Episodes
-
Nom Doud vum Poopst François stellt sech elo d’Fro: wat kann ee sech vu sengem Successeur erwaarden a wéi eng Krittäre spillen eng Roll bei de Wale vum neie Chef vun der kathoulescher Kierch? Dat beschwätze mir mam Weibëschof Leo Wagener.
-
Tëschent Februar a Juli 2024 kritt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut. Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun där kathoulescher Organisatioun domadder inevitabel? Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden.
"Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Recherche leet oppen, wéi kleng a grouss Accidenter sech an dëser Affär uneneereien. D'Verhale vun der Finanzdirektesch an de Banken, d'Schwieregkeeten an der Generaldirektioun an am Verwaltungsrot, an d'Decisioune vu Bistum, Premier an Ausseminister ginn am Detail beliicht.
Abonéiert Iech fir näischt ze verpassen
-
Episodes manquant?
-
D'Friddensplattform rifft muer (19.4.) zu hirem Ouschtermarsch op. Mee wéi sollen déi friddlech Léisunge fonnt ginn?
-
De Lëtzebuerger Student bedeelegt sech reegelméisseg u Rettungsmissiounen un der Krichsfront an der Ukrain. Firwat mécht hien dat?
-
Mir froen d'Presidentin vum Observatoire de l’Environnement Naturel, firwat si déi geplangte Reform vum Naturschutzgesetz kritesch gesäit.
-
D'Europadeputéiert ass dës Woch mat enger Delegatioun vun deene Gréngen am Europaparlament an der Ukrain, fir sech e Bild vum Zoustand vum ukrainesche Gesondheetssystem ze maachen.
-
Mir froen den neie President vun der Dëschtennisfederatioun, wéi hien no de Reiwereien an de leschte Méint nees Rou an d'FLTT wëllt bréngen.
-
E Sonndeg geet d'Weltausstellung zu Osaka a Japan op. Mir froen de Kommissär fir de Lëtzebuerger Pavillon, wat d'Visiteuren do erwaart.
-
D'Députée-maire vun Iechternach wëllt Presidentin vun der DP ginn. Wat huet si mat der Partei wëlles?
-
Ass de Bausecteur mëttlerweil um Wee aus der Kris eraus? Mir froen de Vizepresident vun der Chambre des Métiers.
-
Den Invité vum Dag ass deen neien Direkter vun der Associatioun Jonk Entrepreneuren.
-
Mir froen den Escher Buergermeeschter, wéi hie seng Gemeng wëllt prett maache fir 50.000 Awunner.
-
Am Gespréich mam Stater DP-Mobilitéitsschäffe geet et ëm d'Verkéierssituatiounen um Lampertsbierg an zu Gaasperech.
-
Mam Direkter vun der Industriellefederatioun Fedil schwätze mir ë. a. iwwer d'Stroftaxe vum US-President Trump.
-
Mam Generaldirekter vun der Police geet rieds iwwer dee massive Recrutement, d'2024er Kriminalstatistik an d'Aféierung vun de Bodycams (vum 1. Juli un).
-
Den EU-Agrar-Kommissär ass den Invité beim Maurice Molitor.
-
Froen un den neie President vum COSL, dem Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois, deen e Samschdeg d'Nofolleg vum André Hoffmann un der Spëtzt vun deem zentralen Organ vum Lëtzebuerger Sport iwwerholl huet.
-
D'OGBL-Presidentin trëtt um Kongress vun der Gewerkschaft nach eemol fir ee weidert Mandat vu fënnef Joer un. Wat huet si sech virgeholl an Zäiten, an deenen d'Gewerkschafte viru groussen Erausfuerderunge stinn?
-
Riskéiert d’Theema Klimawandel lues awer sécher am generellen Oprüsten ënnerzegoen? A wat mécht een dogéint? Dat froe mir d'Presidentin vum Mouvement écologique no hirem Kongress de Mëttwoch Owend.
-
Lant déi nei Zort Gentechnik geschwënn op eisen Telleren? A passt déi nei EU-Agrar-Strategie och op Lëtzebuerg? Dat freet d'Christiane Kleer d'CSV-Landwirtschaftsministesch.
- Montre plus