Episodios
-
"Vergissmeinnicht - Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno" vum Guy Koenig
Stiefesdag 1969. De Commissaire Bertemes huet Bereetschaftsdéngscht, an eigentlech erwaart hie sech e rouegen Dag. Mä et kënnt anescht. De Juge d'instruction vun Dikrech rifft un, et ass e Mord geschitt, an de Bertemes muss sech direkt op de Wee an d'Éislek maachen. D'Affer ass den Egon Schmit, en däitschen Hauptmann a fréiere Wehrmachtszaldot dee fir eng Commémoratiounsfeier zu Dierbelt war.
Dat ass d'Ausgangssituatioun vum Guy Koenig sengem neie Roman "Vergissmeinnicht" . Am Interview erzielt hien wéi déif d'Wonnen aus der Zäit vu der Rundstedt-Offensiv och 25 Joer méi spéit nach waren, an dat zu engem Moment wou et esou ausgesinn huet, wéi wann sech grad alles an der Welt géif veränneren.
"Vergissmeinnicht" vum Guy Koenig ass bei Op der Lay erauskomm. -
"Nightscapes" 3 onheemlech Geschichten vum Percy Lallemang
Alpdreem gi wouer am Percy Lallemang sengen Nightscapes. E Mann ouni Schiet, eng kriminell Band déi am Edinburgh vun den 1830er Joren Läiche klaut, eng Serie vu misteriéise Mordfäll am London vum Joer 2055. "May cause nightmares and visions. Contains traces of horror" sou heescht et schonn am Klappentext. Dir sidd also gewarnt! Am Interview erzielt de Percy Lallemang vu senger Faszinatioun mam Horror-Genre, awer och mat der Stad Edinburgh an hirer räicher Geschicht. Lauschtert eran...wann Dir Iech traut!
"Nightscapes" vum Percy Lallemang ass bei Black Fountain Press erauskomm. -
¿Faltan episodios?
-
"Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François
Am Luc François sengem éischten Erzielband ass all Geschicht eng Virwëtztut!
De Luc François, Joergang 1993, schreift zënter iwwer 10 Joer Fantasy-Romaner. Säi lescht Buch "Wasserstand" hat et op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Mat "Hirngespinste und Silberstreife" leet en elo säin éischte Kuerzgeschichte-Band vir. Natierlech ass och nees Fantasy mat am Spill, awer net nëmmen. An deenen 12 Geschichten triede verkannte Superhelden op, fiktiv Rockstaren, an Eisebunn-Nostalgiker. De Lieser gëtt matgeholl op eng verwurrelt Zäitrees a kann engem Personnage hannert d'Stir kucken...wuertwiertlech. Wéi en op all déi droleg Iddien kënnt? Dat erzielt de Luc François am Interview.
"Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François ass bei Hydre éditions erauskomm. -
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand
An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten.
Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem 3D-Printer ausgedréckt ginn. Vitesse ass alles wat zielt, well nëmmen dee Liwwerdéngscht deen d'Wuer als éischte prett huet an se bei de Client liwwere kann, mécht e Geschäft. Dobäi gëtt och gären emol mat onfaire Mëttele geschafft...
Dem Tom Hillenbrand säi Roman spillt an enger Zukunft déi engem beonrouegend kënneg virkënnt. Konsum ass zum Selbstzweck ginn, an d'Bringer si gläichzäiteg d'Helden an d'Sklaven vun dësem System.
Méi doriwwer am Interview mam Tom Hillenbrand!
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand ass bei Kiepenheuer und Witsch erauskomm. -
D'USA an 10 Bicher
Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren.
D’Resultat ass e Podcast an deem ganz verschidde Bicher beschwat ginn vum Washington Irving senge Kuerzgeschichten iwwer esou bekannt Wierker wéi “The Great Gatsby” bis bei méi rezent Romaner wéi zum Beispill “Man in the Dark” vum Paul Auster oder “American Dirt” vun der Jeanine Cummins.
Fir d'Walen an den USA mécht de Podcast "Lecture vun heiheem" sech ausnamsweis op de Wee iwwer de grousse Pull. -
Enseignante, Editrice a Schrëftstellerin: d'Anne-Marie Reuter schwätzt an dëser Episode vun der Lecture vun heiheem iwwer hiren éischte Roman
D'Anne-Marie Reuter ass dem literaresche Public am beschten als Editrice bekannt. Mat hirem Verlag "Black Fountain Press" huet si der engleschsproocheger Literatur zu Lëtzebuerg eng Stëmm ginn. Hannert de Kulissen huet si awer jorelaang och un engem eegene Roman geschafft. "M for Amnesia" ass den Titel vun hirem Débutroman, enger Dystopie an der sech alles ëm d'Mémoire dréint. Erënnerungen gi verluer an erëmfonnt, mä sinn dës Erënnerungen och echt oder just Illusioun? Kënnen Erënnerunge manipuléiert ginn, a, wa jo, wat mécht dat mat de Mënschen? Iwwer dës, a weider spannend Themen geet et am Interview mat der Anne-Marie Reuter.
"M for Amnesia" vun der Anne-Marie Reuter ass bei Black Fountain Press erauskomm. -
Déi legendär Weltraum-Missioun Rosetta vun der European Space Agency, verständlech noerzielt fir Kanner
Op engem klenge Fiels ze landen dee mat héijer Vitess duerch de Weltall jauft, dat war den Défi deen d'European Space Agency (ESA) mat der Missioun Rosetta ugeholl hat. 2004, no méi wéi 10 Joer Preparatioun, goung et lass, mä et sollt nach eng Kéier 10 Joer daueren bis de Space-Lander Philae um Koméit opsetze konnt. An hirem neie Buch "To Meet a Comet" erzielt d'Isabelle Marinov wéi vill Schwieregkeeten hu misste gemeeschtert ginn bis et souwäit war.
Am Interview verréit si awer och wéi et mam Hugo, dem Alex an dem Julie, den Helden aus hirem beléifte Kannerbuch "Boy Underground" weidergeet. Mir tauchen am Mëttelmier no engem Schëffswrack aus der Réimerzäit, mir léiere Chinesesch a mir ginn an de Kino! -
A sengem Roman "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion" erzielt de Claude Schmit eng alternativ Geschicht vum Jesus.
De Jesus ass um Kräiz gestuerwen, gouf begruewen, ass operstaanen, an an den Himmel opgefuer. Dat ass den Narrativ vun der Bibel, sou wéi mir e kennen. Mä wat wier, wann hien iwwerlieft a sech vu senge Blessuren erholl hätt? Wann de Prophet vun Nazareth villäicht souguer en neit Liewen ugefaangen hätt? Genee dat ass den Ausgangspunkt vum Claude Schmit sengem Roman "Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion". Am Interview erzielt den Auteur wat hien un dem Thema gereizt huet a wéi en sech d' Figur vum Jesus als Mënsch virgestallt huet.
"Yeshuah - une vie de Jésus après sa Crucifixion"
Claude Schmit
erauskomm bei den éditions Phi
ISBN 978-2-919818-18-1
20€ -
"Camille Sutor - Lion de la résistance - Löwe des Widerstandes" vum André Grosbusch
Den 19te Mee 1944 ass de Camille Sutor mat nëmmen 23 Joer a sengem Elterenhaus zu Iermsdref vun der Gestapo erschoss ginn.
"Net ee vu villen", dat ass den Ënnertitel vun dësem Wierk mat dem den Historiker André Grosbusch un deen eminente Resistenzler erënnert.
Wéi ee Courage de Camille Sutor hat war fir sech géint d'Nazien ze stellen, awer och wéivill Geschéck a Schlauheet néideg waren fir den Alliéierte wichteg Informatiounen zouzespillen ouni sech erwëschen ze loossen, doriwwer hunn ech mech mam Auteur André Grosbusch a mat der Nathalie Brachmond-Sutor, der Enkelin vum Camille Sutor sengem Brudder Richard, ënnerhalen. -
An dëser Episode vum Podcast schwätzt déi jonk Lëtzebuerger Autorin iwwer den éischten Deel vun hirer Serie, de Roman:"A Searing Faith"
Dat jonkt Rena geet an de Bësch fir Kraider ze sammelen, a wéi hat zeréckkënnt ass säin Doheem zerstéiert. Dat ganzt Duerf ass bis op d'Grondmaueren ofgebrannt, keng Spuer vun Iwwerliewenden. Vun engem Moment op den aneren ass dat jonkt Meedchen alleng op sech gestallt, ouni Famill an ouni eng Äntwert op déi Froen déi hat net méi lassloossen. Wat ass geschitt? War d'Feier wierklech en Accident oder ass et ganz bewosst geluecht ginn? A gëtt et Hoffnung fir op d'mannst seng Schwëster lieweg erëmzefannen? Dem Maya säi Rank ass deen eenzegen Indiz deen d'Rena huet, mä hat wäert net opginn bis hat d'Wouerecht erausfonnt huet. A ganz onerwaart fënnt hat nei Frënn déi hat bei senger Sich ënnerstëtzen.
"A Searing Faith" ass den éischte Roman vum Audrey Martin an den Ufank vun enger Serie bei der d'Lieser ofstëmme kënnen a wéi eng Richtung d'Geschicht sech weider entwéckele soll. Am Interview verréit déi jonk Autorin méi iwwert den Univers vun "The Heart Pyre" a wéi een als Lieser un der Geschicht deelhuele kann. -
Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrément skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen.
Lëtzebuerger reese gären, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat ënnert dem Titel "A Pint of Fish Fingers" bei Black Fountain Press erauskomm ass, erzielt hie vu senge Reesen, déi e gréisstendeels an engleschsproocheg Länner gefouert hunn. Am Interview verréit hien wat een alles erliewe kann wann een ouni e Su an der Täsch zu London festsëtzt, wat d'Leit op der anerer Säit vum grousse Pull iwwer Lëtzebuerg wëssen, (oder och net) an dass déi spannendst Reesen een heiansdo op ganz onerwaarten Destinatioune féiere kënnen... -
Iergendwéi hänkt alles schif, am Liewe vun de Personnagen aus dem Guy Helminger senge Kuerzgeschichten
Biller déi vun der Mauer verschwannen, Bicher déi aus Regaler erausfalen, e kollektiven Dram an e Schrëftsteller dee bei engem Openthalt am Spidol an eng aner Dimensioun ze gerode schéngt. Fir d'Personnagen an dem Guy Helminger senge Stories ass op eemol näischt méi esou wéi et emol war. Hir Welt geréit an d'Rutschen, wéi e Stillleben dat alles anescht wéi stëll ass. An dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" erzielt de Guy Helminger awer net nëmmen vun de Verbindungen tëscht senge Figuren déi sech tëscht de Geschichten hin an hier bewegen an dobäi ëmmer nei Facetten vu sech präisginn. De Schrëftsteller a Globetrotter léisst eis och u senge Reesen deelhuelen. Viru kuerzem war hien an Indien an am Nepal, hien erënnert sech awer och u säi Besuch a Brasilien. A wien de Guy Helminger kennt, dee weess, dass hien sech op senge Reesen och op Plazen traut, déi den duerchschnëttlechen Tourist éischter net um Radar huet...
"Das Geräusch der Stillleben" vum Guy Helminger ass bei Capybarabooks erauskomm -
Wouerecht oder Liggen? Realitéit oder Illusioun?
E Mann erwächt aus dem Koma a ka sech un näischt méi erënneren. No an no probéiert hien d'Puzzlestécker vu sengem Liewen nees zesummenzesetzen a mécht dobäi onerwaarten Entdeckungen. Seng Kandheet an engem verruffene Quartier, seng Fra mat der iergend eppes net stëmmt, seng Aarbecht an enger Zeitungsredaktioun a kromm Geschäfter déi e besser gehat hätt einfach ze ignoréieren...an d'Fro wéi en eigentlech an déi Situatioun komm ass an der en sech elo erëmfënnt. Ass en einfach esou an de Koma gefall...oder iere gestouss ginn?
A sengem Erzielwierk "Kappgras" féiert den Nico Helminger säi Protagonist (an domat och de Lieser) an e Labyrinth aus Wouerechten an Hallefwouerechten, aus Fakten an Illusiounen. Et kritt een e Feeling vu "Film noir", dat duerch déi vill cinematografesch Referenzen nach verstäerkt gëtt. Am Interview verréit den Nico Helminger awer och, wat säin Alter Ego Tomas Bjørnstad als nächst geplangt huet.
"Kappgras" vum Nico Helminger ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm -
Déi däitsch-ungaresch Schrëftstellern huet scho vill Präisser gewonnen. Mat hirem Roman "Muna" stoung si op der Shortlist vum däitsche Buchpräis 2023.
Georg-Büchner-Preis, Ingeborg-Bachmann-Preis, Deutscher Buchpreis 2013: d'Terézia Mora ass eng wichteg Stëmm an der aktueller däitscher Literatur.
Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi däitsch-ungaresch Schrëftstellerin de 5te Mäerz op Besuch zu Lëtzebuerg. Nodeems si schon 2013 den däitsche Buchpräis fir "Das Ungeheuer" kritt hat, huet si et mat dem neitste Roman "Muna oder Die Hälfte des Lebens" och 2023 nees op d'Shortlist gepakt. D'Muna huet 18 Joer a lieft 1989 an Ostdäitschland, kuerz ier d'Mauer fällt. Déi jonk Fra begéint dem Magnus, verléift sech an hien a verbréngt eng Nuecht mat him. Da verschwënnt hien, an et wäert 7 Joer daueren ier si sech erëmbegéinen. Et entwéckelt sech eng Bezéiung, déi allerdengs vun emotionaler Keelt a souguer Gewalt geprägt ass. Trotzdem bréngt d'Muna et net fäerdeg sech vun him ze trennen. Aus senger Léift zum Magnus gëtt eng Obsessioun.
Firwat léisst d'Muna, dat jo eigentlech eng intelligent an talentéiert jonk Fra ass, sech dat iwwerhaapt gefalen? Wéi ass et méiglech, dass hat als eenzegt net wouerhëllt, dass seng Bezéiung zum Magnus rengt Gëft ass? Déi Froen si mir beim Liesen net aus dem Kapp gaangen, an ech hu mech mat der Terézia Mora doriwwer ënnerhalen.
"Muna oder Die Hälfte des Lebens" vun der Terézia Mora ass am Luchterhand Verlag erauskomm -
Bulimie ass dacks nach ëmmer en Tabuthema. Dobäi ass déi Iessstéierung, déi meeschtens Meedercher a jonk Frae betrëfft, alles anescht wéi harmlos.
An hirem Buch mat dem bewosst provokativen Titel "Zum Kotzen schön" erzielt d'Renée Reding vum Lisa, engem Meedchen vu 14 Joer, dat mat de Verännerungen déi säi Kierper an der Pubertéit duerchleeft, net eens gëtt. Hat fënnt sech ze déck a beschléisst ofzehuelen. Mä säi Plang geréit ausser Kontroll a vun do un bestëmmt d'Wo säin Alldag. Kalorien zielen gëtt zu enger Obsessioun, an de Sport, dee bis elo e schéinen Hobby war, gëtt zu engem Mëttel fir déi verhaasste Kalorien ze verbrennen. D'Lisa belitt seng Frënn, seng Famill a virun allem sech selwer. Sou laang bis et seng Ligen net méi oprecht erhale kann.
Am Interview erzielt d'Renée Reding wat si dozou bewegt huet, dëst Thema opzegräifen a firwat et esou wichteg ass doriwwer ze schwätzen.
"Zum Kotzen schön - Eine Geschichte über Bulimie und Freundschaft" vun der Renée Reding ass am Selbstverlag erauskomm. D'Autorin ka fir Liesungen iwwer d'Mailadress [email protected] kontaktéiert ginn. -
Liewen an d'Liewe genéissen, trotz schwéierer Krankheet, dorëms geet et am Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat deem si den éischte Präis gewonnen huet.
Als Actrice war d'Janine Horsburgh bis elo éischter a klenge Rollen ze gesinn, an internationale Produktiounen awer och a Lëtzebuerger Filmer wéi zum Beispill "Heemwéi". Dernieft huet si bis 2018 an der Waldorfschoul d'Fach Theater enseignéiert a bei Theaterprojeten Regie gefouert. Hiert Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat dem si den nationale Literaturconcours gewonnen huet, war fir si en Häerzensprojet. Am Interview erzielt si wéi en Dréibuch iwwerhaapt geschriwwe gëtt, si schwätzt vun deene Filmer un deenen si matgeschafft huet, a vun hiren Hoffnungen fir aus dem präisgekréinten Dréibuch e richtege Film ze maachen. An si verréit, wéi een Hollywood-Star hir heemlech Favoritin fir d'Haaptroll wier... -
«Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » oder wéi en Nazi-Krichsverbriecher duerch en Zoufall konnt verhaft ginn
A sengem Buch « J’ai arrêté Otto Abetz»erzielt den Didier Eisack d’Geschicht vu sengem Grousspapp Joachim. Den Ënnertitel «Histoire de mon grand-père, réfugié allemand…Juif…et résistant français » resuméiert net nëmmen dat ganz mouvementéiert Liewen vum Joachim Eisack selwer. Seng ganz Famill gëtt zum Spillball vun deenen däischtere Kräften déi Europa an der éischter Halschent vum 20ste Jorhonnert dominéieren. D’Famill gëtt auserneegerappt, vill vun hinnen deportéiert an de Ghettoen oder an de Lageren ëmbruecht. Den Enkel Didier Eisack, Joergang 1954, huet jorelaang recherchéiert fir dat ze rekonstruéieren wat säi Grousspapp him net selwer erziele konnt. Eng Familjegeschicht déi duerch ganz Europa féiert an och Verbindungen zu Lëtzebuerg huet.
Mä zeréck bei den Titel: wie war deen Otto Abetz vun dem hei rieds geet? Den Otto Abetz war an de Joren 1940 bis 1944 den Ambassadeur vun Nazi-Däitschland a Frankräich a war responsabel fir d’Deportatioun vun Zéngdausende vu franséische Judden op Auschwitz. Dernieft war hien um Déifstall vu jiddeschem Besëtz a Konschtwierker aus dem besatenen Deel vu Frankräich bedeelegt. Nom Krich ass den Abetz ënnergetaucht. An hei kënnt de Joachim Eisack (deen och als Richard Eisack bekannt war) an d’Spill. Duerch e pueren Zoufall, méi genee eng Etikett an engem Kleedungsstéck, kënnt hien dem Krichsverbriecher op d’Spur a kann den Otto Abetz am Oktober 1945 verhaften. Endlech Gerechtegkeet, kéint ee mengen. An tatsächlech gëtt den Abetz 1949 zu 20 Joer Zwangsaarbecht verurdeelt. Mä hie gëtt begnoodegt a kënnt schon 1954 nees op fräie Fouss.
De Joachim Eisack dogéint kritt ni eng Unerkennung fir säin Exploit. Hie stierft de 24sten Oktober 1954 un engem Häerzinfarkt. Eréischt elo, bal 80 Joer méi spéit, ass seng Geschicht erzielt ginn, vu sengem Enkel Dider Eisack, mat deem ech mech op de Walfer Bicherdeeg 2023 ënnerhale konnt.
"J'ai arrêté Otto Abetz" vum Didier Eisack ass bei den éditons Amalthée erauskomm. -
Den éischte Gedichtband vun der jonker Lëtzebuergerin krut vill Luef vun engem prominenten däitsche Literaturkritiker.
"Ein Glücksfall der deutschsprachigen Lyrik" mat deene Wierder huet de Björn Hayer der Chris Lauer hiert Wierk op Deutschlandfunk Kultur rezenséiert. Sécher keng alldeeglech Erfahrung fir eng Autorin aus Lëtzebuerg, an dofir ëmsou méi remarkabel. Hiren éischte Gedichtband mam Titel "Gut verräumte Sternschnuppen" ass sécher kee liichte Kascht. Der Chris Lauer hir Sproochwelt ass komplex a vielschichteg, a kann an hirer Offenheet och emol schockéieren. Ob et ëm perséinlech Relatiounen oder ëm déi grouss gesellschaftlech Theme geet, d'Chris Lauer, Joergang 1995, hëllt kee Blat virun de Mond. Am Gedicht "zu spät" schreift si:
"Wie Brandopfer aus Wolkenkratzern, wie der Falling Man (ich war damals sechs und verstand das Bild nicht, ich drehte und drehte es, Ich verstand nicht was das sollte , Die Menschennaht auf einem übergrossen Streifenanzug)"
Eng ganz perséinlech Erfarung, déi awer universell nozevollzéien ass. Dass dat Gedicht aus dem dës Zeile staamen sech eigentlech guer net ëm 9/11 dréint, mä villméi ëm de Klimawandel, mécht nach eng Kéier méi däitlech dass mir an enger Zäit liewen déi vu ganz ënnerschiddlechen Traumaen geprägt ass, Traumaen déi alleguer an der Chris Lauer hierer Lyrik erëmzefanne sinn.
Ech sinn der jonker Dichterin begéint an hu mech mat hir iwwer hir "Gut verräumte Sternschnuppen" ënnerhalen.
"Gut verräumte Sternschnuppen" vun der Chris Lauer ass bei Limbus Lyrik erauskomm. -
E Band mat Kuerzgeschichten ronderëm en aussergewéinleche Personnage
Journalist, Poet, Iwwersetzer, Auteur vun engem Roman an elo engem Buch mat Kuerzgeschichten: de Florent Toniello, 1972 zu Lyon gebuer, huet d'Schreiwen an all senge Formen zum Beruff gemaach. Zënter 10 Joer lieft a schafft hien zu Lëtzebuerg. 2015 krut hie fir säi Gedichtband Flot(s) den éischte Präis am Nationale Literaturconcours an ass zënter 2018 directeur artistique vum Festival Printemps des Poètes Luxembourg. Nieft senger Léift fir d'Poesie huet hien awer och e Faible fir Science Fiction a Fantasy den hien a sengem Roman Ganaha (2020 erauskomm) an elo a senger Kuerzgeschichtesammlung mam Titel Honorable Brasius auslieft.
Am Interview erzielt hien wien den aussergewéinleche Personnage ass, deen dem Buch säin Titel gëtt an deen an 3 vun deene 5 Kuerzgeschichte virkënnt.
"Honorable Brasius" vum Florent Toniello ass bei Hydre éditions erauskomm
N.B.: D'Autoreresidenz am Literaresche Colloquium Berlin (LCB) gëtt am Kader vun enger Ausschreiwung vu Kultur | lx – Arts Council Luxembourg zesumme mat de Lëtzebuerger Bicherfrënn – Les Amis du Livre a.s.b.l. souwéi dem Centre national de littérature verginn. -
Eng bësseg Sylvester-Satir
Dass Feierdeeg net onbedéngt ëmmer déi reng Harmonie mat sech bréngen, ass gewosst. Dem Guy Rewenig seng nei Erzielung «la coupe est pleine» spillt op Sylvester, ze feieren gëtt awer näischt! Ganz am Géigendeel, et ass eng bësseg Satir op eng verlugge Gesellschaft, déi sech esou gären d’Philanthropie op de Fändel schreift an a Wierklechkeet ganz aner Ziler virun Aen huet.
"La coupe est pleine" vum Guy Rewenig ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm. - Mostrar más