エピソード
-
An dëser Episod schwätze mir doriwwer, firwat Héichbegabung net automatesch héich Schoulleeschtung bedeit. Vill héichbegaabte Kanner weisen net ëmmer dat, wat eigentlech an hinne stécht – heiansdo wéinst Langweil, Demotivatioun oder anere Facteuren aus hirem Ëmfeld.
Zesumme mam Laurence Di Letizia, Enseignante-ressource am CEJHP, kucke mir méi genee op dat Phänomen vum Underachievement. Mir erklären, wéi Facteuren ewéi Stress, Motivatioun, Selbstvertrauen oder d’Léierëmfeld d’Leeschtung beaflosse kënnen, wéi een éischt Warnzeechen erkennt a wéi d'Schoulen an d'Elteren d'Kanner gezielt ënnerstëtze kënnen.
Zum Schluss gëtt kloer: Leeschtung reflektéiert net automatesch Potenzial. Nolauschteren, Verstoen an individuell Ënnerstëtzung si wichteg Schrëtt, fir Kanner an hirer Entwécklung ze stäerken.
-
エピソードを見逃しましたか?
-
An dëser Episod schwätze mir iwwert d’Fro, wat Héichbegabung eigentlech bedeit – a firwat de Begrëff sou dacks falsch verstan gëtt. Eisen Invité Danielle Rod erkläert op verständlech Aart a Weis, wéi sech fachlech Definitioune vun den Alldaagsvirstellungen vun Elteren an Enseignanten ënnerscheeden. Mir klären heefeg Mythen a Froen, déi am Kontext Héichbegabung opkommen, a ginn Abléck an d’Praxis. Och d’Roll vun der Famill an der Schoul kënnt zur Sprooch, sou wéi konkret Beispiller aus dem Alldag. Zum Schluss huele mir mat: Héichbegabung ass vill méi wéi héich Leeschtung – a Versteesdemech ass de wichtegste Startpunkt.