Episoder
-
Sollen LGBTQ+-Sujeten an der Schoul behandelt ginn? Dat war dës Woch Thema an der Chamber. Wat ass vum Debat zréckzebehalen? An wat seet en iwwer déi politesch Polariséierung zu Lëtzebuerg aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
An Zukunft soll d'Alphabetiséierung an der Grondschoul och op Franséisch méiglech sinn. Firwat ass dës Reform wichteg? Wat sinn d'Contraintë bei der Ëmsetzung? A wéi ass d'Approche vum Minister ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Mangler du episoder?
-
Bis 2030 sollen 49 Prozent vun de Gefierer zu Lëtzebuerg Elektroautoe sinn. Ass dat Zil bei der aktueller Entwécklung ze erreechen? Wat sinn d'Contrainten? An huet d'Politik déi néideg Mesurë getraff? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
An der Regierung schéngt och d'Europapolitik Chefsaach ze sinn. Wou huet de Premier Luc Frieden bis elo Akzenter gesat? A wéi ass säi Verhältnis mam Ausseminister Xavier Bettel ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
De Comeback vum Donald Trump, Walen an Däitschland an eng onsécher Wirtschaftslag wäerten déi éischt Méint vum neie Joer prägen. Wat bedeit dat fir d’Weltpolitik? Wat steet fir Lëtzebuerg um Spill? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
D’Caritas-Affär huet d’Aktualitéit vun de leschte Méint bestëmmt. Wou ass d’Enquête drun? Wat si Spekulatiounen, wat ass tatsächlech gewosst? A wéi eng Roll spille Journaliste beim Opschaffe vum Skandal?
-
D’Stäerkung vun der Kafkraaft ass dee politische Sujet, deen sech d’Regierung op de Fändel geschriwwen huet. Mee geet den Entlaaschtungspak duer? Oder brauch et strukturell Reformen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
De Bettenduerfer Gemengerot huet sech aus de Verhandlungen zur Nordstad-Fusioun zréckgezunn. D’Bierger wëllen elo e Referendum. Bréngt dat de ganze Prozess un d’Stocken? Oder ka grad elo eng nei Dynamik entstoen?
-
De Xavier Bettel ass mëttlerweil säit engem Joer Ausseminister. Wéi huet sech d’Aussepolitik mat him verännert? Wéi agéiert hien a geopolitesch brisanten Dossieren? A wéi an der Entwécklungshëllef?
-
D’Koalitioun tëscht CSV an DP ass mëttlerweil säit engem Joer am Amt. A wéi enge Beräicher ass eng nei Handschrëft ze erkennen? A wou gëtt et eng Kontinuitéit zur viregter Regierung?
-
Den LSAP-Kandidat Max Leners ass net zum Member vum Staatsrot gewielt ginn. Wat sinn d’Hannergrënn vun dësem Vote? A wat bedeit dat fir de Fonctionnement vum Staatsrot?
-
D’USA hu gewielt an den Donald Trump gëtt nees President. Wéi ass seng däitlech Victoire ze erklären? Wat bedeit eng zweet Amtszäit vum Republikaner fir Amerika. A wat fir de Rescht vun der Welt?
-
Ob Aarbechtsrecht oder Pensiounsreform: D’Regierung zitt d’Roserei vun de Gewerkschaften op sech. Stécht do eng Strategie dohannert? An ass dat eng effikass Manéier fir Reformen ëmzesetzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Donald Trump oder Kamala Harris? Wéi ass d’Ausgangslag virun de Presidentschaftswalen an den USA? Wéi stabil ass d’US-Demokratie? A wat kéint d’Resultat fir Europa an déi ganz Welt bedeiten. Doriwwer schwätzt de Chefredakteur vu Reporter.lu, Christoph Bumb, mam Journalist Philip Crowther.
-
Mam Budget 2025 setzt de Gilles Roth „Kurs op muer. Ee Muer fir jiddereen“. Wéi steet et ëm d’Staatsfinanzen? Wéi realistesch sinn d’Prognose vun der Regierung? A geet si déi reell Problemer un? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
D’Organisatioun „Hëllef um Terrain“ huet vill Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl. An awer bleiwen an der Affär eng Rei fundamental Froen oppen, net zulescht déi vun der Responsabilitéit. Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
Den Tram-Reseau an der Haaptstad gëtt massiv ausgebaut. An den Zäitplang dofir ass zimmlech optimistesch. Kann dee Plang opgoen? Wo riskéiert een, Problemer ze kréien? A wéi packt d’Stad déi vill Chantieren?
-
Eng kritesch an investigativ Press riskéiert och zu Lëtzebuerg ëfters verklot ze ginn. Dat ass op mannst déi rezent Erfarung vu Reporter.lu. Wat stécht hannert esou Plainten? Wéi geet eng Redaktioun domat ëm? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
-
D’Caritas Lëtzebuerg gëtt duerch eng nei Organisatioun ersat, international Projete ginn agestallt. Wéi eng Roll spillt dobäi d’Regierung, notamment de Premier an de Kooperatiounsminister?
- Se mer