Episoder
-
Mussen déi Jonk vun haut ëm hir Pensioun fäerten? De Pensiounssystem, dee Lëtzebuerg haut kennt, kënnt vun enger Reform vun 2012. Elo si mer awer an engem neie Moment, wou d'Pensioune reforméiert kéinte ginn – an d’Chambre des salariés setzt sech an, fir se ze stäerken. Um Terrain, ma och a senger Kommunikatioun.
Fir ze verstoen, ëm wat et genau geet, schwätze mir an dësem Episod mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés, a mam Dylan Theis, Conseiller bei der CSL, deen um Niveau vun de Pensiounen als Ekonomist schafft. Si hunn eis erkläert wéi d'Pensioune funktionéieren, wisou den aktuelle System, hirer Meenung no, net ideal ass, a wéi si sech op eng eventuell nei Reform preparéieren. -
Wee sinn déi Leit, déi zu Lëtzebuerg vun Aarmut betraff sinn a wéi eng Ënnerstëtzung gëtt et hei? Ënnert anerem dëse Froe ginn an der "Étude sur le vécu des personnes en précarité au Luxembourg et le recours aux aides", déi d’Chambre des Salariés zesumme mam LISER a mam STATEC verëffentlecht huet, beäntwert.
An ëm genau dës Etüd geet et an dësem Episod. Wéi definéieren d'Chambre des Salariés an de LISER eigentlech Aarmut? Wëssen déi, déi dovu betraff sinn, wat et fir Hëllefe ginn? A froen si se dann och un? Mir hu mam Anne-Catherine Guio a mam Anne Franziskus geschwat, déi zwou Fuerscherinnen, déi sech hannert dëser Recherche verstoppen. -
Manglende episoder?
-
All Dag kommen 220 000 Frontalieren a Frontalièren op Lëtzebuerg schaffen. D'Zuele si vun November 2023. D'Leit kommen aus der Belsch, Frankräich an Däitschland. Mee wéi genau gëtt de Begrëff vum Frontalier definéiert?
Genee dorëm geet et an deser Episod. Wat ass fir ee Frontalier oder eng Frontalière um Lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché anescht, a wat sinn seng*hir Vir- an Nodeeler par rapport zu engem*r Résident*e? Vun den Teletravailsdeeg bis op spezielle Congé: D'Martine Mirkes an d'Nathalie Moschetti, allen zwee Juristinne bei der Chambre des Salariés, verroden eis alles. -
D’Summervakanz ass do, a fir déi meescht Student*innen heescht Summervakanz ënnert anerem och Summerjobs. Mee sief et Summerjobs oder Stagen, wat sinn eigentlech déi Saachen, op déi een oppasse muss, wann ee säi Kontrakt ënnerschreift?
Dësen Episod ass en How-To fir all Student*innen, déi iwwert de Summer respektiv wärend dem Joer berufflech Erfarunge sammelen : Wat ass erlaabt a wourop sollt dir oppassen? D’Jeannine Kohn, Conseillère de Direction bei der Chambre des Salariés, an d’Johanna Lapeira, Juristin bei der CSL, verroden eis all hir Tipps. -
An dësem Episod geet et ëm e Sujet, mat deem jidderee schonn ze dinn hat: Inegalitéiten. Där ginn et vill, vum Abseits am Fussballsmatch, dee kee war, bis zum Kolleeg, deen am Kino eng besser Plaz krut. Ma déi interesséieren d'Chambre des salariés jo net esou. Op wéi eng Inegalitéiten fokusséieren si sech da genau? Wéi erkennen si se? A wat fir eng Zorten Inegalitéite ginn et?
D'Nathalie Goerges, de Félix Martins de Brito an den Dylan Theis si wirtschaftlech Beroder*inne bei der CSL. Si hunn eis gezielt, wisou d'Gefill vun Ongerechtegkeet beim Erkenne vun enger Inegalitéit esou wichteg ass, wéi Inegalitéite gemooss ginn a wéi d'Chambre des salariés dogéint ukämpft. -
2024 ass keen normaalt Joer fir d'Chambre des Salariés : Net nëmme sti Sozialwalen um Programm, ma d'CSL feiert och säin 100. Gebuertsdag. Wat waren d'Schlësselmomenter vun der Chambre? Wat sinn déi sougenannten "Acquis sociaux", déi fir eis haut selbstverständlech sinn, mee déi et virun net sou laangem nach guer net gouf? A wisou sollten Salariéen sech un de Sozialwalen bedeelegen?
D'Nora Back ass säit 5 Joer Präsidentin vun der Chambre des Salariés a vum OGBL, a stellt sech nach eng Kéier op. De Sylvain Hoffmann ass zënter 2019 den Direkter vun der CSL. An dësem Episod kucken si zesummen op 100 Joer Geschicht zeréck a ginn e Bléck op dat, wat nach alles muss gemaach ginn. -
An dësem Episod schwätze mer mam Claude Cardoso, Conseiller de Direction bei der Chambre des Salariés a Responsabel vum Lifelong Learning Center, ma och mam Julie Prunier a mam Thierry Kreins, allen zwee Formateur*in am LLLC, iwwert den Digital Learning. Wat bedeit Digital Learning genau a wat fir Virdeeler bréngen Online Coursë mat sech? Si hunn eis erkläert, wéi si sech adaptéiere missten a wisou dës Formule hinnen haut méi Flexibilitéit gëtt.
-
An dësem Episod schwätze mer mat der Juristin Joana Soares Lapeira vun der Chambre des Salariés a mam Charel Donven, Vice-President vun der Studentevertriedung ACEL, iwwert de Sujet Stagekontrakt an de Studentenjob. Wéi ass dat am Aarbechtsgesetz gereegelt an op wat solle Studenten a Studentinne virum Ënnerschreiwe besonnesch gutt oppassen?
-
An dësem Episod schwätze mer iwwert Harcèlement moral op der Aarbechtsplaz, oder wéi mer och soen, Mobbing. Wat bedeit dat eigentlech konkret a wéi eng Mesure kënnen hei geholl ginn? De Philipp Sischka, Fuerscher vun der Uni.lu am Beräich Aarbechtspsychologie an den David Büchel, Aarbechtspsychologe bei der Chambre des salariés (CSL), ginn eis en Abléck wat alles ënnert de Begrëff Mobbing fällt. D’Nathale Moschetti, Conseillère Juridique bei der CSL, erkläert wat een als Affer vu Mobbing kann ënnerhuelen a wéi eng Ulafstellen et hei zu Lëtzebuerg ginn.
-
An dësem Episod schwätze mer iwwert d’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer um Aarbechtsmarché. Wat bedeit dat iwwerhaapt hautzedaags, d’Beruffs- a Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien? Wéi eng Erausfuerderunge ginn et hei a wéi eng Mesurë gi geholl, fir der Ënnerrepresentatioun vu Fraen entgéint ze wierken? Dofir hunn ech mam Sylvie Lombardi, Presidentin vum Comité à l’égalité vun der Chambre des salariés (CSL) geschwat. Ier d’Emilia Minacapilli, Juristin a Conseillère de Direction bei der CSL eis en Iwwerbléck gëtt, wéi eng EU-Direktiven et an deem Kontext ginn an elo op nationalem Niveau ëmgesat musse ginn. Virdru gëtt eis den Direkter, de Sylvain Hoffmann, en Abléck an de Quality of Work Index, dee si 2013 mat der Uni Lëtzebuerg entwéckelt hunn, wéi eng Informatiounen si aus dësen Enquêtën all Joers kënne sammelen a wien d’CSL nieft de Salariéen nach vertrëtt.
-
Am Oktober hunn d’Chambre des salariés an d’Gewerkschaften eng Sensibiliséierungscampagne ronderëm d’Plattformwirtschaft lancéiert. D’Nora Back, Presidentin vun der CSL, erkläert, firwat dëst iwwerhaapt noutwenneg ass. EU-Schätzungen no schaffen europawäit iwwer 20 Millioune Persoune fir Plattformen. Dës Zuel wäert sech an den nächste Jore verduebelen, esou den EU-Kommissär Nicolas Schmit. D’EU schafft aktuell un Direktiven, fir dës Persoune besser ze schützen.
D’Martine Mirkes, Juristin a Conseillère de Direction bei der CSL, erkläert, datt déi Persounen, déi hir Servicer op Plattformen ubidden, an der Reegel als Indépendant agestallt sinn. Dobäi passen d’Konditiounen, déi d’Plattformen de Persounen opleeën, éischter zu engem ofhängegen Aarbechtsverhältnis an d‘Leit missten, esou d’Martine Mirkes, als Salariéë reklasséiert ginn. De François Biltgen, Riichter um Europäesche Geriichtshaff, gëtt eis en Abléck an d’Jurisprudenz zu dëser Matière. Wat ass der EU no eigentlech en „Arbeitnehmer“?
Souwuel d‘EU-Direktiven, déi de Moment ausgeschafft ginn, wéi och d’Gesetzespropositioune vun der CSL hunn als Zil, déi Persounen, déi fir esou Entreprisë schaffen, besser ze schützen, andeems si méi einfach en Urecht op en Aarbechtsvertrag kréien. D’Chambre des salariés fuerdert, datt elo schonn op nationalem Niveau reagéiert gëtt an huet hir Propositioun ëm e weidere Punkt, dee vum "Détachement virtuel", erweidert. Den 1. Dezember invitéiert d’Chambre de Salariés an d’EU-Kommissiounsvertriedung op hir Konferenz. Hei wäerten de Kommissär Nicolas Schmit, deen des EU-Initiative lancéiert huet, säi Point de Vue nach méi detailléiert presentéieren, dernieft gëtt de François Biltgen en Abléck iwwert d’Urteeler déi an deem Kader scho geschwat goufen a matdiskutéiere wäert och de Prof. Dr. Luca Ratti vun der Uni Lëtzebuerg, deen op d’EU-Recht spezialiséiert ass. -
Wéi kann een de Stress reduzéiere respektiv besser domadder ëmgoen? D’Chambre des Salariés bitt hei verschidden Ënnerstëtzungen un. D’Michèle Pisani, Psychologin a Conseillère bei der CSL, gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Owescoursen, Formatiounen an Universitéitscoursen aus dem Beräich Mental Health. A mir kréien en Abléck an d’Aarbecht vum Sonia Neves, si ass Therapeutin a gëtt ënnert anerem Sophrologiecoursen an de Betriber hei zu Lëtzebuerg. Geduecht sinn déi Course fir den eenzele Salarié respektiv Personaldelegéierten, déi sech fir d’Mataarbechter an d’Mataarbechterinnen an hirem Betrib asetzen.
-
Life long learning, also e liewe laangt léiere gëtt ëmmer méi wichteg. D’Kompetenzufuederunge klammen an d’Beruffer gi méi komplex. Op internationalem Niveau, ginn et och schonn eng Partie Modeller wéi een déi aktiv Bevëlkerung nach besser an hirer Weiderbildung ënnerstëtze kann. D’Chambre des Salariés gesäit nach méi Potenzial dodran, déi speziell Congéen, déi elo scho kënnen ugefrot ginn an Zukunft nach méi flexibel ze notzen a fuerdert, datt den Accès an d’Informatioune ronderëm d‘Formatioune verbessert ginn.
An dësem Episod erkläert d’Jeannine Kohn, Conseillère de direction bei der CSL, wéi eng staatlech Hëllefen de Salariéen zoustinn. Zousätzlech kënnen och Entreprise Kofinanzementer fir hir Mataarbechter*innen ufroen, wéi de Sam Friederici vum Institut National pour le Développement de la Formation Continue (INFPC) confirméiert. Nieft de finanziellen Ënnerstëtzunge ginn d’Formatiounen och zäitlech esou ugepasst, datt d’Participanten, trotz ënnerschiddleche Schaffzäiten, sou gutt et geet deelhuele kënnen, sou d’Sandra Grunewald, zoustänneg fir den Developpement vum Life Long Learning Center. -
Eng grouss Partie vun eisem Liewe verbrénge mer mat schaffen. Och wann et an éischter Linn drëms geet, Suen ze verdéngen, wëllen a sollen d’Salariéen ënnert adequaten Aarbechtskonditioune schaffen, esou d’Nora Back, Präsidentin vun der Chambre des Salariés (CSL). Dofir befreet d’CSL scho säit 2013 an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg an der Etüd Quality of Work Index Luxembourg reegelméisseg Salariéen iwwert hir Aarbechtsbedéngungen a Beschäftegungsqualitéit.
D’Aussoen iwwert Mobbing, Depressiounen a Suizidgedanke ginn an de leschte Joren opfälleg an d'Luucht, sou de Prof. Dr. Georges Steffgen. Den David Büchel, Aarbechtspsychologue a Conseiller de Direction bei der CSL ënnersträicht, wéi wichteg d’Vertraue vun de Patron*nen hire Salariéë géigeniwwer ass a wéi eng Mesuren all eenzel Entreprise elo scho kann huelen, fir d’Aarbechtsqualitéit ze verbesseren. -
D'Originne vum Luxembourg Lifelong Learning Centre fënnt een am Joer 1971, an hautdesdaags proposéiert den Zenter zesumme mat ville Partneren eng grouss Panoplie u Formatiounen, vun deene bis ewell iwwer 250.000 Leit profitéiert hunn. Den LLLC soll et de Salariéeën erméiglechen, d'Evolutioun vum Aarbechtsmarché net ze verpassen, an hirer Karriär weiderzekommen oder sech berufflech nei z'orientéieren.
Mir waren an dräi Owescoursë luussen, fir d'Ambiance anzefänken a bei de Formateuren a Participanten nozefroen, wéi si d'Formation continue erliewen a wat et am berufflechen Alldag ka bréngen. An dësem Episod gëtt däitlech, wéi jidderee säi Potenzial am Kader vun enger Weiderbildung optimal ka notzen, a wéi fruchtbar den Echange mat anere Salariéeë ka sinn.