    This episode was recorded on 28 February 2023.⁣

    Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerger Journal's Studio J.⁣⁣⁣⁣

  • Vill Investisseuren hunn e relativ schlecht Joer hanneru sech. Wat huet 2022 esou aussergewéinlech gemaach, a wéi eng Entwécklungen hunn dofir gesuergt, dass et op de Marchéen zu engem sougenannten "perfect storm" koum?⁣⁣
    ⁣⁣
    Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Aude Lemogne war Traderin zu New York a geréiert elo säin eegene Portefeuille. De Claude Arend schafft bei Intesa Sanpaolo Wealth Management a këmmert sech ëm privat Clienten. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Salle des marchés an der Equipe, déi den eegenen Investmentportefeuille vun der Bank geréiert.⁣

    Dësen Episod gouf de 14. Mäerz 2023 opgezeechent.⁣

    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣⁣⁣
    ⁣⁣
    Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  • Silicon Valley Bank, Signature Bank, First Republic Bank. Déi rezent Failliten an den USA hunn op de Finanzmarchéë Schockwellen ausgeléist. Wéi stabil sinn d'Banken an Europa an zu Lëtzebuerg opgestalt? A goufen déi richteg Léieren aus fréiere Krise gezunn?⁣

    Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Claude Wampach ass Direkter op der CSSF, der Commission de Surveillance du Secteur Financier, an ass verantwortlech fir d'Bankesurveillance. De Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banken zu Lëtzebuerg, an de Claude Origer ass bei der Spuerkeess de Responsabele vun der Salle des marchés an och fir de métier Trésorerie.⁣

    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣

    Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  • De klasseschen Zënsmechanismus ass wichteg, fir d'Offer vu gespuerte Suen an Aklang ze brénge mat der Nofro no Investitiounen. Souwäit d'Theorie. Wat bedeit déi aktuell Hausse, nodeem d'Zënse jorelaang op engem historesch déiwen Niveau waren? A wéi en Afloss hu méi héich Zënsen op de Secteur vun den Immobilien zu Lëtzebuerg?⁣

    Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Paul Nathan vun der Bauentreprise Poeckes ass och Vizepresident vun der Chambre des Métiers a vertrëtt d'Handwierk. De Jean-Paul Scheuren ass aktiv am Immobiliesecteur a President vun der Chambre immobilière. De Charles Pletsch ass Responsabel fir de Reseau vun Agencë vun der Spuerkeess.⁣

    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣

    Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  • Am éischten Episod vum neie Joer sinn d'Fraen am Mëttelpunkt. Wéi steet et an der Banken- a Finanzwelt ëm d'Gläichberechtegung? Ass et am Verglach zu fréier haut éischter eng Normalitéit, dass een onofhängeg vum Geschlecht säi Wee ka maachen? A wéi gëtt Diversitéit am professionellen Alldag gelieft?⁣

    Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nathalie Deltgen ass en charge vum Secrétariat général vun engem Single Family Office zu Lëtzebuerg an huet laang Joren am Bankesecteur geschafft. D'Lynn Alzin ass Partnerin am Finanz- a Kapitalmaartrecht bei Arendt & Medernach. D'Doris Engel ass Chief Financial Officer an och Member vum Comité de direction bei der Spuerkeess.⁣

    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣

  • Am éischte Joer vum Podcast Evergreens goufe ganz vill verschidde Sujeten opgegraff. Fir den 12ten a leschten Episod vum Joer 2022 gëtt nach emol e Bléck op déi wichtegst Theme geheit, mee et ass méi wéi just e Réckbléck. Wéi eng Entwécklunge sinn 2023 an doriwwer eraus z'erwaarden, a wéi gutt sinn d'Marchéen a besonnesch och d'Lëtzebuerger Finanzplaz dorobber preparéiert?⁣

    Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Françoise Thoma ass Generaldirectrice vun der Spuerkeess. De Philipp von Restorff ass den Deputy CEO vu Luxembourg For Finance, an de Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banquieren zu Lëtzebuerg.⁣

    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣

    Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  • No Aktien, Devisen a Private Equity geet et dës Kéier ëm eng vun de gréissten "classes d'actifs" fir z'investéieren. Wat sinn Obligatiounen eigentlech genee, wat sinn déi fundamental Ënnerscheeder par rapport zu aneren Aktiva a wie sinn déi grouss Acteuren?⁣

    Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Carlo Oly ass responsabel fir de Relationship Management bei der Lëtzebuerger Bourse a war fréier zoustänneg fir d’Kotatioun vun den Obligatioune bei der Bourse. De Marc Dax ass schonn 30 Joer laang an de Finanzmarchéen aktiv an ass Broker fir Obligatioune bei der Firma Tradition. Den Nick Huberty schafft beim Financial Markets Department bei der Spuerkeess.⁣

    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣⁣

    Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  • Aktien hunn net grad dat bescht Joer hanneru sech. An awer kéint dës wichteg classe d'actifs an Zukunft erëm u Bedeitung gewannen. Wat fir e Prinzip stécht hannert den Aktien? A wéi gesäit den Ecosystem ronderëm aus?⁣

    Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Annick Maas ass schonn 10 Joer laang Aktienanalyst zu London mam Schwéierpunkt Medien. De Mike Reuter ass Aktienhändler bei Tradition zu London an huet mat institutionellen Investoren ze dinn. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Equipe, déi d'Investment-Portefeuillë vun der Bank geréiert.⁣

    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣

    Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  • Wann ee vum Geldwiessel schwätzt, geet et ëm eppes, dat fir jidderee schéngt gräifbar ze sinn, an awer abstrakt bleift. Wat ass de Grondgedanken hannert dem Prinzip vum Tausche vu Suen? A wat ass de Rapport zu deem, wat aktuell an der Welt geschitt?⁣

    Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Marco Manieri war 32 Joer laang Devisenhändler a laangjärege Comitésmember vun der Luxembourg Financial Markets Association. De Jean-Jacques Rommes, fréieren Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL an och vun der Patronatsorganisatioun UEL, ass aktuell Vizepresident vum Conseil économique et social. De Sven Conter schafft bei der Spuerkeess am Departement Financial Markets.⁣⁣

    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣⁣

    Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.