Episodes
-
An sengem Büro an/oder Doheem, hu mir de Grënner vun Ortea - de Stephan - vum schaffen ofgehalen. Selten hu mir esou eng motivéiert an éiergäizeg Persoun kennegeléiert! Mee mir ginn net just inspiréiert heem: mir wëssen elo alles iwwert säin Téi, ewéi wichteg him säi Laptop ass, d'Virdeeler vun engem Gilet,... a mir hunn eis éischt Collab an der Täsch. Jo, richteg gelies. Du wëlls méi wëssen? Dann vill Spaass beim Lauschteren! Een Tipp: mat enger kaler Ortea genéisst se sech nach besser. Stephan, mir gesinn eis an fënnef Joer!
-
Missing episodes?
-
Okay vläicht hu mir awer net alles krass anescht gemaach: mir waren nees net wierklech preparéiert a mir haten erëm ee super sympathesche Gaascht. Mam anscheinend eenzege Vic hu mir eis iwwert seng Musek an déi gutt al Zäite verlabert - Jo, mir hu schonn erëm eng nei längsten Episod. Dëst am Hollerecher Schluechthaus ëmgi vu Konscht a Kultur. An dat mat Waasser, ahh nee Kaffi, oder awer Picon Béier. D'Geschichte sinn zum Deel wouer, anerer net. Wien weess dat schonn. Vill Spaass beim Lauschteren, och vum V.I.C senger Reimkickkonscht!
In loving memory of Pascal vu Wooltz. -
Zeréck zu Diddeleng an dat mam Yaya. Gutt, dass hien eis spontan gerett huet, soss wiere mir ouni Gaascht an ouni Location gewiescht. Dorunner huet d'Qualitéit vun der Episod awer guer net gelidden. Eis nei Rekord-Episod ass net just déi längsten, mee warscheinlech huet och nach ni een esou séier esou vill gezielt ewéi hien. Wann dat keng Loscht mëscht ze lauschteren oder d'Wierder ze zielen, wësse mir et och net. Mir soen eisem 'Man of Steel' Merci! Btw: Mir waren am Amarcord a kënnen de Veggie Burger empfeelen. De Limoncello ass och gutt!
-
Dat huet Spaass gemaach! Eng Episod iwwert Podcast a Social Media, Reklammen ënnert anerem fir Capri Sonne, ewéi een sech am Beschte Moie seet, dem Ceci seng rosa Switch a wat hat am Léifste spillt, wien am Meeschten "absolut" gesot huet,… Gars, hei gëss du vill gewuer! Merci un dech fir d’Lauschteren an un de Restaurant Beet fir de super Accueil.
-
Léif, dass du hei méi iwwert d'Episod liese wollts. Mir roden dir un d'Episod ganz séier ze lauschteren an déi gewonnen Zäit ze notzen eis ze followen a Feedback ze ginn. Merci am Viraus!
-
Teaser, Teaser, bla bla bla