Episoder
-
Keng zwou Woche méi, dann ass et esou wÀit : de Luxembourg Song Contest geet an der Rockhal an déi zweete Ronn.
Haut gitt Dir « Am Takt » mĂ©i iwwer dâKandidate One Last Time a MĂ€na gewuer. -
De Countdown fir déi grouss Show leeft. An och "Am Takt" ass am LSC-Modus. Déi nÀchst Woche léiert Dir d'Finaliste vum Luxembourg Song Contest kennen, ugefaange mam Laura Thorn & Zero Point Five.
-
Mangler du episoder?
-
Am leschten Episod vum Joer huet sech de Kevin Misci virgestallt. Hien ass Member vu Serpent Bite an zënter kuerzem huet hien de Projet Kivo van Twist an d'Liewe geruff. An de Georges Goerens (Seed To Tree, Bartleby Delicate & Englbrt) huet d'Loscht op sÀi leschte Concert vum Joer gemaach.
-
E Mëttwoch (11/12) invitéiert de Rocklab op déi nÀchst Rocklab Live Sessions an d'Rockhal. Déi Kéier gëtt et komplett elektronesch mam Timelord a Mathieu Moës.
-
Op Besuch ware Mallows! 4 Frënn an een Zil: de Sound vun de 90er a 2000er erëm opliewen ze loossen. Sie hunn eis iwwert hier explosiv Optrëtter, och op internationale Büne verzielt. Next Deed si 5 Museker a bidden alternative Metal – a puer Deeg kënnt hiren neien Album eraus. OpenEyez huelen eis mat an hier Rap-Welt.
-
Cosmokramer ass en elektronesche Pop-Duo mat 80er Feeling! Och d’Band Cyclorama ass am Studio op Besuch. Mir schwätzen iwwert béide Formatiounen hiren Optrëtt dëse Freiden an de Rotonden. Iwwer 35 Joer Experienz an iwwer 50 Songs huet de Gilles Zeimet scho publizéiert – elo ass säin neie Rock-Album dobaussen. Dat waren d’Themen um Méindeg Owend an der Emissioun am Takt.
-
DĂ©i KĂ©ier mam Florence Besch an LSC.
-
DrĂ€i Formatioune lĂ©iert der an dĂ«sem Episod vum "Am Takt" besser kennen. De Julien Binda ass de Frontmann vun der neier LĂ«tzebuerger Band Prinzipium an huet eis verrode wisou si just dĂ€itsch Musek maachen. Elo de Weekend hu SchĂ«ppe 7 hiren OptrĂ«tt am ausverkaaften Atelier, mir hu kuerz virdru mat hinne geschwat. DâBand Kraton ass och op Besuch a si hunn hier nei Metal Musek prĂ€sentĂ©iert.
-
Dës Kéier mat Musek déi nach relativ frësch um Maart ass. Rock mat The Summoning an Urban mam MC Almer.
-
An dësem Episod: de "ronnen" 40. + 1. Gebuertsdag vun der Kulturfabrik an de Luzac am Interview. Donieft nei Musek vu One Last Time, Boy From Home, Céline Heitz an ënner anerem Ninon.
-
Fir dës lescht Sendung am September hate mir dann erëm duebele Besuch.
-
An dësem Episod war erëm genuch lass. Grond dofir war déi nÀchst Rocklab Live Session an der Rockhal an d'Release vun No Future, dem gemeinsame Projet vun Dontnod a Mean To You.
-
Dës Woch hat ech direkt zwee Invitéeën op Besuch, an natierlech och eng ganz Partie nei Lidder.
-
Am éischten Episod fir déi nei Saison gouf et ganz vill nei Musek, Informatiounen iwwert de Rock the South an den Daniel Balthasar vun New York.
-
Fir déi lescht Sendung vun der Saison kucke mir nach eng Kéier op d'Meilesteng vun de leschte Méint zeréck.
-
Iwwer déi lescht Woch sinn d'Emaile mat neie Releasen nëmmen esou erageflu komm, also probéiere mir haut den Owend eis e bëssen den Iwwerbléck ze schafen, wat déi lescht Woch an der Lëtzebuerger Musekszeen lass war.
-
Sief et LOA, City Sounds, E-Lake, Open Air Housen oder beim Calvin Harris; iwwerall do wou elektronesch Musek hei zu Lëtzebuerg gefeiert gëtt, ass den Eric "Nosi" Nosbusch ni all ze wÀit aus de Féiss. Grond genuch fir den DJ a Produzent an de Studio ze ruffen.
-
Net manner wéi 3 GÀscht an eng helle Wull nei Musek an dësem Am Takt. Mat dobÀi; 7Last, de Pascal vu Wooltz, den DJ Mike MC, The Tame and The Wild an ënner anerem Next Deed.
-
Haut den Owend huet sech erëm alles ëm nei Releasë gedréit, ënner anerem vum Misoley, Irem, Charlie a Marcy, wat bis an de Studio op Besuch koum.
- Se mer