Episodios
-
Techno-Solutionismus: Ass dat dĂ©i Technologie, dĂ©i richteg Ăntwerte bei Klimachangement brĂ©ngt? KI, Satellitten, Wiedermanipulatiounen, wat kann dat brĂ©ngen?
Wéi genee a wéi wÀit kënnen nei Technologien de Klimachangement an de Grëff kréien? Kënne mer eis dorobber verloossen amplaz eis schlecht Gewunnechten, déi der Welt schueden, ze Ànneren?
Et muss een iwwert Zukunft diskutéiere, fir eraus ze fanne wéi eng Erwaardunge mer an Innovatioun an Technologie kënnen hunn.
Op der COP 28 goufen techno-solutionistesch LĂ©isunge vun e puer SĂ€ite propagĂ©iert an dâVirdeeler vun Geo-Engineering-Techniken goufen an dâFĂ«nster gestallt, datt awer als Nodeel vun anere konkrete MesurĂ« fir den Energiebesoin ze reduzĂ©ieren.
Wéi eng Roll sollen elo dës technologesch Léisungen an der internationaler Klimapolitik spillen, doriwwer geet et dës Kéier beim Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcast vum europÀesche Radionetzwierk Euranet Plus.
-
Sinn dâMĂ«nschen iwwerhaapt prett fir de Green Deal? Wat erwaarden dâLeit sech vun der europĂ€escher Unioun an den europĂ€eschen Institutiounen, datt de Green Deal um Enn och e SuccĂšs gĂ«tt? An engem Sondage hunn 88 Prozent vun de EU-Bierger dĂ©i gefrot goufe fir de Green Deal gestĂ«mmt, datt dĂ©i grĂ©ng Transitioun muss kommen. MĂ€ grad emol 50 Prozent vun de Bierger fannen datt dâeuropĂ€esch Unioun adĂ€quat am Kontext fir dâĂmsetze vum Green Deal schafft. An dĂ«sem EU Green Deal Podcast vum europĂ€esche Radionetzwierk Euranet Plus beschĂ€ftegt sech de Jean Claude Majerus mat der grĂ©nger Transitioun.
-
¿Faltan episodios?
-
D'Weltpopulatioun huet de Seuil vun 8 Milliarde MĂ«nschen erreecht a se wĂ€ert an de nĂ€chste 40 Joer weider wuessen. Domadder ass et och kloer datt dĂ«st och en Afloss op dĂ©i global Emissiounen huet. MĂ©i MĂ«nsche verbrauche mĂ©i Ressourcen, produzĂ©iere mĂ©i ZĂ€regaser an de Besoin un Iessen a Waasser geet an dâLuucht, wat dann nees Konsequenze fir dâEmissiounen an dâTemperaturerhĂ©ijung huet.
Demografesch VerÀnnerungen si laangfristeg Entwécklungen, déi net nëmme wichteg fir eis Demarchen a punkto Reduktioun vun den ZÀregasemissioune sinn. Si si vlÀicht nach méi relevant am Kontext vun der Gesellschaft sech un de Klimachangement mat deem mer ewell scho konfrontéiert sinn unzepassen. Dat ass de Sujet déi Kéier beim Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcast vum europÀesche Radionetzwierk Euranet Plus.
-
Op elo un der CÎte, bei Bëscher oder bei Flëss, et gi Regiounen, déi besonnesch vulnerabel fir extreem Kilmaphenomeener sinn. Wéi kann ee sech upasse bei esou Wiederphenomeener, a si mir alleguer a Gefor?
An der EuropĂ€escher Unioun gi Strategien entwĂ©ckelt, dĂ©i sech mat der Preventioun an och der Reduktioun vun de Klimarisike beschĂ€ftegen. Et gĂ«llt dâResistenz vun der Infrastruktur, den Ekosystemer, der Gesellschaft an der Ekonomie an der EU ze stĂ€erken. Dat ass eng wichteg Missioun am europĂ€esche Katastrophe-Risikomanagement. DorĂ«ms geet et beim Jean Claude Majerus am EWU Green-Deal-Podcast vum EuropĂ€esche Radionetzwierk Euranet Plus.
-
WĂ©i eng nei CapacitĂ©ite muss eng Entreprise hautdesdaags hunn, fir dĂ©i grĂ©ng Transitioun ouni Problemer ze maachen a fir datt se hir AktivitĂ©iten un dâErausfuerderungen, dĂ©i de Klimachangement mat sech brĂ©ngt, kann adaptĂ©ieren? Den Iwwergang bei eng ressourceneffizient a kuelestoffaarm Ekonomie brauch eng systeemesch Approche, grad wĂ©i verĂ€nnert Produktiounsprozesser a GeschĂ€ftsmodeller. Dat ass de Sujet beim Jean Claude Majerus am EU Green-Deal-Podcast vum EuropĂ€esche Radionetzwierk Euranet Plus.
-
Monumenter bemolen, Konschtwierker mat Faarf verschmieren, alles Aktiounen, dĂ©i Bierger:innen net Ă«mmer gutt fannen. Ass dat eng effikass a justifiĂ©iert ManĂ©ier fir gĂ©int de Klimachangement ze demonstrĂ©ieren? Huet dĂ«s Zort Protester eng LegitimitĂ©it? A wat seet dâĂffentlechkeet dozou?
De Jean Claude Majerus beliicht mat sengem EU Green-Deal-Podcast vum EuropĂ€esche Radionetzwierk Euranet Plus dâSituatioun an der EU.
-
Eng ganz Partie Politiker plĂ€dĂ©ieren dofir, datt dĂ©i Responsabel fir Ămweltschied oder Ămweltverschmotzung och fir dâKĂ€schten, dĂ©i ufalen, musse riicht stoen. WĂ©i eng MĂ©iglechkeeten an awer och Grenzen existĂ©iere bei dĂ«ser Iddi? A wou sinn dâHoke bei der Saach? WĂ©i soll een dat an der Landwirtschaft ugoen, wou och Aarbechtsplazen um Spill stinn?
Dat alles si Froen, op dĂ©i de Jean Claude Majerus an dĂ«sem EU Green-Deal-Podcast vum EuropĂ€esche Radionetzwierk Euranet Plus eng Ăntwert versicht ze fannen.
-
DâEuropĂ€esch Unioun schafft ganz aktiv um DiversifizĂ©iere vun de StroumproduktiounsmĂ©iglechkeeten. Dat heescht nei Energiequellen ze fannen an ze promovĂ©ieren. Et geet dorĂ«m propper an autark Energiequellen, dĂ©i och finanziell am Kader bleiwen, an dâFĂ«nster ze stellen. Den Asaz vun erneierbaren EnergiĂ« steet och am MĂ«ttelpunkt vum Re-Power-EU-Plang.
Mee wéi fonctionéiert dat an der Praxis? Doriwwer geet et am Jean Claude Majerus sengem EU Green-Deal-Podcast vum EuropÀesche Radionetzwierk Euranet Plus.
-
DâZukunft vun Europa hĂ€nkt ganz sĂ©cher vun engem gesonde PlanĂ©it of. DâEU-Memberstaaten hu sech dofir Zil gesat bis 2050 klimaneutral ze ginn. Jiddweree muss seng ResponsabilitĂ©it huelen, dâPolitik, dâEkonomie, mee awer och all eenzelen EU-Bierger an eenzel EU-Biergerin.
Mee wat kann een dann als Bierger:in a sengem Ămfeld maachen, fir ze hĂ«llefen de Klimachangement an der Gitt ze halen? De Sujet vum Jean Claude Majerus sengem EU Green-Deal-Podcast vum EuropĂ€esche Radionetzwierk Euranet Plus.
-
Entreprisen aus alle Secteuren hunn erkannt, datt et wichteg ass Risiken déi duerch de Klimachangement kommen, besser ze verstoen. MÀ wat maachen déi Entreprisen da fir sech op de Klimachangement an ze stellen? Wéi eng Mesuren huelen se fir ëmweltfrëndlech an emissiounsfrÀi Ziler ze erreechen, besonnesch Entreprisen a Secteuren déi net grad de Label als ëmweltfrëndlech hunn?An der Editioun 2022 vum Flash-Eurobarometer iwwert kleng a mëttel Betriber, Ressourceneffizienz a gréng MÀert gëtt confirméiert datt kleng a mëttel Betriber an der EU scho vill maache fir hir Betriber op ekologesch Nohaltegkeet ëm ze stellen. Méi Detailer doriwwer ginn et vum Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcast vum europÀesche Radionetzwierk Euranet Plus.
-
Enger Statistik vun der europĂ€escher DĂ©ierefudderindustrie no aus dem Joer 2012 hunn hautdesdaags ronn 90 Millioune StĂ©id, dat sinn si ronn 46 Prozent vun den EU-StĂ©it en HausdĂ©ier. An datt sinn der ronn 20 Milliounen DĂ©iere mĂ©i wĂ©i nach virun 10 Joer. Am meeschte fĂ«nnt een Kazen als HausdĂ©ier an dono kommen dâHĂ«nn.
MĂ€ grad ewĂ©i dâMĂ«nsche produzĂ©ieren och HausdĂ©ieren Offall. An dat ass de Sujet vum Jean Claude Majerus am EU-Green Deal Podcast an Zesummenaarbecht mam europĂ€esche Radionetzwierk Euranet Plus.
-
Et ass kloer datt och an Zukunft jidderee wĂ«ll a sengem eegenen Haus mat eegenem Gaart ronderĂ«m wunnen, da brĂ€ichte mer dofir ganz geschwĂ«nn, dĂ©i gesamt FlĂ€ch vun eisem PlanĂ©it. DĂ©i Zort Wunnen ass also keng Zukunftsvisioun. An elo? WĂ©i kĂ«nne mir an Zukunft responsabel a sĂ«nnvoll wunnen? An dat ass de Sujet dĂ©i KĂ©ier am EU-Green Deal Podcast an Zesummenaarbecht mam europĂ€esche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus mat der Sich no Ăntwerten.
-
Fir eisem PlanĂ©it ze hĂ«llefen, muss ee sech awer e puer Froen stellen an nach mĂ©i wichteg no Ăntwerte sichen. Eng ganz bedeitend Fro wou leien iwwerhaapt d'Grenzen vun eisem grĂ©ngen Engagement a wĂ©i kann een dĂ©i Grenzen iwwerwannen. Si mer alleguerten prett an eisem Liewen KompromĂ«sser ze maachen, dĂ©i um Enn eiser Ăerd ze gutt kommen? Wou sinn se dann? Eis grĂ©ng Limitten? Dat ass de Sujet dĂ©i KĂ©ier am EU Green Deal Podcast vum europĂ€esche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
-
Manner ewéi d'Hallschent vun den geféierlechen a toxeschen OffÀll an der EU ginn aktuell recycléiert an bis dat sech besser steet d'Gesellschaft awer nach virun risegen Bierger mat Problemer a BarriÚren. An dobÀi geet et ëm d'KÀschten, dem Knascht bewosst sinn mÀ och ëm kriminell Aktivitéiten. Egal wéi et steet extrem vill um Spill an et muss dréngend eppes gemaach ginn, fir dem geféierlechen an gëftegen Knascht de Krich ze erklÀren. Dat ass de Sujet déi Kéier am EU Green Deal Podcast vum europÀesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
-
Et ass wuel jidderengem kloer datt mer eis net eleng op d'Magie vun der Technologie kënne verloossen fir d'Welt ze verÀnneren. MÀ heiansdo kënne grad ganz kleng Innovatiounen déi grouss Differenze bedeiten. D'Journalisten vun Euranet Plus waren bei e puer europÀesch Designer, Architekten an aneren kreative KÀpp op Besuch, virun allem Leit déi scho mat engem Fouss an der Welt vu muer stinn. An dat ass déi Kéier de Sujet am EU Green Deal Podcast vum europÀesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
-
Mir liewen an enger ZÀit, an dÀr d'Sécherheet vun de Liewensmëttelen e ganz wichtegen an aktuelle Sujet ass. An do spillt d'Landwirtschaft och eng ganz bedeitend Roll. An dofir brauch Europa eng nei Generatioun vu Baueren, déi net fÀerten, sech d'Fangere knaschteg ze maachen.
Wéi gesÀit d'Zukunft vu jonke Baueren aus, déi an Zukunft fir d'Liewensmëttele vun den europÀeschen Bierger:inne garantéieren? Dat ass de Sujet déi Kéier am EU Green Deal Podcast vum europÀesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
-
D'Gerance vun der Fëscherei an der EuropÀescher Unioun an och d'Fëscherei-Politik sinn zimmlech prekÀr Sujeten, ronderëm déi et ëmmer nees Diskussioune ginn. Mee och an der EU gouf ee sech bewosst, datt d'Fëscherei méi wichteg ginn ass, besonnesch well Fësch iesse méi gesond a méi ëmweltfrëndlech ginn ass wéi Fleesch.
Mee wéi steet et dann ëm d'Fëscherei an der EU? Dat ass de Sujet an dëser Episod vum Green Deal EU-Podcast vum europÀesche Radionetzwierk Euranet plus, bei deem Fëscher aus ganz Europa zu Wuert kommen. De Jean Claude Majerus mat den Detailer.
-
DĂ©i energeetesch RenovĂ©ierung vun Ărem Haus huet e risegt Potential fir de Klima, mee och fir Ăre Porte-Monni. An dĂ«ser Episod vum Green Deal EU-Podcast vum europĂ€esche Radionetzwierk Euranet plus hu sech Journalisten aus der ganzer EU mat Bierger:innen a verschiddenen EU-Memberstaate geschwat fir gewuer ze ginn, wĂ©i d'MĂ«nschen op dĂ«ser sougenannter "RenovĂ©ierungswell" surfen. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
-
Iddie fir den ëffentlechen Transport ze verbessere ginn et der an der EuropÀescher Unioun ganz vill. A genee all déi Initiative kënnen e Schlësselelement si fir eng besser Loftqualitéit a fir d'Emissioun vun ZÀregasen ze limitéieren. A wa mir eis all méi op den ëffentlechen Transport géifen aloossen, kéint dat dozou bÀidroen.Dat ass de Sujet am EU Green Deal Podcast vum europÀesche Radionetzwierk Euranet Plus. De Jean Claude Majerus huet Detailer.
-
All Joers op e Neits ass de 14 Februar den Dag vun de Blummen. Op VÀltesdag gi Millioune vu Blummen verkaf a verschenkt, mÀ ass dat de richtege Wee? Wéi gesÀit de Blummemaart an der ganzer europÀescher Unioun aus, si Blummen net romantesch mÀ och gréng? Blummen oder d'GeschÀft mat de Blummen ass dann de Sujet an dëser Episod vum Green Deal Podcast vum europÀeschen Radionetzwierk Euranet Plus. An de Jean Claude Majerus huet gemierkt datt et kee "rosegen" Reportage ass.
- Mostrar más