Episodes
-
Schwangerschaft ass eng aschnéidend Zäit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. Gläichzäiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi säi Kierper sech verännert huet. Och schwätzt hat un wéi seng Schwangerschaft seng Perceptioun vu sech selwer an der Welt an wéi seng Bezéiungen mat de Leit a sengem Liewen sech verännert hunn.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer de Mythos vum vaginalen Orgamus.
-
Fir déi meescht vun eis ass Sträit direkt mat onangeneeme Gefiller a Situatioune verbonnen: sech ublären, Beleidegungen, geklaakten Dieren a gebrachent Porzeläin. Mä dat muss net sinn, et kann een*t nämlech och konstruktiv streiden. Also esou, datt herno weder Teller nach Häerze gebrach sinn an een an enger Bezéiung weider kënnt. An dëser Episod erklären den Elie a Kelly, wéi si dobäi virginn, wourobber een*t wärend engem Sträit oppasse sollt a wat een*t duerno maache kann, fir erëm zou sengem Géigeniwwer an sech selwer ze fannen.
An der Rubrik geet et ëm een Thema, datt dir méi entspaant ugoe sollt: Den Elie erkläert eis, wéi een een Analplug benotzt.
-
Missing episodes?
-
Frënd*inneschaften si fir déi allermeeschte Mënschen e wichtegen Deel vun hirem (soziale) Liewen. Leider leede verschidde Faktoren an enger hetero- a mononormativer Welt dorun, fir eis Frënd*inneschaften heinsdo ze vernoléissegen. De Joël an d*e Robin schwätzen an eiser Episod doriwwer, wéi si hir Frënd*inneschafte gesinn - a firwat si queer net-monogam Frënd*inneschaften pfleegen, a wéi hir Queerness a Net-Monogamie déi Frënd*inneschaften stäerkt.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Spectatoring.
Shownotes:
Episod 57 iwwer Attraktioun
-
Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn. Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Intimpiercingen sinn a wat fir verschiddenen Zorten et ginn.
Interessant Links:MwS Episod #75 iwwert Dauer vu SexMwS Episod #69 iwwert AsexualitéitMwS Episod #126 iwwert DemisexualitéitCome As You Are vum Emily Nagoski
-
D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer - wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d'Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel - an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidde Formen vun der Verhütung mat Koffer, wéi sou e klenge Metalldrot amfong eng Schwangerschaft verhënnere soll an iwwer dem Robin seng Erfarungen mat dëser Verhütungsmethod.Dës Episod ass dann och Deel vun enger neier Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op [email protected] oder kontaktéier eis iwwer social media. :)
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Selbstkritik a kulturelle Kontext.
Shownotes:Infos iwwer d'KofferspiralKofferspiral fir jonk MënschenInfos iwwer d'KofferkettenInfos iwwer de KofferballDem Kelly seng Rubrik iwwer thermesch Verhütung
-
De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt - a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass "déi gutt Zäiten" dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d'Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brëscht a Sex moies fréih.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer MDMA Koppel Therapie.
Shownotes:Podcast „I Weigh“ with Jameela JamilTED Talk: „The secret to mastering life's biggest transitions“ with Bruce FeilerEmily Nagoski „Come as you are“
-
Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d'Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin iwwert déi toxesch Säit vu Sex Positivity, iwwert déi esoteeresch an essentialistesch Weltbiller, déi sech dacks hannert engem sexpositiven Image verstoppen – an doriwwer, wéi mir selwer entscheede kënnen, wat mir net verpasse wëllen a wat schonn. A wann dir duerno nach net genuch entspaant sidd, schwätzt Kelly an der Rubrik iwwer Stress.
-
Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der lutte féministe am Land.
Shownotes:Megaphone.lu (Website an op Instagram)Fraendag.luBuch: Mit den Haien Streiten
-
Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da lauschter an dës Episod eran.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer ADHS a Bezéiungen.
Shownotes:Kontroversen ëm Fuck For Forest: Congress a Public Sex ControversyKriminaiséierung vu queere MënschenBeispiller vun ACT UPGran FuryInterview Iwwer Gran FuryGrujeleg Reklammen iwwer AIDS aus UK: hei an hei
-
Et ass gläichzäiteg een Tabuthema an ee vun deene meeschtgesichten Termen op Pornositen. Et kann een*t et mat Toys, mat Fanger, mat der Zong, mat engem Penis oder esouguer der ganzer Fauscht maachen. Riets ass vun Analsex. De Joël, den Elie an d*e Robin schwätzen ënnert anerem doriwwer, ob si léiwer Analsex oder Butt Stuff soen, wat een*t drun hënnere, kann et auszeprobéieren, wat fir wichteg Methoden et fir safer sex bei Analsex ginn an doriwwer, wéi gesond et ass, heiansdo am Aasch ze sinn.
An der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Blue Balls sinn.
-
Firwat fënnt een Hënneren interessant oder attraktiv? Wéi gëtt de Pupes popkulturell präsentéiert? Wéi oft denkt een un den eegene Kickes? Wat formt eis Bezéiung zu eisem Dokes? A wat kann een alles mat Äersch maachen? Doriwwer schwätzen de Joël a Robin an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Complete Your Stress Cycle“.Links:- Guardian Artikel- 1001 Fesses Project
-
D'Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat si et net op hir Lëscht vun de Neijoersvirsäz gepackt huet.
-
Wien kennt et net? Et trëfft een*t sech mat enger Persoun, et ënnerhält een*t sech gutt an um Enn freet een*t sech: War dat elo een Date? De Joël, den Elie an Kelly probéieren an dëser Episod, dem Geheimnis op d'Spuer ze goen an ze klären, wat een Date ass. An well mir net bei de Basics ophalen, erziele mir dann och, wat ee gudden oder esouguer de perfekten Date wier. E puer Tipps fir gutt Locations an Aktivitéite fir äre nächsten Date gi mir iech och!
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwert de Mythos vum Sexdrive.
-
Eenzel Hoer, klompeg Flëssegkeeten, interessant Gerösch - den dägleschen Kierper produzéiert sou Eeneges fir dat mer eis intuitiv schummen oder eekelen. An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly driwwer. Mir froen eis: Wat gëtt et esou u weirde Saachen, déi aus eise Kierpern erauskommen oder drop wuessen - a wouhier kommen Ekel a Schummt?
-
HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema HIV ginn ass, wësse vill Persoune net, dass d Wësseschaft säit de 90er wäit komm ass. De Patrick lieft säit 2007 mat HIV, an erzielt eis seng Geschicht.
An der Rubrik erklärt d Kelly, wat Arousal Non Concordance ass.
Shownotes:Infos iwwer PrEP zu Lëtzebuerg: prep.luMéi Wéi Sex test sech op HIV: Episod 72STI Témoignage HPV: Episod 114HIV Berodung vun der Croix Rouge
-
Vill vun eis, virun allem déi méi jonk ënnert eis, hu sech relativ fréih an hirem Liewen mat Sexualitéit a Geschlecht auseneegesat. Virun allem an de soziale Medien an a ville queere Spaces ass d Perspektiv vu Jonke präsent, oder och nach vu manner Jonken déi vu queeren Erfarungen aus hirer Jugend erzielen. Mee wat ass mat Leit, déi sech réicht méi spéit am Liewe geout hunn? An dëser Episod schwätzt d*e Robin mamm Annette: si ass eng trans Fra, déi sech an hire 50er geout an hir Transitioun ugefaangen huet, a gëtt eis en Abléck an hir Erfarungen a Gefiller ëm d Thema Outing.
An der Rubrik erkläert den Elie, wat de Beruff vum Sexolog ausmëscht.
-
An dëser Episod gëtt et ganz akward. Oder op mannst schwätze mir iwwert een Thema, dat vir vill Leit bëssi peinlech oder komesch si kann: Déi eegen Elteren a Sexualitéit. D*en Robin an de Joël schwätzen iwwer Opklärung a wéi déi u schlechte Bicher scheitere kann, iwwer Schimmt an d'Eltere beim Sex héieren. Ausserdeem erzielen déi zwee, wisou esou een Outing bei den Elteren heiansdo guer net esou dramatesch ass, wéi een*t vläicht gemengt hat. An wat et mat dem Legolas (sengem Hënner) op sech huet, gitt dir natierlech och gewuer.
An der Rubrik geet et em den Ënnerscheed tëscht Ereegung, Loscht an Unzéiung.
-
Wa Leit vun Drag heieren, dann denken se oft mol un Ru Paul's Drag Race - eng weltbekannte Show, déi Kultstatus an der queerer Kultur huet, an déi Drag an de Mainstream bruecht huet. Oder zumindest eng bestëmmte Form vun Drag ...Den Charlie ass e lëtzeboieschen Drag artist, a schwätzt mamm Robin doriwwer, aweifern Ru Paul's Drag Race d Drag Szen beaflosst huet, a wat den Term Drag amfong ëmfaasst. Als Lëtzeboier gëtt den Charlie och Abléck an déi lëtzeboiesch Drag Szen. Lauschter dës Episod fir e gudden Intro an d Thema Drag ze kreien!
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Grounden.
Shownotes:CNN: The US has a rich drag history. Here's why the art form will likely outlast attempts to restrict it.BBC: The History of Drag and historical drag queens. Vox: How Ru Paul's Drag comments on trans women led to a Drag Race revolt - and a rare apology.
-
Haut gëtt et mol erëm horeg. Kelly a Joël schwätzen awer net iwwer Intimbehorung, mä iwwer d'Frisuren, déi mir um Kapp droen. Déi soe jo meeschtens eppes iwwert déi Persoun aus, déi se dréit. Mä ginn et wierklech queer Frisuren? An wisou änneren esou vill Leit hir Frisur no engem Break-Up? Nieft deene Mysterien ginn de Joël a Kelly dann awer och der Fro no, wat Frisure mat Sex(appeal) ze dinn hunn.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwert Homologie.
Shownotes zu der Rubrik Eng Grafik, déi Homologie ganz gutt wéisst. Buch: Emily Nagoski „Come as you are“
-
Demisexualitéit - e Begrëff, dee vill Leit schonn eng Kéier héieren hunn, mee ëm deen et vill Mësskonceptiounen gëtt. Kelly an d*e Robin probéieren an dëser Episod, d'Notioune vun Attraktioun a Sexualitéit opzeschlësselen, erklären den Ënnerscheed tëscht A- an Demisexualitéit an erzielen dovun, wéi ënnerschiddlech si hir Sexualitéit wouerhuelen. Niewebäi geet et och ëm Kuch, Gas a Bremsen, a si ginn eng Äntwert op d Fro "Demi - Heiansdo Sex, guer kee Sex, vill Sex?" (Spoiler: it depends!).
An der Rubrik gëtt den Elie Tips zu Aftercare.
ShownotesBicher- „Ace: What Asexuality Reveals About Desire, Society, and the Meaning of Sex“ vum Angela Chen- „(un)sichtbar gemacht – Perspektiven auf Aromantik und Asexualität“ Annika Baumgart & Katharina Kroschel- „Come as you are“ vum Emily Nagoski- "Ace Voices: What it Means to Be Asexual, Aromantic, Demi or Grey-Ace" Eris Young- "Das asexuelle Spektrum: Eine Erkundungstour" Carmilla DeWinter
Méi vum Méi Wéi Sex Podcast:- Formen von unzeihung Episod 57 - Asexualitéit Episod 69- Aromantik Episod 107- Net-penetrative Sex Episod 118- Sex Drive Episod 122
Videos vum Hannah Witton (op Englesch): - "Sexual Arousal, Desire and Attraction: What's the Difference?" (Ënnerscheed tescht sexueller Erregung, Loscht an Unzeiung)- "The Secret to Sexual Arousal" (Erreegung)- "The Truth About Sexual Desire" (Loscht/Begehren)
Méi vun den Ace_Arovolution (vum Baumgart&Kroschel):- Instagram- Glossar
Formen vun Unzéiung z.B. dësen Video: Types of attraction
- Show more