Episodit
-
De Max an den Dani hu sech e bësse Luxus gegënnt an eng kreativ Paus ageluecht. Ma mat der neier Episod ass déi dann elo och offiziell eriwwer. Allenzwee hunn se d’Zäit ee bësse genotzt fir sech selwer ze verwierklechen. Erauskomm ass dobäi selbstverständlech näischt. Ma an deene vergaangen Deeg ass allerdéngs relativ vill passéiert, wat déi Zwee dann an dëser Episod revu passéiere loossen an dat natierlech op déi gewinnten, lëschteg an net alt ze serieux Aart a Weis. Vill Spaass beim lauschteren.
-
Vue, dass dëst Episod scho mëttlerweil déi zwanzegst ass, hunn de Max an den Dani ee ganz grousse Gaascht an de Podcast geholl an zwar soss keen anert wéi d’Jil Devresse. Eng lëtzebuergesch Schauspillerin déi der héchstwarscheinlech alleguerte kennt an zwar aus der éischter Staffel vu "Capitani". D'Jil huet do nämlech d’Roll vum Jenny Engel gespillt.
Wéi et am Liewe vun der jonker Schauspillerin ausgesäit, wéi et zu deem Beruff komm ass a wat an Zukunft ze erwaarden ass gëtt et alles an dëser Episod. -
Puuttuva jakso?
-
Nodeems de Max an den Dani an der leschter Episod mam Evelyna Exclusiv iwwert d'Liewen als Eskort-Damm hei zu Lëtzebuerg geschwat hunn, huet d'Evelyna deenen zwee och gezielt, dass den Daniel aus der "Daniel's Kitchen Show", säi beschte Kolleeg ass. Natierlech hunn de Max an den Dani sech déi Geleeënheet net entgoe gelooss an se allen zwee an de Podcast invitéiert.
-
De Max an den Dani halen hier Verspriechen. Bei der leschter Episod war den Invité leider kuerzfristeg ofgesprongen esou, dass et elo fir dës Episod dann awer geklappt huet.
Op Besuch am Studio haten de Max an den Dani soss keen anere wéi d’Evelyna Exclusiv, eng Damm aus der Erotik-Branche. Déi dräi hunn iwwert alles geschwat wat et esou ze schwätze gëtt a kloer gemaach, dass jiddereen esou ka si wéi e wëll, ouni sech vun anere Leit domm Remarke musse gefalen ze loossen. -
De Max an den Dani melle sech mat enger neier Episod zeréck. Allerdéngs ass déi ganz anescht verlaf wéi dat geplangt war. Um Planning stoung ee Special-Guest, dee leier kuerzfristeg huet missten ofsoen. Wat natierlech mat sech bréngt, dass déi zwee nees dat hu misste maache wat se am beschte kënnen, nämlech improviséieren. Wat an dësem Fall zu zwou ganz delikaten Diskussioun gefouert huet.
-
D’Episod 16 ass dann elo offiziell dobaussen an ass och ee Vidcast. D’Jonge vun Intensiv Primitiv kann een also och dëst Kéier net just lauschtere mee och kucken. An dëser Episod geet et dann ëm Aktuell Sujeten, wéi zum Beispill déi lëtzebuergesch Serie «Capitani», wéi ee sech op der Welt eng Insel kafe kann an a wéi enger Relatioun déi mat de Wunnengspräisser hei zu Lëtzebuerg stinn. Eng Thematik déi natierlech net einfach ze verdauen ass. Virun allem da wann ee bedenkt, dass ee fir de Präis vun engem Appartement zu Lëtzebuerg, op de Bahamas eng ganz Insel kafe kann.
-
Nodeems de Max an den Dani effektiv eng Woch hu missten aussetzen an dowéinst kee Podcast eraus komm ass, hu se sech fir déi nei Episod elo eppes ganz Besonnesches ausgeduecht. Et ass nämlech déi éischten Episod déi komplett gefilmt ginn ass. Domat awer nach net genuch: Déi zwee hunn nämlech an der Vergaangenheet vun engem Eldo-Mataarbéchter gewullt a sinn dobäi op eppes ganz nteressantes gestouss. Ëm wien et hei geet a virun allem wat do un d'Luucht komm ass, gëtt een am Detail an dëser Episod 15 erkläert an zwar zesumme mat deem Concernéierten. Eppes kann een awer elo scho mol soen an zwar, dass ee verstoppten Talent entdeckt gouf.
-
De Max an den Dani sinn aus hierer klenger Chrëschtvakanz-Paus zeréck an dat mat der Episod 14. Eng Episod déi et a sech huet. Nodeems déi zwee nämlech vum Chef erwëscht gi si wéi se an den Archive gewullt hunn, kruten se 2 Woche Kontaktverbued. D’Archive beim Eldo sin helleg a wann déi zwee doranner wullen, dann heescht dat definitiv näischt Guddes … fir de Chef. Se hunn nämlech no enger Testsendung gesicht, déi se virun ongeféier engem Joer wärend der Ausgangsspär opgeholl hunn. Eng Sendung déi, nodeems de BigBoss se gelauschtert huet, net huet dierften ausgestraalt ginn. A genau déi Sendung hunn de Max an den Dani erëm fonnt, schéi propper zesumme geschnidden an an de Podcast gepak. Wisou elo den Dani vum Max aus enger Telefonskabinn ugeruff kritt, gëtt ee just an dëser Episod gewuer.
-
An der mëttlerweil 13er Episod vun Intensiv Primitiv, hunn de Max an den Dani sech am debattéiere probéiert an iwwert Thema geschwat wéi zum Beispill, de grousse Alkoholkonsum bei de Leit. Donierft ass de Max awer och um Sprong a Richtung Dublin, do huet hien nämlech eng potentiell Entrevue mam Conor Mcgregor an net ze vergiessen ass ee leschte wichtege Sujet an zwar d’Fussball-WM am Katar déi zum Schluss vum nächste Joer ass.
-
Esou lues awer sécher beweege mer eis nees a Richtung Homeoffice. Natierlech heescht dat och nees, dass Video-Konferenzen um Dagesplang stinn. Esou Konferenze kënne fir deen een oder aneren och schlecht ausgoen. Den Dani erkläert dat un engem Fallbeispill. Donieft ass dann och gläich Chrëschtdag, wou de Max sech dann ëmmer nees méi bewosst gëtt, dass hie keng Kaddoe brauch.
-
Vue, dass de Max an den Dani lescht Woch e puer organisatoresch Schwieregkeeten haten an d’Episod 11 mat enger Woch Verspéidung eraus kënnt, haten se genuch Zäit sech ze preparéieren.
Nodeems da kloer gëtt wisou den Ausfall passéiert ass, gräifen déi zwee verschidde Videoen a Sujeten op aus deene leschte Wochen. Dorënner ee klengt Meedchen dat virun der Queen vun engem Zaldot eng op d’Stier krut. Och mat dobäi sinn Umaachspréch vu jonker fir jonker an net ze vergiessen ass an dëser Episod den Joe Exotic alias ‘’ Tiger King’’. -
Den Dani an de Max diskutéieren iwwert eise Premier de beduckst huet, an déi Mënschen mat der meeschter Muecht op der Welt dorënner ass zb och de Poopst Fränz!
Wat den Dani eis erëm dozou ze zielen huet, dat gëtt ënnert anerem an dëser Episod diskutéiert. -
Den Dani huet säi Spuerschwäin eidel gemaach fir am Kader vum Podcast op London ze fléie fir sech do ee Bild vun der Corona-Situatioun ze maachen. Also dat ass mol dat wat hien eis gezielt huet. Schlussendlech souz hien am Stadion fir ee Match vun der NFL ze kucken an zwar Miami Dolphins VS Jacksonville Jaguars. Vue datt de Max näischt dovunner wosst huet den Dani him d’Zong laang gemaach an an der Episod 9 d’Geleeënheet genotzt fir alles ze beichten an dovunner ze zielen, dass hie verschidde Spiller esouguer kennegeléiert huet. Dorënner iwwregens och den Zwee-Fanger-Aarsch-Gusti.
-
An der ganz neier Episod vun Intensiv Primitiv ginn de Max an den Dani ënnert d’Museker. Dat heescht elo net, dass se just een Interview mat engem bekannte maachen, mee se huele sech zwee bekannte lëtzebuerger Museker u Bord an huele mat hinnen zesummen ee Lidd op. Laang Ried kuerze Sënn: De Max an den Dani hunn ee Lidd eraus bruecht. Dat zesumme mam Kiko vun der Band Zero Point 5 a mam Janu Decker alias UMI ( DJ a Produzent ). Eraus komm ass den Track ‘’Listen Bambino’’ a gläichzäiteg kënnegen déi zwee vun Intensiv Primitiv un, dass hire Podcast an Zukunft net just ee mol de Mount eraus kënnt mee zwee mol. Listen Bambino – UMI, Kiko Feat. Primo Tivio. Vill Spaass beim Lauschteren.
-
Nodeems nees ee Mount vergaangen ass sinn déi zwee Chaoten nees ready fir nei Storyen ze zielen. De Max war an der Toskana op der Plaz wou een Deel vum Film Gladiator gedréint gouf an den Dani huet Norwegen onsécher gemaach. Niewent dem Jetset-Liewe vun deenen zwee, spillt awer och nach den Elon Musk eng grouss Roll.
-
De Max an den Dani wollte mat der 6. Episod de Bausteen fir eppes ganz Neies leeën. No laangem iwwerleeën si si op d'Iddi komm en eegene Béier ze maachen. Wat zimmlech interessant ass, well den Dani absolut keen Alkohol drénkt. Wat hunn déi zwee do gewurschtelt? Op wat wëlle se eraus a wéi wäit si se mat hirem Plang? Dat alles gëtt et an der Episod 6 - Cheer Beer.
-
Nodeems de Max an den Dani sech an de Podcast vun der Erklär&Laach geschlach hunn an dat ouni, dass d’Hosts vum Podcast et selwer wossten, ass et elo un der Zäit alles opzeléisen. Wéi hunn déi zwee dat fäerdeg bruecht? Sinn se an den illegale Beräich gerutscht a wat ass dobäi eraus komm? Froen op déi et Äntwerten an dëser Episod ginn. An natierlech gëtt och opgekläert ob den RTL hire Lieserbréif verëffentlecht huet.
-
Nodeems nees ee Mount vergaangen ass, dem Max den Handy an d'Toilette gefall ass an den Dani de Stagiaire op d'Kaffi-Siche-Goe konditionéiert huet, hunn déi zwee eppes erlieft wat se zum ëmdenke bruecht huet. Wéineger ass méi a méi ass an deem Fall een einfacht Kéis-Bréitchen. Ee Bréitchen dat déi zwee esou wäit bruecht huet, dass se ee Lieserbréif verfaasst hunn, deen elo och um offizielle Wee un den RTL geschéckt gëtt. Vill TamTam denkt der elo bestëmmt? Ma richteg geduecht! Oder villäicht awer net?
-
Ee Mount ass vergaangen nodeems de Max an den Dani op der Sich nom Stösi waren. An der Zäit huet sech bei deenen zwee e bëssen eppes (wéi) gedoen.
Niewent engem klengen Update wat alles passéiert ass huelen déi zwee iech mat an Italien op eng Partie ''Scopa''. Ee Spill bei deem virun allem déi italienesch Nonoen an Nonas sech gären an d'Hoer kréien a sech Schëmmel a Bless vernennen. Wat een iwweregens och op engem Video gesäit, deen de Max an den Dani an dëser Episod analyséieren.
D'Rees geet da vun Italien aus an d'USA op Wisconsin an de Rollingstone, een Duerf an deem viru méi wéi 100 Joer vill Lëtzebuerger ausgewandert sinn an haut nach ëmmer Lëtzebuergesch geschwat gëtt. -
Mat vill Iwwerzeegung, Motivatioun a Courage hu mer eis getraut engem Mythos hei zu Lëtzebuerg op de Grond ze goen. De Stauséi ass virun allem am Summer déi perfekt Plaz fir sech hei am Land e bësse Vakanzefeeling ze gënnen. Dat ass awer nach laang net alles. Ënner Waasser si Ruinen vun Haiser a Brécken. En Duerf ënner Waasser, dat fir d’Lescht 1991 ze gesi war, wéi de Stauséi dréche geluecht ginn ass. D’Fro ass elo, wisou gëtt de Séi scho säit esou laangem net méi auslafe gelooss? Den Dani huet do ee Verdacht, deem mer op der Grond ginn an d'Episod 2 aus engem Schlauchboot um Stauséi ophuelen.
- Näytä enemmän