Episodios
-
Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne.
An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem HÀerz, an dat gesÀit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwÀtze mir iwwer d'Roll vun de Fraen, net nëmmen virun, mee och hannert der Kamera. Gëtt eng Regisseurin hautdesdaags genee sou respektéiert wéi hir mÀnnlech Kolleegen? Wat huet si an deem Kontext schon alles erlieft? Natierlech schwÀtze mir och iwwert de Film Marianengraben, e ganz emotionale Film, deen ech jidderengem nëmme ka recommandéieren, am Kino kucken ze goen. Mee passt op, et kéinten e puer Tréine fléissen. Lauschtert erann :)
Villmools Merci geet raus un d'Eileen a natierlech Samsa Film, fir den Austausch an d'erméigleche vun dëser Episode.
-
Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran.
Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale.
An dëser Episod schwÀtzen ech mam Psycholog FrÀnz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-PrÀventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer net den Haapt Topic iwwert de mir schwÀtzen - mir thematiséieren, wéi déi verschidde Generatioune mental Gesondheet wouerhuelen.
Et gi vill Klischeeën, datt d'GenZ als "Snowflakes" bezeechent ginn, well si anscheinend ze vill op hir mental Gesondheet oppassen. Op der anerer SÀit gëtt gesot, datt d'Baby Boomers sech guer net drëm këmmeren. Mir klÀren d'Klischeeë ronderëm dëst Thema op a maachen op d'Semaine de la Santé Mentale opmierksam.
Lauschter, oder kuck eran! Wann's du nach Froen un de FrÀnz hues, da mell dech bei der ligue Santé Mentale op Instagram .
méi Informatioune zu den Events déi vum 7.-20. Oktober stattfannen fënns du op https://www.semainesantementale.lu.
Villmools Merci un d'Ligue Santé Mentale a fir déi wichteg Aarbecht déi si leeschten!
-
¿Faltan episodios?
-
WĂ©i den Titel et scho verrĂ©it, kommen an dĂ«ser neier Staffel zwou Welten zesummen! DĂ«s Episode ass u sech nĂ€ischt anescht wĂ©i ee grousse StrĂ€it tĂ«scht engem Millennial an engem Gen Z. Wanns du nach net wees, wous de dech befĂ«nns, kanns de et an dĂ«ser Episode erausfannen. IdentifizĂ©iers du dech mĂ©i mam Jill, da bass de Ă©ischter Team Millennial; wanns du dech awer Ă©ischter mat mir identifizĂ©iers, da bass de wahrscheinlech ee Gen Z. A wanns de dech mat kengem vun eis identifizĂ©iers, da bass de hĂ©chstwarscheinlech ee Boomer. An dat ass och okay. Anywas: Falls du d'Jill nach net kenns, kenns du vlĂ€icht seng StĂ«mm. Hat ass nĂ€mlech Co-Host vum Paus Podcast an Host vum Onbekannt Podcast zesumme mam Journal. Hat huet vill z'erzielen! Lauschter eran â et si spannend Themen dobĂ€i!
-
Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nÀmlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer.
An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat leeft hannert de Kulissen? Wéi bereet een sech fir eng Live-Show fir?
WĂ©i kĂ«nnt een dozou sou ee Job ze hunn? GĂ«tt et vill Konkurrenz an op wat muss een alles oppassen? Hues du eng Dramshow? A wat gĂ©ings du maachen, wannâs du dee Job net hĂ€ss? Dat a villes mĂ©i erzielt iech de LoĂŻc an dĂ«ser Episode.
Vill Spaass beim Lauschteren!Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum FamilljeministÚre.
12.-13. Juli - âLet's celebrate inclusionâ Forum GeesseknĂ€ppchen https://allesnormal.lu
-
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. MÀin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn:
- New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist?
- Gemengen: SĂŒden vs. Norden
- Humble bleiwen: Du muss ëmmer wëssen vu wou's de kënns
- Street Credit: "Zu LĂ«tzebuerg huet keen wierklech Streetcredit, a wann dann war et seng eegen Entscheedung"
- Glaawen: Op Gott, Astrologie, oder de Big Bang, de Glaawen spillt beim Saint Charles eng grouss Roll.
Vill Spaass beim Lauschteren!
Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum FamilljeministÚre.
12.-13. Juli - âLet's celebrate inclusionâ Forum GeesseknĂ€ppchen https://allesnormal.lu
-
Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwÀtzen, well hat bréngt ganz vill mat :)
D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kÀmpft. De Wee zur Grënnung war an ass nach ëmmer net einfach.
Mir schwÀtzen awer och iwwert déi capverdianesch Community zu Lëtzebuerg, ob hat et sech kéint virstellen an d'Politik ze goen, wéi schwéier et ass een Team ze féieren an wat, oder ween hat alles brauch fir alles kënne ëmzesetzen, ouni komplett ënner ze goen.
Merci fir d'Laanschtkommen!
DĂ©i heiten Episode gĂ«tt Ă«nnerstĂ«tzt vum Culture-Forest Festival- MĂ©i Infoe & Tickets dozou fannt der hei: â https://www.culture-forest.com/â
-
Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mÀi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go!
(Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.)
Also: Wouriwwer schwÀtze mir dann eigentlech?
Hei sinn d'Themen:
- Maale Gars, bass du nach Ă«mmer sou mal?
- Bereis du dee KĂ«nschtlernumm gewielt ze hunn?
- Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et opzehalen?
- Whataboutism - WĂ©ini huet et bei dir "klick" gemaach?
- Wat ass dÀin Erfolgsfaktor mat Musek op lëtzebuergesch?
- Teaser an dem Maale Gars sÀin LESCHTEN Album!
- De Maale Gars mécht Schluss...
Vill Spaass beim Lauschteren! <3
DĂ©i heiten Episode gĂ«tt Ă«nnerstĂ«tzt vum Culture-Forest Festival- MĂ©i Infoe & Tickets dozou fannt der hei: â https://www.culture-forest.com/â
-
Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? đ
Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen:
âĄïž De Rietsruck op Tiktok a wat een dogéint maache kann.
âĄïž Mir brauche kee Konsens bei Iddien déi Haass verbreeden. An trotzdeem geschitt dat an der Chamber.
âĄïž Wat mécht de CELL? Wéi funktionéieren si?
âĄïž Optimismus am Aktivismus: Wéi mëss du dat fir keng Hoffnung fir d'Zukunft ze verléieren?
âĄïž Wat ass Petrol Masculinity?
âĄïž Wat kann een alles maache fir ee méi nohaltegen Environnement opzebauen?
âĄïž Feminismus, Klimaaktivismus, Antirassismus, Antifaschismus, ... ass alles Deel vum selwechte Kampf!
Villmools Merci fir d'Lauschteren! Schreift gäre Feedback ënnert de Kommentarer, oder direkt op der Spotify App. Fir déi déi op aner Plattforme lauschtere roden ech iech un de Video op Youtube ze kucken. https://www.youtube.com/channel/UC3djRrr6mdarLe_V1plY3jw
Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Culture-forest Festival - Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/ -
CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem.
An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mÀ och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass.
Mir diskutĂ©ieren dĂ©i aktuell Problemer vum LĂ«tzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wĂ©i de ganze bĂŒrokrateschen Behind The Scenes funktionĂ©iert a mir ginn de ganzen Proffe-ClichĂ©en op de Grond.
Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen?
De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwÀtzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also sÀi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwÀtzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!
-
Eurovision hin, oder hier: WĂ©i geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech?
De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren.
An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert.
Lauschtert eran and stay tuned for more!
-
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lĂ«tzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, dĂ©i heiten Episode ass mĂ©i relatable, wann een aus dem Norde kĂ«nnt, well mir thematisĂ©ieren nĂ€mlech wat aus dem CafĂ© du Gymnase ginn ass đ
Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwÀtzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefÀnken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul fÀerdeg gemaach ze hunn, wéi en als DJ iwwert Ronne kënnt a natierlech och wat sou d'Highlighte a senger CarriÚre waren. Mir schwÀtzen och driwwer, wat et bedeit ze diskutéieren an Akzeptanz ze weisen.
Vill Spaass beim Lauschteren a mir gesinn eis nÀchst Joer!
-
De Samschden ass Nuit des MusĂ©es! Donât miss out on this.
Eng Saach dĂ©i dâMusĂ©eĂ« wĂ€rend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet âCoup de Coeurâ. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit dâGeleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.
DĂ«st Joer sinn dâPodcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir mĂ©i iwwert de Background vun der Nuit des MusĂ©es ze wĂ«ssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)
đïžWIN WIN WINđïž Dir hutt ochâGeleijenheet zwee Tickets fir dâNuit des MusĂ©es ze gewannen! MĂ©i Infoe fannt dir op Instagram @cecidoyoulove.me -
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. -
An dëser Episode schwÀtze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z!
đż Schwaarzmaart - WĂ©i gefĂ©ierlech ass dat?
đż WĂ©i gesĂ€it d'Gesetzeslag zu LĂ«tzebuerg aus? WĂ©i legal ass de Cannabis elo?
đż Vu wou kĂ«nnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner?
đż Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt?
đż Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun?
đż WĂ©i planzt ee sĂ€i Cannabis am beschten Doheem un?
đż Wat brauch een alles, wat sinn dĂ©i perfekt Konditiounen asw.?
Dat an nach vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!
-
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff!
Wouriwwer schwÀtze mir?
âĄïž De SchrĂ«tt an de Studio: WĂ©i entsteet dem Irem seng Musek?
âĄïž TĂ«scht ville MĂ€nner: WĂ©i setzt een sech am Astrophysikstudium duerch?
âĄïž Et feele u weibleche* Rolemodels an der lĂ«tzebuergescher Musekszeen. Wourunner kĂ©int dat leien?
âĄïž Manner Confidence duerch Akne. Irem: "I feel you! Looss dech net vun Akne Doheem asperren."
... a villes méi. Vill Spaass beim Lauschteren!
*jiddereen den sech als Fra identifizéiert
-
An dëser Episode schwÀtze mir iwwert een Thema den an der lÀscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun.
Mi wĂ€erten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, dĂ©i een AblĂ©ck an dâRealitĂ©it vum Abus ginn. DâLaura analysĂ©iert a diskutĂ©iert dĂ©i: Wat sinn dĂ©i dĂ©ifgrĂ«nneg Ursaache vum Abus? Wat geschitt am Kapp vum TĂ€ter an Affer? WĂ©i erkennt een potentiell TĂ€teren?
Ech krut vill Aussoen era geschéckt, mee et géing de Kader sprengen wann ech alles géing an eng Episode dramaachen. Ech hu mech also fir 3 spezifescher entscheet. Villmools Merci fir déi Leit déi oppe waren fir hier Geschichten ze deelen. Dir sidd staark!
De Bewosstsinn vu Muechtmëssbrauch muss gestÀerkt ginn, dofir ass mÀin Zil mat dëser Episode d'PrÀventioun ze fërderen an net "victim blaming" ze bedreiwen. Sou Themen musse méi vun de Medien ugeschwat ginn a sollen op kee Fall rofgeschwat ginn.
Du bass Affer vu Gewalt ginn? Hei fĂ«nns du all dâOrganisatiounen dĂ©i dir hĂ«llefen kĂ«nnen: https://violence.lu/liste-des-contacts/
________________
Prod. & Edit: Cecilia Said Vieira
Camera & Sound: Yann Gengler & Shade Cumini @twostepstwicetwo
Lights: Tierry Cumini
Location: CID Fraen & Gender
Support: MinistĂšre de la culture
-
An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn!
De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem Studio, oder Café, mee beim spadséiere am Gronn. D'Ambience ass also aanechters wéi soss :)
Mir schwÀtzen ënner aanerem iwwert folgend Themen:
- Wat ass alles geschitt seitdem mir eis eicht Episode opgeholl hunn?
- Dem Jeremy seng Nonna erklÀrt him wat Léift ass
- Fontana Di Lussemburgo - kënne mir eis iwwerhaapt eppes leechten?
- Wisou ass dem Jeremy d'ARBED sou wichteg?
- Generationsdiskussioun: Mir si méi frÀi wéi eis Elteren
- Wisou feiert de Jeremy keng Molerei?
- LOVE: Wat ass the Key to the perfect Relationship? Mir verrooden ich et!
Vill Spaass beim Lauschteren a gitt op seng Ausstellung.
-
An dëser Episode schwÀtzen ech mat der Gamerin, Tiktokerin an Influencerin Claire aka Cloe Von Van iwwert seng Erfarung op Social Media an an der ganzer Gamingwelt.
Mir diskutéieren och iwwert E-sports zu Lëtzebuerg, iwwert d'Ugesinn als Fra an der Welt an och iwwert schwiereg ZÀiten déi hat an deene leschte Méint misst duerch maachen. E bedeitende Punkt schwÀtzt d'Claire och un: d'Wichtegkeet vu Selbstliebe.
Iwwerzeegt iech selwer! Vill Spaass beim Lauschteren :)
Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode:
CULTURE FOREST FESTIVAL
MAY 13, 2023â
PARK CLAIR-CHĂNE - ESCH-SUR-ALZETTE
Tickets fannt der Ă«nnert: https://www.culture-forest.com
-
An dĂ«ser Episode schwĂ€tzen ech mam Almin Hrkic aka âDe Wollefâ aka Blogger vun der Page âMood Luxembourgâ op Instagram a Tiktok.
Mir schwÀtzen iwwert ganz vill interessanten Themen:
Wéi geet ee viral op Tiktok/Instagram? Influencer: Moral vs. Image Mood Luxembourg: Wat ass déi bescht Pizza am Land? Dubai: Ass et ok, do Vakanz ze maachen? Deep Talk: Themen déi gemilkt (am bsp. vu Feminismus) a villes méi!Lauschtert eran a gitt mir gÀre Feedback zu dëser Episode!
_____________________________
Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode:
CULTURE FOREST FESTIVAL
MAY 13, 2023â
PARK CLAIR-CHĂNE - ESCH-SUR-ALZETTE
Tickets fannt der Ă«nnert: https://www.culture-forest.com
-
Ceci, Do You Love Me? ass rem back on track! An dĂ«st kĂ©ier hunn ech mech mam KĂ«nschtler Julien HĂŒbsch am Konrad CafĂ© an der Stad getraff. Et war SonndegmĂ«ttes, dâBud war voll an dat hĂ©iert een och. Mais ech denken, dass dat der ganzer Episode ee Charme gĂ«tt.
Ech schwĂ€tze mam Julien iwwert dâBedeitung vun onkonventioneller Konscht, Behind the Scenes vun der Scene a wat den Julien gĂ€ren an der ganzer Konschtwelt Ă€nnere wĂ©ilt. Ween huet Berechtegung ze soen, wat gutt Konscht ass? Wat ass normal? Wat ass onkonventionell? Wat misst een Ă€nneren fir de Jonken een realistescht Bild ze weisen, wĂ©i et ass Konscht als Beruff ze wielen? Dat a vill mĂ©i gitt der hei gewuer. Vill Spaass beim lauschteren!
Dëst Episode gëtt #gesponsert vum Culture Forest Festival. Tickets fir de Festival a méi Infoe zum Line-up fannt der ënnert https://www.culture-forest.com .
-
An der Staffelfinal vu Kulturpur, hunn ech de Sumo an de Studio agelueden. De Sumo ass ee vun de bekanntsten Urban Art Kënschtler aus Lëtzebuerg a sÀit Joren an der Kënschtlerzeen aktiv. An dëser Episode schwÀtze mir iwwert folgend Themen:
- Graffiti vs. Streetart: De Sumo huet scho Streetart gemaach, wou et nach kee Streetart gouf.
- Wa grouss Marke mat engem schaffe wëllen: wéi entstinn sou Kooperatiounen?
- De Sumo gesÀit seng Aarbecht net wierklech als Aarbecht un: Huet ee sÀi Liewenszil erreecht, soubal ee vu sengem Hobby liewe kann?
- Wat sinn NFT's a wisou spillen se sou eng grouss Roll an der KĂ«nschtlerzeen?
- Ai - Wéi steet de Sumo zu Konscht déi duerch kënschtlech Intelligenz generéiert gëtt?
Lidder déi gefeatured gouffen:
7:23 Mos Def - Mathematics
16:03 Bobby Womack Across 110th Street
30:03 Jackie Stoudemire - Flying High
__________________
Note: Dat heiten ass déi lÀscht Episode vu Kulturpur. An der nÀchster Staffel vu CDYLM dréint sech rëm alles ëm Tabu Themen, aussergewéinlech Perséinlechkeeten a Jobs a natierlech spicy Themen! Freeë mech schon op déi 4. Staffel <3
- Mostrar más