Episodes
-
De Maurice Molitor schwätzt mat där grénger Europadeputéierter, déi hir Aarbecht am Europaparlament gär no de Wale vum 9. Juni viruféiere géif.
-
Greenpeace presentéiert haut e Rapport, deen zu der Conclusioun kënnt, dass d'Lafzäit vun de Reaktere vu Cattenom u sech no 40 Joer net méi däerft verlängert ginn. De Roger Spautz vun der Ëmweltorganisatioun gëtt Explikatiounen dozou am Gespréich mam Maurice Molitor.
-
Missing episodes?
-
Froe vum Maurice Molitor un d'Co-Spëtzekandidatin op der LSAP-Lëscht fir d'Europawalen
-
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKaJu) huet sech a sengem Joresrapport 2023 besonnesch fir déi pediatresch Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg interesséiert. De Maurice Molitor schwätzt mam Charel Schmit iwwer seng Conclusiounen.
-
Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert de Vertrieder vun der Lëtzebuerger ONG "Le Soleil dans la Main" am Burkina Faso, firwat een d'Länner aus der Sahelzon trotz politescher Instabilitéit weider begleede sollt.
-
De Projet fir de Staatsbudget 2024 soll de 25. Abrëll an der Chamber gestëmmt ginn. Am Virfeld dovu schwätzt de Serge Kesseler mam President vum Conseil National des Finances Publiques, mam Romain Bausch: dat iwwer den Zoustand vun de Staatsfinanzen an iwwer déi geplangten nei EU-Scholdereegelen.
-
D’Parkinsonkrankheet gëtt ëmmer méi heefeg. Wouru läit dat? A wéi kann ee se behandelen? Dat freet de Rick Mertens dee weltwäit unerkannte Parkinson-Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg.
-
An zwee Méint gëtt en neit Europaparlament gewielt. Wat heescht dat fir d’EU-Kommissioun? Dat freet de Rick Mertens déi offiziell Vertriederin vun der Kommissioun zu Lëtzebuerg.
-
Firwat wëllt Ettelbréck keng Fixerstuff? Dat ass eng vun de Froen, déi mir dem Buergermeeschter stellen. Aner Sujete sinn d’Heescheverbuet an d’Nordstad-Fusioun. Moderatioun: Rick Mertens
-
Bei de Chamberwale sinn d’Piraten hanner den héijen Erwaardungen zeréckbliwwen. Mat wéi engen Ziler gi si elo an d’Europawalen? De Rick Mertens freet hire Spëtzekandidat.
-
De President vun der Vëlosportfederatioun bleift véier weider Joer am Amt. Wat wëllt hien an der Zäit erreechen? Dat freet de Rick Mertens hien.
-
De Mouvement Ecologique fänkt un d’Gedold mat der neier Regierung ze verléieren. Wouru läit dat? A wat misst sech änneren? De Rick Mertens freet d'Presidentin vum Mouvéco.
-
An der Ecole Nationale pour Adultes kann een och méi spéit am Liewen nach en Diplom maachen. Firwat gëtt d’Nofro dofir ëmmer méi grouss? De Rick Mertens freet déi nei Direktesch vun der ENAD.
-
Ass déi nei Regierung sech net ganz esou eens, wéi et bis elo geschéngt huet? Déi Fro stellt de Rick Mertens dem DP-Fraktiounschef, nodeems an de leschten Deeg vill doriwwer diskutéiert gouf, wéi d’Regierung zur Atomenergie steet.
-
Deen neie Stater Mobilitéitsplang steet kuerz no senger Publicatioun schonn an der Kritik. Wat hätten déi Gréng anescht gemaach? De Rick Mertens freet hire Conseiller François Benoy.
-
D’ADR huet vun e Freideg un zwee Vertrieder am Staatsrot. Gëtt de politeschen Afloss vun der Partei doduerch méi grouss? Dat freet de Rick Mertens der ADR hiren neie Member am Staatsrot.
-
Mat der Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW diskutéiert de Jacques Ganser iwwer déi akut Problemer an der sougenannter Voie de préparation.
-
déi Lénk hu gëschter hir sechs Kandidate fir d'Europawale festgeluecht. Parallel gouf de Walprogramm gestëmmt. Eng vun hire Kandidatinnen, d'Ana Correia da Veiga ass Invitée vum Jacques Ganser.
-
De Klimawandel mécht dem Bësch ze schafen. E groussen Deel vun de Beem hei am Land ass geschiedegt. Invité beim Jacques Ganser ass den Direkter vun der Naturverwaltung.
-
De Maurice Molitor schwätzt mat der DP-Ministesch fir Digitalisatioun, Héichschoul a Fuerschung, déi eng vun de grousse personellen Iwwerraschunge bei der Virstellung vun der schwaarz-bloer Regierungsekipp war.
- Show more