Episodes
-
Duerch déi héich Zënse sinn d’Aktivitéiten um Wunnengsmaart, wat de Kaf a Verkaf vun Haiser ugeet, ëm 47 Prozent par rapport zum leschte Joer gefall. Zanter bal zwee Joer probéiert d’Sara hiert Haus ze verkafen - ouni Erfolleg. D’Ana Angel huet sech mat der Sara am eidelen Haus getraff.
-
Vun allen Industrieberäicher ass d‘Zementsindustrie eng vun deenen, déi am meeschten CO2-Emissioune produzéiert. Déi geplangten Dekarboniséierung fir de Klimaschutz stellt och déi Lëtzebuerger Zementindustrie virun e groussen Challenge.
-
Missing episodes?
-
Vill Jonker ginn e Sonndeg fir d‘éischte Kéier wielen. Op enger Table ronde am Lycée Aline Mayrisch huet de Pierre Reyland véier Premièreschüler:inne, déi fir d‘éischte Kéier wiele ginn, begéint a mat hinnen iwwer hir Erwaardunge fir dës Chamberwale geschwat.
-
Mol net eng Woch ass et hier, datt ganz Lëtzebuerg am Stau stoung. Ee schwéiert Accident op der A1 hat dofir gesuergt, datt d’Autobunn komplett huet misse gespaart ginn. Fir Leit, déi all Dag mam Auto op d’Schaff fueren, heescht dat: vill Gedold matbréngen. Mam ëffentlechen Transport entkënnt een zwar esou engem Trafik, Gedold muss een trotzdem matbréngen.
Mir hunn eng Fra begleet, déi d’Gedold huet, all Dag mam ëffentlechen Transport vun Ëlwen an d’Stad schaffen ze fueren. -
197 Mënschen ouni Daach iwwer dem Kapp goufen zejoert eleng an der Stad gezielt. D’Donkelziffer dierft awer méi héich sinn. An: Eng 10.500 elengerzéiend Eltere ginn et zu Lëtzebuerg, bal 30 Prozent dovunner befanne sech, de leschten Zuele vun STATEC no, ënner der Aarmutsgrenz. Mir hu mat Betraffene geschwat.
-
D’Schoul huet nees ugefaangen. An d’Alphabetiséierung op Franséisch geet virun. An der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng leeft de Pilotprojet vun der franséischer Alphabetiséierung elo am zweete Joer. De Pierre Reyland war kucken, wat d'Kanner an Enseignanten do schon alles geléiert hunn an der franséischer Filière.
-
De Kevin Prohaska ass zanter sechs Joer Hausdokter zu Housen. Mat Leif a Séil. Mee Leit wéi hie si schwéier ze fannen. E Reportage vum Rick Mertens
-
Am Schraasseger Prisong sëtzen zanter der Ouverture vum Uerschterhaff zu Suessem viru gutt néng Méint just nach hallef esouvill Detenuen. Eng 250 Männer an Untersuchungshaft sinn am Ufank vum Joer vu Schraasseg an den neie Centre Pénitentiaire op Suessem geplënnert. Eng absolutt Necessitéit fir de Prisong zu Schraasseg kënne méi human ze gestalten, esou wéi et am Gesetz vun der Reform vum Strofvollzuch virgesinn ass. Zäitweis waren iwwer 700 Männer a Fraen zu Schraasseg agespaart, woubäi déi maximal Kapazitéit eigentlech bei 580 läit. Haut sinn et der nach 330. D’Marlène Clement war hannert d’Prisongsdiere kucken, wéi sech dee Changement op de Schraasseger Prisong auswierkt.
-
Zanter dem 1. Februar gëtt d’Psychotherapie vun der Gesondheetskeess rembourséiert. No jorelaangen Diskussiounen tëschent der Federatioun vun de Psychotherapeuten an der Gesondheetskeess kréie Mineuren elo 100 Prozent an Erwuessener 70 Prozent pro Therapie-Seance zeréckbezuelt. Wat huet sech zanter dem Remboursement geännert? D'Marlène Clement huet bei enger Patientin a bei enger Psychotherapeutin nogefrot.
-
Wou ass déi jonk Klimabeweegung zu Lëtzebuerg eigentlech drun? D'Ana Angel huet sech mat der fréierer Spriecherin vu Youth for Climate Zohra Robin Barthelemy getraff.
-
Ëmmer méi Betriber zu Lëtzebuerg maache Satellittebüroen no bei de Grenzen op, fir de Frontalieren, déi bei hinne schaffen, dee stonnelaange Stau all Dag ze erspueren. Dat hëlleft och de Betriber attraktiv fir d'Frontalieren ze bleiwen. Vill vun hinne froen sech, op et sech haut nach lount, op Lëtzebuerg schaffen ze goen.
E Reportage vum Pierre Reyland -
Ass eng gesetzlech Aarbechtszäitverkierzung bei vollem Lounausgläich zu Lëtzebuerg wichteg fir d‘Liewensqualitéit vun de Salariéen ze verbesseren? Oder kéint dat der Kompetitivitéit vun de Betriber schueden? Dat ass eng vun de Froen, déi an dëser Campagne fir d‘Chamberwalen den 8. Oktober diskutéiert gëtt. Wat soe concernéiert Betriber a Salariéen?
D’Marlène Clement huet bei zwee Lëtzebuerger Betriber nogefrot. Virop bei Flibco, wou zanter dem 1. Juli just nach véier amplaz fënnef Deeg geschafft gëtt. -
Annerhalleft Joer dauert de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain elo schonn. Zanterhier hunn iwwer 24 Millioun Ukrainer an Ukrainerinnen hir Heemecht verlooss. Dëst geet aus engem Rapport vum UN Flüchtlingsrot (UNHCR) ervir. Ronn 6.000 hunn de Wee op Lëtzebuerg fonnt. D’Ana Angel huet zwou ukrainesch Fraen zu Lëtzebuerg getraff.