Episoder
-
An der leschter Episode One Planet, 20 Futures fir 2024 schwätzt den Dr. Philippe Turk, Präsident vun der Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois, iwwert seng Visioun vun enger gesonder Gesellschaft – net nëmmen engem funktionéierende Gesondheetssystem. Zesumme mam Cédric Reichel, eisem Host, diskutéiren si iwwert Präventioun am Plaatz vun der Kuratioun an iwwert d’Roll vun der Bildung an enger sozialer Verantwortung fir d’Gesondheet vun der Gesellschaft ze verbesseren. Wosst Dir zum Beispill dass 70% vun de Krankheeten vermeidbar sinn? Lauschtert eran wann dir rausfanne wëllt wéi dat ka wouer sinn!
Dir fannt eis op Spotify, ApplePodcasts, Deezer an Youtube. Followt eis op Instagram @oneplanet_20futures an op LinkedIn @CSDD – Nohaltegkeetsrot!
Méi Informatiounen:
Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois: https://fhlux.lu/web/World Health Organization : https://www.who.int/Fakten iwwert chronesch Krankheeten: https://www.who.int/news-room/fact-sheets/detail/the-top-10-causes-of-deathRubricken:
04:13 - Top Flop
15:05 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot
19:18 - Fakten, Fakten, Fakten
23:39 - De kritesche Geescht
-
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel mam Alexandra Oxacelay, Direktesch vun der Stemm vun der Strooss iwwert sozial Gerechtegkeet an Aarmut zu Lëtzebuerg. Wat heescht et aarm ze sinn an engem vun de räichste Länner vun der Welt? Kënne mir eng nohalteg Gesellschaft hunn, wann 1 vu 5 vun Aarmut betraff ass? Wat fir eng Zukunft hunn aarm Leit zu Lëtzebuerg? Wéi kënne mir zesummen eppes verbesseren? All dëst a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer! Lauschtert a followt eis iwwerall do wou et Podcaste ginn. #Spotify #YouTube #Applepodcasts #Deezer
Méi Informatiounen:
Stëmm vun der Stroos: https://stemm.lu/en/about-usDir kënnt si hei ennerstëtzen: https://stemm.lu/en/support-us
De Caddy: https://stemm.lu/en/services/stemm-caddyRevenu d’inclusion sociale (REVIS): https://fns.public.lu/fr/revis.htmlRubricken:
10:59 - Fakten, Fakten, Fakten
13:08 - Top Flop
18:50 - De kritesche Geescht
23:01 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot
-
Manglende episoder?
-
“D’Zukunft ass net méi dat wat se mol war” seet de Gilbert Pregno, Psycholog a systemeschen Psychotherapeut, fréiere Präsident vun der Mënscherechtskommissioun. Wat heen domat mengt, ass dass et fréier ee „festgeluechte“ Wee gouf, deen d’Leit gaange sinn an deen huet Sécherheet, Stabilitéit an fir Hoffnung gesuergt. Haut des Daags, an Zäite vun enger Klimakrise, enger weltwäiter Pandemie wéi mer se haaten a Kricher déi sech konstant intensivéiren ass dat net méi méiglech. Wat ass d’Zukunft fir déi Jonk dann? Dat ass d’Fro déi de Cédric Reichel, eisen Host, zesumme mam Gilbert Pregno an dëser Episode diskutéiert. Wéi kenne mir als Gesellschaft de Jonken Hoffnung ginn, hire Courage amplifiéieren an si ënnerstëtzen? Wéi können mer, di „Aal“ vun hiirer Begeschterung, Intelligenz an Engagement profitéieren a vun hinnen léieren.
Et ass eng spannend Episode matt ganz ville Facetten, mee och schwieregen Themen, déi Gefiller vun der Machtlosegkeet an Hoffnungslosegkeet opkomme kënne loossen. Wann iech, di Jonk, dat betrëfft, da fannt Dir hei Hëllef: https://www.kjt.lu/fr/1-1-6-1-1-1/ oder rufft um 116 111 un.
Lauschtert eis Episode op ärer Lieblingsplattform an abonnéiert “One Planet, 20 Futures”!
Méi Informatiounen:
Mënscherechtskomissioun (Commissioun Consultative des Droits de l’Homme - CCDH): https://ccdh.public.lu/fr.html/Kanner- a Jugendtelefon: https://www.kjt.lu/de/wer-wir-sind/Semaines de la Santé Mentale 2024: https://www.semainesantementale.lu/Podcast Recommendation: Lët’z Inform vun Jugendinfo.lu
Rubricken:
12:20 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot
16:49 - De kritesche Geescht
19:21 - Top Flop
24:03 - Fakten, Fakten, Fakten
-
„Mir mussen anescht wuessen“ seet den Dr. Serge Allegrezza, fréieren Direkter vum STATEC wärend 20 Joer. An dëser Episode vun One Planet, 20 Futures gëtt iwwert d’Méiglechkeeten an d’Erausfuerderunge vun enger grénger a sozial-inklusiver Ekonomie diskutéiert. Wat ass d’Roll vun der Technologie am Kampf géint de Klimawandel? Wéi kënne mir nohalteg wuessen? Wat huet de Revenu national matt eisem Wuelstand ze dinn?
Dëst a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer! Abonnéiert eis op ärer Liblings-Plattform a followt eis op Instagram @oneplanet-20futures a LinkedIn @csdd_nohaltegkeetsrot.Méi Informatiounen:
STATEC website: https://statistiques.public.lu/fr.htmlPIBien-être : https://statistiques.public.lu/fr/actualites/2024/stn11.htmlOne Planet, 20 Futures – Futur #4 avec Jean-Baptiste Nivet sur le système des pensions au LuxembourgOne Planet, 20 Futures – Future #2 with Francesco Sarracino on well-being economyD’Rubricken:
08:10 - Fakten, Fakten, Fakten
10:28 - D’Fro vun der Nohaltegkeet
13:34 - Top Flop
17:49 - De kritesche Geescht
-
An dëser Episode schwätzt eisen Host, Cédric Reichel, mam Julie Schadeck, General Manager vun der UNature (fréier Université dans la Nature). No enger laanger Zäit an Amerika, ass d’Julie säit dräi Joer zréck zu Lëtzebuerg a setzt sech dofir an d’Mënschen erëm matt der Natur ze verbannen. Et fänkt schonn domat un dass ee versteet wat Natur ass. Wat sinn d’Virdeeler vun enger déiwer Verbindung matt der Natur? Wéi kenne mir verbonne matt der Natur sinn, ouni als “Esoteriker” bezeechent ze ginn? All dëst a méi gidd Dir an dëser Episode gewuer!
Lauschtert eis op Spotify, Apple Podcasts, Deezer oder YouTube!
Mei Informatiounen:
UNature Website - orgThe Crying Indian (1970) - https://www.youtube.com/watch?v=j7OHG7tHrNMWhitburn, J., Linklater, W., & Abrahamse, W. (2019): Meta-analysis of human connection to nature and proenvironmental behaviour. Conversation Biology, 34(1), 180-193. https://conbio.onlinelibrary.wiley.com/doi/10.1111/cobi.13381Twohig-Bennett, C., & Jones, A. (2018). The health benefits of the great outdoors: A systematic review and meta-analysis of greenspace exposure and health outcomes. Environmental research, 166, 628–637. https://doi.org/10.1016/j.envres.2018.06.030Rubricken:
06:21 - Top Flop
11:40 - Fakten, Fakten, Fakten
15:12 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot
21:53 - De kritesche Geescht
-
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Dr. Stefan Maas, Professer op der Universitéit Lëtzebuerg fir Ugewante Mechanik an Energie Effizienz. Et geet em d’Komplexitéit vum Energieverbrauch, d’Zukunft vum Bauwiesen a wéi mir eis Ziler kënnen erreechen – mat Gréngem Denken a pragmateschen Iddien. Sollen nei Gebaier gebaut ginn, déi manner Energie brauchen, oder sollen al Haiser renovéiert gi fir d’Matière première kennen ze halen? Wéi kënne mir Energie effizient späicheren? Firwat solle mir zu Lëtzebuerg eng CO2 Steier aféieren? All dat a méi gitt dir an dëser Episode vun One Planet, 20 Futures gewuer!
Lauschtert eis op YouTube, Spotify, ApplePodcasts an Deezer!
Méi Informatiounen:
Mauna Loa Kurve: https://gml.noaa.gov/ccgg/trends/graph.htmlEcological Footprint Calculator: https://www.footprintcalculator.org/home/enCO2 Steier an der Schweiz: https://www.bafu.admin.ch/bafu/de/home/themen/klima/fachinformationen/verminderungsmassnahmen/co2-abgabe.htmlMaster an der Nohaltegkeet op der Uni.lu: https://www.uni.lu/fstm-en/study-programs/master-en-developpement-durable-energie-et-environnement/D’Rubricken:
07:16 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot
10:30 - De kritesche Geescht
17:50 - Fakten, Fakten, Fakten
20:13 - Top Flop
-
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Claude Origer, engem passionéierte Geographiesprof aus dem Athénée, iwwert de Schoulsystem. De Schoulsystem ass ee fundamentalen Deel vun eiser Gesellschaft a soll d’Komplexitéiten an d’Themen dovuner spigelen. Dofir ass et an Zäiten vun Klimawandel, ChatGPT an Krischer wichteg dass Kompetenzen wéi Kritescht Denken, Methodescht Léiren an Zesummenhäng erkennen an der Schould vermëttelt ginn. Wéi kënne mir dat ëmsetzen? Wéi gesäit d’Schoul vun der Zukunft aus? Wat ass d’Roll vum Prof an der Zukunft? All dat a vill méi gidd dir an dëser Episode gewuer!
Lauschtert eis op YouTube, YouTube Music, Spotify, ApplePodcasts oder Deezer!
Méi Informatiounen:
site Bildung fir Nohalteg Entwécklung (BNE): https://bne.lu/Sektioun R: https://men.public.lu/fr/esc-section-r.htmlBlue Marble, 1972: https://science.nasa.gov/resource/the-blue-marble/Rubricken:
12:31 - D’Fro vum Nohaltegkeetsrot
15:44 - De kritesche Geescht
23:28 - Top Flop
24:42 - Fakten, Fakten, Fakten
-
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, matt der Dr. Stéphanie Zimmer iwwert Landwirtschaft, Ernärung a Biodiversitéit. D’Stéphanie ass Directrice vum IBLA (Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrökologie Luxemburg) an ass bekannt fir d’Leguminosen (also d’Hülsenfrüchte) op Lëtzebuerg bruecht ze hunn.
Wat kënne mir zu Lëtzebuerg fir eng nohalteg Landwirtschaft maachen? Wat sinn d’Hoffnunge fir d’Zukunft a wat ass d’Situatioun am Moment? Wéi kënne mir zu Lëtzebuerg Ernärungssecherheet garantéiren a gläichzäiteg Zäregaser ofbauen, a Biodiversitéit opbauen? Wat fir eng Roll spille Bio Labels a Bio-Baueren an dem Szenario? All dat gitt dir an dëser Episode gewuer. Lauschtert eis op YouTube, Spotify, ApplePodcasts oder Deezer!
Méi Informatiounen:
IBLA Website: https://ibla.lu/en/ibla/Vision 2050: https://ibla.lu/ibla/#4370Weltacker: https://www.2000m2.eu/de/Antigaspi.lu: https://antigaspi.lu/EU Bio Label: https://agriculture.ec.europa.eu/farming/organic-farming/organic-logo_enD’Rubricken:
06:34 - Fakten, Fakten, Fakten
10:43 - Top Flop
19:40 - D’Fro vun der Nohaltegkeet
22:19 - De kritesche Geescht
-
Pour cet épisode, notre host Cédric Reichel a invité Jean-Baptiste Nivet pour parler du système de pension luxembourgeois. Jean-Baptiste Nivet est économiste senior chez IDEA – un think tank qui a été créé à l’initiative de la Chambre de Commerce en 2014 et qui a pour ambition de penser un avenir durable au Luxembourg. Dans cet épisode, on explore donc l'avenir du système de pension au Luxembourg, en abordant :
sa vision pour le futur des pensions face au vieillissement de la populationl'adaptation permanente du système et les réformes nécessairesles inégalités dans les pensions et les efforts pour les réduirela flexibilité nécessaire pour s'adapter aux parcours professionnels atypiquesson chiffre clé : 7 sur 10, représentant le nombre de pensionnés par rapport aux personnes actives qui cotisent en 2050Rubriques :
18:19 - D'Fro vum Nohaltegkeetsrot22:11 - De Kritesche Geescht25:56 - Fakten, Fakten, Fakten28:24 - Top FlopInformations complémentaires :
IDEA: https://www.fondation-idea.lu/quisommesnous/Blog post sur la pauvreté des seniors : https://www.fondation-idea.lu/2024/10/17/pauvrete-des-seniors-une-composante-du-debat/Réforme des pensions de 2012: https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/articles/2012/02-fevrier/02-di-bartolomeo.html -
An dëser Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Magali Paulus iwwert Biergerbedeelegung. D’Magali Paulus ass geléierten Ethnologin, schafft beim CELL als Coordinatrice vun der Assemblée Climatique et Transition Démocratique an ass passionéiert Aktivistin. Zesummen diskutéire mir iwwert Froen ewéi: Funktionéiert eis Demokratie? Ween däerf zu Lëtzebuerg wielen? Firwat maachen d’Leit (net) matt? Waat sinn déi eischt Schrëtt déi een als Bierger maache kann?
All dat, an nach vill méi fannt Dir an dëser Episode raus!
Méi Informatiounen:
de Klima Biergerrot: https://gouvernement.lu/fr/publications/rapport-etude-analyse/klima-biergerrot.html/ (rapport final en FR)Plan National intégré en matière d’Energie et de Climat (PNEC): https://statistiques.public.lu/fr/actualites/2024/pnec-juillet-2024.htmlCELL: https://www.cell.lu/D’Rubricken:
5:11 - d’Fro vum Nohaltegkeetsrot
11:06 - de kritesche Geescht
15:06 - Top Flop
15:56 - Fakten, Fakten, Fakten
-
In this second episode, our host, Cédric Reichel, talks to Francesco Sarracino about well-being and its link to sustainability and economic growth. Francesco is a senior happiness economist at STATEC, member of the World Well-being Panel, and of the board of directors of the International Society for Quality of Life Studies (ISQOLS). As such, we talk about why people in Luxembourg are not as happy as they could be and how we can change that. We touch on topics such as the
- booming loneliness industry,
- defensive growth and
- the virtuous cycle of neo-humanism.
If these words sound intriguing to you, give this episode a shot! Listen to us on Spotify, Apple Podcasts, or on YouTube!
More information:
- World Well-being Panel: https://wellbeing.research.mcgill.ca/wwp/- ISQOLS: https://www.linkedin.com/company/isqols/
- Research: Research: Easterlin, R.A., O’Connor, K.J. (2022). The Easterlin Paradox. In: Zimmermann, K.F. (eds) Handbook of Labor, Human Resources and Population Economics. Springer, Cham. https://doi.org/10.1007/978-3-319-57365-6_184-2
The categories:
04:50 - D'Fro vum Nohaltegkeetsrot
11:14 - Top Flop
14:07 - Fakten, Fakten, Fakten
23:19 - De kritesche Geescht -
Eisen Host, de Cédric Reichel, présentéiert de fonkelneie Podcast "One Planet, 20 Futures" vum Nohaltegkeetsrot. Hei geet et em d'Zukunftsvisioun vun 20 spannende Leit déi sech matt Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg ausernee setzen.
Fir méi Informatiounen, followt eis op LinkedIn: https://www.linkedin.com/company/lcce/
-
An dëser éischter Episode schwätzt eisen Host, de Cédric Reichel, mam Marguy Kohnen iwwert Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg. D'Marguy Kohnen war 20 Joer laang am Ëmweltministère geschafft an et gëtt Keent wat de Nohaltegkeetsrot besser kennt wéi Si. Mir beschwätze wat den CSDD iwwerhaapt ass, säit wéini et e gëtt a firwat et en iwwerhaapt gëtt. Wat sinn dem Nohaltegkeetsrot seng Aufgaben a wat mëscht en zu Lëtzebuerg esou speziell?
- wat ass dem Marguy Hier Zukunftsvisioun?
- wat huet den 20. Februar matt Nohaltegkeet ze dinn?
- a wat wëllt d'