Episoder
-
Vum Paschtouer zum Politiker. De Paul Galles hat seng berufflech Carrière als Paschtouer ugefaangen. Wéinst dem Zölibat huet hien dee Beruff awer opginn an ass bei d'Caritas schaffe gaangen ier hie schliisslech an d'Politik koum. De Paul schwätzt am Podcast ganz fräi iwwert seng Decisiounen, iwwert seng Léift zu de Mënschen, iwwert d'Affaire Caritas, déi hie béis getraff huet, iwwert säi Wee vun der Kierch op de Krautmaart an natierlech och iwwer ganz Privates.
-
Den Alex Donnersbach, Deputéierten, Schäffen zu Walfer a Generalsekretär vun der CSV ass den Invité an der drëtter Episod vu Mikroskop. Mir kucken op dem Alex seng éischt Zäit am Parlament, säin Engagement an der Gemeng an awer och nach eng Kéier op seng Aarbecht als fréieren CSJ-President.
-
Mangler du episoder?
-
Den Nord-Deputéierte Jeff Boonen ass den Invité an dëser Episod. De Jeff ass zanter 2023 Deputéierten a Bauer. Den Haff am Schweecherdall ass ee Familljebetrib mä ier de Jeff Boonen den Haff iwwerholl huet, huet hien no sengem Studium an der Akerbauschoul geschafft a war ënnert anerem och Mat-Responsabel bei der Organisatioun vun der Foire Agricole. Am Podcast schwätzt de Jeff iwwert d'Landwirtschaft mä och ënnert anerem iwwert d'Energiepräisser.
-
An der éischter Episod vun MIKROSKOP léiere mer d'CSV Süd-Deputéiert Fränzi Kemp besser kennen. D'Françoise ass eng Stack-Diddelengerin an erzielt iwwert säi Liewen an d'Politik mä awer och iwwert hir Aarbecht wärend der Covid19-Pandemie an der Covid-Taskforce. D'Françoise Kemp ass dernieft Generalsekretärin vun der CSV an och dat ass een Thema an dëser éischter Episod vun MIKROSKOP.