Episoder

  • Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrĂ©ment skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen.

    Lëtzebuerger reese gÀren, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat ënnert dem Titel "A Pint of Fish Fingers" bei Black Fountain Press erauskomm ass, erzielt hie vu senge Reesen, déi e gréisstendeels an engleschsproocheg LÀnner gefouert hunn. Am Interview verréit hien wat een alles erliewe kann wann een ouni e Su an der TÀsch zu London festsëtzt, wat d'Leit op der anerer SÀit vum grousse Pull iwwer Lëtzebuerg wëssen, (oder och net) an dass déi spannendst Reesen een heiansdo op ganz onerwaarten Destinatioune féiere kënnen...

  • IergendwĂ©i hĂ€nkt alles schif, am Liewe vun de Personnagen aus dem Guy Helminger senge Kuerzgeschichten

    Biller déi vun der Mauer verschwannen, Bicher déi aus Regaler erausfalen, e kollektiven Dram an e Schrëftsteller dee bei engem Openthalt am Spidol an eng aner Dimensioun ze gerode schéngt. Fir d'Personnagen an dem Guy Helminger senge Stories ass op eemol nÀischt méi esou wéi et emol war. Hir Welt geréit an d'Rutschen, wéi e Stillleben dat alles anescht wéi stëll ass. An dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" erzielt de Guy Helminger awer net nëmmen vun de Verbindungen tëscht senge Figuren déi sech tëscht de Geschichten hin an hier bewegen an dobÀi ëmmer nei Facetten vu sech prÀisginn. De Schrëftsteller a Globetrotter léisst eis och u senge Reesen deelhuelen. Viru kuerzem war hien an Indien an am Nepal, hien erënnert sech awer och u sÀi Besuch a Brasilien. A wien de Guy Helminger kennt, dee weess, dass hien sech op senge Reesen och op Plazen traut, déi den duerchschnëttlechen Tourist éischter net um Radar huet...
    "Das GerÀusch der Stillleben" vum Guy Helminger ass bei Capybarabooks erauskomm

  • Manglende episoder?

    Klik her for at forny feed.

  • Wouerecht oder Liggen? RealitĂ©it oder Illusioun?

    E Mann erwÀcht aus dem Koma a ka sech un nÀischt méi erënneren. No an no probéiert hien d'Puzzlestécker vu sengem Liewen nees zesummenzesetzen a mécht dobÀi onerwaarten Entdeckungen. Seng Kandheet an engem verruffene Quartier, seng Fra mat der iergend eppes net stëmmt, seng Aarbecht an enger Zeitungsredaktioun a kromm GeschÀfter déi e besser gehat hÀtt einfach ze ignoréieren...an d'Fro wéi en eigentlech an déi Situatioun komm ass an der en sech elo erëmfënnt. Ass en einfach esou an de Koma gefall...oder iere gestouss ginn?
    A sengem Erzielwierk "Kappgras" féiert den Nico Helminger sÀi Protagonist (an domat och de Lieser) an e Labyrinth aus Wouerechten an Hallefwouerechten, aus Fakten an Illusiounen. Et kritt een e Feeling vu "Film noir", dat duerch déi vill cinematografesch Referenzen nach verstÀerkt gëtt. Am Interview verréit den Nico Helminger awer och, wat sÀin Alter Ego Tomas BjÞrnstad als nÀchst geplangt huet.
    "Kappgras" vum Nico Helminger ass bei den Ă©ditions Guy Binsfeld erauskomm

  • DĂ©i dĂ€itsch-ungaresch SchrĂ«ftstellern huet scho vill PrĂ€isser gewonnen. Mat hirem Roman "Muna" stoung si op der Shortlist vum dĂ€itsche BuchprĂ€is 2023.

    Georg-BĂŒchner-Preis, Ingeborg-Bachmann-Preis, Deutscher Buchpreis 2013: d'TerĂ©zia Mora ass eng wichteg StĂ«mm an der aktueller dĂ€itscher Literatur.
    Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi dÀitsch-ungaresch Schrëftstellerin de 5te MÀerz op Besuch zu Lëtzebuerg. Nodeems si schon 2013 den dÀitsche BuchprÀis fir "Das Ungeheuer" kritt hat, huet si et mat dem neitste Roman "Muna oder Die HÀlfte des Lebens" och 2023 nees op d'Shortlist gepakt. D'Muna huet 18 Joer a lieft 1989 an OstdÀitschland, kuerz ier d'Mauer fÀllt. Déi jonk Fra begéint dem Magnus, verléift sech an hien a verbréngt eng Nuecht mat him. Da verschwënnt hien, an et wÀert 7 Joer daueren ier si sech erëmbegéinen. Et entwéckelt sech eng Bezéiung, déi allerdengs vun emotionaler Keelt a souguer Gewalt geprÀgt ass. Trotzdem bréngt d'Muna et net fÀerdeg sech vun him ze trennen. Aus senger Léift zum Magnus gëtt eng Obsessioun.
    Firwat léisst d'Muna, dat jo eigentlech eng intelligent an talentéiert jonk Fra ass, sech dat iwwerhaapt gefalen? Wéi ass et méiglech, dass hat als eenzegt net wouerhëllt, dass seng Bezéiung zum Magnus rengt Gëft ass? Déi Froen si mir beim Liesen net aus dem Kapp gaangen, an ech hu mech mat der Terézia Mora doriwwer ënnerhalen.
    "Muna oder Die HÀlfte des Lebens" vun der Terézia Mora ass am Luchterhand Verlag erauskomm

  • Bulimie ass dacks nach Ă«mmer en Tabuthema. DobĂ€i ass dĂ©i IessstĂ©ierung, dĂ©i meeschtens Meedercher a jonk Frae betrĂ«fft, alles anescht wĂ©i harmlos.

    An hirem Buch mat dem bewosst provokativen Titel "Zum Kotzen schön" erzielt d'Renée Reding vum Lisa, engem Meedchen vu 14 Joer, dat mat de VerÀnnerungen déi sÀi Kierper an der Pubertéit duerchleeft, net eens gëtt. Hat fënnt sech ze déck a beschléisst ofzehuelen. MÀ sÀi Plang geréit ausser Kontroll a vun do un bestëmmt d'Wo sÀin Alldag. Kalorien zielen gëtt zu enger Obsessioun, an de Sport, dee bis elo e schéinen Hobby war, gëtt zu engem Mëttel fir déi verhaasste Kalorien ze verbrennen. D'Lisa belitt seng Frënn, seng Famill a virun allem sech selwer. Sou laang bis et seng Ligen net méi oprecht erhale kann.
    Am Interview erzielt d'Renée Reding wat si dozou bewegt huet, dëst Thema opzegrÀifen a firwat et esou wichteg ass doriwwer ze schwÀtzen.

    "Zum Kotzen schön - Eine Geschichte ĂŒber Bulimie und Freundschaft" vun der RenĂ©e Reding ass am Selbstverlag erauskomm. D'Autorin ka fir Liesungen iwwer d'Mailadress [email protected] kontaktĂ©iert ginn.

  • Liewen an d'Liewe genĂ©issen, trotz schwĂ©ierer Krankheet, dorĂ«ms geet et am DrĂ©ibuch "Dead Woman Waltzing" mat deem si den Ă©ischte PrĂ€is gewonnen huet.

    Als Actrice war d'Janine Horsburgh bis elo éischter a klenge Rollen ze gesinn, an internationale Produktiounen awer och a Lëtzebuerger Filmer wéi zum Beispill "Heemwéi". Dernieft huet si bis 2018 an der Waldorfschoul d'Fach Theater enseignéiert a bei Theaterprojeten Regie gefouert. Hiert Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat dem si den nationale Literaturconcours gewonnen huet, war fir si en HÀerzensprojet. Am Interview erzielt si wéi en Dréibuch iwwerhaapt geschriwwe gëtt, si schwÀtzt vun deene Filmer un deenen si matgeschafft huet, a vun hiren Hoffnungen fir aus dem prÀisgekréinten Dréibuch e richtege Film ze maachen. An si verréit, wéi een Hollywood-Star hir heemlech Favoritin fir d'Haaptroll wier...

  • «Histoire de mon grand-pĂšre, rĂ©fugiĂ© allemand
Juif
et rĂ©sistant français » oder wĂ©i en Nazi-Krichsverbriecher duerch en Zoufall konnt verhaft ginn

    A sengem Buch « J’ai arrĂȘtĂ© Otto Abetz»erzielt den Didier Eisack d’Geschicht vu sengem Grousspapp Joachim. Den Ënnertitel «Histoire de mon grand-pĂšre, rĂ©fugiĂ© allemand
Juif
et rĂ©sistant français » resumĂ©iert net nĂ«mmen dat ganz mouvementĂ©iert Liewen vum Joachim Eisack selwer. Seng ganz Famill gĂ«tt zum Spillball vun deenen dĂ€ischtere KrĂ€ften dĂ©i Europa an der Ă©ischter Halschent vum 20ste Jorhonnert dominĂ©ieren. D’Famill gĂ«tt auserneegerappt, vill vun hinnen deportĂ©iert an de Ghettoen oder an de Lageren Ă«mbruecht. Den Enkel Didier Eisack, Joergang 1954, huet jorelaang recherchĂ©iert fir dat ze rekonstruĂ©ieren wat sĂ€i Grousspapp him net selwer erziele konnt. Eng Familjegeschicht dĂ©i duerch ganz Europa fĂ©iert an och Verbindungen zu LĂ«tzebuerg huet.
    MĂ€ zerĂ©ck bei den Titel: wie war deen Otto Abetz vun dem hei rieds geet? Den Otto Abetz war an de Joren 1940 bis 1944 den Ambassadeur vun Nazi-DĂ€itschland a FrankrĂ€ich a war responsabel fir d’Deportatioun vun ZĂ©ngdausende vu fransĂ©ische Judden op Auschwitz. Dernieft war hien um DĂ©ifstall vu jiddeschem BesĂ«tz a Konschtwierker aus dem besatenen Deel vu FrankrĂ€ich bedeelegt. Nom Krich ass den Abetz Ă«nnergetaucht. An hei kĂ«nnt de Joachim Eisack (deen och als Richard Eisack bekannt war) an d’Spill. Duerch e pueren Zoufall, mĂ©i genee eng Etikett an engem KleedungsstĂ©ck, kĂ«nnt hien dem Krichsverbriecher op d’Spur a kann den Otto Abetz am Oktober 1945 verhaften. Endlech Gerechtegkeet, kĂ©int ee mengen. An tatsĂ€chlech gĂ«tt den Abetz 1949 zu 20 Joer Zwangsaarbecht verurdeelt. MĂ€ hie gĂ«tt begnoodegt a kĂ«nnt schon 1954 nees op frĂ€ie Fouss.

    De Joachim Eisack dogéint kritt ni eng Unerkennung fir sÀin Exploit. Hie stierft de 24sten Oktober 1954 un engem HÀerzinfarkt. Eréischt elo, bal 80 Joer méi spéit, ass seng Geschicht erzielt ginn, vu sengem Enkel Dider Eisack, mat deem ech mech op de Walfer Bicherdeeg 2023 ënnerhale konnt.


    "J'ai arrĂȘtĂ© Otto Abetz" vum Didier Eisack ass bei den Ă©ditons AmalthĂ©e erauskomm.

  • Den Ă©ischte Gedichtband vun der jonker LĂ«tzebuergerin krut vill Luef vun engem prominenten dĂ€itsche Literaturkritiker.

    "Ein GlĂŒcksfall der deutschsprachigen Lyrik" mat deene Wierder huet de Björn Hayer der Chris Lauer hiert Wierk op Deutschlandfunk Kultur rezensĂ©iert. SĂ©cher keng alldeeglech Erfahrung fir eng Autorin aus LĂ«tzebuerg, an dofir Ă«msou mĂ©i remarkabel. Hiren Ă©ischte Gedichtband mam Titel "Gut verrĂ€umte Sternschnuppen" ass sĂ©cher kee liichte Kascht. Der Chris Lauer hir Sproochwelt ass komplex a vielschichteg, a kann an hirer Offenheet och emol schockĂ©ieren. Ob et Ă«m persĂ©inlech Relatiounen oder Ă«m dĂ©i grouss gesellschaftlech Theme geet, d'Chris Lauer, Joergang 1995, hĂ«llt kee Blat virun de Mond. Am Gedicht "zu spĂ€t" schreift si:
    "Wie Brandopfer aus Wolkenkratzern, wie der Falling Man (ich war damals sechs und verstand das Bild nicht, ich drehte und drehte es, Ich verstand nicht was das sollte , Die Menschennaht auf einem ĂŒbergrossen Streifenanzug)"

    Eng ganz perséinlech Erfarung, déi awer universell nozevollzéien ass. Dass dat Gedicht aus dem dës Zeile staamen sech eigentlech guer net ëm 9/11 dréint, mÀ villméi ëm de Klimawandel, mécht nach eng Kéier méi dÀitlech dass mir an enger ZÀit liewen déi vu ganz ënnerschiddlechen Traumaen geprÀgt ass, Traumaen déi alleguer an der Chris Lauer hierer Lyrik erëmzefanne sinn.
    Ech sinn der jonker Dichterin begéint an hu mech mat hir iwwer hir "Gut verrÀumte Sternschnuppen" ënnerhalen.
    "Gut verrÀumte Sternschnuppen" vun der Chris Lauer ass bei Limbus Lyrik erauskomm.

  • E Band mat Kuerzgeschichten ronderĂ«m en aussergewĂ©inleche Personnage

    Journalist, Poet, Iwwersetzer, Auteur vun engem Roman an elo engem Buch mat Kuerzgeschichten: de Florent Toniello, 1972 zu Lyon gebuer, huet d'Schreiwen an all senge Formen zum Beruff gemaach. Zënter 10 Joer lieft a schafft hien zu Lëtzebuerg. 2015 krut hie fir sÀi Gedichtband Flot(s) den éischte PrÀis am Nationale Literaturconcours an ass zënter 2018 directeur artistique vum Festival Printemps des PoÚtes Luxembourg. Nieft senger Léift fir d'Poesie huet hien awer och e Faible fir Science Fiction a Fantasy den hien a sengem Roman Ganaha (2020 erauskomm) an elo a senger Kuerzgeschichtesammlung mam Titel Honorable Brasius auslieft.
    Am Interview erzielt hien wien den aussergewéinleche Personnage ass, deen dem Buch sÀin Titel gëtt an deen an 3 vun deene 5 Kuerzgeschichte virkënnt.
    "Honorable Brasius" vum Florent Toniello ass bei Hydre Ă©ditions erauskomm

    N.B.: D'Autoreresidenz am Literaresche Colloquium Berlin (LCB) gĂ«tt am Kader vun enger Ausschreiwung vu Kultur | lx – Arts Council Luxembourg zesumme mat de LĂ«tzebuerger BicherfrĂ«nn – Les Amis du Livre a.s.b.l. souwĂ©i dem Centre national de littĂ©rature verginn.

  • Eng bĂ«sseg Sylvester-Satir

    Dass Feierdeeg net onbedĂ©ngt Ă«mmer dĂ©i reng Harmonie mat sech brĂ©ngen, ass gewosst. Dem Guy Rewenig seng nei Erzielung «la coupe est pleine» spillt op Sylvester, ze feieren gĂ«tt awer nĂ€ischt! Ganz am GĂ©igendeel, et ass eng bĂ«sseg Satir op eng verlugge Gesellschaft, dĂ©i sech esou gĂ€ren d’Philanthropie op de FĂ€ndel schreift an a Wierklechkeet ganz aner Ziler virun Aen huet.
    "La coupe est pleine" vum Guy Rewenig ass bei den Ă©ditions Guy Binsfeld erauskomm.

  • Den Tom Hillenbrand war zu LĂ«tzebuerg fir aus sengem aktuelle Roman "Die Erfindung des LĂ€chelns" ze liesen

    Am Roman geet et Ă«m den DĂ©ifstahl vun der Mona Lisa aus dem Louvre am Joer 1911. Zwee Joer laang blouf dem Leonardo Da Vinci sĂ€i Meeschterwierk vermĂ«sst. Eng Blamage fir d'Direktioun vum Louvre dĂ©i weltwĂ€it an der Press kommentĂ©iert gouf. Karikaturen, sarkastesch IwwerschrĂ«ften an den Zeitungen a souguer e Film deen sech mam Thema beschĂ€ftegt huet, alles dat huet net nĂ«mmen deen deemools marode ParĂ€isser KonschtmusĂ©e bloussgestallt, mĂ€ och dofir gesuergt, dass de PortrĂ€t vun der Mona Lisa zu engem vun deene berĂŒmtesten Tableauen iwwerhaapt ginn ass. Den Tom Hillenbrand huet dĂ«se reale Kriminalfall a sengem Roman opgegraff an huet domat och e PortrĂ€t vu ParĂ€is an der Belle Epoque gezeechent. Eng ZĂ€it an der d'Konscht nei WĂ©eĂ«r beschratt huet, zum Beispill mat enger Isadora Duncan am Danz oder engem Pablo Picasso an der Molerei. Personnagen dĂ©i och an "Die Erfindung des LĂ€chelns" optauchen. Iwwerdeems war d'Liewen fir dĂ©i meeschte Leit awer alles anescht wĂ©i lĂ«schteg: als Reaktioun op dĂ©i batter Aarmut hu sech anarchistesch Gruppe formĂ©iert, wĂ©i zum Beispill d'Band ronderĂ«m dee charismatesche Jules Bonnot. Am Interview erzielt den Tom Hillenbrand vu sengen intensive Recherchen fir dĂ«se Roman, et geet awer natierlech och Ă«m seng Krimi-Serie ronderĂ«m de LĂ«tzebuerger Kach Xavier Kieffer. An e lĂ©isst sech souguer e bĂ«ssen an d'KachdĂ«ppe kucken.

  • Den zweete Roman vum Antoine Pohu steet op der ShortlĂ«scht vum LĂ«tzebuerger BuchprĂ€is.

    Mam Antoine Pohu ass haut nees e ganz jonken Auteur op Besuch am Podcast "Lecture vun heiheem". Scho mat sengem Ă©ischte Roman "La QuĂȘte" stoung hien 2020 op der ShortlĂ«scht vum LĂ«tzebuerger BuchprĂ€is, an elo nach eng KĂ©ier, mat "Parfois la nuit se tait". Am Interview schwĂ€tzt hien iwwer dĂ«se Roman, awer och iwwer seng neitste Publikatioun, e Monolog mam Titel "Nous sommes celleux qui marchent dans la ville". Ausserdeem geet et Ă«m seng Aarbecht fir den Theater an Ă«m en inklusive Sproochgebrauch an der Literatur.
    "Parfois la nuit se tait" an "Nous sommes celleux qui marchent dans la ville" (Publikatiounsdatum: 17.11.2023) sinn allebéid bei capybarabooks erauskomm.

  • Mat sengem Roman "Wasserstand" dee fir de LĂ«tzebuerger BuchprĂ€is nominĂ©iert ass, geet de Luc François op nei literaresch WeeĂ«r.

    De Luc François, Joergang 1993, ass vu Beruff Informatiker. Besser bekannt ass en awer als Auteur vu Science-Fiction-Romaner wéi "Vulture City" oder "Ikaria" an als SÀnger vun der Metal-Band Mind Patrol. A séngem neie Roman "Wasserstand" geet et awer weder ëm onbekannte Welten nach ëm Extreme Progressive Metal, mÀ ëm e Schrëftsteller dee probéiert dee ganz grousse literaresche Coup ze landen. Méi doriwwer am Interview mam Luc François.
    "Wasserstand" vum Luc François ass bei Kremart Edition erauskomm

  • Vum Futtball bei d'Poesie: e GesprĂ©ich mam NoĂ«l Barkley

    "MĂ©lange subtil de poĂ©sies atypiques", sou den Ënnertitel vun engem Gedichtband dee genee dat ass: Ontypesch, iwwerraschend, sproocheverlĂ©ift, gĂ€ren och verspillt a mat engem SĂ«nn fir Humor, deen eng gewĂ«sse Liichtegkeet mat an d'Spill brĂ©ngt. DobĂ€i huet dem NoĂ«l Barkley seng CarriĂšre mat engem ganz anere Spill ugefaangen, nĂ€mlech dem Futtball. Als Goalkeeper war hie fir d'Ă©ischt a senger Heemechtsstad Marseille aktiv an duerno bei der EttelbrĂ©cker Etzella.
    Am Interview geet et awer natierlech net ëm Futtball, mÀ ëm dem Noël Barkley sÀin éischte Gedichtband, mam Titel: "Les promenades d'1 zÚbre".

  • Wat hanner zouenen Diere geschitt, dat geet keen eppes un...dat ass an dem klengen Dierfche Kromber net anescht wĂ©i soss enzwousch...

    Mat senger Familjechronik an zwee Deeler, "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer" huet de Jemp Schuster seng Lieser begeeschtert. SÀin neie Roman "Béischten" ass grad esou spannend erzielt a sproochlech ausgerÀift. E Buch dat een sech op kee Fall sollt laanscht d'Nues goe loossen!

  • E vermĂ«ssten Teenager an eng Welt an der nĂ€ischt esou ass wĂ©i et schĂ©ngt.

    En Teenager ass verschwonnen, eng Detektivfigur reest a seng Heemechtstad fir nom Saul ze sichen. Dem Samuel Hamen sĂ€in neie Roman «Wie die Fliegen» ass eng Dystopie dĂ©i an enger noer Zukunft spillt. DĂ«s Welt drĂ©it d’Spuren vu katastrofale VirfĂ€ll dĂ©i awer net weider erklĂ€ert ginn. Grad esou misteriĂ©is ass och dĂ©i Stad an der d’Handlung ofleeft.

    "Die Stadt selbst kannte jeder, sie war gleichbedeutend mit dem I.L.E. Hier wurde die Energie produziert, die einen Großteil der Distrikte mit Strom und WĂ€rme speiste; hier hatte die Forschung einen Triumph wider alle Pessimisten errungen, die der Menschheit keine Zukunft mehr zubilligen wollten. Bei solchen Hymnen wurde der Name der Stadt mit einer SelbstverstĂ€ndlichkeit ausgesprochen, die sich nach Sekunden erschöpfte, um einem Schweigen zu weichen, mit dem ein tiefergehendes Wissen vorgetĂ€uscht wurde , das niemand tatsĂ€chlich besaß."

    Kann de Saul fonnt ginn, a wat stĂ©cht hanner sengem Verschwannen? Ass hien an den Ënnergrond gaangen fir gĂ©int d’Akademie ze rebellĂ©ieren, ass en entfouert ginn, oder war et en Accident? Kann hien erĂ«mfonnt ginn? An: gĂ«tt et Hoffnung fir dem Saul seng Welt? Doriwwer Ă«nnerhĂ€lt sech d'Bea Kneip mam Auteur Samuel Hamen.



    Dem Samuel Hamen sÀi Roman baséiert op d'Manuskript "I.L.E" dat 2019 mam éischte PrÀis am nationale Literaturconcours ausgezeechent gouf.

    "Wie die Fliegen" ass beim SchwÀizer Diaphanes Verlag erauskomm.

  • De Marc Weydert erzielt MĂ€erercher a Seechen op seng ManĂ©ier: verdruddelt an zerknujelt!

    Fir hir "Verdruddelt Geschichten" goufen den Auteur Marc Weydert an d'Illustratrice Marie-Isabelle Callier 2021 mam éischte PrÀis am nationale Literaturconcours ausgezeechent. Nodeems si mat hire verdréinte MÀerercher Grouss a Kleng zum Laache bruecht hunn, ass elo mat den "Zerknujelte Geschichten" en zweete Band erauskomm. De Marc Weydert ass haut den Invité an der Lecture vun heiheem.
    Am Interview erzielt de Marc Weydert ausserdem och vu sengem Cabaretsprogramm "Lëtz druddel" , vu senger Zesummenaarbecht mat der Zeechnerin Marie-Isabelle Callier, an hie sicht schonn no Iddien fir en eventuellen drëtte Band vu senge "verkéierte" MÀerercher.
    Déi verdruddelt an zerknujelt Geschichten si vum Marc Weydert geschriwwen, a vun der Marie-Isabelle Callier illustréiert ginn. Béid Bicher si bei Perspektiv éditions erauskomm.

  • VĂ©ier Auteuren hu sech zu enger "krimineller" Band zesumme geschloss.

    Dat ass zum engen de Gaston Zangerlé, deen eng laang CarriÚre als Auteur an Editeur hannert sech huet. Krimi-Erfahrung huet hien och, seng Kriminalromaner "Karukera Gang" an "Le dernier tour de piste" spillen awer net zu Lëtzebuerg, mÀ op der Guadeloupe.

    De Pierre Decock an de Gaston Zangerlé kenne sech scho ganz laang a si hunn och scho matenee geschafft, zum Beispill un der Kannerzeitung Zack oder un der BD Den Tun an de Frunnes. Och de Pierre Decock huet scho Krimien geschriwwen an deenen den Inspekter Joao Da Costa ermëttelt. Ausserdeem e Krimi fir Jugendlecher: Les Corbeaux de Greenwood.

    Den Didier Debord ass haaptsÀchlech fir seng Aarbecht als Iwwersetzer bekannt, hien huet awer och eege Wierker verëffentlecht, dat fir Jonker an Erwuessener. "Il vous faudra vivre avec" ass sÀin éischte Krimi.

    D'Monique Feltgen dogéint ass eng routinéiert Krimi-Autorin. "Tatort Rollengergronn", "Todesfalle Knuedler" oder "Im Labyrinth der Gefahr" fir der nëmmen e puer ze nennen.En neie Krimi ass och schon an der Maach, mÀ hire BÀitrag fir de Startschoss vum neie Verlag crime.lu ass eng Neioplag vu hirem éischte SuccÚs. "Das RousegÀertchen-Komplott"
    Bei der offizieller Presentatioun vum neie Verlag an natierlech deene véier éischte Krimien hat ech d'Geléeënheet fir mech mat de Grënnungsmemberen vu crime.lu ze ënnerhalen.

    D'Titelen vun deene véier Bicher:
    "La pÚgre et la boxeuse" vum Gaston Zangerlé
    "Lea m'attendra" vum Pierre Decock
    "Il vous faudra vivre avec" vum Didier Debord
    an "Das RousegÀertchen-Komplott" vum Monique Feltgen

  • Fir sĂ€in dĂ€itsche Gedichtband "fluides herz" huet hie schon e PrĂ€is gewonnen, elo gĂ«tt et och eng Novelle op Englesch.

    "gondolas float on purple roses" sou den Titel vun der Erzielung déi zu Venedeg spillt.Am Interview schwÀtzt dee 26 Joer jonke Schrëftsteller a professionellen Iwwersetzer ënner anerem iwwer seng Faszinatioun mat der Stad Venedeg, seng Erfahrungen um Jakobswee an de Géigesaz tëscht Schéinheet an Zerbriechlechkeet. Ausserdeem erzielt hien, wéi hien seng Léift zur Poesie entdeckt huet, a firwat hien decidéiert huet, sÀi Buch "Charons Barke" aus dem Joer 2016 nach eng Kéier op de Leescht ze huelen an op Englesch nei ze erzielen. An hie verréit, firwat hien am am léifste kleng Buschstawe benotzt.

  • Scho fir d'drĂ«tt huet den engleschproochege Verlag Black Fountain Press zesumme mat der Uni LĂ«tzebuerg de Schreifconcours "Young Voices" organisĂ©iert

    Jonker vu 15 bis 19 Joer, respektiv vun 20 bis 25 Joer konnten an hiere respektiven Alterskategorien Poesie oder Prosatexter areechen. 16 Nimm goufe fir d'Shortlëscht zeréckbehalen, an Ugangs Juni goufen déi 4 Gewënner bekanntginn, woubÀi Poesie a Prosa also getrennt bewÀert goufen.
    Charlotte Benck, Tobias Rault, Jessica Lentz a Catherine Entringer, sou heeschen déi 4 Laureaten déi mat hieren Texter d'Jury iwwerzeege konnten. Fir eise literaresche Podcast "Lecture vun heiheem" huet d'Bea Kneip sech mat hinnen alleguer ënnerhalen. Ausserdeem gitt dir gewuer wéi aus banalen Alldagssituatiounen e spannende literareschen Text entstoe kann, wéi sech Jonker och haut nach vu legendÀre Auteuren wéi dem T.S.Eliot oder dem Lewis Carroll inspiréiere loossen, an, (dat dÀerf scho verroode ginn) et geet ëm e Buch dat aus den Texter vun der Shortlëscht entstoe soll.