Episoder

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi an engem Sproochecafé matenee schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Am Sproochecafé

    Organisatrice: Moien an häerzlech Wëllkomm hei zu Luerenzweiler an eisem Sproochecafé! Dir kënnt hei véier Sproochen schwätzen an trainéieren. Op der rietser Säit, hei vir, ass den Dësch fir Däitsch, riets, bei der Dier, ass Lëtzebuergesch, niewendrun ass Franséisch an do ass den Dësch, fir Englesch ze schwätzen. Huelt Iech Plaz an installéiert Iech.

    Beatriz: Moien!

    Jamie: Moien!

    B: Wéi heeschs du?

    J: Ech heeschen Jamie. An du?

    B: Ech heesche Beatriz.

    J: Et freet mech!

    B: Mech och!

    J: Wéi geet et dir ?

    B : Mir geet et gutt. Ech sinn e bësse midd. Wéi geet et dir?

    J: Mir geet et tipptopp!

    B: Vu wou kënns du?

    J: Ech kommen aus Schottland, vun Danestone.

    B: Wou ass dat?

    J: Kenns du Aberdeen? Et ass ganz no bei Aberdeen.

    B: A ok! Jo, ech hu scho vun Aberdeen héieren.

    J: Vu wou kënns du?

    B: Ech sinn a Portugal gebuer, mee ech kommen aus Spuenien. Mäi Papp ass Portugis a meng Mamm ass Spuenierin. Si hunn a Portugal studéiert an hu sech do kenne geléiert.

    J: Cool! Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg?

    B: Ech wunnen zënter véier Joer zu Lëtzebuerg. Wéi laang wunns du schonn zu Lëtzebuerg?

    J: Säit fënnef Joer.

    B: Wéi laang léiers du scho Lëtzebuergesch?

    J: Säit ongeféier 4 Joer, an du?

    B: Säit zwee Joer? Oder zweeanhallef Joer?

    J: Wat fir Sprooche schwätz du nach?

    B: Portugisesch, Spuenesch, Franséisch, e bëssen Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. An du?

    J: Ech schwätzen Englesch a Lëtzebuergesch. De Moment léieren ech Franséisch am INLL. Et ass immens schwéier fir mech. Ech muss och nach méi Lëtzebuergesch schwätzen. Op menger Aarbecht schwätze mir just Englesch, duerfir sinn ech hei am Sproochecafé, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen.

    B: Jo, ech schwätzen och net genuch Lëtzebuergesch. Ech wëll mech och nees an e Lëtzebuergeschcours am INLL aschreiwen. De Sproochecafé ass flott, mee en ass just ee Mol de Mount.

    J: Jo, dat ass wouer.

    B: Wat bass du da vu Beruff?

    J: Ech schaffen als Informatiker am CTIE, de Centre des technologies d’information de l’Etat.

    B: Mega! Ech sinn och Informatikerin! Ech schaffen awer am Privatsecteur.

    J: A, cool! Wéi gefält et der?

    B: D’Aarbecht gefält mir ganz gutt, mee et ass ustrengend. De Moment schaffen ech oft méi wéi aacht Stonnen ; heiansdo zéng, heiansdo zwielef Stonnen.
    Wat sinn dann deng Hobbyen?

    J: Jo, dat kléngt wierklech no vill! Ech hoffen, et gëtt geschwë besser! Ech gi gär lafen, mee ech spillen och Basket. Heiansdo trainéieren ech och mat de Kanner.

    B: A, hues du Kanner?

    J: Nee nee, ech sinn heiansdo Trainer vun de Kanner a mengem Basketsclub!

    B: Aaa! Elo verstinn ech!

    J: Kee Problem! Ech verstinn och net ëmmer direkt alles. Mir mussen nach méi Lëtzebuergesch üben.

    B: Jo! Hues du Loscht an Zäit de Weekend eppes drénken oder iessen ze goen? Da kënne mir nach méi schwätzen!

    J: Gär! Wéini? E Freideg oder e Samschdeg? Mëttes? Owes?

    B: Hues du e Samschdeg den Owend Zäit?

    J: Jo, dat geet. Treffe mir eis an der Stad?

    B: Jo. Op der Plëss virum Cercle?

    J: Tipptopp! Um wéi vill Auer?

    B: Tëschent siwen an aacht?

    J: Um hallwer aacht?

    B: Perfekt! Wéi ass deng Handysnummer?

    J: Meng Nummer ass 671 987 654.

    B: Ech schécken der en Emoji, dann hues de meng Nummer och.

    J: Perfekt!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir d'Maisy Gorza, d'Directrice vum INLL bei eis am Studio. Mir schwätze mat him zesummen iwwer den INLL. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    --

    Fir dësen Episod ass keen Transkript disponibel.

  • Manglende episoder?

    Klik her for at forny feed.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mam Güneş iwwer säin Hobby, Trail lafen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    A : Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir erëm eng Kéier iwwer Hobbyen. Mir hunn dofir en Apprenant aus dem INL bei eis am Studio, de Güneş. Wëllkomm am Studio!

    B: Moien!

    A: Güneş, du léiers de Moment Lëtzebuergesch. Zanter wéini?

    B: Ech léieren zanter engem Joer Lëtzebuergesch. Et ass net einfach!

    A: Dat ass wouer, mee du schwätz scho ganz gutt. Haut schwätze mir iwwer däin Hobby. Du leefs gär, oder?

    B: Jo, dat ass richteg. Mäin Hobby ass virun allem Trail lafen.

    A: Dat kléngt interessant. Kanns du eis erklären, wat Trail lafe genau ass?

    B: Jo. Beim Trail lafe leeft een net op der Strooss, mee op Weeër an der Natur, zum Beispill am Bësch, an de Bierger oder op Felder.

    A: Dat kléngt no Abenteuer! Firwat gefält dir Trail lafen esou gutt?

    B: Ech hunn d’Natur immens gär. Ech kann Déiere gesinn an déi frësch Loft deet gutt. An natierlech ass et och gutt fir mäi Kapp a fir mäi Kierper.

    A: Ech verstinn. Wéi oft gees du Trail lafen?

    B: Normalerweis lafen ech zwee bis dräi Mol d’Woch. Ech maachen och nach Kraafttraining eleng oder mat engem Grupp dobaussen. De Weekend maachen ech oft méi laang Leef, heiansdo méi wéi 20 Kilometer.

    A: Wow, dat ass vill! Hëls du och u Competitiounen deel?

    B: Jo, ech si viru Kuerzem den Uewersauertrail zu Lëtzebuerg gelaf.

    A : A wéi preparéiers du dech op esou eng Course?

    B: Ech trainéiere vill, iesse gesond an drénke vill Waasser. An ech schlofe genuch.

    A: Dat ass wichteg. Géifs du mir oder eisen Nolauschteren Trail lafen och recommandéieren ?

    B: Natierlech ! Et mécht Spaass an et ass gutt fir d’Gesondheet. Et brauch ee just gutt Schong a Motivatioun.

    A: Merci! Da probéieren ech dat eventuell deemnächst eng Kéier. Merci, datt s du haut hei waars an eis vun dengem Hobby erzielt hues.

    B: Merci fir d’Invitatioun!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir e bëssen iwwer Virsätz fir dat neit Joer. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Virsätz fir d’neit Joer

    A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht ! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Virsätz fir d’neit Joer. Dat passt, oder?

    B: Absolut! Ech huele mir ëmmer gär e puer gutt Virsätz, och wann ech se meeschtens am Februar schonn opginn.

    C: Max, du bass net eleng! Ech denken, vill vun eis fänken d’Joer voller Energie un, mee duerchzehalen, dat ass eng aner Saach.

    A: Dofir schwätze mir jo haut driwwer. Vläicht hëllefen eis Tipps a Virsätz jo eisen Nolauschterer, motivéiert ze bleiwen. Also, loost eis direkt ufänken. Wat sinn är Virsätz fir dat neit Joer?

    C: O je, wou soll ech ufänken? Mäin Haaptvirsaz ass, méi Sport ze maachen. D’lescht Joer hunn ech esou oft gesot : ,,Ab muer ginn ech lafen !’’ Mee … ,,muer’’ koum iergendwéi ni.

    B : Klassiker! Mee, Sarah, wat heescht dat elo konkreet? Gees du elo all Moien um sechs Auer lafen?

    C: Um sechs? Vergiess et! Ech wëll realistesch bleiwen. Ech ginn zwee Mol d’Woch lafen, dat geet fir de Moment duer. Vläicht mellen ech mech am Fréijoer fir e Vollekslaf un, fir e klengt Zil ze hunn.

    A: Dat kléngt dach realistesch! Ech fannen, kleng Ziler sinn immens wichteg.

    B: Jo, mee Jil, ech si mer sécher, datt s du dëst Joer nees ee vun deenen immens éiergäizege Virsätz hues.

    A: E bëssen, jo. Ech wëll endlech mäin éischt Buch schreiwen.

    C: Wow! An, hues du schonne Plang?

    A: Jo. Ech hu mir virgeholl, all Dag op d’mannst eng Stonn ze schreiwen. Dat kléngt no net vill, mee ech hoffen, datt ech esou bis de Summer e klengen Entworf hunn.

    B: Respekt! A wat méchs du, wann d’Motivatioun noléisst?

    A: Gutt Fro. Ech wëll mir eng speziell Plaz ariichten, wou ech ouni Oflenkung schaffe kann. An ech hunn enger Frëndin dovun erzielt, déi mech reegelméisseg froe wäert, wéi et leeft. Esou hunn ech e bëssen Drock.

    C: Kléngt gutt. Vläicht soll ech och een hunn, dee mech reegelméisseg freet, ob ech lafe war.

    B: O, do hëllefen ech gär! Ech ruffen einfach all Méindeg un a froen, ob s du scho lafe waars.

    C: Ha ha. Max, wat sinn dann deng Virsätz?

    B: Bei mir geet et ëm d’Iessen. Ech wëll manner Fast Food iessen a méi selwer kachen.

    C: Dat ass dach gutt ! Mee ech hu geduecht, du wiers esou frou mat Burgeren a Pizza?

    B: Dat sinn ech och! Mee ech hunn d’lescht Joer gemierkt, datt ech mech no esou vill fettegem Iessen oft midd fillen. Dofir wëll ech et op eemol d’Woch reduzéieren. An: Ech wëll léieren, e puer einfach Platen ze kachen.

    A: Dat kléngt jo no engem Challenge. Weess de schonn, wat s de kache wëlls ?

    B: Jo! Ech hu mir schonn dräi Rezepter erausgesicht: e Curry, eng selwergemaache Pizza – gesond, natierlech – a Lasagne.

    C: O, ech komme laanscht, wann s de d’Lasagne méchs!

    B: Deal ! Mee dir däerft eréischt kommen, wa se net méi no ‘’Kachufänger’’ schmaacht.

    A: Okay, also als Resümmee: d’Sarah wëll méi lafen, de Max wëll manner Fast Food iessen a besser kachen, an ech schreiwen e Buch. Wat denkt dir, wéi grouss sinn d’Chancen, datt mir dat duerchzéien?

    C: Hmm, soe mer 70 Prozent?

    B: Also, ech gi mir selwer 50 Prozent. Mee wann dir reegelméisseg nofrot, wéi et leeft, klammen d’Chancë vläicht op 60 Prozent.

    C: Haha, da komm, mir maachen en Deal: Ech froen dech no denge Kachkënscht, an du erënners mech, lafen ze goen.

    A: An dir frot mech no mengem Buch! Esou motivéiere mir eis géigesäiteg.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hire Sylvesterowend schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren.

    -

    Transkript:

    A: Prost a vill Gléck am neie Joer!

    B: Prost! Och fir dech, virun allem eng gutt Gesondheet. Gëschter war jo mol e lëschtegen Owend.

    A: Gell. Bis wéi vill Auer bass du bliwwen?

    B: O Mamm, vill ze laang.

    A: Firwat sees de dat?

    B: Ma de Christian huet net opgehalen eis ëmmer rëm Wäin nozeschëdden an iergendwann hate mir all eng hänken.

    A: O nee, wéi witzeg! Wéi schued datt ech dat verpasst hunn!

    B: Hal op! Ech si frou, datt net vill Leit dat matkruten. De Josy ass souguer op sengem Stull ageschlof. Hien huet natierlech och d’Freedefeier verpasst. An iwweregens, firwat bass du dann esou fréi heemgefuer?

    A: Éierlech gesot war et mir nom Haaptplat immens schlecht an dofir sinn ech mol net bis zwielef Auer bliwwen. Ech wollt onbedéngt méi laang do bleiwen, fir mat deenen aneren nach ze schwätzen, ze danzen an natierlech och op dat neit Joer unzestoussen.

    B: Jo, ech hat schonn deng Kippche preparéiert, mee do waars du scho fort. Wat fir e Menü has du da gewielt? Vläicht hues de eppes net verdroen. Also mir huet alles ganz gutt geschmaacht.

    A: Ech hat d’Tëntefëschzalot als Entrée an dono hat ech de Bœuf bourguignon. Wéi gesot, den Dessert krut ech net méi ze schmaachen.

    B: Komesch! Ech hat dat selwecht!

    A: Ech muss och zouginn, ech hat beim Aperitif schonn 3 Couppen op den eidele Mo gedronk. Dat kann et och gewiescht sinn.

    B: A! Ma do hu mer et jo! Et war bestëmmt dat! Ech weess dass d’Manuela immens vill Wäert drop leet, wat fir en Traiteur et kontaktéiert. Wéi et virun e puer Joer och eng Feier organiséiert huet, hate ganz vill Leit eng Liewensmëttelvergëftung an dat soll sech elo net méi widderhuelen?

    A: Sécher! Dat mat der Liewensmëttelvergëftung wosst ech guer net. Do hunn ech iech all nach net kannt.

    B: Gleef mer, dat war net schéin! Dofir huet et sech awer dëst Joer extra Méi ginn. Den Dësch war immens schéin dekoréiert, et huet e gudden Traiteur fonnt, et gouf gudde Wäin a kuerz viru Mëtternuecht krute mir eng Coupe Cremant a Späizmännercher. Dat war wierklech flott.

    A: Jo, ech hunn är Fotoe gesinn, déi si richteg flott gi mat de Späizmännercher. Ech war e bësse jalous.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Mir hoffen, datt dir schéi Feierdeeg hat. Am Episod vun haut erziele mir vun engem chaotesche Chrëschtdagsiessen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    B: Hallo! Wéi geet et dir?

    A: Hallo! Gutt an dir? Wéi waren deng Feierdeeg ?

    B : Jooo…hmm… Hellegowend war immens schéin, mee Chrëschtdag selwer war fuerchtbar!

    A: Wéi? Wat ass da geschitt?

    B: Am Ufank war nach alles an der Rei. Mir hunn e puer Kippercher Cremant gedronk – verschiddener, menger Meenung no, e puer ze vill – an derbäi gouf et immens gutt Aperitifskichelcher, vun deem neien Traiteur do, vun deem ech der erzielt hat.

    A: A jo!

    B: Als Entrée gouf et fir d’éischt eng Héngerbritt, déi meng Bomi matbruecht hat an nach Saumon fumé mat Toasten. A propos, meng Bomi huet quasi déi ganzen Zäit geschwat: iwwer hir Kandheet, iwwer déi nei Dirigentin vun hirem Gesank,... A se huet och iwwer sou vill Leit, déi mir guer net kennen, geschwat a gelästert. Dat huet wierklech genervt.

    A: Ok. An dunn?

    B: Duerno gouf et e Brot an als Bäilag kleng Gromperegratinen a roude Kabes.

    A: Nee, nee! Wat ass du geschitt?

    B: Maja, waart! Mäi Monni, dee scho vill ze vill Wäi gedronk hat, huet sech opgereegt, datt de Kabes versalzt wier. Menger Mamm ass bal de Kolli geplatzt! Si kann hirer Schwëster hire Mann souwisou schonn net leiden. Glécklecherweis huet awer keen e Sträit ugefaang. Bon, als Dessert hate mer eng Bûche. Meng Schwëster mécht se all Joer selwer. Et ass wierklech déi bescht Bûche, déi ech jee giess hunn, eng Schockelasbûche.

    A: Mh hm.

    B: Obwuel mer scho laang sat waren, gouf et beim Kaffi nach kleng Stollen a Kichelcher.

    A: Dat kléngt wierklech no vill...

    B: Jo, dat Gefréiss all Joer...et ass mer all Kéiers ze vill. Mee lo awer: Meng Tatta, mengem Papp seng Schwëster, hat hiren Hond matbruecht. Dat huet eiser Kaz net esou gutt gefall. Den Hond huet si sou erféiert, datt se an de Chrëschtbeemche gesprongen ass. De Beemchen ass dunn ëmgefall. Wéi mir e rëm opgeriicht hunn, hu mer gemierkt, datt den Adventskranz gebrannt huet. De Beemchen hat d’Käerzen ëmgeheit. Mir sinn alleguer esou erféiert a woussten am éischte Moment net, wat maachen. Mäi Monni, dee grad en Tëmpche gehalen huet, well en ze vill gedronk hat, huet vu Schreck säi Glas Wäin op d’Feier geheit. Dat huet natierlech näischt gehollef. Meng Mamm huet dunn awer geschalt an de Brand mat dem Waasser aus dem Krou geläscht.

    A: O vreck! Wat e Chaos! Dat ass jo wierklech wéi an engem Film! Dann hoffen ech, datt wéinstens däi Silvester besser gëtt!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir e bësse méi allgemeng iwwer de Wanter, an duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Wanterpneue schwätzen.

    -

    Transkript:

    De Wanter

    Am Wanter ass et zu Lëtzebuerg kal, net grad esou kal wéi an den nërdleche Länner, mee et kënnen awer och Minusgrade ginn. Meeschtens sinn d’Temperaturen ëm déi 5 Grad an et reent och vill. Zu Lëtzebuerg schneit et leider net méi vill, mee wann ee mol Chance huet an et schneit, da sollt een definitiv mam Schlitt fuere goen. Eng aner Aktivitéit, déi mer am Wanter maache kënnen, ass Schlittschong fueren. D’Leit ginn dofir oft op d’Kockelscheier. Do kann ee Schlittschong ausléinen an et ausprobéieren. Wann ee léiwer eppes méi Gemittleches maache wëll, da kann een op de Chrëschtmaart goen an eppes Leckeres iessen an drénken. Um Chrëschtmaart kann ee Glüwäin drénken, dann ass et engem direkt manner kal an et kann een zum Beispill Gromperekichelcher, verschidde Wurschten, Tartifletten, Eisekuchen an nach aner Saachen iessen. A wa mer schonn iwwert d’Iesse schwätzen, da kënne mer och soen, dass am Wanter vill Raclette giess gëtt. Et gëtt ee bei Kolleegen invitéiert, oder et invitéiert ee selwer Leit bei sech. Fir Leit, déi net gär kachen ass dat perfekt, well et muss ee just den Apparat umaachen a fir de Rescht zerwéiert jidderee sech selwer. Mmmm, elo hunn ech zwar Loscht op eng Raclette!

    Diskussioun Wanterpneuen

    A: So, mengs du net, du misst mëttlerweil deng Wanterpneuen op den Auto montéiere loossen?

    B: Nee, firwat dann dat? D’Wieder ass jo nach an der Rei.

    A: Elo nach! An e puer Deeg soll et schneien an du wëlls jo net mat denge Summerpneuen am Schnéi fueren.

    B: Ech kucken als éischt emol, ob et iwwerhaapt Schnéi gëtt an dann decidéieren ech dat.

    A: Maach wéi s de wëlls, mee du weess jo, wann s du vun der Police ugehale gëss, da muss du 74€ bezuelen an du muss däin Auto op der Plaz stoe loossen. An du sos dach, du fiers de Weekend fort, nee?

    B: O nee... Ech muss dir eppes beichten... Ech mengen ech hunn iwwerhaapt keng Wanterpneuen.

    A: Wat?! Hues du se nach all? Dat ass jo extreem geféierlech.

    B: Et deet mer leed. Ech hunn den Auto jo eréischt kaf an hunn net dru geduecht, dass ech och nach nei Pneue misst kafen. Ech weess emol net, wat fir Pneuen ech um Auto hunn.

    A: O mei! Dat ass wierklech typesch! Da komm mir gi mol kucken.

    A: Mäin Auto ass mega schéin, oder? An déi Faarf passt och voll bei mech.

    B: Jo, jo, Haaptsaach d’Faarf passt. Da looss mech elo mol deng Pneue kucken.

    A: Ça va.

    B: Uff! Du hues Allweatherpneuen dat ass jo nach an der Rei.

    A: Wou gesäit een dat iwwerhaapt?

    B: Kuck. Hei steet M+S, dat steet fir “mud and snow”, also Bulli oder Mätsch a Schnéi, an dat ass d’Zeeche fir d’Allweatherpneuen.

    B: A wéi erkennen ech déi aner Pneuen?

    A: Bei de Wanterpneue steet och M+S drop, mee et ass och nach e Symbol mat engem Bierg an enger Schnéiflack dran, direkt niewendrun.

    B: Aha! A wat fir en Zeeche gesinn ech bei de Summerpneuen?

    A: Dofir gëtt et keen Zeechen. Dat heescht, wa guer keen Zeechen drop ass an och net M+S drop steet, da sinn et Summerpneuen.

    B: Dat ass alles sou komplizéiert. Ab wéini muss ech d’Wanterpneuen um Auto hunn?

    A: Et gëtt kee richtegen Datum, mee du muss der bei Schnéi a bei Glatäis drop hunn.

    B: Ok, da sinn ech jo lo gutt informéiert.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Koppel iwwer déi verschidden Aufgaben am Stot schwätzt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun en Zëmmer an enger WG kucke geet.

    -

    Den Transkript fir dësen Episod kënnt méi spéit no.

    Merci fir Är Gedold!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut schwätze mir mam Gilles iwwer d'Heavy-Metal-Zeen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Den Transkript fir dësen Episod kënnt dir hei (klick) noliesen. Klickt riets op ,,Access as guest''.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun beim Coiffer a beim Kiné urifft, fir e Rendez-vous auszemaachen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Nathalie : O mei, meng Hoer gesi wierklech fuerchtbar aus. Ech hunn zwar net vill Zäit, mee ech muss onbedéngt e Rendez-vous beim Coiffer huelen. Am beschte muer … oder vläicht en Donneschdeg ? Hoffentlech hu se nach eppes fräi … Ech ruffen emol un a froen.

    C : Gudde Moien, Salon ,,Schnipp Schnapp’’, wéi kann ech Iech hëllefen?

    N : Moien, hei ass d’Nathalie Silva. Ech géif gär e Rendez-vous beim Jackie huelen, wannechgelift.

    C : Natierlech ! Ass et just fir ze schneiden oder och fir ze fierwen?

    N : Ech muss den Nowuess fierwen an d’Spëtzen e bësse schneiden.

    C : An der Rei, wéini geet et Iech?

    N : Am beschte muer de Moien.

    C : Muer de Moien … Hmm, ech kucken … Nee, do ass schonn alles voll beim Jackie. Ech hätt just nach eppes fräi beim Nadine, um 11 :45.

    N : Hmm, nee, dat ass e bësse spéit, an ech géif léiwer wéi ëmmer bei d’Jackie goen. Wéi wier et dann en Donneschdeg?

    C : En Donneschdeg ass nach direkt um 8 :30 eppes fräi beim Jackie.

    N : Hmm, dat ass fréi ! Mee OK, dann huelen ech dee Rendez-vous.

    C : Tipptopp, Madamm Silva. Da bis en Donneschdeg um 8 :30.

    N : Jo, Merci ! Bis en Donneschdeg.

    Nathalie : Sou, den éischte Rendez-vous ass geholl. Uff ! An elo ruffen ech och direkt beim Kiné un, fir mäi Rendez-vous en Donneschdeg ze verréckelen. Dat gëtt soss e bëssen enk…

    P : Praxis Kiné Miersch, gudde Moien.

    N : Gudde Moien, hei ass d’Nathalie Silva. Ech ruffen u wéinst engem Rendez-vous, deen ech leider verréckele muss.

    P : Wéini ass Äre Rendez-vous ?

    N : En Donneschdeg de Moien um 9 :30.

    P : Ok, ech kucken … wéini géift dir da gär amplaz kommen ?

    N : Eventuell en Donneschdeg Nomëtteg ? Wier do eppes fräi ?

    P : Nee, en Donneschdeg ass leider schonn alles voll. E Freideg hätt ech nach eppes.

    N : Hmm, e Freideg ass schwiereg, do schaffen ech de ganzen Dag. Soss d’nächst Woch, direkt e Méindeg ?

    P : E Méindeg hätt ech nach e Rendez-vous um 14 Auer an um 16 Auer.

    N : 14 Auer, dat passt.

    P : An der Rei, dann änneren ech de Rendez-vous.

    N : Villmools Merci ! Nach e schéinen Dag.

    P : Merci gläichfalls.

    Nathalie : Uff, dat war jo guer net esou einfach. Mee elo ass alles organiséiert : De Coiffer en Donneschdeg de Moien, an dofir de Kiné e Méindeg Nomëtteg.

  • Wëllkomm zeréck an der Poterkëscht!

    Haut erklären mir d’Aussprooch vum “ch”. Wéini soe mir [χ] a wéini soe mir [ɕ] ?

    -

    Transkript:

    A: Wéi schwätzt een dat Wuert aus?

    B: Buch.

    A: An dat?

    B: Bicher.

    A: Mee, firwat “Buch” a firwat “Bicher”?

    B: Also: “Bicher” ass de Pluriel vu “Buch”.

    An et gëtt och glécklecherweis eng Reegel, wéini mir [χ] a wéini mir [ɕ] soen.

    Wa virun dem “ch” en “a”, en “o” oder en “u” ass, da soe mir [χ].

    ach, och, uch

    So eng Kéier: ach, och, uch

    A: ach, och, uch

    B: Gutt. Hei si Beispiller: Kach, nach, kachen, aacht, maachen

    A: Kach, nach, kachen, aacht, maachen

    B: och, Woch, Wochendag, Mëttwoch, Sprooch

    A: och, Woch, Wochendag, Mëttwoch, Sprooch

    B: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen

    A: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen

    B: Gutt!

    A: Ok. Gëtt et Exceptiounen?

    B: Wéi ganz oft gëtt et och hei Ausnamen. Wéi zum Beispill bei Wierder aus dem
    Franséischen: Tâche, Cauchemar, accouchéieren, Grand-Duché

    Sou. Wa virun dem “ch” en “i”, en “e” oder en “ä” ass, da soe mir [ɕ].

    ich, ech, äch - “äch” mat “a Treema, c, h” oder “ech” mat “e,c,h”

    So eng Kéier: ich, ech, äch

    A: ich, ech, äch

    B: Gutt. Beispiller: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnersträichen, Gespréich, Noriichten

    A: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnersträichen, Gespréich, Noriichten

    B: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen

    A: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen

    B: Kächin, erwächen, Becher, schlecht, Recht

    A: Kächin, erwächen, Becher, schlecht, Recht

    B: Tipptopp! Opgepasst! Meeschtens, wann hannert dem “ch” en “s” steet, da prononcéiere mir den “ch” als [k].

    Beispiller: Dachs, Ochs, nächst, Nächsten, sechs, Béchs, Schongwichs,

    Mee och hei ginn et Ausnamen. Mir maachen dat just, wann den “s” en Deel vum Wuert
    ass.
    Ausname sinn zum Beispill: du kachs, mëttwochs, du brauchs, Besuchszäit, du sichs,
    du gläichs, du méchs, asw.

    So zum Schluss elo nach eng Kéier d’Reegel:
    ach och uch
    ich ech äch

    A: ach och uch
    ich ech äch

    B: Perfekt!

    A: Cool Merci fir d’Explikatiounen!

    B: ‘t ass gär geschitt!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass de 6. Dezember. Zu Lëtzebuerg ass dat e speziellen Dag: Kleeserchersdag! Mee wat ass dat genee? Lauschtert a fannt et eraus!

    -

    Transkript:

    Kleeserchersdag
    
Wat ass Kleeserchersdag a wien ass de Kleeschen? Dëse Freideg ass et endlech esou wäit an d’Kanner sange scho fläisseg "Léiwe Kleeschen" an der Schoul.
    Wann der scho méi laang zu Lëtzebuerg wunnt, hutt der dëst Lidd vläicht schonn héieren.
 Kleeschen oder Zinniklos ass de lëtzebuergeschen Numm fir den hellegen Niklos. Op Franséisch heescht hie Saint-Nicolas, op Hollännesch a Flammännesch heescht hie Sinterklaas an op Däitsch heescht hien Nikolaus.

    An der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember kënnt hien aus sengem Himmelsland a bréngt de brave Kanner Kaddoen. D’Kanner aus der Grondschoul hunn de 6. Dezember fräi, fir datt si deen Dag mat hiren neie Spillsaache spille kënnen.  
Zanter 2019 steet “Kleeserchersdag” oder “Niklosdag” op der Lëscht vun den immateriellen UNESCO-Weltierwen.
    Vill Soen erzielen, datt de Kleeschen en immens léiwen an hëllefsbereete Mënsch war an och nach ass ass. Enger Legend no huet hien dräi Kanner aus engem Dëppe vun engem Metzler, dee Jelli aus hinne kache wollt, befreit. Dës Legend gëtt et och a Form vun engem Gedicht, “D’Seeche vum Zinniklos”, vum Georges Schmitt aus dem Joer 1944.
    Wéi gesäit de Kleeschen aus? Hien ass en eeleren Här an huet e laange wäisse Baart. Seng Tenue erkennt een direkt: hien ass als Bëschof gekleet mat engem meeschtens roude Mantel, enger Mitra um Kapp an engem Bëschofsstaf an der Hand.  
Hie gëtt begleet vu sengem Gesell, den Houseker. Deen huet e laange schwaarze Baart an ass däischter ugedoen. Hien huet meeschtens e Sak mat Rutten derbäi. Jongen a Meedercher déi net brav waren, kréien deen Dag dann eng Rutt vum Houseker.
    D’Kanner freeë sech scho wochelaang am Viraus op Kleeserchersdag.

    Op ville Plaze kann een de Kleesche schonn e puer Woche viru Kleeserchersdag begéinen an heiansdo kritt een dann eng Titche mat Séissegkeeten an e Boxemännchen. 
Eng Woch oder zwou Woche viru Kleeserchersdag stellen d’Kanner owes virum Schlofe goen, de Schong bei d’Dier a sange “Léiwe Kleeschen”. Wa se moies waakreg ginn, leien eng Schneekegkeet, wéi zum Beispill Schockela oder Uebst, wéi zum Beispill eng Mandarinn oder e klenge Kaddo am Schong.
    De 5. Dezember, owes, ass et dann esou wäit. D’Kanner stellen hire Schong oder en Teller bei d’Dier a freeë sech op dee groussen Dag.
    Denkt also drun, datt e Freideg keng Schoul ass an datt der net erféiert, wa moies eppes an äre Kanner hire Schong läit!

 Mir wënschen iech an äre Kanner, e schéinen Niklosdag!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Fester am Dezember a wat ee kann op eng Chrëschtfeier undoen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript

    Fester am Dezember

    A: Hues de schonn e Chrëschtbeemchen an deng Wunneng dekoréiert? E Sonndeg ass schonn den éischten Advent.

    B: Lo ass scho rëm Dezember. D’Joer vergeet esou séier! Nee, ech hunn nach net dekoréiert a mir hunn och nach kee Beemchen, mee ech hunn awer schonn en Adventskranz.

    A: Wiem sees de et! Ech hu keen Adventskranz, mee ech hunn awer iwwerall vill Käerzen a Luuchten. Mäi Chrëschtbeemche steet scho säit dem 15. November.

    B : Mir ass dat ze fréi. Mee an de Supermarchéë gëtt et schonn zënter Enn September / Ufank Oktober Schockelaskleesercher a Chrëschtdekoratioun.

    A: Dat ass definitiv vill ze fréi. Mee sou vun November u kommen ech schonn a Chrëschtdagsstëmmung an et gesäit immens gemittlech bei mir aus. Ech fänken och scho fréi un, Kaddoen ze kafen.

    B: Ech gleewen! Am Dezember ass esou vill lass! Den éischten Advent fält dëst Joer op den 1. Dezember, de 6. Dezember ass Kleeserchersdag, de 24. ass Hellegowend an de 25. Dezember ass Chrëschtdag.

    A: Vergiess Silvester, den 31. Dezember, net! An op Kleeserchersdag hu mir jo net fräi…

    B: Jo, och nach Silvester! An dat si lo nëmmen d’Fester an d’Feierdeeg zu Lëtzebuerg! Ech huele mer de 6. Dezember awer fräi, well meng Kanner dann doheem sinn. Ech huele mer dëst Joer och zwou Wochen ëm Chrëschtdag Congé, vum 20. Dezember bis de 5. Januar. D’lescht Joer hat ech ze vill Stress. Da kann ech mech gutt erhuelen. Wéi méchs du et?

    A: Ech fléie kuerz viru Chrëschtdag bei meng Famill a bleiwen awer bis no Dräikinneksdag do. Bei eis ass de 6. Januar och nach e wichtege Feierdag.

    B: A jo! Schéin! Zu Lëtzebuerg ass de 6. Januar zwar net fräi, mee mir kafen awer en Dräikinnekskuch.

    A: Jo, wann ech heemkommen, da gëtt et déi nach. Ech kafe mer och all Joer een.

    Op eng Chrëschtfeier goen

    A: Moien! Frees de dech schonn op d’Chrëschtfeier d’nächst Woch?

    B: Jo, total! Mee ech hunn e Problem … Ech weess nach net, wat ech undoe soll. Den Dresscode ass jo ,,schick mat engem speziellen Accessoire’’. Wat soll dat heeschen?

    A: Jo, et ass dëst Joer net esou einfach! Mee du kanns jo zum Beispill einfach en elegante Rack oder eng Jupe mat enger Blus undoen. An als speziellen Accessoire en Hutt, eng opfälleg Ketten oder eng faarweg Krawatt.

    B: Eng Krawatt wier cool! Ech kéint och e schwaarzen Tailleur mat enger wäisser Blus undoen, an dobäi eng rout Krawatt. Dat passt jo gutt bei Chrëschtdag, oder?

    A: Absolut! Et ass festlech, mee net ze opfälleg.

    B: Merci fir deng Hëllef! Mee ech hunn nach eng Fro. Mir wiichtele jo, an ech hunn d’Sarah gezunn. De Problem ass, ech kennen hatt guer net gutt … Hues du eng Iddi, wat ech him kafe kéint?

    A: O, d’Sarah? Dat ass einfach! Hatt drénkt gär Téi an huet vill Planzen doheem. Villäicht kéints du him eng kleng Planz, wéi e Kaktus schenken?

    B: Dat ass eng gutt Iddi! Dat, oder e schéinen Téiset géifen him bestëmmt gefalen. Merci!

    A: Gär geschitt. Ech si scho gespaant, wéi d’Feier gëtt. Ech hoffen, d’Musek ass dëst Joer besser wéi d’lescht Joer.

    B: Ech hoffen och. Bis dann!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    De Chrëschtmaart an der Stad Lëtzebuerg ass zënter e Freideg op. Perfekt, fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen! Am Episod vun haut lauschtere mir dofir, wéi zwou Persounen en Tour driwwer maachen an och traditionellt Iessen a Glüwäin bestellen.

    -

    Transkript:

    A: Paul, kuck emol ! D’Stad ass scho sou schéi festlech dekoréiert, iwwerall hänke Liichtercher!

    B: Jo, de Chrëschtmaart ass och virun e puer Deeg opgaangen.

    A: Stëmmt! Solle mer e klengen Tour driwwer maachen?

    B: Hmm, ech hunn net wierklech Loscht … Et ass mir kal, an ëm dës Zäit ass et ëmmer esou voll …

    A: Dajee, komm! Mir ginn och net laang, versprach! Et gëtt bestëmmt vill ze kucken. Et richt och schonn no Glüwäin a gebrannte Mandelen …

    B: Ok, ok, du hues mech iwwerzeegt. Awer nëmmen, wann ech mir och e puer Gromperekichelcher kafe kann!

    A: Natierlech! Mir kucke fir d’éischt e bëssen, an da kafe mir eis eppes ze drénken an z’iessen.

    B: Du has Recht, et ass wierklech eng gutt Stëmmung hei.

    A: Gesäis de! Komm, mir kucken emol, wat se hei um Stand alles hunn. Vläicht fanne mir jo e Kaddo fir deng Frëndin?

    B: Gutt Iddi! Hatt ass frou mat selwergemaache Saachen.

    A: Kuck emol, wéi fënns de dës Holzfiguren? Déi si bestëmmt vun Hand geschnëtzt.

    B: Hmm, ech weess net, ech fanne se e bësse kitscheg. Mee vläicht kafen ech um Stand niewendrun e Glas Hunneg. Dat ass ëmmer gutt ze hunn an där kaler Joreszäit.

    A: Wéi wier et mat engem Glüwäin? Dovu gi mer bestëmmt waarm!

    B: Ech sinn dobäi. Komm, mir stellen eis hei an d’Rei. Ech hunn héieren, datt de Glüwäin op dësem Stand dee beschten ass.

    C: Moien! Wat kritt Dir?

    A: Zwee Glüwäin, wannechgelift.

    C: Gär. Rouden oder wäissen?

    A: Rouden, wannechgelift.

    C: Voilà. Dat mécht 12 €. Op all Glas sinn 2 € Pfand.

    A: Merci!

    B: Prost, Liz, op de Chrëschtmaart!

    A: Prost! (Kuerz Paus) Mmmh, dee Glüwäin ass wierklech gutt!  Du has Recht, Paul, dat ass dee beschte Stand!

    B: Sou, elo sinn ech awer e bëssen hongereg. Kuck emol, hei hu se Mettwurscht a Gromperekichelcher. Solle mer eis eppes huelen?

    A: Jo! Ech hu richteg Loscht op eng Mettwurscht.

    B: An ech huele mer e puer Gromperekichelcher. Dat ass Traditioun!

    D: Gudden Owend ! Wat kritt dir?

    B: Fir mech Gromperekichelcher, mat Äppelkompott wannechgelift.

    A: An ech huelen eng Mettwurscht mat Moschter, wannechgelift.

    D: An der Rei. Dat mécht 13€.

    A: Kanns de dat gleewen? 8,50 Euro fir Gromperekichelcher mat e bëssen Äppelkompott! De Chrëschtmaart gëtt wierklech all Joer méi deier …

    B: Do hues de Recht. Mee se si wierklech fantastesch! Wëlls de e Stéck schmaachen?

    A: Jo, gär! Hei, du kanns och eng Kéier a meng Wurscht bäissen.

    B: Mmh, déi ass och gutt! Du has awer Recht, et war eng gutt Iddi, nach en Tour iwwer de Chrëschtmaart ze maachen.

    A: Ha, ech sot et jo ! Et ass ëmmer eng gutt Iddi, op de Chrëschtmaart ze goen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass Niklosdag, an domat och Zäit, fir déi éischt Boxemännercher z'iessen! Am Episod vun haut deele mir e Rezept mat iech, fir är eege Boxemännercher doheem ze baken. Vill Spaass!

    -

    Transkript:

    Rezept fir Boxemännercher

    Sou... Ech mengen, mir hunn elo alles prett fir eis Boxemännercher ze baken.

    Ech kontrolléieren nach eng Kéier d'Rezept um Internet...

    Fir 8 Boxemännercher brauche mir:

    620 Gramm Miel 100 Gramm Zocker 250 Milliliter Vollmëllech, am beschte soll d'Mëllech wotlech sinn, also net kal ee Wierfel frësch Hief (42 Gramm) 100 Gramm geschmoltene Botter 2 Eeër eng Pouz Salz, also just ganz e bëssen

    Dat ass alles fir den Deeg.

    Wa mir d'Boxemännercher zum Schluss nach wëlle glaséieren, brauche mir just

    een Eegiel an en Iessläffel Mëllech

    Da kënne mir jo elo endlech ufänken.

    D'Miel, den Zocker an eng Pouz Salz maachen ech an eng grouss Schossel.

    Da schëdden ech d'Mëllech an e grousst Glas a maachen d'Hief dobäi. Fir, dass dat besser geet, maachen ech d'Hief a kleng Stécker. Da kann ech d'Hief an der Mëllech besser opléisen.

    Da schëdden ech d'Mëllech mat der Hief a meng grouss Schossel mam Miel. Ech maachen dann de geschmoltene Botter an déi zwee Eeër mat dobäi. An da muss ech den Deeg fir ongeféier 5 Minutte gutt knieden. Ech maachen eng Kugel aus dem Deeg an da leeën ech den Deeg erëm zeréck an d'Schossel a maachen e Kichenduch iwwert d'Schossel, fir dass den Deeg bei Raumtemperatur ka rouen. No 45 Minutten ass den Deeg da prett. En ass opgaangen an ass elo duebel esou grouss wéi virdrun.

    Da maachen ech e bësse Miel op eng Holzplack an ech klappen den Deeg erëm méi platt. Ech deelen den Deeg an 8 Portiounen a formen aus all Portioun eng oval Briosch. Uewe formen ech e klenge Kapp an ënne schneiden ech e klenge Schlitz an d'Briosch, fir d'Been ze formen. Op deenen zwou Säite schneiden ech och nach e Schlitz an d'Briosch fir d'Äerm ze formen.

    Elo huelen ech de Bakblech mam Bakpabeier drop an ech leeën d'Boxemännercher op de Bakpabeier. Et soll ee genuch Plaz tëschent de Männercher loossen, well se am Uewen nach opginn.

    Dann huelen ech en neit Kichenduch a maachen et e bësse fiicht. Ech leeën d'Kichenduch dann iwwert de Bakblech mat de Boxemännercher a waarden nach emol eng hallef Stonn a loossen d'Boxemännercher bei Raumtemperatur opgoen.

    An där Zäit kann een de Schäffche op 200 Grad virhëtzen.

    Ier mir d'Boxemännercher dann endlech an den Uewe maache kënnen, glaséieren ech se nach. Fir d'Glasur schloen ech d'Eegiel mat engem Iessläffel Mëllech, op. Da pinselen ech meng Glasur ganz virsiichteg iwwert d'Boxemännercher.

    Da kënnt de Bakblech fir 15 Minutten an de Schäffchen.

    No enger Véierelstonn huele mir se eraus, loosse se ofkillen an da kënne mir endlech ee gudde Boxemännchen iessen!

    Ei… Gudden Appetit!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An e puer Wochen ass de 6. Dezember, also Kleeserchersdag oder Nikoosdag zu Lëtzebuerg. Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Kaddoe vum Kleeschen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    A: Geschwënn ass schonn erëm de 6. Dezember. Wat wënscht meng Giedelche sech da fir Kleeserchersdag?

    B: Meng Elteren a Schwéierelteren hunn och scho gefrot, duerfir hunn d’Nora an ech eng Lëscht gemaach. Vu mengen Eltere kritt hatt e klenge Buttek. Si kafen och alles fir an de Buttek, zum Beispill Liewensmëttelen aus Holz oder Verpackungen, mat enger klenger Keess a Suen aus Plastik oder Pabeier. Dat kritt een alles derbäi ze kafen.

    A: Mega! Ech hat och sou e Buttek an hunn immens vill dermat gespillt. Sou léieren d’Kanner och d’Mënz an d’Schäiner kennen.

    B: Jo, ech och! Bei mir waren d’Liewensmëttelen awer net aus Holz, mee aus Plastik an d’Lili, eisen Hond, huet der vill futti gebass.

    A: Oh!

    B: A vu menge Schwéiereltere kritt et eng Popp mat enger Kutsch an e puer Tenuë fir d’Popp. Hatt wënscht sech scho sou laang eng.

    A: Djëft! Déi Iddi hat ech och! Hatt huet mir dat d’lescht Kéier erzielt, wéi et bei mer war, fir ze baken. Net schlëmm! Steet nach eppes Aneres op der Lëscht?

    B: Wéi s de weess, bastelt hatt jo sou gär! Vläicht kanns de am Spillbuttek froen, wat am meeschte fir Kanner vu fënnef Joer kaf gëtt? De Moment ass hatt jo och e grousse Fan vun Dinosaurier. Vläicht hu se e Molbuch, fir Dinosaurier faarweg ze molen.

    B: Dat kléngt gutt! Ech ginn dës Woch nach op d’Sich! Merci!

    A: Mir soen dir Merci!

    B: Net mir, dem Kleeschen!

    A: Ok!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir eng Simulatioun vun den Neiegkeeten um Radio. Vill Spaass beim Nolauschteren.

    -

    Transkript:

    Gudde Moien! Et ass aacht Auer. Mir héieren elo fir d’éischt d’Meteo an da komme mir bei déi lokal Noriichten aus dem Land. Wéi gëtt d’Wieder haut? Dës Fro stelle sech eng Rei vun eisen Nolauschterer.

    Meteo: Haut bleift et zimmlech bedeckt. D’Temperature leien tëschent zéng a fofzéng Grad. Am Nomëtteg kann et op e puer Plazen zu e puer Schauere kommen. Denkt also un Äre Prabelli! An der Nuecht killt et bis op fënnef Grad of. Muer erwaarden eis e bësse méi Sonn an Temperature bis zu uechtzéng Grad. Fir de Weekend ass awer erëm mat Reen a plazeweis Niwwel ze rechnen.

    Elo zu der Aktualitéit vum Dag.

    Accident op der A7

    Am fréie Moie koum et zu engem uergen Accident op der A7 a Richtung Süden. Zwee Autoe sinn aneneegeknuppt. Eng Persoun gouf liicht blesséiert a koum mat der Ambulanz an d’Spidol. D’Autobunn war fir zwou Stonne gespaart, mee se ass elo erëm normal fir de Verkéier op.

    Vermësstemeldung

    D’Police sicht no engem siechzéngjärege Mike Da Costa vu Stroossen. Hie gouf fir d’lescht gëschter Mëtteg op engem Busarrêt um Geesseknäppche gesinn. Hien ass ongeféier 1 Meter 75 grouss, huet brong Hoer an hat eng schwaarz Liedersjacket un. Falls Dir dës Persoun gesinn hutt oder Informatiounen hutt, mellt Iech wgl. bei der Police, um 113.

    Renovatioun vun der Bibliothéik

    D’Bibliothéik ,,Bicherfrënn’’ ass vum nächste Mount u wéinst Renovatiounsaarbechte fir de Public zou. D’Moderniséierung soll dräi Méint daueren a versprécht méi Plaz fir Bicher, nei Liessäll an eng méisproocheg Kannersectioun. Wärend där Zäit kënnt Dir Är Bicher an der Stater Bibliothéik ausléinen.

    Sou, dat waren all d’Noriichte fir haut de Moien. Mir wënschen Iech e gudde Start an den Dag!

  • Transkript:

    Reservatioun am Restaurant

    Restaurant : Gudde Mëtteg, Restaurant ,,La Dolce Vita’’, wéi kann ech Iech hëllefen?

    Client : Gudde Mëtteg, ech géif gär en Dësch reservéieren.

    Restaurant: Natierlech, fir wéini, wannechgelift?

    Client: Fir muer den Owend um 19 Auer.

    Restaurant: An der Rei. Fir wéi vill Persounen?

    Client: Fir véier Persounen, wannechgelift.

    Restaurant: Sëtzt dir léiwer dobannen oder op der Terrass?

    Client: Léiwer dobannen. Kéinte mir en Dësch bei der Fënster kréien, wannechgelift?

    Restaurant : Ee Moment, ech kucken… jo, dat geet.

    Client: Super, Merci!

    Restaurant: Da brauch ech just Ären Numm an eng Telefonsnummer, wannechgelift.

    Client: Mäin Numm ass Silva. Meng Telefonsnummer ass 671 57 90 23. Ech hu just eng Fro: Hutt dir och e puer vegetaresch Platen?

    Restaurant: Jo, mir hunn op d’mannst eng vegetaresch Optioun pro Gang.

    Client: Dat kléngt gutt! An nach eng aner Fro: Meng Frëndin huet eng Glutenintoleranz. Hutt dir och e puer Optiounen ouni Gluten?

    Restaurant: Jo, eis glutefräi Plate sinn extra gekennzeechent. Dir kënnt de Menü och op eisem Internetsite kucken.

    Client: A, super, da soen ech menger Frëndin dat. Villmools Merci.

    Restaurant: Et ass gär geschitt. Bis muer den Owend!

    Client: Jo, bis muer!

    Telefonat mam Traiteur

    A : Gudde Moien, Traiteur ,,Gudden Appetit’’, wéi kann ech Iech hëllefen ?

    B : Moien, hei ass Weber. Ech ruffen u well ech eng Feier fir eng Aarbechtskolleegin, déi an d’Pensioun geet, plangen. Ech géif gär bei Iech d’Iessen an e bëssen Ekipement bestellen.

    A: Dat kléngt flott! Fir wéi vill Persoune wier et?

    B: Ongeféier fofzeg Persounen.

    A: An der Rei. Hutt Dir schonn eng Iddi, wat fir en Iessen dir gär bestelle wëllt? Mir proposéiere verschidde Menüen, Buffeten a Fingerfood.

    B: Mir hätte gär e Buffet. Et wier gutt, wa fir jiddereen eppes dobäi wier – also eppes Vegetaresches a Veganes, mee och Plate mat Fleesch.

    A: Natierlech! Mir kënnen e gemëschte Buffet ubieden, mat waarmen a kale Platen. Zum Beispill: gebrodene Poulet, e Curry mat Tofu, verschidden Zaloten a Bäilage wéi Räis a gebrode Gromperen. Fir den Dessert kënne mir e puer Mini-Desserte proposéieren, zum Beispill Panna Cotta, Uebstzalot a kleng Schockelastäertercher. Wier dat eppes ?

    B : Jo, dat kléngt perfekt ! Kéinte mir och e puer Schnittercher kréien ?

    A : Jo. Mir proposéiere Schnittercher mat Saumon, Ham a Kéis, an och e puer vegan Häppercher mat Avocado an Hummus. Wéi vill Schnittercher hätt Dir gär?

    B: Hmm, et si fofzeg Leit, vläicht zwee oder dräi Schnittercher op de Kapp ?

    A : Dat geet an d’Rei. Mir kënnen Iech eng Këscht mat 150 Schnittercher preparéieren. Wëllt Dir och d’Gedrénks bei eis bestellen?

    B: Jo, dat wier praktesch. Mir hätte gär platt a Spruddelwaasser, Orangëjus an e puer Softdrinks. Mir këmmeren eis selwer ëm dat alkoholescht Gedrénks.

    A: Ok, mir liwweren da just d’Gedrénks ouni Alkohol. Braucht dir och Glieser a Geschier?

    B: Jo, wannechgelift. Mir brauchen och e puer Dëscher a Still. Kënnt Dir eis déi och bréngen?

    A: Dat ass kee Problem. Wéi vill braucht dir?

    B: Mir hätte gär zéng héich Dëscher fir den Apero a genuch Dëscher a Still fir ongeféier fofzeg Leit.

    A: An der Rei, et ass notéiert. Braucht Dir och Dëscheldicher oder soss Dekoratioun ?

    B : Dëscheldicher wiere super, d’Deko hu mir schonn.

    A : Perfekt. Wéini a wou genee ass Är Feier ?

    B : D’Feier ass de 25. November an eisem Büro um Boulevard John F. Kennedy. Et wier flott, wann dir moies géint zéng Auer schonn alles opriichte kéint.

    A: Dat geet. Hutt Dir soss nach e puer Extrawënsch?

    B: Nee, dat ass alles. Villmools Merci fir Är Hëllef!

    A: Ganz gär, Madamm Weber. Mir freeën eis, Iech fir Är Feier ze hëllefen. Mir schécken Iech dann an deenen nächsten Deeg en Devis. Wann alles OK ass, schécke mir Iech d’Rechnung. Dir musst dann eng Woch am Viraus e klengen Acompte bezuelen, an de Rescht no der Feier.

    B: An der Rei. Merci! Wann ech eng Fro hunn, mellen ech mech nach eng Kéier.

    A: An der Rei. Äddi!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir en Dialog, wou sech eng Persoun gär am Fitnesstudio umelle wëllt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    Am Fitnessstudio

    Rezeptionist: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?

    Cliente: Moien! Ech géif mech gär an Ärem Fitnessstudio umellen. Kënnt Dir mir e puer Informatiounen zu de verschiddenen Abonnementer ginn?

    Rezeptionist: Natierlech! Dir hutt e puer Optiounen. E Basiskontrakt kascht 40 Euro pro Mount. Dir kënnt awer och e Kontrakt op e ganzt Joer fir 420 Euro maachen. Domat spuert Dir 5 Euro pro Mount. Mam Basiskontrakt hutt Dir awer just den Accès an de Fitness. Interesséiert dir Iech och fir Gruppecoursen oder d’Sauna?

    Cliente: Et hänkt dovun of. Wat fir Gruppecoursë ginn et dann?

    Rezeptionist: Mir offréiere vill verschidde Coursen, zum Beispill Yoga, Pilates, Spinning oder Boxen. De komplette Programm vun der Woch fannt dir op eiser App. Do kënnt Dir Iech och fir déi eenzel Coursen umellen.

    Cliente: Hutt dir och Course just fir Fraen?

    Rezeptionist: Jo, freides owes a sonndes moies ass ëmmer e Boxcours just fir Fraen.

    Cliente: Cool! A wat kascht d’Abonnement mat de Gruppecoursen?

    Rezeptionist: D’Gruppecoursë kaschte 5 Euro extra pro Mount, also 45 Euro pro Mount oder 480 Euro pro Joer.

    Cliente: Da maachen ech d’Abonnement mat de Coursen. Ass do och de Sauna-Zougang och dobäi?

    Rezeptionnist: Nee, deen ass just an eisem Premium-Abo inclus. Dëst Abonnement kënnt Dir just op d’Joer maachen an et kascht 550 Euro.

    Cliente: Hmm … Nee, da maachen ech just d’Abonnement mat de Gruppecoursë fir 45 Euro de Mount.

    Rezeptionist: An der Rei. Da brauch ech just Är Carte d’identité fir eng Kopie ze maachen. Hei ass e Formulaire fir Iech. Notéiert wgl. Är Adress, Är E-Mail-Adress an Är IBAN-Nummer an ënnerschreift, datt dir mat allem averstane sidd.

    Cliente: Ok, Merci. Hei ass meng Carte d’identité.

    Cliente: Voilà, ech si fäerdeg.

    Rezeptionist: Super! Dir sidd elo Member vum Studio ,,Fit a Gesond’’. Hei ass Är Memberskaart. Soll ech Iech eng Kéier de Fitness weisen?

    Cliente: Jo, ganz gär.

    Rezeptionist: Ok, da kommt mat!

    Rezeptionist: Also hei gesidd Dir eisen Trainingsberäich mat de Maschinnen an de fräie Gewiichter. D’Lafbänner, d’Crosstraineren an d’Vëloe sinn dohannen. Hei vir ass de Sall fir d’Gruppecoursë wéi Yoga, Pilates a Boxen. D’Spinning-Coursë sinn an engem separate Sall do hanne lénks.

    Cliente: Flott, hei gëtt et jo vill Ekippement.

    Rezeptionist: Jo. Ech roden Iech awer, moies no 9 Auer oder owes viru 17 Auer ze kommen, wann dir dëse Beräich benotze wëllt. Moies fréi oder owes no der Aarbecht sinn ëmmer vill Leit hei an da kann et sinn, datt Dir emol bei enger Maschinn waarde musst.

    Cliente: Ech verstinn. A wou ass de Vestiaire?

    Rezeptionist: Hei direkt bei der Entrée op der rietser Säit. Do ass de Vestiaire fir d’Männer an niewendrun ass de Vestiaire fir d’Fraen. Fir de Casier musst Dir just e PIN-Code mat 4 Zifferen aginn.

    Cliente: Ok, super. Merci fir Är Hëllef! Da ginn ech mech elo undoen an da fänken ech mäin Training un.

    Rezeptionist: Tipptopp! Wann dir eng Fro hutt, da kommt einfach hei bei d’Rezeptioun froen.

    Cliente: Dat maachen ech! Merci!

  • Transkipt:

    Halloweenparty

    A: Hallo Jessie, mir hunn eis jo scho laang net méi gesinn! Waars du fort an der Allerhellegevakanz?

    B: Nee, ech war net fort, mee ech war leider déi ganz Vakanz erkaalt. Ech louch véier Deeg am Bett, dofir hunn ech och dem Max seng Halloweenparty verpasst.

    A: O, nee, wierklech? Ech hu mech scho gewonnert, firwat s du net do waars, ech weess wéi gär s du op esou Theemepartye gees.

    B: Genau! Ech hat de perfekte Kostüm. Dann halen ech dee wuel fir d’nächst Joer. Dann erziel mol, wéi war et? Wéi waren d’Leit verkleet?

    A: Also et war wierklech mega cool! De Max huet seng ganz Wunneng fir déi Geleeënheet dekoréiert. Iwwerall hounge Spannennetzer a Spannen, et ware Bluttspueren op de Maueren, et war ganz däischter dobannen a just Käerze waren un. Seng Niessen hu sech ameséiert Kürbissen auszeschnëtzen an hien huet da Käerzen dragesat an dat als Dekoratioun benotzt. A wéi ech d’Toilettendier opgemaach hu sinn ech richteg erféiert, well e Geescht un der Luucht houng. Also ech kann der soen, et war richteg gespenstesch.

    B: Wow! Dat kléngt wierklech gräisslech! Wéi war de Max da verkleet?

    A: Ma hie war als Zombie verkleet. Hien hat en zerrappte Pyjama un, säi Gesiicht war ganz wäiss, hien hat mof Aereefer an hien hat iwwerall Bluttflecken.

    Jessie: Uuu! Grujeleg! An du?

    B: Du weess jo, ech sinn net esou kreativ, dofir hunn ech mir e Vampirekostüm online kaf. Do war alles derbäi, wat ech gebraucht hunn: e schwaarz-roude Mantel, falscht Blutt a Vampirenzänn.

    A: Dat kléngt awer och flott! Ech hoffen ech kann d’nächst Kéier och derbäi sinn.

    B: Ech hoffen och. So, an deng Kanner, hu si eppes fir déi Occasioun gemaach?

    A: Jo, si ware mat hirem Papp an d’Abtei Neimënster. Do si ganz vill Aktivitéite fir Kanner organiséiert ginn. Et konnt ee sech d’Gesiicht fierwe loossen, et konnt een an e Labyrinth spadséiere goen, grujeleg Geschichten héieren an nach villes méi.

    B: Genial! Dann hate si bestëmmt ganz vill Spaass.

    A: Du sees et!

    Rezept Kürbiszopp

    Fir eng Zopp fir véier Persoune braucht dir : Een Hokkaido-Kürbis (ongeféier ee Kilo), zwou Muerten, eng grouss Ënn, zwou Knuewelekszéiwen, e Stéck Ingwer, ongeféier zwee Zentimeter grouss, een Iessläffel Olivenueleg, een Téiläffel Kümmel, een Téiläffel Kurkuma, en hallwen Téiläffel Kanéil, en hallwen Téiläffel Koriander, eng Béchs Kokosmëllech (400 Milliliter), 800 Milliliter Britt, Salz a Peffer.

    Fir d’éischt preparéiere mir d’Geméis. Den Hokkaido-Kürbis musst dir net schielen, just wäschen. Da schneit dir de Kürbis an zwee an huelt d’Käre mat engem Läffel eraus. Da schneit dir de Kürbis a kleng Stécker.

    Dir schielt d’Muerten a schneit se och a Stécker. D’Ënn gëtt geschielt an zesumme mam Knuewelek a kleng Stécker geschnidden. Den Ingwer gëtt och geschielt a gerappt. E klengen Tipp vu mir: Probéiert den Ingwer mat engem Téiläffel ze schielen. Dat geet relativ gutt.

    Huelt e grousst Dëppen an erhëtzt en Iessläffel Ueleg. Da gitt dir d’Ënn, de Knuewelek an den Ingwer dobäi a brot alles fir zwou bis dräi Minutten un. D’Ënn soll glaseg sinn, also duerchsiichteg.

    Da kommen d’Gewierzer dobäi: de Kümmel, de Kurkuma, de Kanéil an de Koriander. Brot se ongeféier eng Minutt mat un.

    Elo ass et um Geméis : gitt de Kürbis an d’Muertestécker an d’Dëppen. Réiert alles gutt ëm, datt d’Gewierzer sech gutt mam Geméis vermëschen.

    Da kënnt d’Britt dobäi. Verréiert alles gutt a leet den Deckel op d’Dëppen. Dat Ganzt musse lo ongeféier zwanzeg Minutte kachen, bis de Kürbis mëll ass.

    Wann de Kürbis bis mëll ass, kënnt dir d’Dëppe vun der Flam huelen an alles püréieren. Dofir kënnt dir en Handmixer oder e Blender huelen an dat Ganzt mixen, bis et eng cremeg Konsistenz huet.

    Da kënnt d’Kokosmëllech dobäi. Déi mécht d’Zopp nach méi cremeg a gëtt e liicht séisse Goût.

    Zum Schluss eng Kéier alles mat Salz a Peffer no ärem Goût nowierzen.

    Elo ass är Zopp fäerdeg a kann zerwéiert ginn. Wann dir wëllt, kënnt dir se och mat frësche Korianderblieder oder Kürbiskären dekoréieren.