Played

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir schwätzen iwwer de Sproochentest.

    Am éischten Deel héiere mir, wéi dir iech fir de Sproochentest umellt an op wat dir um Dag vum Examen oppasse musst.

    Duerno héiere mir e Beispill vun enger Kandidatin, déi den éischten Deel vum mëndlechen Test (Interaktioun / Gespréich iwwer en Theema) mécht. Duerno soe mir och, ob d'Persoun den Test gepackt huet oder net.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Accident op der Aarbecht erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren!

    -

    Transkript:

    En Aarbechtsaccident (B1)

    Lena: O mei Alex. Geet et? Du gesäis awer bleech aus.

    Alex: Salut Lena. Jo, mir geet et net esou gutt. Ech hat gëschter e klengen Accident op der Aarbecht.

    Lena: Wierklech? Wat ass da geschitt?

    Alex: Majo, gëschter Mëtteg kuerz virun zwielef ass nach eng grouss Këscht mat neiem Material bei eis am Magaséng ukomm. Ech wollt déi nach direkt virun der Mëttegpaus réckelen, hat awer keng Loscht fir se opzemaachen an d’Stécker eenzel auszeraumen. Dunn hunn ech se wëllen ophiewen. Ech krut se esou just gehuewen, mee dunn hunn ech d’Gläichgewiicht verluer a si mat der Këscht nohannen ëmgefall.

    Lena: O jee. Seriö? Hues du dir wéigedoen?

    Alex: Jo, ech hu meng riets Rëppen a meng riets Hand immens wéi. Ech si bal net méi ënnert där schwéierer Këscht erauskomm.

    Lena: Dat do kléngt eescht. Bass de bei den Dokter gaangen?

    Alex: Net direkt. Mee an der Nuecht konnt ech vu lauter Péng net schlofen, du sinn ech an d’Urgence gefuer. No laangem Waarden huet dunn en Dokter mech ënnersicht an ech krut eng Rëntge gemaach. Zum Gléck ass näischt gebrach. Mee meng Hand ass verstaucht an zwou Rëppe si geprellt.

    Lena: Et ass positiv, dass näischt gebrach ass. Mee ech hunn héieren, dass eng geprellt Rëpp méi wéi deet, wéi eng gebrache Rëpp.

    Alex: Dat hunn ech och héieren. Ech weess et net, mee ech kann der soen, dass et schrecklech ass wann s de an der Nuecht am Bett läis an du kanns dech net dréien. All Beweegung deet wéi. Dat schlëmmst ass, wann s de néitsche muss an duerno kanns de deng Nues emol net anstänneg schnäizen.

    Lena: Dat do kléngt net gutt. Wéi laang bass de dann elo krankgeschriwwen?

    Alex: Den Dokter huet mer elo mol e Krankeschäin vun zwou Woche ginn. Da soll ech nach emol bei e goen an da géif e kucken, ob ech dann erëm prett fir op d’Aarbecht wier. De Problem ass, dass ech bei eis am Lager schaffen an näischt hiewe kann. Ech muss meng Chefin froen, ob ech net no zwou Wochen bei eis an der Telefonszentral schaffe kéint. Vläicht just e puer Wochen, bis ech erëm ganz fit sinn.

    Lena: Deng Chefin ass esou fein. Si fënnt bestëmmt eng Léisung fir dech. Wat sot si da vum Accident?

    Alex: Si war ganz léif, mee si war awer och e bësse rosen an huet mech gefrot, firwat ech keen aneren ëm Hëllef gefrot hunn oder einfach bis no der Mëttegpaus gewaart hunn, fir d’Stécker eenzel aus der Këscht auszeraumen. Si huet den Accident direkt gemellt an d’Käschte vu menger Behandlung ginn dee Moment dann och bezuelt.

    Lena: Jo, ech versti si och e bëssen. Du waars do erëm ze léif a wollts keen esou kuerz virun der Paus stéieren.

    Alex: Jo, dat stëmmt. Ech hat net gemengt, dass déi ganz Geshicht esou géif ausgoen. D’nächst Kéier wäert ech sécher een Aarbechtskolleeg ruffe fir mir eng Hand mat unzepaken.

    Lena: Majo, onbedéngt. Dat ass jo och ee vun de Virdeeler, wann een an der Ekipp ka schaffen.

    Alex: Du hues Recht. Ech hunn elo doraus geléiert.

    Lena: Da kënnt dat an Zukunft alt net méi vir. Ech wënschen dir dann eng ganz gutt Besserung Alex. Schoun dech a gëff séier erëm fit! Wann s de eppes brauchs, da ruff un. Ech ka jo einfach fir dech mat akafe goen.

    Alex: Villmools Merci Lena! Dat géif mer wierklech hëllefen!

    Lena: Kloer, guer kee Problem. Dat geet jo an engems.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Persoun enger anerer vun hirer Beruffskrankheet erzielt. Duerno héiere mir, wéi dräi Aarbechtskolleegen an der Kantin iwwer hiren Alldag schwätzen.

    -

    Dir fannt d'Transkripter fir déi zwee Texter hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,Access as guest''.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: eng kleng Entspaanungsübung fir ze relaxen.

    Maacht är Aen zou an entspaant!

  • Bezuelung, Visibilitéit, Sponsoring… Och wann de Fraesport sech rezent gutt entwéckelt huet, bleift en oft an engem Däiwelskrees gefaangen, wou e par Rapport zu sengem männlechen Equivalent déi zweet Gei spillt.

    Genee doriwwer schwätzt d'Morena Luisi an dëser Episod mat senge véier Gäscht. Den Eric Glod ass Ex-Dëschtennis-Nationalspiller. D'Lisy Hetting ass Basketballspillerin fir de BBC Gréngewald a fir d'Nationalekipp. Den Dan Santos ass Dammefussball-Nationaltrainer bei der FLF. D'Norma Zambon ass Ex-Beachvolleyballspillerin a Presidentin vun der Lëtzebuerger Volleyballsfederatioun.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hiren Dag vu gëschter schwätzen. (Niveau A2.1-A2.2)

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Tranksript:

    Laure: Moien Alex! An, wéi war däin Dag gëschter?

    Alex: Salut! Gutt. Ech si géint néng Auer opgestanen an hu mer direkt eng Taass Kaffi gemaach. Du sinn ech eng Véierelstonn mam Hond trëppele gaang an duerno hunn ech nach eng Stonn Yoga gemaach.

    Laure: Wow, dat kléngt no engem relaxe Moien. Ech si jalous! Ech hu bis siwen Auer geschlof an hu mech du séier gewäsch an ugedoen. Um hallwer aacht hunn ech de Bus geholl a sinn op d’Aarbecht gefuer.

    Alex: Seriö? Du hues e Samschdeg geschafft? Dat ass awer blöd! D’Wieder war jo esou gutt. Hues du dann no der Aarbecht nach eppes Flottes gemaach?

    Laure: Jo, ech hu just bis eng Auer geschafft. Eis Epicerie ass samschdes nëmme moies op. Duerno hunn ech mech mat e puer Frënn an der Stad getraff. Mir hunn eppes op enger Terrass gedronk a sinn duerno nach e bëssen an d’Butteker gaangen. Ech hu mir an engem Kleederbuttek eng flott nei Posch kaf. A wat hues du mëttes gemaach?

    Alex: Cool! Ech sinn nom Mëttegiessen an de Park gaangen an hunn do e bëssen op enger Bänk gelies. Duerno sinn ech nach séier e puer Saachen an de Supermarché kafe gaangen. Owes hunn ech e puer Frënn fir ze grillen invitéiert. A wéi war däin Owend?

    Laure: Flott! Ech hu mir eppes z’iesse bestallt an hu gemittlech e Film op der Tëlee gekuckt. Ech war immens midd a sinn um zéng Auer um Kannapee ageschlof!

    Alex: Dat ass mir och scho geschitt! Bass du dann haut de Moien och um Kannapee erwächt?

    Laure: Nee, ech sinn an der Nuecht erwächt. D’Tëlee war jo nach un! Ech hu se ausgemaach a si séier a mäi Bett gaangen. Mee so, d’nächst Kéier muss de mech awer och invitéieren, wann s de eng Grillparty méchs!

    Alex: Natierlech. D’nächst Woch ass e Feierdag, do hat ech souwisou geplangt, e puer Frënn bei mech heem z’invitéieren. Du kanns gär kommen!

    Laure: Cool! Do hunn ech och fräi. Dat klappt. Merci fir d’Invitatioun!

    Alex: Gär geschitt. Bis dann!