Episoder
-
Den Tankentrio huet no 2 Méint erëm zesummefonnt, fir iech mol nees eng geschmackvoll Plauderrunde opzedëschen. Wéi ëmmer gëtt et rëm ee klengen Update vun eis all a ganz extra des Kéier souguer funny Stories iwwert een fail Citytrip. Donieft hu mir awer och mol missen Thema „Weltschmerz“ uschwätzen, well den eiser Meenung no zimmlech vill präsent ass, du bass also net eleng mat dem Gefill. Allerdéngs wiere mir jo net mir, wa mir net mat engem lëschtege Schluss géifen ophalen. Also lauschtert ran.
P.S. Den 9.06 sinn d‘Europawahlen, gitt wielen, a virun allem wielt richteg well all Stëmm zielt fir ee bessert Europa an eng besser Zukunft -
Huelt eis et net beis, mee ären lieblings Trio huet iech puer News matzedeelen. Wann dir wessen wëllt wat lo mam Tankentrio leeft, dann schallt an, mir geifen eis driwwer freeën!
-
Manglende episoder?
-
Yuuhuuuu, eis Wanterpaus ass erëm riwwer, d‘Examen si geschriwwen an den Dry January ass och geschwënngepackt. Lauschtert ra fir d‘Fortsetzung vum Lea senger Handy-Story ze héieren eppes kenne mir verspriechen, déi ass nach net färdesch! Och ee ganz spannenden „Wousst du schonn“ hu mir rëm mat dobäi an d‘Kategorie Buh-Mënsch ass erweidert ginn. Ofschléissend war Thema Dry January um Dësch, wei war et bei iech, hutt der ärerLiewer 31 Deeg Paus ginn oder ass dat iwwerbewäert?
-
Merry Crisis everyone! Pünktlech fir d'himmlische Zeit kennt eng nei Folge vun eis raus, falls da vun de Familieniessen kuerz flüchte wëllt. Vum Vero sengem zukünftegen Mann, zum Waxing bis hin zu Christmas ass alles dobäi. Iwwregens, wat hält dir vun der traditioneller Bûche?
Mir héiren eis am nächste Joer, Kussi. -
Moin Moin, mir erzielen iwwert eis 11.11 Erliefnes a wat haut nach um Programm steet, ausser wat a bei eis an de leschte Woche lass war: rëm zur Ofwiesslung eng Buh-Fra an hire Karma, wisou Piloten eigentlech net dierfen dat selwecht iessen an ee klengen Abléck an d’Truecrime-Welt. Mee domat end eis Folge net, mee dir kritt och nach ee klengen Abléck op d’Crème de la crème: déi nei Regierung.
Leent iech zerreck a genéisst et. -
Moin, Servus, Buon Dia! Haut um Menü steet eng séiss Entrée nämlech Pizza Hawaii. Hutt der iech scho mol gefrot wisou déi sou heescht? D'Vero kläert op. Als Haaptgang steet eng gutt Portioun Opreegung iwwert de Buh-Mensch de gemengt huet dem Lea säin Handy ze klauen. Eisen Dessert huet leider ee bëssi méi batteren Nogoût. Et geet em de Verloscht vun enger Comedy Ikone, ganz genau de Matthew Perry alias Chandler Bing. Wei ëmmer dat ganzt mat enger extra Prise vun eisem Humor, also net verpassen!
-
Wei den Titel et scho seet, huele mir an dëser Folge absolut kee Blat virun de Mond. Ganz judgy urteele mir iwwert eis Lëtzebuerger Gesellschaft, sief et eise Buh-Mënsch oder dat aktuellt Thema: d‘Walen. Sidd also prett fir eng ganz subjektiv an emotional geluede Folge, mir verspriechen iech, langweileg gëtt et iech op alle Fall net!
-
No 2 Méint, hu mir et rëm fäerdeg bruecht eis un Table Ronde ze setzen. Wéi ëmmer gitt dir vun eiser aktueller Liewenssituatioun geupdated. Sidd dir prett fir ee ganz onerwaarten Bumensch, dem Pippa säin Cadeau un d'Claire an dem Lea seng Solo Travel Exeprience?
-
Mir fänken net laang un mat: We‘re back, well mir hunn et opginn,reegelméisseg rëm do ze sinn, d‘Liewen mëscht eis ëmmer rëm een Strëch duerch d'Rechnung!
Dofir welcome an eiser neier Wohnzimmeratmosphäre, lost iech vun eisem Gebabbels verzauberen. Mir huelen iech mat op den Harry Styles Concert, op eisen Danzgala bis hin zur Eurovision. Zousätzlech kritt der nach e puer richteg gutt aner Podcast Tipps. Also net verpassen! -
First things first: Happy Mama Dag!
Och wann se op Mammendag rauskënnt geet et an dëser Folge em ganz aner Saachen. Hues du schonn eemol Butterbier gedronk? Wat ass mam Vero sengem lieblings T-Shirt? Wisou vergiessen d‘Leit hautdesdaags Manéieren ze hunn an Héiflechkeet ze weisen? Wanns du Äntwerten ob déi Froen wëlls, dann muss de des Folge lauschteren. Zousätzlech feieren mir eng ganz spannend Diskussioun, déi mat der neier Verfilmung vum Arielle ze dinn huet. Diskutéiert mat, mir freeën eis iwwert all Feedback! -
Eis 41. Folge fänkt natierlech rëm mat techneschen Problemer un, wat sidd da och soss vun ärem Trio gewinnt. Nodeems ma eis rëm gesammelt hunn zielen mir iech des Kéier iwwer eise Breissel Revival, en Ausflug an d‘Champagne an wei et ass plakeg an engem Pool e Cocktail ze drénken. Lauschtert bis eran wann dir dat an eis méi serieuxt Thema iwwer Geschlechtskrankheeten héieren wëllt. Enjoy!
-
Sidd dir och sou prett wéi mir fir an d’Pensioun? Schéin wier et, do mussen och mir nach e puer Joer op d’Zänn bäissen. Wisou stellen mir déi Fro? Ma ganz einfach an eiser neier Folge diskutéieren mir iwwert déi aktuell Situatioun an Frankräich. Niewent dësem méi serieuxen Thema, poteren mir awer och iwwert eis Erliefnisser an natierlech iwwert den Buh-Mënsch vun der Woch. Leent iech zréck an vill Spaass mat äiser neier Folge.
-
Hallo hallo halloooooo! Ären lieblings Chaos-Trio ass endlech rëm do. Keng Suerg, dir kennt eis gleewen, deskeier ass et definitiv, zu 100%, Eescht gemengt. Dir gleeft eis net? Verständlech! Mee dofir beweisen mir iech dat. Wat mir lo an dëser Zäit sou gedriwwen hunn an weien Verännerungen lo am Podcast ustinn,gitt dir an dëser Folge gewuer. Also lauschtert eran fir um neisten Stand ze sinn!
-
Mir sinn erëm zeréck mat enger méi seriöer Folge. Wei den Titel schonn verréit, hunn mir déi aktuell Situatioun aus dem Iran opgegraff. Och wann déi ganz Protester schonn säit e puer Méint amgaangen sinn, war et eis ëmsou méi wichteg et elo awer nach ze thematiséieren, well genau dat een wichtegen Wee vun Ënnerstëtzung fir déi Leit do ass. Lauschtert also eran, mir diskutéieren zesummen iwwert den Ufank vun dem Ganzen, iwwert den momentanen Stand an wat mir perséinlech dovunner denken!
-
MIR SINN NEES DOOOOO! Mir wëssen, mir hunn iech lang am Stach gelooss an kruten mat, dass mir vermësst ginn sinn. Mee keng Suerg, är dräi lieblings Girls sinn erëm zréck an suergen endlech rëm fir Entertainment. Dir frot iech awer lo sécher wisou et sou lang roueg war an wat mir iwwerhaapt sou gedriwwen hunn an der Zäit. Genau doriwwer klären mir iech op, bei jidderengem war vill lass an et goufen puer Verännerungen. Wann der wëssen wëllt wat also lass war, dann duerf der iech des Folge net entgoen loossen! Klengen Spoiler: Thema Solo Traveling spillt an dëser Folge och eng Roll.
-
Du bass scho rëm aus denger Vakanz oder konnts dëst Joer Lëtzebuerg net verloossen? Du hues keng Ahnung weis de dësen Summer solls Zäit emkréien oder hues nach näischt geplangt déi nächst Weekender? Dann ass des Folge deng Rettung! Mir hunn eis mol ugekuckt wat am Summer 2022 zu Lëtzebuerg lass ass. Ganz vill verschidden Eventer wäerten stattfannen, vun Concerts, Festivals bis Duerffester ass alles dobäi!
-
Mir sinn rëm an eiser 7ter Reih ukomm an dir wësst wat dat heescht: Nei Surprise Folge! Des Kéier war et rëm un eisem Claire. Hat huet sech een klengt Spillchen fir eis iwerluescht, an dem et drëms geet e puer spannend Froen ze beäntweren. Also net verpassen!
-
No ganzer 3 Méint sinn är lieblings Labertaschen erëm zréck. Aus deenen verschiddensten Grënn hunn mir eis déi Auszäit geholl an sinn dofir elo erëm méi fresh vir iech do. Wat mir déi ganz Zäit gedriwwen hunn an wat bei eis lass war fro der iech? Ma dat alles gitt dir an dëser Folge gewuer. Een klengen Hint: Thema Stress ass ganz stäerk present an den een oder aneren Tipp kennen mir iech och mat op den Wee ginn. Vill Spaass beim Lauschteren!
-
Kommen mir zu Part II vun verschidden Bezéiungsmodeller. Mir perséinlech kennen éischter dei monogam Bezéiungen mee wat gëtt et eigentlech nach esou? Wei funktionéieren z.B. polygam Bezéiungen? Kennen mir Leit déi esou liewen? An kennen mir eis virstellen och irgentwann net mei nëmmen monogam ze liewen? Lauschtert ran an entdeckt mat eis wat den Mënsch nach alles vun Liebesbezeihungen ze bidden huet!
-
Sidd der prett vir ären Horizont ze erweideren? Dann sidd der elo hei genau richteg! An dëser Folge schwätzen mir iwwert een ganzt spannend Thema an zwar: Oppen Bezéiungen. Wat genau ass dat? An huet dat iwwerhaapt iergend een Sënn? Wei stinn mir eigentlech dozou? Mir hunn eis mat dem vir eis friemen Thema befaasst an ganz vill nei an spannend Erkenntnisser gewonnen. Also lauschtert ran.
- Vis mere