Episoder
-
DâLaure huet mol rem eng EtĂŒd dobĂ€i an dĂ©i beseet,dass den DuerchschnĂ«ttsalter an deem Fraen zu LĂ«tzebuerg Kanner krĂ©ie bei 31,4 Joer lĂ€it. DâNadia passt net an dĂ©i Statistik: hatt huet sĂ€i Jong mat 25 krut.
Haut ass hatt, wĂ©i dâCheryl gĂ©if soen, âEntrepreneur-baddie a Single momâ a verrĂ©it firwat hatt dankbar ass, dass sĂ€i Liewen net dĂ€r âtypescherâ timeline no gelaf ass.
Mee wat ass schonn typesch... a wat ass kritesch?! Vun deraktueller Dating-Zeen, ofgebrachenem Studium, der RealitĂ©it hannert Entrepreneurship a Veganismus an der ErzĂ©iung â an dĂ«ser Episod ginn et vill Froen an nach mĂ©i Meenungen (virun allem wat dâWuert âfrĂ©ierâ betrĂ«fft).
-
âEch dierf net aus der Roll falenâ, âech muss mech der Gesellschaft upassen fir derzouzegehĂ©ierenâ, âech soll esou si wĂ©i anerer dat vu mir erwaardenâ â dat sinn alles Gedanken, dĂ©i den Elias Dag fir Dag hat. Bis hie realisĂ©iert huet, dass et SĂI Liewen, an NET dat vun Aneren, ass an hien et dowĂ©inst och genee esou liewe sollt wĂ©i hien dat wĂ«ll: als Mann!
Den Elias war "am falsche Kierper" gebuer. MĂ«ttlerweil liefthien awer dĂ©i RealitĂ©it, dĂ©i fir hien dĂ©i Richteg ass â egal wat Anerer dozou soen. Mee wĂ©i hunn d'Leit a sengem Ămfeld eigentlech reagĂ©iert? WĂ©i schwĂ©ier ass dee Prozess - mental, sozial a physesch? A gĂ«tt hien als Polizist mĂ©i respektĂ©iert wĂ©i frĂ©ier als Polizistin? Dat an nach mĂ©i hunn d'Laure an d'Cheryl den Transmann an dĂ«ser Episod vu Still loading... gefrot.
-
Mangler du episoder?
-
Radio ass linear â dâLiewe vun de Leit, dĂ©i een op Antenn hĂ©iert, net onbedĂ©ngt. DâMichelle Barthel huet fir InfirmiĂšre anesthĂ©siste gelĂ©iert an am Beruff geschafft, bis et sech agestoe misst, dass dee Wee et net mĂ©i erfĂ«llt.
Tatsaach ass, dass dâMichelle eppes mat Passioun maache muss, soss klappt et net. âDâTatsaachâ ass och den Numm vun enger Zeitung, dĂ©i hatt schonn als Kand wollt opmaachen. Also alles op Null: dâMichelle kĂ«nnegt am Spidol a geet mat Enn 20 sengem Kandheetswonsch no: Journalismus.
Haut ass d'Michelle Journalistin beim 100,7 a verréit dem Cheryl a Laure wéi et dozou komm ass, wéi sÀin Alldag an der Redaktioun ausgesÀit a firwat et wichteg ass eng gewëssen Distanz kënnen ze halen, egal ob am Spidol oder am Studio.
-
En impressionanten CV, ee royale Wonsch a ganz vill Passioun fir Makeup - dat ass de Luca De Michele, fir deen d'Cheryl an d'Laure an dëser Episod vu Still loading... ganz vill Froen haten.
D'Theme waren divers, villÀicht méi divers wéi d'Modelbranche zu ParÀis? Nieft Abléck an de Beruff Makeup artist a firwat, deen ëmmer nach ënnerschat gëtt, ass et awer och ëm perséinlech Erfarungen a Gedankechaos gaangen. An natierlech goufen et och déi eng oder aner Tipps vum Expert selwer.
-
âCeci wat mĂ©chs du am Fong?â â Eng Fro, dĂ©i dâCecilia Said Vieira als Freelancerin, Content Creatorin an Aktivistin mĂ©i oft ze hĂ©iere kritt an op dĂ©i och dâCheryl an dâLaure eng Ăntwert wollten. A kruten!
Started from MSN, now we here â An dĂ«ser Episod vu Still loading... erzielt dâCeci wĂ©i a wou alles ugefaangen huet, fir wĂ©i eng Zort vun Entreprisen hatt ni mĂ©i gĂ©if schaffen a firwat seng Meenung soen a fir sech astoen him esou wichteg ass, egal op online oder am real life.
-
Ass dem Philippe, besser bekannt als argentdifficile, wierklech alles egal oder ass ëm nÀischt egal? Dat wollten d'Cheryl an d'Laure an dëser Episod vu Still loading... wëssen an hu sech den TikToker an Englesch-Proff an déi 10ten Episod vum Podcast agelueden.
Geyapped gouf iwwer Frisbee-skills, vegan ErnÀrung, d'Social media-secret sauce an d'Balance tëscht Education.lu an Influencer-Dasein. Ob d'Glas dann elo hallef voll, hallef eidel, oder "ultra eidel bro" ass, gitt dir gewuer wann dir ralauschtert.
-
Yaya oder Yannick? Grafiker, Podcaster oder Social-Media-Personality? De Punkt op den i setzen oder sech upassen? VillÀicht schléisst dat eent dat anert jo guer net aus, villÀicht brauch ee guer keng Nische, just déi richteg tools am Liewen.
Vun Diagnosen, verpasste Chancen, neien Dreem, Selbstvertrauen an dem richtegen Ămfeld â an dĂ«ser Episod lĂ©ieren dâCheryl an dâLaure eng ganz RĂ«tsch u Facette kennen, vun hirem Gaascht dem Yannick Schumacher, awer och aus der Popkultur.
Eng Episod iwwer ADHS, ënnerschiddleche Generatiounen an de verschiddenste Realisatiounen. Zum Beispill déi, datt zwar alles "still loading" ass mee dat nach laang net heescht, dass mir all mam selwechte Stecker oder Kabel funktionéieren. -
De Laurent ass oppen, mĂ©cht gĂ€re Wuertspiller an en ass frĂ«ndlech, mengt e mol. Zum Schluss vun der Episod kĂ«nnen dâLaure an dâCheryl dat dann och confirmĂ©ieren, dat an de Fakt, dass seng BehĂ«nnerung zwar en Thema ass, ma hiennach laang net ausmĂ©cht. Esou erklĂ€ert sech dann och firwat et e bĂ«ssen dauert ier dĂ©i DrĂ€i op dĂ©i offiziell Bezeechnung vum Laurent senger AschrĂ€nkung ze schwĂ€tze kommen a wat dĂ«s mat sech zitt.
Vum Haass op Parkhaiser, seelene Krankheeten an Tabuthemen, dĂ©i keng sollte sinn â dĂ«s Episod vu Still loading... hĂ«lt iech mat an den Alldag vun der presumĂ©iert eenzeger Persoun mat EDMD zu LĂ«tzebuerg.
-
Weniger labern mehr machen, ganz no deem Motto huet d'Amii Watson a sengem Liewe scho ganz vill ausprobéiert: vu Fashion-Blog bis eng eege Kleedermark, vu Grafikdesign bis YouTube-Channel. Do huet hatt aktuell iwwer 800.000 Subscribers mam Projet Flavour Trip, deen et zesumme mat sengem Frënd dem Jimmy, lancéiert huet. Firwat grad dësen, vun allen hiren Iddien, esou gutt funktionéiert erklÀert hatt an dëser Episod.
A wien elo mengt dat heite gĂ«tt eng Episod iwwer eng rĂ©ng Success-story, deen huet sech geiert: D'Cheryl an d'Laure kucke mam Amii zesummen hannert de Prozess, an deem esou vill mĂ©i stĂ©cht wĂ©i just Follower-Zuelen. En Ă©ierlecht GesprĂ©ich iwwer de Wonsch no engem kreative Liewe mat all senge Vir- an Nodeeler an iwwer e Wee deen net Ă«mmer sou gelaf ass wĂ©i een (oder anerer am Ămfeld) sech dat virgestallt hunn.
A propos et leeft net ëmmer alles wéi geplangt: déi lescht 10 Minutte vun der Episod ass eis Kamera ausgefall. Dofir entschëllege mir eis, a fir de Recht wënsche mir vill Spaass beim Lauschteren a Kucken.
-
Jiddereen huet eng Meenung zum SchoulsystĂšme, mee elo mol ganz konkret: wĂ©i gesi Leit aus dem Secteur dat eigentlech â wat ass still loading bei education.lu, wat misst een Ă€nneren a wat leeft gutt?
WĂ€rend dâCheryl am fransĂ©ische SchoulsystĂšme war a sechfreet firwat eng G och mol als Poubellsklass bezeechent gĂ«tt, huet dâLaure vun Dag 1 un de Parcours matgemaach, en Deel dovun och mat der Miss B. aka Diana Borges, dat mat 6Joer an dâLand, an domat an de lĂ«tzebuergesche SchoulsystĂšme, komm ass, an elo op der anerer SĂ€it vum Pult steet: als Engleschproff.
A wĂ©i een op Englesch gĂ©if soen: âhow the tables haveturnedâ, elo ass et un der Miss B. dâFroen ze beĂ€ntwerten - dĂ©i vum Laure a vum Cheryl, awer och dĂ©i vun iech!
-
Ganz genee ze wësse wat ee sÀi Liewe laang wëll schaffen, ass guer net esou evident. Déi meescht decidéiere sech iergendwann fir eppes a bleiwen dann dobÀi. Anerer traue sech awer och hir Weeër ëmmer nees nei ze denken an zu dÀr zweeter Kategorie, gehéiert definitiv de Christian.
Vum Wonsch en Handwierk ze léieren, iwwer den Droit-Studium, bis an d'Welt vun den Immobilien an zu engem eegene Fitness: huet hie sech bewosst dofir entscheet fir all Iddi oppen ze sinn, an ze bleiwen.
Wéi dëst an der Praxis ausgesÀit, wat d'Cheryl an hie gemeinsam hunn an op wat fir en Deal d'Laure sech hei agelooss huet - dat gitt dir an dëser Episod gewuer.
-
Wat bleift eigentlech vun eisen NeijoersvirsĂ€tz iwwreg, wann dâJoer bal eriwwer ass? An ass et normal, dass dâLiewen sech mĂ©i no enger Achterbunn wĂ©i no engem Vision board ufillt?
An dĂ«ser Episod sĂ«tzen dâCheryl an dâLaure sech eng leschte KĂ©ier fir dĂ«st Joer zesummen a kucken zerĂ©ck op 2025: op dĂ©i grouss Ziler, dĂ©i kleng Erfolleger, dâPlĂ€ng, dĂ©i net ganz opgaange sinn â an op dat, wat se dobĂ€i iwwer sech selwer gelĂ©iert hunn. Vun eegenen Erwaardunge bis zu der Erkenntnis, dass et heiansdo mĂ©i wĂ©i ee Joer brauch, fir VirsĂ€tz ze realisĂ©ieren.
Eng Ă©ierlech Episod iwwer Hoffnung, Self-Confidence a firwat ee selwer aktiv muss ginn, wann ee Saache wĂ«ll Ă€nneren. An domat wĂ«nsche mir iech schĂ©i Feierdeeg an e gudde Rutsch â an denkt Ă«mmer drun: et ass ok wann d'Liewe #stillloading ass, mir sinn et och a freeĂ«n eis op d'nĂ€chst Joer mat iech!
Cheryl & Laure
-
Deen een Dag sëtz de nach un dengen Hausaufgaben, den NÀchste muss de scho wësse wat s de fir de Recht vun dengem Liewe wëlls maachen - an den 20er verÀnnert sech esou vill, wéi soll een do roueg bleiwen a sech net permanent mat anere verglÀichen? Genee doriwwer schwÀtzen d'Laure an d'Cheryl an der neister Episod vu Still loading...
Vu Screen time reduzéieren, d'Hannerfroe vun Influencer, self help Bicher an dem Hotel-Mama kucken déi Zwee op hir eegen Erfarungen an Zweifel, a wat bei der Missioun "staying sane in your 20s" kéint hëllefen.
-
Wat mécht ee wann ee sÀi Liewe laang op eppes hi geschafft huet an een da mierkt "dat ass et net"? Iwwer déi Erkenntnis an alles wat duerno kënnt schwÀtzen d'Cheryl an d'Laure mat der SÀngerin Krick.
Wéi d'Laure hat d'Krick net ëmmer déi beschten ZÀit an der Schoul, wéi d'Cheryl huet d'Krick deen Job opgi fir deen et esou laang geléiert huet a wéi déi Zwee zesummen ass d'Krick no um (oder wéi hatt seet: am) Waasser gebaut.
Maacht d'Nuesschnappecher prett, egal ob der vu Laache krÀische musst oder vun der Welt déi engem heiansdo e bëssen ze vill ass, wéi de Special guest vun dëser Episod seet: et ass ok.
-
D'Laure an d'Cheryl si keng Frëndinnen, nach net! Si léiere sech an dësem Podcast kennen a wat wÀr e bessert Thema fir déi éischt Episod wéi "Frëndschaften".
Séier gëtt hinne bewosst wéi ënnerschiddlech si sinn - wÀrend d'Cheryl sech freet wéi et nei Leit ka kenne léieren, ouni ze vill physical touch a Kommunikatioun, freet d'Laure sech wéi et sÀin daily hug vu senge Frëndinne ka kréien, lo wou et se net méi all Dag an der Schoul gesÀit. An e puer Saache si si sech awer eens: u Frëndschafte muss ee schaffen, breakups sinn ok an alles am Liewen, och Relatiounen, si Still loading...
Eng Produktioun vu komma.
Dir hutt Themen, déi d'Laure & d'Cheryl solle behandelen oder wëllt matschwÀtzen? Da kommentéiert hei oder schreift eis op Insta oder Tiktok @komma.lu
-
D'Cheryl a Laure am real talk mode âïž
Anekdoten, struggles, Humor, villÀicht e puer Tipps a ganz vill "omg same"!! DÀi Liewen ass och still loading? Da kanns du zu 100% mat deenen Zwee relaten - all zweeten Donneschdeg schwÀtze si iwwer alles wat si am Alldag beschÀftegt.
đ Wat genee dat ass erklĂ€re si iech scho mol am Trailer a wĂ©i et da viru geet, dat fanne se Episod fir Episod mat iech zesummen eraus #stillloading
đđ eng komma production.