Episoder

  • Häertzlech Wëllkomm bei Lightyears Lost! DEM Format zu Lëtzebuerger Museksgeschicht.

    An dëser éischter Episod kucke mir ob den Ursprong vun der Museksinfrastruktur zu Lëtzebuerg:

    Wéini koum déi éischt Museksschoul? War eis Nationalhymn fir desen Usage geschriwwe ginn? Wat sinn déi wichtegst Leit vun "deemols"?

    Wann dir dat wëllt erausfannen, da lasuchtert erann!

    --

    © 2026 Charel Schiltz - Lightyears Lost

    All rights reserved.

    Dëss Audiodokumentatioun souwéi all hir Inhalter (Texter, Dramaturgie, Schnëtt, Konzeptioun etc.) sinn Urheberrechtlech geschützt. All Vervillfältegung, Verbreedung, ëffentlecht Spillen oder Bearbechtung vum Fichier - ob ganz oder zum Deel - ass ouni schrëftlech Autorisatioun vum Urheber net autoriséiert.

    Am Kader vun dëser Sendung gi kuerz Museksausschnëtter gewisen fir d'inhaltlech Ausenanersetzung. Dësst geschitt ausschliesslech zu Zitatzwecker. Genotzte Musek-, Archiv- an O-Tounmaterialien ënnerleien de jeweilegen Rechter a Rechtsinhaber.

    Lightyears Lost ass eng Produktioun vum Charel Schiltz. An Zesummenaarbecht mat Graffiti - de Jugendsendungen um Radio ARA.

  • Lightyears Lost ass eng Audiodokumentationsserie iwwert d'Geschicht vun der Musek zu Lëtzebuerg. An der éischter Episod gi mir zeréck an d'19. Joerhonnert - an eng Zäit ouni Opnamen, ouni Concertshaiser an ouni fest etabléiert Museksstrukturen. Dës Episod weist, wéi Musek, d'Gesellschaft an Evenementer wéi d'Belsch Revolutioun matenee verbonne sinn.

    Episod 1 ass vum 6. Abrëll un op alle Plattformen disponibel.

    Weider Informatiounen op history.kachkeiskultur.lu

    Vun a mam Charel Schiltz vu Kachkéis Kultur

  • Manglende episoder?

    Klik her for at forny feed.