エピソード
-
Et stoung fir eis béid läschte Weekend Championnat un a komescherweis gouf et bei eis béid e besse Problemer bäi der Arrivée.
Virun allem geet et haut awer em de Bols, wéi ermettelt een eigentlech säi Maximalbols a wéi rechent een seng Bols-zonen? A wann een déi bis huet, wat mecht een eigentlech domat? All dat kläre mer haut?
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
De nächste Weekend steht fir eis allebéid Championnat un, awer a ganz verschiddenen Disziplinen. Mee vill méi wichteg ass eigentlech d` Fro: Wat leef? Jo, Wat leeft an der Liichtathletikswelt, 5 Weltrekorder a manner wéi enger Woch?!
* Dee 5ten hu mer effektiv souguer vergiess unzeschwätzen.. Den Jacob Kiplimo brescht zu Bercelona net nemmen de Rekord um Semi-Marathon mee gläichzäiteg och säin eegene Rekord op de 15km.
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
エピソードを見逃しましたか?
-
Eent vun eise Lieblingsthemen ass jo bekanntlechdoriwwer ze schwätzen wei mir grad fir e Marathon trainéieren. Mee wat heecht et eigentlech wierklech wann een sech virhellt en Marathon ze lafen a wou ass eventuell den Ennerscheed zum Training fir aner Distanzen? Dat an awer iwwert eng ganz Rei ganz starke leeschungen op der Weltbühn schwätze mir haut!
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
Mir bleiwen bäim Thema Ernährung. Wat as eigentlech d´Theorie hannert der Ernährung fir d´Kompetitioun. Wéi funktionéiert Carbloading a wat huet et eigentlech mat denen Gels op sech. Alles dozou an der Episode vun haut!
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
Mir haten allen zwee e relativ ambitiéise Weekend mee et ass définitiv net alles no Plang gangen.. mee mer hun dat bäscht draus gemach!
Virun allem wëlle mer mer haut iwwert d’Ernährung schwätzen. Wat brauch de Kierper eigentlech vir effizient ze schaffen a wei regeneréiert een am bäschten?
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
Wat leeft eigentlech behind the scenes um CMCM Meeting? A firwat sollt een sech eventuell iwwerleen aner Sportarten a säin Trainingsplang ze integréieren?
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
Mir starten mat voller Motivatioun an dat neit Joer a stelle fest dass mir scho vill Welles hun.
Dat gellt natierlech net nemme fir eis mee bäi fille Leit halen déi gudd Virsätz net ganz lang, dofir schwätze mir haut doriwwer wat et fläicht fir Tricke gin fir sech selwer e bessen ze motivéieren um Ball zu bleiwen.
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
D´ Trailchampionnat ass wuertwiertlech gelaf an domat heecht et elo mol e bessen chillen, op mannst mol fir den Tom.. D´ Jil leisst sech eng läscht corse fir dësst Joer warscheinlech net entgoen.
Mee virun allem wëlle mir haut e Réckbleck op d`Joer 2024 machen a wat eis Top 5 Momenter desst Joer machen.
Heimat wënsche mir och all eise Nolauchterer schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d` neit Joer.
Mir Heiren eis am Januar!
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
Chreschtdag kennt lues awer secher mei no a wee kennt et net, et brauch een nach deen een oder anere last minute Kado. Haut schwätze mir driwwer wat déi bäschten Kadoen sin déi een sengem Laafbuddy mache kann.
D'Jil zielt eis awer och wei et him a senger éichter Woch mat engem neien Trainer ergangen ass an den Tom ass frou wann de Weekend d'Trail-Championnat eriwwer ass ann et zäit gett e bessen ze chillen.
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
D´Jil huet e neien Trainer an doduerch och e bessen nei Motivatioun, den Tom huet säin éichten Training an der Coque an tässelt sech den Dag duerno bäim Trail lafen gudd an de Bulli.
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
D'Jil war um Start um Cross-Championnat. E Podium war zwar net dran mee driwwer schwätze kenne mer op allefall!
D'Haaptthema vun haut sin awer d'Supershoes, mee wat ass dat eigentlech an fir ween sin déi eigentlech?
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
Et gëtt vill ze din!
Mir machen de Debriefing vum DeuLux Lauf a vum Trail Uewersauer, zwou bekannt Coursen am lëtzebuerger Laafkalenner.
Mir schwätzen awer och e bëssen iwwert d´Crossen déi waren a nach kommen a natierlech dierf de wëchentleche Weltrekord net fehlen!
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
D´Jil ass erem fit a mir wärtne allen 2 de Weekend um DeuLux Lauf sin, och wann eis Zieler e bessen auserneen gin. Ausserdem fanne mir haut eraus wat eigentlech déi bäschten Coursedistanz ass a firwat.
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
D'Auer gouf gestallt, wat bedeit dass mir demnächst wuel net méi dolaanscht kommen och mol am Däischteren mussen ze lafen. Wäi een dat am bäschten ugeet kläre mir haut.
De Weekend sin awer och direkt zwee lëtzebuerger Championstitelen vergi ginn an mer hun alt erem e neie Weltrekord gesin. Alles dozou an der Folg vun haut!
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
D´Jil ass elo säit enger Zäit verletzt a kann net sou lafe wéi et gäre wéilt. De perfekten Anlass fir iwwert d´Thema Verletzungen ze schwätzen, wéi een se vermeide kann mee och wéi een net nëmme physesch mee och psychesch domat ëmgeet wann et een awer emol erwëscht.
Zudem gouf zu Chicago de MArathon Weltrekord bäi den Damen gebrach an huet nodréiglech fir vill Diskussioune gesuergt. Eis Meenung zum Thema wëlle mir ierch neiterlech net virenthalen.
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
Den Tom war läschte Weekend zu Nice a Südfrankräich an ass do e 54km Trail gelaf an et ass besser gang wei erwaart. Mee mir schwätzen haut och doriwwer wat eigentlech eis Motivatioun ass fir ze lafen a wéi sech déi iwwert Joren geännert huet.
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
Haut de grousse Recap vum Jil sengem Marathon Debut zu Berlin an enger Rei organisatiounsschwieregkeeten op der Route du Vin zu Réimech.
Hei als kuertz ergänzung d´Classement vum Lëtzebuerger Championnat am Semi-Marathon an iwwer 5km:
Semi (Hären):
1. Niall Foley
2. Luc Scheller
3. David Trampert
Semi (Dammen):
1. Zsanett Moczo (Championne FLA)
1. Margaux Bruls
2. Shefi Xhaferaj
3. Runa Egilsdotter
5km (Hären):
1. Charel Weicherding
2. Yannick Lieners
3. Tom Recht
5km (Dammen):
1. Sandra Lieners
2. Liz Weiler
3. Carole Kill
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
Et ass esouwäit, d´Jil flitt muer op Berlin fir säin eichten Marathon ze lafen. D´läscht Woch si mir awer och allen 2 schon eng Course gelaf an si suguer béid op de Podium komm!
-
Et war de perfekte Weekend fir ze lafen a mir hu gudd profitéiert! Haut schwätze mir iwwer Kompressiounsstrëmp an Stretching, mee och iwwer de läschte Weekend vun der Liichtathletikssaison vun dësem Joer a wat et do fir Iwwerraschunge gouf.
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
-
Mir kucken eis haut un wéi een eigentlech déi läscht Wochen virun enger Course managed, schwätzen iwwert en curiosen 100m Sprint a freeën eis iwwert eng Bronzemedail fir Lëtzebuerg bäi de Paralympics.
Kontakt:
Email: watleeft.pod@gmail.com
IG: @watleeft.podcast
- もっと表示する