Episodit
-
1. Mat de 35 Stëmme vun der CSV/DP-Majoritéit huet d’Chamber de Moien de Statsbudget fir dat anert Joer ugeholl
2. D‘Zuel vun den Infektiounskrankheete vun den Otemweeër ass zu Lëtzebuerg weider um Klammen
3. Am Prozess ëm d‘Vergewaltegunge vun der Giséle Pelicot goufen haut sämtlech 51 Ugeklote schëlleg gesprach
4. Am Raum Dol kéint ee Wollef Schof gerass hunn, Analyse solle Kloerheet schafen
5. Op senger traditioneller Pressekonferenz fir d‘Enn vum Joer huet de russesche President Wladimir Putin haut zouginn, datt d‘Inflatioun am Land him géif Suerge maachen -
1. D'Ouvertureszäite vun de Geschäfter solle verlängert ginn
2. D'Chamber stëmmt iwwer de Staatsbudget of
3. Moskau: traditionell Jorespressekonferenz vum Wladimir Putin -
1. D'Ouvertureszäite vun de Geschäfter solle verlängert ginn
2. D'Chamber stëmmt iwwer de Staatsbudget of
3. Moskau: traditionell Jorespressekonferenz vum Wladimir Putin -
1. Kritik vun der Oppositioun de Mëtteg an der Chamber bei de Budgets-Debatten - virun allem a Saache Logements-, Sozial- a Steierpolitik vun der Regierung
2. D‘Creos huet den Tracé fir déi éischt 380 Kilovolt Héichspannungsleitung hei am Land validéiert
3. D‘Regierung wëllt d‘Ëffnungszäiten am Commerce erweideren - d‘Gewerkschafte spueren net mat Kritik
4. De fréiere franséische President Nicolas Sarkozy gouf definitiv zu enger Prisongsstrof vun engem Joer mat enger elektronescher Foussfessel verurteelt
5. An den USA wier een éischte Fall vun der Vullegripp beim Mënsch festgestallt ginn, esou d'Gesondheetsautoritéiten -
1. D’Aschätzunge fir de Budget wiere virun engem Joer vill ze negativ gewiescht, esou de Finanzminister Gilles Roth an der Chamber
2. OGBL: Bei Caritas Jeunes & Familles wieren zwee Personalvertrieder suspendéiert ginn
3. De Moment muss nach keen am Mäerterter Hafen an de Chômage technique geschéckt ginn, seet CEO
4. D‘EU sollt hir Sanktioune géint Syrien iwwerdenken, mengt d‘Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen
5. Weltwäit geet de Verbrauch vu Kuelen an d‘Luucht, fir 2027 gëtt neien Héchststand erreecht -
1. Musel-Blockad: Keng Liwwerenkpäss bei Pëtrolsproduiten zu Lëtzebuerg, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles
2. Sirens Call Museksfestival: Keng Editioun 2025 an eventuell och duerno net méi, esou Direktesch vun Neimënster
3. Chamber: Budgetsprojet fir 2025 steet am Mëttelpunkt mat der Interventioun vum Finanzminister an duerno de Budgetsdebatten
4. Mayotte: Sanitär an humanitär Situatioun verschlechtert sech
5. Fussball: Brasilianer Vinícius Júnior a Spuenierin Aitana Bonmatí als bescht Spiller ausgezeechent -
1. Musel-Blockad: Keng Liwwerenkpäss bei Pëtrolsproduiten zu Lëtzebuerg, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles
2. Sirens Call Museksfestival: Keng Editioun 2025 an eventuell och duerno net méi, esou Direktesch vun Neimënster
3. Chamber: Budgetsprojet fir 2025 steet am Mëttelpunkt mat der Interventioun vum Finanzminister an duerno de Budgetsdebatten
4. Mayotte: Sanitär an humanitär Situatioun verschlechtert sech
5. Fussball: Brasilianer Vinícius Júnior a Spuenierin Aitana Bonmatí als bescht Spiller ausgezeechent -
1. Lëtzebuerg dierft den Zuch vun der Kënschtlecher Intelligenz net verpassen. Dat sot d‘Budgets-Rapportrice Corinne Cahen de Mëtteg an der Chamber
2. De Fong Kierchbierg wäert eng 120 VEFA-Wunnenge kafen, fir datt de Projet Kiem2050 an de Bau ka goen
3. Lëtzebuerg soll méi eng nohalteg Reesdestinatioun ginn
4. A Frankräich soll d‘Regierung an e puer Deeg stoen, esou de Premier François Bayrou -
1. De Minister Lex Delles huet e Konzept fir nohaltegen Tourismus presentéiert
2. Den 1. Januar ginn d‘Pensiounen ëm 1,6% an d‘Luucht
3. Budget 2025: den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner kritiséiert Steierupassungen
4. OGBL: den Enseignement général ass a Wierklechkeet besser, wéi en am Bildungsbericht duergestallt gëtt
5. Ukrain revendiquéiert Mord u russeschem Generol zu Moskau -
1. Budget Haaptstad: 1,55 Milliarde fir 2025, Bduegt gouf mat Stëmme vun DP-CSV Majoritéit ugeholl
2. Mayotte: Emmanuel Macron versprécht Hëllef nom katastrophale Stuerm a reest dohin
3. Wisconsin: Schülerin vu 15 Joer erschéisst zwou Persounen an enger Schoul
4. Réckschlag Donald Trump: Riichter zu New York refuséiert Urteel an der Stormy Daniels Affär opzehiewen.
5. Mpox Virus: Zwee Schoulkanner an Schoul net wäit vu Köln infizéiert -
1. Budget Haaptstad: 1,55 Milliarde fir 2025, Budget gouf mat Stëmme vun DP-CSV Majoritéit ugeholl
2. Mayotte: Emmanuel Macron versprécht Hëllef nom katastrophale Stuerm a reest dohinner
3. Wisconsin: Schülerin vu 15 Joer erschéisst zwou Persounen an enger Schoul
4. Réckschlag Donald Trump: Riichter zu New York refuséiert Urteel an der Stormy-Daniels-Affär opzehiewen
5. Mpox-Virus: Zwee Schoulkanner a Schoul net wäit vu Köln infizéiert -
1. An Däitschland ass de Wee bereet fir Neiwalen: de Bundestag huet dem Kanzler Olaf Scholz d‘Vertraue wéi erwaart entzunn
2. Wéinst engem techneschen Defekt gouf et de Mëtteg eng gréisser Stroumpann an der Stad Lëtzebuerg
3. Den Educatiounsminister wëllt Jugendhaiser a Jugendorganisatioune weider stäerken
4. De Baschar al-Assad wier net fräiwëlleg aus Syrie fortgaangen, mee vu Russland evakuéiert ginn, heescht et an enger Deklaratioun op Telegram -
1. Déi finanziell Situatioun vun der Fleegeversécherung ass stabel, fir nächst Joer gëtt mat engem positive Sold vu 34,3 Millioune gerechent
2. D’Lëtzebuerger Weltraum-Agence baut hir Zesummenaarbecht mat der NASA aus a sicht och no anere Partner
3. D‘EU schéckt en Top-Diplomat a Syrien, fir Kontakt mam neie Regimm zu Damaskus opzehuelen
4. Futtis Schleis zu Müden: haut fänkt Noutschleisung un
5. Zyklon am franséischen Iwwerséi-Departement Mayotte: méiglecherweis Honnerten Doudeger -
1. Mayotte: Nom Zyklon gëtt mat Honnerten Doudege gerechent, vläicht nach vill méi, esou de Préfet vum franséischen Département d‘outre-mer
2. Lëtzebuerg: Nei Horairë fir CFL-Zich an RGTR-Bussen zanter gëschter
3. Däitschland: Bundestag stëmmt iwwer d‘Vertrauensfro vum Olaf Scholz of
4. Frankräich: Neie Premier François Bayrou huet haut a muer Consultatioune mat politesche Kräften
5. Dammenhandball: Norwegen ass nees Europameeschter -
1. Mayotte: Nom Zyklon gëtt mat Honnerten Doudege gerechent, vläicht nach vill méi, esou de Préfet vum franséischen Département d‘outre-mer
2. Lëtzebuerg: Nei Horairë fir CFL-Zich an RGTR-Bussen zanter gëschter
3. Däitschland: Bundestag stëmmt iwwer d‘Vertrauensfro vum Olaf Scholz of
4. Frankräich: Neie Premier François Bayrou huet haut a muer Consultatioune mat politesche Kräften
5. Dammenhandball: Norwegen ass nees Europameeschter -
Op d’mannst 14 Doudesaffer: Dat ass de jéngste provisoresche Bilan nom Passage vum Zyklon Chido iwwert dem franséischen Département d’outre-mer Mayotte am Indeschen Ozean. Dir héiert elo gläich eng Korrespondenz dozou vu Paräis.
D’kurdesch Communautéit hei am Land huet gëschter virum tierkesche Konsulat an der Stad manifestéiert. D’Kurde bei eis wëllen d’Autonomie fir déi Regioun am Norde vu Syrien, an där si an der Majoritéit sinn.
Am Hären-Handball gewënnt Bierchem en enke Spëtzematch zu Esch, wougéint d’Spëtzepartien am Dammen-Basket méi däitlech fir de Gringewald a fir Konter waren: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport. -
Muar ass et op den Dag genee 80 Joer hier, dass d’Ardennenoffensiv am Éisléck ugefaangen huet. Gëschter huet Lëtzebuerg um Militärkierfech zu Hamm den amerikanesche Befreier Merci gesot fir hire bluddegen Asaz virun 8 Jorzingten.
Op d’mannst zwee Doudeger: Dat ass de provisoresche Bilan vum Passage vum Zyklon Chido op der franséischer Insel Mayotte. D’Situatioun do wär dramatesch, an de Bilan vun den Doudesaffer dierft nach an d’Luucht goen.
Bierchem gewënnt en enke Spëtzematch am Hären-Handball zu Esch, an d’Spëtzepartien am Dammen-Basket ware méi däitlech fir de Gringewald a fir Konter: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport. -
1. Ardennenoffensiv: Commemoratioun 80. Joeresdag
2. Piraten: Nei Statuen a Parteispëtzt
3. Walfer: Persoun vun Zuch erfaasst
4. Georgien: Riets-extremen Ex-Fussball Profi als President ernannt
5. Mayotte: Op d‘mannst zwe Doudeger wéinst Stuerm „Chido“ -
Um Kongress vun der Piraten-Partei zu Péiténg gouf de Moien eng Statutenännerung ugeholl. No den Turbulenzen a Spannunge war deen Nationalkongress mat Spannung erwaart ginn; mir schalten elo direkt dohinner.
A Südkorea ass de President, dee jo d’Krichsrecht kuerzzäiteg ausgeruff hat, de Moie vum Parlament ofgesat ginn. Eng Vote no engem 1. negative Vote an deem Sënn goung deen zweeten an den Ae vun der Oppositioun positiv aus.
Walfer setzt sech am Hären-Basket kloer zu Munnerëf duerch, an Norwegen an Dänemark streide sech ëm d’europäesch Kroun am Dammen-Handball: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport. -
D’fréier Presidentin vum amerikanesche Parlament, Nancy Pelosi, huet sech bei enger Visite hei zu Lëtzebuerg bei enger Chute d’Hëft gebrach. Déi 84 Joer al Politikerin soll an den Trape vum groussherzogleche Palais gefall sinn.
D’Mandat vum neie franséische Premier François Bayrou fänkt, wat d’Finanzdonnéeë vum Land betrëfft, net gutt un. D’Ratingsagence Moody’s huet d’Note vu Frankräich hënnt nämlech erofgesat.
Walfer setzt sech am Hären-Basket kloer zu Munnerëf duerch, a Lëtzebuerg kritt et an der Qualifikatioun fir d’Fussball-WM entweder mat Däitschland oder Italien ze dinn: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport. - Näytä enemmän