Episodes
-
“On a des liens plus que professionels” - dat seet d’Michèle Kerschenmeyer iwwer de Quatuor Louvigny, an deem si d'Pianistin ass. Hiren nächste Concert an der Philharmonie ass den 28. Abrëll owes um hallwer 8. En ass organiséiert vun de Solistes Européens, Luxembourg.Déi fënnef Museker kenne sech alleguer schonn zanter Laangem: déi eng ware Professer vun deenen aneren, an déi aner si wierklech Famill mateneen. D’Pianistin an de Geiist Philippe Koch spille schonn zesummen zanter méi wéi 20 Joer. Um Programm vun dësem Concert sti Kammermusekswierker vu Shostakovich a Brahms.Am Gespréich mam Marie Schockmel erzielen déi zwee méi iwwer de Concertsprogramm an iwwer déi familiär Atmosphär an hirem Ensembel.
-
Episodes manquant?
-
Si si 4 Fraen aus verschiddenen Ecker vun der Welt, déi sech zu London zesummefonnt hu fir ganz eklekteschen a psychedelesche Rock ze maachen. Rieds geet vu Los Bitchos, déi dëse Weekend um Out of The Crowd spillen. D’Claire Barthelemy huet mat der Lead-Gittaristin geschwat.
-
D’Traditioun wëllt, dass um Out of the Crowd Festival och ëmmer eng Koppel local Bands d’Bün vun der Kulturfabrik beglécken däerfen. Dëst Joer sinn dat déi jonk Punk-Band Waffle Killers, an d’Hardcore Band Ultranothing. Mat deenen hate mir Enn lescht Joer iwwer hiren Debut geschwat, mat den Eisekuchemäerder nach net, also gouf et héich Zäit. D’Waffle Killers sinn een typesche Rock-Power-Trio an huele sech vu Grunge a Punk, wat d’Feier am Bauch ausdréckt. D’Sängerin a Gittaristin Lilo Sour steet Ried an Äntwert.
-
Um Piano am Stater Conservatoire huet dem Anselme Pau säi musikalesche Parcours ugefaangen. Zu San Francisco huet hien da Film studéiert, an duerno ass hie quasi aus Zoufall an de Beräich vun der Filmkompositioun gelant. Datt Musek eppes bei anere Leit bewierkt, huet de Lëtzebuerger Komponist schonn am Alter vun 9 Joer gemierkt. Elo huet hien en neien Album erausbruecht, mat 26 Kompositiounen aus verschiddene Filmer. Den Titel “Hidden Scores” passt zu 100 Prozent och op hien, well hien ëmmer hanner der Musek ass.
An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Anselme Pau ënner anerem méi iwwer seng Musek fir Documentairen, Filmer a Reklamme verroden. -
Mëttlerweil ass déi siwent Staffel vun der Serie op Netflix ze gesinn. Hei ginn Zukunftszenarien opgemaach, déi gäre mol ganz düster sinn. De Simon Larosche seet eis, ob sech déi Neiste lount.
-
D’Amelia Baker - Kënschtlernumm Cinder Well - ass eng amerikanesch Singer-Songwriterin. Hir musikalesch Ufäng sinn op den Albume vun der kalifornescher Anarcho-Folk-Band Blackbird Raum ze héieren. Fir hiren Interessi un traditioneller Musek ze verdéiwen ass si an Irland geplënnert, wou hire Solo-Folk-Projet Cinder Well gebuer ass. Ënner der Woch huet si am Ratelach zu Esch ee Concert gespillt. Den Nicolas Calmes huet hir nom Concert e puer Froe gestallt.
-
D'Luxembourg Saxophone Association huet vum 7. bis 9. Abrëll hiren alleréischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg fir Klassesch- an Jazzsaxofonisten a -saxofonistinnen organiséiert. Ufank vun der Ouschtervakanz hat d’Saxofonsfamill sech zu Esch versammelt, fir an deenen ënnerschiddlechsten Atelieren ronderëm dat polyvalent Instrument ze schaffen. Si waren alleguer komm: vum Sopran iwwer den Alto an den Tenor bis bei de Bariton.De Guy Engels huet e puer Andréck vun Esch matbruecht.
-
De Prozess tëschent deenen zwee hat deemools Welle geschloen, de Rousekrich tëschent der Amber Heard an dem Johnny Depp gouf zu engem Medien-Event, dat och am Internet d'Mënschheet tëschent Pro-Depp a Pro-Heard gedeelt huet. Mat "Toronto" bréngt d'Elisabeth Benoit elo ee Roman eraus, dee weist, wéi duerch d'Demokratiséierung vum Zougrëff op d'Informatioun am Internet haut ee Privatliewe ka quasi duerch de Kaleidoskop vun Dausende vu Meenunge klinesch sezéiert an exposéiert ginn. Dem Jeff Schinker seng Rezensioun féiert eis duerch de Meenungs-Dschungel - an erkläert, wisou alles beim Kultauteur Hunter S. Thompson ugefaangen huet.
-
Déi véiert Produktioun vum Centaure dëst Joer ass och gläichzäiteg, wann een d’Reprise vun der “Poupée barbue” an den Accueil vun “Norma Jeane Baker de Troie” matzielt, dee véierte Monolog, deen een an de leschten aacht Méint am Centaure konnt gesinn. A "Prima Facie" geet et ëm eng knallhaart Affekotin, déi reegelméisseg Sexualverbriecher verteidegt - bis si selwer Affer vun engem Viol gëtt an de Justizsystem vun där anerer Säit kenneléiert. Mir hunn d’Metteuse en Marja-Leena Junker an d’Schauspillerin Céline Camara bei eis am Studio fir iwwer der Suzie Miller hiert Stéck ze schwätzen.
-
Gëschter hunn déi ronn 45 jonk Sänger vun de Pueri Cantores de Shinkansen geholl fir a knapp zwou Stonne vu Kyoto op Tokio ze kommen. Et ass de séiersten a pénktlechsten Zuch op der Welt. Och soss ass hiren Alldag am asiatesche Land voll mat spannenden Entdeckungen.
Ënner anerem wunne si bei Gaaschtfamillen an typesch japaneschen Haiser an iessen och déi traditionell Platen. Wien u Japan denkt, kann natierlech och net den Téi, spezifesch de Matcha, vergiessen. De Chouer huet eng ganz Stonn laang eng traditionell Téizeremonie materlieft.
Nieft kulinareschen a kulturelle Momenter stinn och eng sëlleg Concerten um Programm. Een Highlight war hiren Optrëtt viru ronn 500 Leit am Lëtzebuerger Pavillon am Kader vun der Weltausstellung zu Osaka.
Zwee vun de Bouwen an den Dirigent Pit Nimax verroden eis méi. -
Enn Mäerz hu sech d'Lëtzebuerger Militärmusek an hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun zesummefonnt, fir eng Rei Wierker opzehuelen. Ënnerstëtzung krute si dobäi vum éisträichesche Komponist an Dirigent Otto M. Schwarz, wéi och dem Sound-Ingenieur Lex van Diepen.Iwwer e puer Deeg hu si am Proufsall am Stater Conservatoire hir perséinlech Coup de coeuren opgeholl, déi si deemnächst och op de Streamingdéngschter erausbréngen. De Lex Kauffmann vum opus 100,7 huet dës Produktioun op der Plaz suivéiert.
-
Wéi all Joer organiséiert d'Gemeng Beetebuerg säi Fest, bei deem dat geschriwwent Wuert am Mëttelpunkt steet. Dëst Joer ass et déi 13. Editioun vu LiteraTour an de Patrick Hurt schwätzt iwwer d'Programmatioun an d'Iddien, déi hanner LiteraTour stiechen.
-
Kierzlech gouf d’Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d’Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren. Hei ass et dann um Guy Rewenig a sengem Roman “Goss“, dee bei Editions Guy Binsfled publizéiert gouf.
-
Am Kino leeft de Moment "Hard Times", deen zweeten Deel vum Wang Bing senger Youth-Trilogie, iwwregens eng Lëtzebuerger Co-Produktioun. De chineeseschen Dokumentarist huet fënnef Joer laang Textilaarbechter:innen iwwer d'Schëllere gekuckt. Hei en Extrait aus dem Interview, deen de Michel Delage d'lescht Joer mam Realisateur geféiert hat.
-
D'Edith Haller ass eng bekannt Wagner-Interpretin, déi international vill gefrot ass. Si stoung schonn zu Bayreuth am Festspielhaus op der Bün an 2019 huet si hiren Debut an der Metropolitan Opera zu New York gefeiert. Den 19. Abrëll kann een d'Südtirolerin elo fir eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg erliewen, am Mierscher Theater. Do interpretéiert d'Edith Haller dräi Wagner-Arien zesumme mam Orchestre National des Jeunes du Luxembourg.De Christophe Mirkes huet am Virfeld e Gespréich mat der Edith Haller geféiert, an deem si eis mathëlt an d'Déifgrënnegkeet vun de Wagner-Operen. Si verréit och, datt et hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg a mat engem Jugendorchester ass. Dofir freet si sech op hiren Optrëtt zu Miersch ganz besonnesch.
-
De Weekend war zu Paräis de Festival du Livre, déi gréisste Bicherfoire am Hexagon. Eng 450 Editeuren an Editricen an 1.200 Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen hu sech hei de Visiteure presentéiert. Dës Editioun stoung virun allem am Zeeche vum Retour an de Paräisser Grand Palais, dësen historesche Site, deen nees seng Diere fir d’Literatur opgemaach huet. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl war fir eis de Samschdeg um Festival ënnerwee an ass hei och engem Lëtzebuerger Literat begéint.
-
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
-
Lescht Woch gouf d’Shortlëscht vum Prix Servais bekannt. Dorop fënnt ee mam Tomas Bjørnstad, der Margret Steckel, dem Guy Rewenig, der Anne-Marie Reuter an der Carla Lucarelli vill al Bekannter a relativ wéineg Iwwerraschungen. An der VaLibrairie vun de leschte Méint haten d’Valerija Berdi an de Michel Delage déi Wierker scho beschwat. Ee gudde Grond, am Laf vun dësen Deeg nach eemol hir Rezensioune vun de Bicher ze lauschteren.
Dës Kéier ass et um Buch vun der Anne-Marie Reuter. No Gedichter a Short-stories huet déi Lëtzebuerger Editrice a Schrëftstellerin Anne-Marie Reuter hiren éischte Roman publizéiert. “M for Amnesia“ ass den Titel vum Buch, dat bei Black Fountain Press erauskoum an et op d‘Shortlëscht fir de Servais-Präis gepackt huet ... Mir lauschteren, wat d‘Valerija Berdi an de Michel Delage zu dësem dystopesche Wierk ze soen hunn. - Montre plus