Episódios

  • Dës Kéier geet et ëm de Giischtjen an de Prisong a mir kucken, wou dës Wierder hierkommen a wéi se geschriwwe ginn.S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon!S: Wat hues de eis haut matbruecht? C: Op dat Wuert sinn ech opmierksam ginn, well e gudde Kolleeg zu mir gesot huet: "So, RTL benotzt do ëmmer e Wuert an ech weess net, wat et bedeit. Et kléngt immens lëtzebuergesch, mee ech kréien et net zesummegesat. An zwar den Giischtjen. Weess du, wat e Giischtjen ass?S: ___C: Ma, an de Giischtjen, dee wierkt jo am Fong wéi eppes, wat mat Giicht zesummenhänkt. An dat mécht en awer net.Giischtjen – dat kléngt wéi aner Wierder, déi mer hei scho gesinn haten, wéi en Diminutiv op CHEN. Dat ass awer net vun engem Diminutiv, mee et ass änlech wéi de Schantjen aus der Episod 18 e Wuert, wat aus dem Franséische kënnt. S: A vu wéi engem Franséische Wuert? C: Ma et kënnt do vum Guichetier. De Guichetier ass e Mataarbechter, deen dofir zoustänneg ass, am Prisong opzepassen. Also deen mécht de Guichet vum Prisong op oder zou. Et ass zwar elo e Wuert, wat ech perséinlech ni benotzen. S: Ech och net.C: Et gëtt am Lëtzebuergeschen och nach déi franséisch Form: e Guichetier, zwee Guichetieren. An am Däitschen ass dat en Gefängnisaufseher. An doraus ass dann de Giischtje ginn, Pluriel Giischtercher. Dat heescht, wéi sou oft, och de Pluriel verhält sech wéi en Diminutiv. An am 20. Joerhonnert ass en och nach hanne mat CHEN geschriwwe ginn. An eréischt an der moderner Orthografie vun 2019, déi mer haut hunn, schreiwe mer erëm mat JEN, well mer et vun engem franséischen IER hunn. Also genau wéi beim Chantier, de Schantjen, dee mer och mat JEN schreiwen, obwuel mer et CHEN schwätzen. S: Also wéi schreiwen een dat da lo insgesamt? C: Ech buschtawéieren nach eng Kéier. Den Giischtjen schreiwe mer G-I-I-S-C-H-T-J-E-N. Also well ech de Guichet hunn an de franséische CH, dee gëtt ëmmer S-C-H geschriwwen. Dann hu mer, duerche laangen I, dee muss verduebelt ginn, also I-I-S-C-H an well mer net en Diminutiv hunn, mee eppes wat vun engem franséischen IER ofgeleet ass, schreiwe mer dat mat JEN. An dat ass da schonn déi ganz Hexerei.S: Ech verstinn. Et ass zum Gléck e Wuert, wat een net oft brauch.C: Dat ass wouer. Ech wollt och nach op d'Wuert Prisong ze schwätze kommen. Dat kann een als éischt emol hannen Prison ausschwätzen, wéi am Franséischen, oder Prisong mat O-N-G hannen. An dat Wuert existéiert am Franséischen scho säit iwwer dausend Joer.S: Prisonge gëtt et jo och scho laang.C: Genee. Den Prisong ass den “Lieu de détention”, also déi Plaz, op där een eng Persoun festhält. An d'festhalen, dat ass den Ursprong och am Latäin, an zwar hu mer do “prehensio”, dat gëtt dann verkierzt zu “prensio”. “Prehensio” ass d'Tatsaach, dass ech e Kierper festhalen, also dass ech e Kierper net bougéiere kann. An deen N, dee verschwënnt mat der Zäit an d’Wuert verkierzt sech, dass mer “presio”, “presionem” hunn, an dann hu mer nach am Franséischen de “Prison”, mat engem Nasal, dee mat erakënnt. S: Also kënnt e vu “festhalen”?C: Genee! An esou huet sech dat entwéckelt vun engem Verb, wat a sengem Participe passé eng Aktioun ausdréckt, also d'Tatsaach, dass ee festgehale gëtt, zu der Plaz, op där déi Leit sinn, déi festgehale ginn, an dat ass bis haut den Prisong.S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et ëm d’Bestueden a wat dat Ganzt mam däitsche "bestatten" ze dinn huet. Donieft schwätze mir och vum Pacsen.S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon!S: Haut geet et ëm Hochzäiten?C: Haut hunn ech eppes, wat gutt ass fir déi nächst Hochzäitsried, déi Der musst halen, an zwar wëll ech haut erklären, wéi d'Wuert "bestueden" an dat Däitscht "bestatten" zesummenhänken. Fänke mer emol eng Kéier un. Déi Analysen, déi ech haut virstellen, berouen op Analyse vum Cristian Kollmann, deen déi schonn eng Kéier gemaach huet um Institut fir Luxemburgistik, an hien huet erausfonnt, dass eeben dat Lëtzebuergescht "bestueden", wann een dat historesch kuckt, op dat selwecht Wuert zréckgeet wéi "bestatten". S: Wat bedeit dat genee? C: Ma am Westmëtteldäitschen, also wa mer elo zréckginn, och am Mëttelhéichdäitschen, do hu mer "bestaten" an dat bedeit esou vill wéi “verheiraten, versorgen, ausstatten”. D’Wuert "bestaten" ass eng Verstäerkung vum einfache Verb "staten" an dat heescht “op eng Plaz bréngen”. Dat fanne mer och am modernen Däitsche "Stadt" oder “Stätte” “Werkstatt” oder am Lëtzebuergesche "Stad", einfach fir ze soen: eng Plaz, déi ee kennt, eng bestëmmte Plaz.S: Ok.C: An "bestaten" hu mer elo am modernen Däitschen net fir “op eng bestëmmt Plaz bréngen”, mee "bestatten" heescht “een an e Graf leeën”. An dat ass eng speziell Bedeitung, déi sech häerno eréischt erauskristalliséiert huet a wat am Fong euphemistesch gemengt war. Dat heescht, et huet een net gesot, hie muss elo an d'Lued, hie kënnt ënner de Buedem, mee “mir mussen hien op eng bestëmmt Plaz bréngen” (fir net missen däitlech ze soen, dass een e vergrueft): jemanden bestatten, eine Bestattung. Den Deel "statten" fanne mer awer och bei aneren däitsche Verben wéi "erstatten", "gestatten" an "ausstatten". An dat hänkt alles iergendwéi mat “bestueden” zesummen.S: Huet “bestueden” eigentlech eppes mat dem “Stot” ze dinn, well et kreéiert ee jo e gemeinsame Stot?C: Et kéint ee mengen, dass dat zesummegehéiert, mee laut dem Cristian Kollmann passt dat lautlech net mam Stot. Bestueden ass, dass de eng Persou gutt ënnerkriss, op eng bestëmmt Plaz bréngs. Schonn am Mëttelhéichdäitsche war et gebraucht gi fir ‘verheiraten, versorgen, ausstatten’.S: Mee et muss ee jo och net ëmmer bestuet sinn!C: Nee, effektiv, et muss een natierlech guer net bestuet sinn, an vill Leit zu Lëtzebuerg sinn och gepacst. Weess de, wou Pacsen hierkënnt? S: Ech mengen dat ass iergendeneng Ofkierzung. C: Mee weess de och firwat dat eng Ofkierzung ass? S: Nee, mee du sees eis dat bestëmmt. C: Ma Pacsen ass natierlech Beamtesprooch an déi Zesummesetzung ass “Pacte civil de solidarité”. Dat heescht, et ass eng agedroe Partnerschaft, wéi een dat aus dem Däitsche géif réckiwwersetzen. An dat ass eng Méiglechkeet fir zum Beispill gläichgeschlechtlech Koppelen oder Koppelen, déi sech net wëlle bestueden a vläicht Kanner hunn, fir kënnen sozial als eng Eenheet ugesinn ze ginn, sozial a steierlech. An do ass erëm e flott Beispill aus der Sprooch: Pacs, also P-A-C-S, ass aus der Beamtesprooch iwwerholl aus dem Franséischen. An am Lëtzebuergeschen hu mer einfach e Verb draus gemaach, andeems mer einfach en “-en” drun hänken. Pacsen, si pacse sech, du pacs dech, (also net mat CK, mee mat C), oder och si si gepacst, an do hu mer einfach e Stamm, deen eng Ofkierzung ass, an deen hat schonn esou eng gutt Form, dass et e Verb kéint sinn, an dann ass einfach do e Verb draus gemaach ginn: pacsen.S: A “bestueden” ass “bestatten”?C: Naja, bal.S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Estão a faltar episódios?

    Clique aqui para atualizar o feed.

  • Mir gi gewuer, wéi d'Dinosaurier zu hirem Numm koumen.S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon. Ech starten direkt mat enger Fro.S: Da lee mol lass.C: Bass de Fan vun Dinosaurier?S: ____C: Ech war perséinlech e grousse Fan vun Dinosaurier (wou ech kleng war, koum Jurassic Park eraus) an do ass mir dann och opgefall, dass déi Nimm hunn, déi ëmmer ganz speziell kléngen. Fält der do spontan een Dinonumm an?S: ____C: Se heesch dann Brontosaurus oder Tyrannosaurus rex, dat sinn oft Bezeechnungen, déi mat laténgeschen a mat griichesche Wuerzelen zesummenhänken. An do war ech op der Säit vum American Museum of Natural History an do ass e ganz interessante Bäitrag gewiescht iwwer d'zoologesch Nomenclatur, also den Oflaf, wéi Déiere benannt ginn, an hei méi spezifesch Dinosaurier. An hei gëtt et natierlech sou en Code, an dee wëll, dass déi Dinosauriernimm eng bestëmmten Struktur hunn. Also huet ee ganz oft eppes, wat aus dem Griichesche kënnt oder eppes, wat aus dem Laténgesche kënnt an do huet een dann och Ofkierzungen. Also den Tyrannosaurus Rex ass dann einfach T-Rex zum Beispill an ass jo och ee vun de méi Bekannten. S: A wat bedeit ‘Saurus’ eigentlech?C: “Saurus” bedeit eigentlech just “Eidechs”, also “Lizard”. An den Dinosaurier bedeit esou vill wéi “schrecklech Eidechs”, well Deinos ass griichesch an dat bedeit “schrecklech”, also “terrible”. An dat fannen ech super interessant, well Dinosaurier, et gëtt jo och esou Plüschdinosaurier, mee am Fong sinn dat schrecklech Eidechsen. S: Witzeg.C: An dann hues de och nach aner Deeler vun hiren Nimm, also wann zum Beispill Allo, Allosaurus derbäi ass, Allo heescht einfach just “komesch”. Oder du hues “Brontosaurus” a Bronto heescht einfach just “Blëtz”. A kenns de nach den Triceratops? S: ____C: Ma Cerat heescht einfach en Horn. An Tri heescht dräi. An den Triceratops, dat ass deen, deen eeben op der Nues dräi Hörner huet. Mee esou gesinn hu mer dat haut och nach. En Einhorn ass och en Déier. Dat ass natierlech ee Fabelwiessen, keen normalt Déier, awer en Einhorn huet een Horn uewendrop. An en Nashorn huet och en Horn op der Nues. Dat heescht, mir hunn esou Benennungsmotiver, déi einfach d'Déieren iergendwéi charakteriséieren. A bei den Dinosaurier ass d'Charakteriséierung oft vun deem, wéi se sech beholl hunn, respektiv wéi ee mengt, dass se sech beholl hunn oder wéi se ausgesinn hunn.S: Dofir kléngen déi Nimm heiansdo komesch.C: Genee. Déi mussen awer net ëmmer alleguer op “Saurus” heeschen oder Saurier, mee mir hunn och zum Beispill den Deinodon. An den Deinodon heescht op Griichesch just esou vill wéi “schrecklechen Zant”. Dat heescht, do hu se dann e Gebëss fonnt, hu fonnt, dass dat schrecklech Zänn waren an esou huet sech dat da benenne gelooss. An och interessant, wann Dinosaurier a China fonnt ginn, da si se ganz oft op -long. Well Long heescht einfach “Draach”. An den Dilong, dee kennt ee warscheinlech net, den Dilong, dat ass den Emperor Dragon, also den kaiserlechen Draach, an deen ass e Virfach vum Tyrannosaurus Rex. Do muss een awer och soen, dass Tyrannosaurus Rex vill méi flott kléngt wéi Dilong. S: Dat fannen ech och.C: An den Tyrannosaurus ass natierlech och déi schrecklech Eidechs, déi dann nach Kinnek ass. Well Rex ass jo de Kinnek.S: Mir soen der dann elo merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et ëm e wonnen Hënner, Wierder am Alen Dictionnaire a Konsonanten, déi net gär nieftenee stinn.S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon!S: Iwwer wéi ee Wuert schwätze mer dann haut?C: Vun de Päerd, déi schären, komme mer lo bei d'Reidersallef. S: Reidersallef? Dat ass awer ganz speziell!C: Reidersallef ass e Wuert, wat am LWB steet, am Luxemburger Wörterbuch, dat ass en Dictionnaire a fënnef Bänn, deen erauskomm ass tëscht 1950 an 1977 an am Laf vu menger Recherche sinn ech op dat Wuert gestouss. Elo muss ech e bëssen erzielen, wat ech am Fong wollt erausfannen a wéi ech da bei där faméiser Sallef gelant sinn. Am Fong hat ech mech do auserneegesat mat weibleche Persounen, déi am Wierderbuch opgelëscht stinn. Dat heescht, ech hu gekuckt, wéi gëtt op Frae referéiert, grad an esou Koppelen wéi Pilot, Pilotin oder Dokter, Doktesch a sou weider. An hei ass et super interessant, well, mer vergiessen net, dat war an de Fofzegerjoren – an d'Aarbechten um LWB waren an den Drësseger- a Véierzegerjoren – dat war eng immens männlech zentréiert Welt. Et war en anert Weltbild. An och am Conseil vum Dictionnaire war och genee eng Fra, an de Rescht waren Hären. An dat weist sech iergendwéi och an deenen eenzelnen Entréeën am Dictionnaire.S: Wéi mengs de?C: An do ass mer opgefall, dass ganz vill weiblech Entspriechungen vun Persounebezeechnungen net am Dictionnaire stinn. Dat heescht, ech hunn zum Beispill de Reider, mee ech hunn net d'Reiderin. An ech ginn net dovunner aus, dass et keng Reiderinne gouf zu där Zäit, mee einfach dass dat net wichteg war, fir am Dictionnaire opgeholl ze ginn. Zum Theema Wichtegkeet kënnt awer elo de Witz: Et ass net d'Reiderin dran, mee ech koum der bei d'Wuert Reidersallef. Dat heescht, ech hunn de Reider, dee männlechen, deen dee Päerdssport mécht ,an direkt duerno kënnt Reidersallef. S: A keng Reiderin?C: Nee. An dann denken ech mer: Moment, ech sëtze säit drësseg Joer um Päerd, ech hunn nach ni vun der Reidersallef héieren. S: A wat ass dat dann?C: Ech huelen un, d'Reidersallef ass eng extra Creme, déi géint d'Wondreiden do ass. Dat heescht, wann een de ganzen Dag am Suedel souz oder wann een och an der Zäit net optimal Boxen unhat fir ze reiden, ne, haut ginn et jo speziell Reitboxen, da kann et sinn, dass ee sech scho mol wond geridden huet oder wann d'ënnescht Box einfach net richteg ulouch an da gouf et eng Reidersallef, déi sech quasi op den Dickes geschmiert huet, fir do net wond ze ginn. An d'Wuert Salef fannen ech an deem Sënn interessant, well et vum Däitschen “Salbe” kënnt. S: A jo, dat erkennt ee gutt.C: An do hu mer am Lëtzebuergeschen eng Tendenz, fir déi Konsonantecluster vun L a B auserneenzezéien. Also mir soen net “eng Salb”, mee mir soen “eng Sallef”. Hei si verschidde Phenomeener, déi beienee kommen. Mir huelen eemol dee Konsonantecluster LB auserneen bei “Salbe” an de B ass am Lëtzebuergesch duerch lautlech Gesetzer en F. Dat selwecht fanne mer och bei “hallef”. Wa mer soen, dat doten ass hallef futti, da wier dat jo am Däitschen “halb kaputt”: aus “halb” gëtt “hallef” an aus “Salbe” hu mer “Sallef”. Do mierkt een, et sinn iergendwéi déi selwecht Wierder, awer mir hu lautlech Phenomeener, duerch déi se anescht ausgesinn.S: Gëtt et dat och bei anere Wierder?C: Och bei anere Wierder hu mer dat, wa mer d'Däitscht mam Lëtzebuergesche vergläichen, sou hu mer zum Beispill d'Wuert “Hilfe” ass “Hëllef”. Mir hunn den L an den F auserneegezunn. Dat heescht, mir hunn net “Hëlf”, mee mir hunn “Hëllef”. Oder och bei der Zuel fënnef, déi ass am Däitsche “fünf” an do hu mer den N an den F auserneegezunn, wat am Lëtzebuergeschen do eng Tendenz gëtt, fir déi Konsonanten net beieneen ze loossen an einfach en E dertëscht ze réckelen.S: A jo, tatsächlech!C: Et ginn esou systematesch Saachen, déi ee mat ville Beispiller ka weisen. An esou sinn ech vun engem wonnen Hënner op e lautleche Prinzip komm! S: Da soe mir der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Et geet ëm Päerd, déi schären, a Leit, déi geschäert kommen. Donieft gesi mir och, wat d’Wuert Ohrfeige mat kieren ze dinn huet.S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie SimonS: Haut kënns de schären?C: Schären ass en interessant Wuert, wat am Lëtzebuergesche ganz vill verschidde Bedeitunge kann hunn! An ech schwätzen elo net vun enger lëtzebuergescher Aussprooch vum Verb “to share”, also eppes op Instagram “schären/sharen”, mee ëm dat lëtzebuergescht Verb schären, wat ganz vill Bedeitunge kann hunn. Falen dir der schonn e puer an?S: ____C: Fir mech perséinlech natierlech den éischte Sënn mat de Päerd: “Schären” ass dat Geräich, wat se maachen, wa se mam Huff sou iwwert de Buedem schären, also wa se ongedëlleg sinn oder wa se iergendwéi op Iesse waarden, dass se dann esou mam Fouss maachen, iwwert de Buedem, an dat ass dann d’Schären. Schären huet och beim Mënsch meeschtens eppes mam Fouss ze dinn: also wann ech d'Féiss net hiewen, da kann ech och d'Féiss iwwert de Buedem schären an da gëtt et jo och am Lëtzebuergeschen de geschäert kommen: d'Leit, déi aus dem Café geschäert kommen oder “Wéi kënns du dann do geschäert?”, dat ass beispillsweis e Saz aus dem LOD, an dat ass, wéi d'Leit einfach e bëssen ausgesinn.Et kann een awer och mat enger Iddi geschäert kommen – am iwwerdroene Sënn.S: A jo!C: Dann hu mer, wéi elo éinescht scho gesot, dass Déiere schäre kënnen, also Hénger schären zum Beispill oder Päerd schären. Dann hu mer nach “engem eng schären”, kenns de dat?S: ___C: Dat ass wann een eng an d'Akaul kritt, da kritt een eng geschäert, eng Ohrfeige. Do sinn ech souwisou och Fan vum Wuert Ohrfeige. An “engem eng schären” ass warscheinlech och déi Sträifbeweegung vun der Hand, dass de iergendwou eng Reiwung erzeugs. A wann s de engem eng schäers, dann hues de jo quasi hien esou u sengem Kapp beréiert. An hei fannen ech ganz interessant, dass beim däitschen “scharren”, dat Ganzt sech haaptsächlech op de Fouss bezitt, awer am Lëtzebuergesche ka “schären” och mat der Hand gemaach ginn. Also “engem eng schären” oder Saache vum Dësch schären oder eppes mat den Hänn zesummeschären. Do hu mer net nëmmen de Begrëff vum Fouss, mee “schären” kann dann och d'Hand betreffen.S: Du has elo grad vun der Ohrfeige geschwat? Wou kënnt dat eigentlech hier?C: Ech hat mech do elo nach net ganz erageschafft, mee eng Pist geet an d’Hollännescht. An elo gëtt et interessant, well am Hollänneschen heescht die Ohrfeige = oorveeg. An vegen heescht och “kieren, wëschen oder schären”. “Ohrfeige/oorveg” ass wuel eng Vermëschung vun dem eelere Wuert aus dem mëttelnidderdäitschen “Ōrvīge” mam hollännesche Verb “vegen”. An elo hu mer dann d'Iddi vum “Schären” an “eng geschäert kréien” an eng “Ohrfeige” oder “jemandem eine wischen” – wéi alles iergendwéi zesummekënnt! An dat hunn ech bei de Sproochen einfach ëmmer richteg gären.S: Mee déi Sproochen hänke jo och zesummen, gell?C: Ganz genee, dat ass d’Sproochfamill vun de Westgermanesche Sproochen, wou een op esou klenge Saachen erkennt, dass se änlech opgebaut sinn!S: A firwat Schärepäerd eigentlech? C: Päerd schären, fir Opmierksamkeet ze kréien. Dat heescht, wann ech zum Beispill an der Fudderkummer eppes maachen, da schären se, well se ongedëlleg sinn a well se gäre wëlle soen: Hei, ech, ech, ech! Oder och Rennpäerd an de Startboxen, do sinn der och oft déi schären, also déi schnauben, déi schären, well Päerd maache jo keng haart Geräicher, fir op sech opmierksam ze maachen. Also e Mupp, dee géif jaulen oder eng Kaz géif miauen. Mee ee Päerd ass e Fluchtdéier an dat mécht normalerweis net esou vill Geräicher, ausser et rifft en anert Päerd. An da schäre se mat de Féiss, fir ze soen: Hei, kuck, ech, hei! Dat heescht, iergendwéi si se e bësse gestresst an iergendwéi heeschen se och. An ech perséinlech haassen dat, wa Päerd schären, well dat ass immens ustrengend an dat ass eng Ongedëllegkeet, déi ech beim Päerd net wëll fërderen. Dat heescht, wa meng Päerd schären, da gëtt et guer näischt, well wa se schären a se kréien eppes, dann hunn ech dat positiv verstäerkt an dann dresséieren d'Päerd mech. Fir dass ech op si reagéieren. An dat ass net gutt. S: Ech verstinn.C: An do am iwwerdroene Sënn hu mer dofir och fir “bei enger Fra schären” fir “flirten”. Beispill: en huet jorelaang bei him geschäert, fir ze soen, e wollt iergendwéi Opmierksamkeet hunn oder “de ganzen Owend huet hatt bei deem Typ geschäert”. An domat ass gemengt, dass och do eng Zort vun Opmierksamkeet an Interessi do ass, wéi beim Päerd, wat schäert.S: Mir hunn och nach Intressi a soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Saachen iwwer d’Lëtzebuergescht erziels.C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et ëm Aen an d’Variatioun een A oder een An. Donieft schwätze mer och iwwer den Éislek.S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie SimonS: Da so eis emol, wéi ee Wuert mer eis haut méi genee ukucken! C: Bei ‘kucken’ si mer scho ganz no bäi: Haut hunn ech e Buschtaf an e Wuert matbruet, an zwar mam Lëtzebuergeschen, deen alleréischte Buschtaf aus dem Alphabet – deen ass och e Wuert …S: Aaa!C: An eng Interjektioun ass et och! Haut geet et ëm d’A oder den A. A wéi bei A-B-C an och A wéi bei zwéi Aen am Gesiicht an och einfach “Aaaaa”. An dat ass an deem Sënn interessant, well mer bei de Guckelcher nach eng Variatioun hunn, déi ech haut och méi no wëll erklären.S: Do si mer gespaant!C: Fänke mer mol mat der Variatioun u vum Substantiv A. Sees du A oder An? Also elo wierklech just am Singulier. Also sees du, ech hunn eppes am A oder sees de, ech hunn eppes am An?S: ____C: Tatsächlech ass dat e Wuert mat Variatioun, also verschidde Leit soen een A an anerer soen een An, an dann hu mer och nach Variatioun an der Aussprooch, du hues Leit, déi soen dat e bësse méi en [ɔ:] an en [ɔ:n] an anerer soe souguer en ON, an déi Zort Variatioun, also d'Verdeelung vun deenen verschiddenen Aussproochen, ass am Variatiounsatlas vun der Uni Lëtzebuerg festgehalen.S: A wat ass dat heefegst?C: Déi heefegst Variant ass An (496) = 52 %; direkt dono A (347) = 36 %. Och genannt, mee manner oft goufen dann nach Aussproochvariante wéi [ɔ:] (56), [ɔ:n] (7); [o:] (6), Au (40).S: A wéi vill Leit goufen do gefrot?C: Dat ass am Kader vun der Schnëssen-App opgeholl ginn, kenns de déi? S: ___C: Déi ass och nach ëmmer aktiv, do kann een eng App op den Handy lueden an dann seng Donnéeën eraschwätzen an fir deen heiten Item war et eng Bildbeschreiwung vum A, an do hunn 946 Persounen matgemaach. Dat heescht, mir hu bal dausend Leit gefrot aus dem ganze Land, wéi se dat ausschwätzen an dat si schonn zimmlech cool Donnéeën!S: A wou fannen ech dat? Also wou kann ech dat noliesen, wann ech mer dat elo net verhale konnt oder aner Wierder wëll kucken?C: Dat kann een alles online nokucken op variatiounsatlas.uni.lu.S: An ass dat mat A/An/On elo jee no Dialekt?C: Jo, Dialekt spillt och eng Roll, also grad am Norde vum Land, ween hätt dat geduecht, am Éislek, do huet een eenzel Varianten “O” an “Au”, mee dat sinn net vill Leit, déi dat genannt hunn, also den “O” ass grad mol vu 6 Persoune genannt ginn, wat elo op bal dausend gekuckt net vill ass. Fir d'Variant “A” oder “An” ass et vun allem den Alter, deen eng Roll spillt, wat d'Leit méi jonk sinn, wat se éischter d'Form mam “N” benotzen.S: Intressant!C: Den “A” huet awer nach aner Bedeitungen am Lëtzebuergeschen an zwar hu mer jo och den A als Buschtaf, also a Konstruktioune wéi “dat ass den A an den O” oder den A ass den éischte Buschtaf vum Alphabet. Oder beim Buschtawéieren: “Fra schreift ee mat engem a”. En “a” kann awer och d'Konjunktioun “und” sinn, wann den N duerch d'n-Reegel ewechfält.S: Wéi mengs de dat?C: Wann ech zum Beispill soen “Fësch a Fleesch”, da schreiwen ech dertëscht net „an“, mir schreiwen „a“, well den N duerch d'n-Reegel ewechfält, well dat Wuert duerno mat engem F ufänkt, an dann hunn ech och just “a” do stoen (hei awer oppasse mat der Aussprooch). Ech muss awer wëssen, dass dat net de Buschtaf “A” ass an och net “”, an dofir muss ech dat dann “a” liesen an net “aaa”. An en A, fir dat wat ech am Gesiicht hunn, dat gëtt just mat engem A geschriwwen.S: A sou! Caroline, Mir soen der elo merci a freeën eis op d’nächst Woch bei WiWi.C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et ëm Geessen an den 1. FC Köln. Donieft gëtt et och en Orthografie-Tipp.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon
    S: Haut gi mer nees an d’Déierewelt?
    C: Genee, haut schwätze mer iwwer Geessen an iwwer e beléiften Orthografiefeeler. Ech wäert iech haut erklären, firwat „du gees” (fir you go) just een S kritt an e Verb ass, an „du Geess” (fir du domm Kou) zwee S kritt an op en Déier referéiert.
    S: A firwat kritt dat eent zwee S an dat anert just een?
    C: Dat hänkt dovun of, wéi dat Wuert zesummegesat ass resp. wou et hierkënnt! Bei der Lëtzebuerger Orthografie muss ech ganz oft am Däitsche kucken, wéi et geschiwwen ass. An do hu mer die Geiß.
    Geiß ass dobäi en anert Wuert fir Ziege. A wann ee seet: Mee am Däitsche soen ech ëmmer Ziege! … da kann ee kucken, et kennt ee bestëmmt nach d'Gedicht Der Wolf und die sieben Geißlein. Oder d'Maskottche vum éischten FC Köln, dat ass och den Hennes, e Geißbock. An do geet e schéine Bonjour eraus un mäi Papp, dee e grousse Fan ass.
    S: Dat ass awer léif!
    C: Bei Wierder wéi Geißbock erkenn erkennt een nach, dass et Geiß och nach am Däitsche gëtt. Et gëtt en och nach am Dialekt. Op ville Plazen ass en awer grad am duerch d'Form Ziege verdrängt ginn.
    S: A wouhier kënnt d’Wuert ‘Geiß’?
    C: D'Wuert Geiß geet zréck op Mëttelhéichtdäitsch geiz. An dat steet och a Verbindung mat englesche goat.
    S: A sou?
    C: Ma well mer verschidde Lautwiessel hunn an deenen anere Sproochen, hu mer am Englesche goat. An elo seet ee: jo, mee, “goat” a “geis”, dat ass jo awer ganz wäit ewech! Mee ass et am Fong net, well mir hu systematesch Lautwiessel an de Sproochen. Et ass ganz oft, wa mer am Engleschen en T hunn, hu mer am Däitschen e schaarfen S oder en Z. Dat hu mer och zum Beispill bei ten an zéng (10). Oder “What?” am Engleschen a “Was?” am Däitschen – mee am Lëtzebuergesche “Wat?”.
    Goat ass nach e bësse méi no um Hollänneschen “geit”.
    An och am Schwedeschen hu mer “get” (geschwat: yet), an do mierkt een, dass se einfach alleguer zesummenhänken. Elo ass awer d'Fro: Firwat schreiwe mer d'Geess am Lëtzebuergeschen mat zwee S? Et gëtt eng Reegel, déi seet: Wa mer am Däitschen e scharfen S hunn, gëtt et am Lëtzebuergeschen Duebel S. Heizou gehéieren dann och Wierder wéi Strooss oder Moossnam, wou mer aus dem Däitschen ß en Duebel S maachen. Et gët keen ß am Lëtzebuergeschen – a kengem Wuert. A wa mer dann nach e laange Vokal virum duebel S hunn, da gëtt de Vokal och nach verduebelt.
    S: Eng Geess schreiwe mer also G-E-E-S-S.
    C: An elo nach eng kleng Info iwwer den S um Enn vum Wuert, well dat ass och wichteg: Den S um Enn vum Wuert gëtt ëmmer schaarf geschwat, egal ob en een- oder zweemol geschriwwen ass. Dat heescht, hunn ech e Pluriel wéi “Tasen”, wou den S an der Mëtt vum Wuert ass an e Vokal hannendrunner kënnt an e gëtt mëll geschwat wéi “s”, da muss ech e just eemol schreiwen. A wann ech eppes hätt wéi “haassen”, dann hunn ech e schaarfen S (also e stëmmlosen) an der Mëtt vum Wuert an dee muss ech verduebelen (ss).
    S: An um Enn vum Wuert?
    C: Um Enn vum Wuert ass en ëmmer stëmmlos geschwat (s). Dat heescht, ech héieren net, ob ech en einfach oder duebel muss schreiwen. An dann hu mer de Punkt, dass mer da musse kucken: Wéi ass d'Systematik vum Wuert? Kënnt den S vläicht vun engem däitschen ß oder ass et just eng Endung? A beim Déier Geess hate mer jo gesot, kënnt et vum Däitschen Die Geiß, dofir en ß als Virbild, am Lëtzebuergeschen zwee S. Awer beim Verb “goen, ech ginn, du gees, hie geet”, do schreiwen ech just G-E-E-S,
    S: Also just een S um Enn.
    C: jo, well ech hu bei “goen” just de G an e Stammvokal, a soss näischt. An den einfach S ass just eng Endung. Dat gesinn ech och bei anere Verben, wéi bei “laachen, du laachs, Kommen, du kënns” – do hunn ech jo och net d'Tendenz, fir zwee S ze maachen, well bei “du” setzen ech einfach en “s” als Endung.
    S: Du hues (mat engem S) eis haut nees vill sproochlech Fun facts erzielt an da soe mir der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et ëm kal Fangeren, den Neelchen a Wierder, déi eis an anere Sproochen heiansdo feelen.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon
    S: Iwwer wéi ee Wuert schwätze mer dann haut bei WiWi?
    C: Ech wëll als éischt wëssen, ob s du dat Wuert och benotz, éier ech et soen. Dofir starten ech direkt mat enger Fro: Kenns de dat, wann et kal dobaussen ass an du kënns dann an eng waarm Stuff eran an dann dinn deng Hänn su wéi, dass de Schock vu kal op waarm dozou féiert, dass deng Hänn uschwëllen? Wéi nenns du dat?
    S: ____
    C: Den Neelchen hunn. An Neelche war su e Wuert, wat mer ëmmer am Däitsche gefeelt huet, well ech mer geduecht hunn, ech wéilt elo gäre mengen däitsche Frënn soen „ech hu lo déck den Neelchen”, mee ech hu keng Anung, wéi ech dat an engem kuerze Wuert op Däitsch ka soen! Oder wéi géifs du dat op Däitsch oder Englesch soen?
    S: ____
    C: An da wollt ech dat eent zu eent op Däitsch iwwersetzen an och do sinn ech net rauskomm, well ech mer geduecht hunn, wat ass dann Neelchen eigentlech genee? Neelchen ass jo am Fong den Diminutiv vum Nol, also vum Fangernol, mee ech ka jo net soen „ich hab das Nägelchen“, dat sinn oft su Phraseologismen, déi net eent zu eent aus hirer Bedeitung zesummegesat sinn, dat heescht en Nägelchen. Dat wäert kee verstoen an et existéiert einfach net am Däitschen.
    S: A wéi ass dat an anere Sproochen?
    C: Och am LOD, wou déi Wierder jo an aner Sproochen mussen iwwersat ginn, hu mer natierlech den Neelchen am Lëtzebuergeschen. An am Däitsche steet do „schmerzhaft klamme Fingerhaben”, am Englesche steet do „to have numb fingers or toes”, an dat Portugisescht liesen ech elo net vir, mee och beim Portugiseschen geet et drëm, dass déi eenzel Wierder erkläert sinn, dat heescht do geet et och drëm, dass ee Fangeren huet an dass déi iergendwéi erfuer sinn.
    S: Mee do feelt jo lo d’Franséischt, wann s de an den LOD kucke waars!
    C: A genee hei gi mer an déi richteg Richtung. Den Neelchen kënnt nämlech aus dem Franséischen, net een zu eent, mee vun der Iddi hier, an am Franséischen heescht et nämlech „avoir l'onglée“, an dat steet am Larousse zum Beispill als: Engourdissement douloureux que les grands froids font éprouver au bout des doigts. Mer schreiwen dat ONGLÉE.
    S: Et ass also ëmmer an de Fangerspëtzen?
    C: Anscheinend ass et am Franséischen eng Conditioun, dass et d’Fangere betrëfft. Do geet et awer och sou wäit, dass engem d’Fangere sou wéidinn, dass engem schlecht gëtt. Sou krass kennen ech dat zwar perséinlech net. Am Lëtzebuergesche kann et awer och d’Zéiwe betreffen.
    S: Ech mengen awer, dass et meeschtens d’Hänn betrëfft.
    C: Jo, ech mengen och. An den Neelchen hei ass erëm e schéint Beispill dofir, dass net all Sachverhalt an Sproochen mat engem Wuert ausgedréckt gëtt, an heiansdo hu mer e Wuert am Lëtzebuergeschen, wat an anere Sprooche muss ëmschriwwe ginn, oder mir hunn an enger anerer Sprooch e Begrëff, deen am Lëtzebuergesche muss ëmschriwwe ginn.
    An dat ass iwwerhaapt kee Problem, well wann ech net weess, dass et e Wuert gëtt, da feelt mer dat och net, an sou hunn ech zwar ëmmer bei mengen däitsche Frënn gesot, dat Wuert feelt mir am Däitschen, well ech mat enger lëtzebuergescher Perspektiv op d’Saach kucken. A si waren ëmmer sou: Dir tun halt die Finger weh.
    S: Caroline, mir soen dir elo merci fir haut a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et ëm den Ursprong vum Wuert Verhütung a seng Synonymmer. Donieft schwätze mer och iwwer den Hutt vun der Melania Trump.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht?
    C: Ech fänken haut emol bei eppes aus der Aktualitéit un, well esou sinn ech nämlech op eist Wiwi-Wuert vun haut komm: Has de gesinn, dass bei der Inauguratioun vum Donald Trump, d’Melania Trump e speziellen Hutt unhat?
    S: ___
    C: Deen Hutt hat esou eng grouss Kremp, dass den Trump him kee richtege Kuss konnt ginn, dat war just sou e Loftkuss, an do war op der däitscher Tëlee de Witz gemaach ginn, dass dat déi bescht Form vu Verhütung wier, dass de en Hutt hues, deen esou grouss ass, dass kee Mann widder dech kënnt.
    An do hunn ech mer geduecht, dee Witz ass zimmlech gutt, mee huet Verhütung eigentlech eppes mat engem Hutt ze dinn?
    S: Mee ass e Kondom net sou eppes wéi e klengen Hutt?
    C: Jo, ech mengen, do muss ech eng aner Kéier eng Episod maachen iwwer Kapëttchen. Hutt ass scho gutt, mee déi weider Erklärung maachen ech am beschten iwwer d’Däitscht, well mer do nach déi zwee Wierder hunn.
    S: A wéi eng?
    C: Am Lëtzebuergeschen ass den Hutt e Maskulinum a mir kennen net méi Hutt am Femininum, awer dat gesäit een nach am Däitschen wéi „auf der Hut sein“ oder „in der Obhut“, do ass nach dee femininen Hutt mat dran – die Hut – an dat geet zeréck op Mëttelhéichdäitsch huote, also mat UO geschriwwen, an dat bedeit esou vill wéi, dass een op eppes oppasst, eppes bewaacht, eppes schützt – an dat ass och eppes, wat een aus dem Mëttelalter kennt.
    S: A wat war fréier domat gemengt?
    C: Am Mëttelalter war et wichteg, dass d'Fraen zum Beispill eng Huote haten, dass iergendeen do war, deen op se opgepasst huet, dee se beschützt huet. Huote war awer och einfach Fürsorge, no engem kucken – egal ob Mann oder Fra: „mit vill getreiwer huote“, dat heescht „mat treier Pfleeg”. Et geet awer vum Beschützen iwwer d’Iwwerwaachung bis bei no engem kucken.
    S: A wéi komme mer lo nees bei d’Wuert ‘Verhütung’?
    C: Elo komme mer dann vun der Huote bei d'Verhütung.D'Verhütung huet, net wéi am Wuertwitz vun elo éinescht, mat engem Hutt ze dinn, mee mat deem, wat als Huote bekannt ass, also mam Beschützen oder mam Iwwerwaachen. A wann ech verhüten, da wëll ech mech virun enger Schwangerschaft schützen, a vläit gesäit et zwar aus wéi Hutt, awer et ass am Fong déi Hutt gemengt.
    S: An dat heescht am Lëtzebuergeschen ëmmer ‘Verhütung’?
    C: Bei Verhütung hu mer e Wuert, wat direkt aus dem Däitsche kënnt a wat iwwerhaapt kee Problem ass. Mir kënne soen : Si verhüten oder wéi méchs de et mat der Verhütung. Ech fannen awer och Beispiller fir d'Verhiddung oder verhidden. Hei ass et dann eng lautlech Upassung vun deem Wuert, wat mer aus dem Däitschen hunn. Ech kann awer och einfach aus dem Franséischen Contraception huelen. Wéi nenns du dat da meeschtens?
    S: ________
    C: An dann nach eng kleng Service-Info. Säit dem éischten Abrëll 2023 gi Verhütungsmëttel zu Lëtzebuerg vun der CNS rembourséiert, leider betrëfft dat awer net Kondomer, awer alleguer déi aner, vrun allem hormonell Saachen, gi mëttlerweil rembourséiert, wat e groussen Schrëtt ass an der affektiver a sexueller Gesondheet, wéi et heescht.
    S: Affektiv Gesondheet, dat ass zwar eng schéi Beschreiwung!
    C: Dat fannen ech och! A fir elo nach e bëssen ze weisen, wéi déi germanesch Sproochen zesummenhänken, kann ech der nach soen, dass den ‘Hutt’ an englesch ‘hood’ fir Kaputz zesummenhänken.
    S: A jo?
    C: Et ass béides e Schutz fir de Kapp. Ech géif et och léif fannen, wann een de Plower, dee mer ‘Hoodie’ nennen, well en eng ‘hood’ huet, einfach als ‘Kaputzi’ iwwersat hätt.
    S: Dat wier léif! Da soen mir dir merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Et geet haut ëm de Begrëff Astig (an aner Wierdermat -stig) a wéi dës Formen am Lëtzebuergesche landen.


    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wat hu mer haut fir e Wuert?
    C: Iwwer dat heite Wuert hunn ech wierklech misse laachen, well wann een dat geschriwwe gesäit, dann ass et wäit ewech vun deem, wéi et kléngt. Mir hate jo scho viru puer Wochen iwwert d'Rüg geschwat, eng Rüg, déi mer R-Ü-G schreiwen, an dat heite Wuert ass ganz änlech an zwar schwätze mer haut iwwert den ‘Astig’. An dat hunn ech elo wéini an engem Text gelies, wou et ëm eng Introduktioun gaang ass, en Astig an en Theema.
    Et liest sech awer bal wéi Däitsch ‘astig’, also mat vill Äscht.
    S: Et gesäit wierklech e bësse komesch aus.
    C: Awer dat ass iergendwéi eppes, wat am Lëtzebuergesche ganz typesch ass. Mir hunn zwar fir ‘in den Bus einsteigen’, do soe mer ‘an de Bus eraklammen’, awer mir hunn net eng ‘Raklamm’ fir en Theema. Dat heescht, mir hunn am Däitschen eng Wuertbildung, déi ass. Einsteigen > Einstieg.
    Do gesäis de, wéi Verb a Substantiv beieneeginn. An am Lëtzebuergeschen hu mer e Verb, awer d'Substantiv léine mer aus dem Däitschen a wennen eis Reegelen dodrop un.
    S: A wéi eng Reegele sinn dat?
    C: Mer musse jo bestëmmt Reegelen uwennen, well mir soe jo net en Einstig, mee mir soen Astig. Dat nennt sech Léiniwwersetzung respektiv eng Upassung vun deenen eenzelne Wuertdeeler. Dat heescht bei ‘einsteigen’ hätte mer ‘ein’ vun ‘hinein’, also ‘man steigt in etwas hinein’. An dat ass am Lëtzebuergeschen ‘an’.
    S: Awer ouni ‘n’?
    C: Genee ‘a’ wéinst der n-Reegel. An de Stig, deen hu mer aus dem däitschen ‘Steig’. An dat fanne mer och esou eppes wéi den Ofstig an enger Futtballliga oder den Ausstig aus der Atomenergie.
    S: A jo, vun oftsteigen. Oder eben opsteigen an der Liga.
    C: Genee. An esou een Integratiounsprozess ass eppes, wat am Lëtzebuergesche relativ heefeg geschitt. Also et muss een elo keen Angscht kréien, dass mer vun däitsche Wierder iwwerrullt ginn, well all Mënsch géif zum Beispill eng Heizung Heizung nennen, obwuel d'Verb dozou hëtzen ass. Dat heescht, am Däitschen hu mer Heizen an Heizung, déi hunn déi selwecht Basis, et ass ee lineare Wuertbildungsprozess, dee ganz offensichtlech ass. Awer hëtzen an Heizung am Lëtzebuergeschen geet anescht, well mir hunn e Verb an dann hu mer e Substantiv, wat mer aus dem Däitschen souguer ouni Integratioun. Mer soe jo net eng Hëtzung.
    S: Nee, effektiv.
    C: Heiansdo kommen ech op déi Saachen, well ech och lëtzebuergesch Morphologie ënnerriichten, dat heescht lëtzebuergesche Wuertbau, an da kucken ech mer als Beispill Erklärungen un aus dem Däitschen oder eebe wëssenschaftlech Texter aus dem Däitschen. Do mierken ech dann, dass dat am Lëtzebuergeschen alles guer net sou einfach fonctionéiert, well mer net ëmmer déi selwecht Basis hunn vum Verb bei d’Substantiv, dat heescht Mëttel, fir am Lëtzebuergeschen déi Saachen auszedrécken, sinn oft lexikalesch. Dass mer nei Wierder importéieren. Mee dat ass och eng grouss Chance, dass mer sou Saachen einfach iwwerhuele kënnen.
    S: Dat fannen ech och!
    C: Mer schaffen einfach vill mat Léinstrukturen, well mer selwer sou méisproocheg sinn, ass dat och guer kee Problem. Oder ass der d’Wuert ‘Heizung’ schonn eng Kéier ze däitsch virkomm?
    S: ____
    C: An et kann ee jo ëmmer nach Chauffage soen, wann ee wëll. Mee och dat ass geléint.
    S: Genee, dat ass da Franséisch an et ass net vill gewonn.
    C: … awer mer hunn do kee Verb chaufféieren. Also net bei der Heizung. Mer chaufféiere vläit mam Auto.
    S: Alt nees eppes geléiert! Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Et geet ëm Dännenzapen a firwat déi meeschtens näischt mat enger Dänn ze dinn hunn.


    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wat ass eist WiWi-Wuert vun haut?
    C: Op dat nächst Wuert hues du mech bruecht, well du hues mech virun e puer Wochen eng Kéier gefrot, wéi een Pinecone op Lëtzebuergesch seet. War dat vun engem Kolleeg oder fir dech selwer?
    S: ________
    C: A weess nach, wat ech da geäntwert hat?
    S: ________
    C: Éierlech gesot hunn ech spontan selwer Dännenzap gesot, sinn et dann awer och nach eng Kéier recherchéiere gaang a sinn dann nach op zwee weider Wierder gestouss. Eemol d'Variant Dännenzapp an den Dillendapp. War der eppes bekannt virkomm?
    S: _______
    C: An dann hu mer och nach den Dillendapp. Den Dillendapp ass ville Leit awer éischter bekannt als d'Spillsaach, dat ass dat, wat ee sou dréit a wat e su ronderëmwierbelt. Den Dillendapp kann awer och de Pinecone sinn, also den Dännenzap, wéi och ëmmer. Et ass witzeg, dass engem dat Wuert net ëmmer sou direkt afält, awer den Dännenzap ass sou, wéi ech et och géif soen.
    A wann een Dillendapp googelt, dann ass Dillendapp virun allem en Benennungsmotiv fir Aktivitéiten a Fräizäitgeschichten. Also et gëtt eng Maison relais, déi heescht Dillendapp, an da gëtt et och nach d'Tatta Dillendapp, déi an engem Jangli-Film virkënnt an ech mengen ech hat souguer nach eng Danzschoul fonnt, déi Dillendapp heescht, alles awer vun der Spillsaach hier, well déi einfach su ronderëm wierbelt.
    S: Dat seet mer och eppes.
    C: An elo hunn ech mer bei der Recherche nach e bëssen Nerd-Wëssen ugëeegent.
    S: A sou?
    C: Hei kann een och nach eng Kéier e bësse méi prezis sinn, well dat, wat mir als Dännenzapen oft benennen, kënnen awer verschidde Conifèrë sinn.
    S: Wat ass eng Conifère scho méi?
    C: Also Coniféieren ass den Iwwerbegrëff fir Nadelbäume an déi hunn verschidden Zapen. A mir soen ganz oft Dännenzapen, fir déi, déi su bësse baucheg oder och schmuel sinn, mee dat sinn, streng geholl sinn dat Kiferzapen an net Dännenzapen.
    S: A sou?
    C: En plus hunn ech nogelies, dass Dännen hir d'Zapen och net verléieren. Déi verléieren just eenzel verholzten Deeler dovunner. Dat heescht, déi fale guer net am Ganzen erof a mir kënnen net domat bastelen, spillen, se dem Hond geheien.
    Dat sinn awer meeschtens keng Dännenzapen, et si meeschtens Zape vun der Kifer oder der Lärche oder vun der Fichte. Oder och vun Douglasien. Dat sinn alleguer déi brong holzeg, mee vun der Dänn, déi fale selten erof.
    S: An dat hunn ech éierlech gesot och net gewosst!
    C: Do sinn ech mat denger Fro direkt an ee rabbit hole gefall, mee super intressant! Ech halen dann am Bësch mol meng Aen op!
    S: Ech och! Da soe mer der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et bis an d’Hee! Et geet ëm Hee, Grumm an d’Konscht, d’Meteoaschätzen ze kënnen.


    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht?
    C: Haut schwätze mer iwwer Grumm.
    S: A wat ass dat dann?
    C: Haut gi mer rëm an de Stall an zwar geet et ëm Hee, awer net ëm Hee u sech, mee ëm den zweete Schnatt vum Hee an deen heescht Grumm. An domat beschäftegt een sech, wann een selwer Déieren hält, déi dat iessen, well Bauere maachen net just eemol am Joer Hee, well se mëttlerweil esou effikass si mat hire Maschinnen, dass se dat e puer Mol kënne maachen an well eise Summer oft sou laang ass, dass d'Gras e puer Mol nowiisst.
    S: A firwat huet dat zweet e speziellen Numm?
    C: Dat huet och a villen Dialekter vum Däitsche speziell Nimm an zwar gëtt et och d'Bezeechnungen Emd oder Emde, Ettgrön, Öhmd, Grummet oder Grummt oder wéi am Lëtzebuergeschen Grumm.
    S: Dat hunn ech alles nach ni héieren.
    C: Et si jo souzesoen och Fachbegrëffer. De Grumm ass schonn am mëttelhéichdäitsche beluet am 13. Joerhonnert oder souguer méi al, dat kënne mer net genee soen. Et setzt sech zesummen aus de Bestanddeeler ‘gruon’ a ‘mât’. An ‘gruon’ ass d'Faarf gréng, och schonn am alhéichdäitschen ‘gruoni’ an am Sënn vu frësch a jonk a säfteg, a mât ass quasi d'Substantivéierung vun ‘méien’. Dat ass e Wuert, wat een haut och am Däitsche fënnt, mat geschriwwen M-A-H-D, och wann een dat éischter selten héiert.
    S: Mahd och nach ni héieren.
    C: Dat war mir och nei! An hautzudaags ass mat der moderner Landwirtschaft och en drëtte Schnatt méiglech mam Hee. An deen éischten ass dat, wat normalerweis fir Päerd geholl gëtt, a Grumm ass alles, wat am selwechte Joer, also am selwechten Summer nach eng Kéier nogeschnidde gëtt, well heiansdo wiisst d'Gras enorm an da rentéiert et sech fir d'Baueren, fir nach eng Kéier eppes draus ze maachen, awer dat gëtt dann net méi Hee genannt, mee Grumm, an dat ass oft fir d'Kéi.
    S: A firwat ass dat oft fir d’Kéi?

    C: D'Hee vum éischte Schnatt ass einfach besser fir d'Verdauung vum Päerd, well dat vum éischte Schnatt huet manner Eewäis a méi Rohfaser. Dat heescht manner Turbohee. Et geet einfach drëm, dass se dovunner méi knaen a manner Energie kréien. Fir e Päerd ass dat am beschten. Bei Kéi geet et jo oft drëm, dass se séier sollen usetzen a séier déck ginn an déi si jo och Widderkäuer, hir Verdauung leeft anescht of. Fir Kéi ass et kee Problem, dass et vill Eewäis huet.
    S: A wéi kënns de un dat Spezialwëssen?
    C: Ma ech hale meng Päerd selwer an do muss ech mech engersäits selwer informéieren, wat gutt fir Päerd ass, an anerersäits schwätzen ech och vill mat Baueren, well ech eeben Hee wëll kafen oder vun eiser Wiss gemaach kréien.
    Dat ass awer och eng Wëssenschaft fir sech. Do geet et dann och ëm d'Fiichtegkeet vum Hee a wéi een et lagert an wéini et soll geschnidde ginn an wann d'Baueren an d'Hee ginn, sou heescht dat nämlech, wann Hee gemaach gëtt, da geet een an d'Hee, da muss een och gutt oppassen, dass et da fënnef Deeg net reent, well dat Hee, wat mir maachen, dat ass souzesoe loftgedrëschent.
    An da muss et nach gekéiert ginn, fir dass et net ënnen drënner naass gëtt, also muuschteg gëtt, an do muss een ëmmer bëssen d'Meteo kucken, well an de Meteosendungen ass et jo oft sou, dass se een Dag oder zwee Deeg am Viraus soe wéi d'Wieder gëtt, awer selten fënnef Deeg an da brauch ee jo wierklech eng Garantie, dass d'Hee guer kee Reen kritt. Dofir huet een oft eebe su Bauere-Reegelen oder déi, déi dat spieren, dass et dann net soll reenen, an dann mierks de, wann déi éischt Baueren ufänken, an d'Hee ze goen.
    S: A wann et awer reent?
    C: Da gëtt d’Hee schlecht oder et kann een och Silage maachen, do gëtt dat dann an di Plastiksbotten agewéckelt an do ass et mam Reen egal.
    S: Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi! 

  • Mir schwätzen iwwer de "G" am G-Punkt an entdecke Begrëffer bei der weiblecher Anatomie.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei WiWi „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wéi ee Wuert hues de haut fir eis?
    C: Ech wollt emol mat enger Fro ufänken: Weess du, wat de G-Punkt ass?
    S: ______
    C: Keng Angscht, du muss mer dat lo net am Detail erklären. Et geet mer haut och manner ëm weiblech Anatomie, mee méi ëm Benennungsmotiver. A well G-Punkt en Term ass, deen een als erwuessene Mënsch vläit emol héieren huet, ass dann elo meng nächst Fro: Weess du, firwat dee “G” steet?
    S: ______
    C: Et ass am Engleschen och den g spot, am franséischen le point g.
    S: Keng Anung.
    C: Wéi sou oft um weibleche Kierper ass et no engem Mann benannt anzwar steet de “g” fir den Entdecker dovun, den däitsche Gynekolog Ernst Gräfenberg.
    S: Wierklech?
    C: Jo, a Gräfenbergpunkt kléngt net sexy, éierlech gesot.
    S: Awer wierklech net!
    C: Et ass awer ëmstridden, ob dat, wat de Gräfenberg 1944 entdeckt huet wierklech eppes Separates ass. 2009 koum an enger Etüd eraus, dass de G-Punkt oder heiansdo méi vast d’G-Zon warscheinlech keen eegenen Deel vun de weibleche Geschlechtsdeeler ass, mee eng Erweiderung vun der Klitoris. A bei verschidde Fraen ass deen Deel méi oder manner ausgepräägt.
    An der Medezin an Anatomiegeschicht ass d’Klitoris souwisou laang Zäit falsch verstan oder manner gutt erkläert ginn. A mech intresséieren engersäits déi anatomesch Fakten iwwer de Kierper an anerersäits d’Benennungsmotiver an d’Wuertbildungen. Klitoris kënnt beispillsweis aus dem Griicheschen an huet se schéine Pluriel ‘Klitorides’.
    S: Wierklech?
    C: Jo, mee du kanns natierlech och ‘Klitorissen’ soen, woubäi ee meeschtens am Singulier driwwer schwätzt.
    Ech war lo richteg an der Recherche iwwer de Gräfenberg, deen 1933 net méi normal konnt als jiddeschen Dokter schaffen an e souz och 3 Joer am Zuchthaus.
    An de Gräfenberg vum G-Punkt war nach weider wichteg an der Gynekologie.
    S: A wou genee?
    C: Hien huet viru bal 100 Joer e Verhütungsmëttel erfonnt, wat mer haut nach an enger anerer Form kennen, nämlech d’Verhütungsspiral. Hien hat 1928 eng nei Method als ‘Gräfenbergring’ virgestallt, wat deemools nach mat Seid a Sëlwer gebaut gouf, haut méi modern mat Plastik a Kofferdrot.
    S: Du sos am Ufank, bei der weiblecher Anatomie wier vill no Männer benannt, wat ass dann nach e Beispill?
    C: Lo gëtt et dann awer méi speziell anatomesch, mee et gëtt zum Beispill d’Bartholin-Drüsen, déi e Sekreet ofginn, fir d’Scheed fiicht ze halen. Benannt nom däneschen Anatomiker Caspar Bartholin – schonn am 17. Joerhonnert!
    A beim Wuert ‘Eileiter’ hu mer am Engleschen de ‘Fallopian tube’, benannt nom Italieener Gabriello Fallopio, op Latäin ‘tuba Fallopii’. Och dat gouf schonn am 16. Joerhonnert benannt. Fir den Eileiter si mer e puer witzeg eeler Termen am Däitsche begéint: den Eiergang, Muttertrompete oder Oviductus.
    S: O mei, do ass Eileiter awer eng gutt Optioun.
    C: An e schéint Beispill fir e Léinwuert, well mir soe weeder ‘Ei’ nach ‘Leiter’, mee mer iwwerhuelen dat Wuert 1:1 aus dem Däitschen. An ech mengen, méi kann ech haut net méi iwwer dee spannende Beräich erzielen.
    S: Dann e grousse Merci, Caroline, a mir freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et ëm La-ola-Wellen an onbewosst Verdueblungen.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - Ee puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Haut gi mer nees Richtung Futtball?
    C: Souzesoen! Mäi Wuert vun haut ass La ola. An elo kann ech mer direkt spontan froen, wéi géifs du la Ola schreiwen?
    S: ___
    C: Interessanterweis gëtt et nämlech esou geschriwwen, wéi déi eenzel Wuerteeler sinn an zwar schreifs de la espace Ola an am Lëtzebuergeschen gëtt Ola kleng geschriwwen a la grouss an am Däitschen gëtt den Ola grouss geschriwwen.
    A weess de och, wou d’Wuert hierkënnt?
    S: _______
    C: Bei menger Recherche hunn ech och erausfonnt, wéi et op Englesch heescht. Mee du kanns mer dat bestëmmt och soen.
    S: ________
    C: Ech fanne ‘mexican wave’ esou e witzegt Wuert. Du gesäis de awer och mat Mexiko an La Ola, dass et e spueneschen Hannergrond huet an zwar heescht La Ola esu vill wéi d'Well. ‘La’ ass den bestëmmten Artikel an Ola heescht ‘eng Well’. Mir hunn also e Wuert geléint, wat ech ëmmer super interessant fannen, wou mer den Artikel direkt matgeholl hunn. Also mir soen net ‘eng Ola’, mee mir soen eng ‘La Ola’. An duerfir ass et och bësse komplizéiert mat der Schreifweis an deene verschiddene Sproochen.
    S: A sou?
    C: Awer ech muss der och nach soen, wéi dat am däitschen Dictionnaire beschriwwe gëtt, well ech fannen heiansdo näischt méi witzeg, wéi sou kuerz Beschreiwunge vu Saachen, déi mer alleguer kennen. Also du kanns jo lo mol iwwerleeën, wéi s de engem géifs eng La Ola erklären. Also su kuerz wéi méiglech, awer och su prezis wéi méiglech.
    Ech ginn der lo kuerz Zäit, fir driwwer nozedenken. An?
    S: ___________
    C: An elo liesen ech der vir, wat am DWDS steet: Durch abwechselndes Aufstehen und Sichhinsetzen aus Begeisterung hervorgerufene Bewegung, die den Eindruck einer großen umlaufenden Welle entstehen lässt.
    S: Ass dach super!
    C: Jo, fannen ech och. Mee et kléngt sou witzeg steif, bal wéi an engem Loriot-Sketch à la: Durch abwechselndes Lutschen und Kauen entfaltet sich der Geschmack am besten.
    Ech hat jo schonn driwwer geschwat, dass mer bei der La Ola den Artikel mat léinen an trotzdeem soen „eng La Ola“, domat soe mer quasi „eng déi Well“. An lo gëtt et nach méi verréckt, well wa mer déi Saach net La Ola nennen, mee och nach La-ola-Well, a wa mer dann nach soen „déi La-ola-Well“, dann hu mer déi perfekt Duebelverduebelung. Mir hunn zweemol en definiten Artikel a mir hunn zweemol e Substantiv, déi dat selwecht heeschen.
    Just eemol op Spuenesch an eemol op Lëtzebuergesch: Déi-déi-Well-Well.
    S: Esou erkläert ass et wierklech komesch. Kënnt dat vill vir?
    C: Eng änlech Aart vun der Verdueblung beim Léinen aus enger anerer Sprooch hu mer beim Vue que dass. Ech weess, dass sech vill Leit doriwwer ëmmer opreegen, awer et ass di selwecht Iddi, dass ech eppes aus enger anerer Sprooch iwwerhuelen mat Bestanddeeler, déi ech dann am Lëtzebuergeschen nach eng Kéier drop dretschen. Also ass de ‘que’ am Franséischen am Fong dat, wat mir mam ‘dass’ draus maachen an bei verschiddene Leit sinn am Gebrauch béid do: vue dass dass.
    An d’La ola mécht dat eeben op eng spuenesch Manéier. Eis mexican wave.
    S: Soll ech dir och elo emol op Spuenesch en eemol op Lëtzebuergesch Äddi soen?
    C: Wann s de wëlls!
    S: Adiós y hasta pronto! Äddi a bis geschwënn!
    C: Eso fue genial!
    S: An natierlech e grousse Merci un dech, Caroline.
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et drëms, wéi d’Faarf bordeaux hiren Numm krut, a wat dat mat Ochseblutt ze dinn huet.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wouriwwer schwätze mer haut?
    C: Haut schwätze mer iwwer Faarwen, Wäin an och iwwer Orthografie, bref iwwer dat, wat mech interesséiert, an zwar geet et ëm d'Wuert Bordeaux. An wann ech elo Bordeaux soen, denke vläicht vill Leit direkt un de Wäin, an de Wäin huet och effektiv eppes mat der Faarf ze dinn, awer de Wäin huet fir d'éischt esou geheescht an dono koum eréischt d'Faarf.
    S: A wéi koum et dozou?
    C: Enn vum 19. Joerhonnert gouf et en syntheetesche Faarfstoff an dee war esou däischterrout, dass ee gesot huet, deen ass sou däischterrout wéi d'Wäiner vu Bordeaux, wann se räifen. An dofir huet ee Bordeaux gesot an Analogie zu der Faarf vum Wäin.
    A weess du, wéi ee Bordeauxrout op Englesch seet?
    S: ______
    C: Am Engleschen heescht et Oxblood an dee Faarfstoff ass och genee sou däischterrout wéi de Wäin, mee et ass interessant, dass sech do als Faarfbezeechnung Oxblood duerchgesat huet. Ass awer och am Franséische kennt een d’Faarf mam Numm “sang de boeuf", mee do ass et méi spezifesch an der Keramik a méi genee an der chineesescher Keramik, well dat do e bestëmmte Prozess war, wou beim Hierstellungsprozess Koffer mat bäigemëscht gouf, duerch deen dann däischterrout Téin entstan sinn.
    S: Witzeg, dass dat Wuert bis a China geet.
    C: An elo nach e puer sproochlech Saachen. All dës Begrëffer, wéi Oxblood souwisou am Engleschen an och Bordeaux sinn invariabel, dat heescht ech kann net soen une jupe bordeause oder sou eppes. Bordeaux ass invariabel, ausser am Lëtzebuergeschen, do kéint ech su eppes soen wéi ‘mat enger bordoosser Jupe’ oder ‘mat senge bordoosse Schong’. An do gëtt et interessant, well wéi schreiwen ech dat, wann ech mam Franséischen EAUX.
    S: Du sees eis dat elo.
    C: Hei hu mer e Wuert, wat am Franséischen keng Endung kann huelen. An dat kritt eng lëtzebuergesch Struktur opgezwongen mat bordooosse Schong an da gi mer him eng komplett lëtzebuergesch Schreifweis. Dat heescht mir schreiwen et B O R D O O S S E.
    S: Mat 2 S?
    C: Mir mussen den S verduebelen, well mer den S hanne stëmmlos schwätzen an wann ech S schwätzen, da muss ech en op där Plaz verduebelen, well wann den S just eemol géif do stoen, da géif ech soen ‘Bordose’ an ech soen jo net ‘Bordose’, mee ech soen ‘Bordoosse’ an doduerch muss en op där Plaz verduebelt ginn a soumat gesäit déi Form ganz anescht aus wéi d'Grondwuert mat EAUX, dat heescht an der flektéierter Form, wann eng Endung hannendru kënnt, schreiwe mer mat OOSS.
    S: Kléngt komplizéiert.
    C: Dat ass och éischter selten. En plus häss de d’Optioun, et einfach bordeauxrout ze nennen. An deem Fall hunn ech rëm e Kompositum aus Bordeaux a Rout. A Rout verhält sech wéi e ganz normaalt Adjektiv an ass jo och ganz normal am Lëtzebuergeschen ze deklinéieren an da kann ech alles soen mat menger bordeauxrouder Jupe. Awer wann ech Bordeaux eleng wëll huelen, dann muss ech dat kënne flektéieren, Bordoossen, an dann ännert och d'Schreifweis.
    S: Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Et geet dës Kéier ëm al Déieren an den Ursprong vum Wuert Veterinär.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Haut dréit sech alles ëm de Veterinär.
    C: D'Wuert vun haut ass Veterinaire. Veterinaire ass och e Synonym vun Déirendokter oder, wéi d'Leit och heiansdo soen, Véidokter, just dass Déirendokter a Véidokter vill méi transparent ass vun der Wuertbildung.
    S: Wéi mengs de ‘transparent’?
    C: Also ech hunn eemol Véi plus Dokter an eemol Déier plus Dokter, sou dass ganz kloer gëtt, et ass en Dokter, dee sech ëm d'Déieren oder ëm d'Véi këmmert.
    S: Ass Véih net en negativen Term?
    C: Véi ass hei net pejorativ gemengt, mee dat war haaptsächlech fir Notzdéieren oder fir Déieren um Haff zum Beispill.
    S: A wou kënnt d’Wuert Veterinär lo hier?
    C: Veterinaire huet witzegerweis eppes mam Veteran ze dinn. Zwar lo net mat de Mënschen, mee ‘vetus’ heescht op Latäin einfach ‘al’ an de Genitiv dovunner ass ‘veteris’. Dat ass also fir déi eeler Déieren, déi warscheinlech no hirem Asaz am Krich als Zuchdéiere benotzt gi sinn, also déi net méi fit genuch waren, fir geridden ze ginn, awer dofir nach als Laaschtendéiere gutt waren.
    Ech fannen et awer besonnesch léif, dass ‘vetus’ am Latäin net just fir ‘al’ stoung, mee och fir ‘mat Experienz’. Dat heescht ‘al’ huet net just bedeit al am Alter, mee och déi, déi besonnesch vill Erfarung hunn a scho besonnesch laang do sinn an dat waren eeben oft Déieren, déi dann och roueg genuch waren, fir als Zuchdéieren ze agéieren, well di jonk Wëll, déi wëlls de net virun dengem Plou hunn. Mat deene bass de léiwer duerch de Bësch galoppéiert.
    S: Also goufe just eeler Déiere behandelt?
    C: Am Ufank jo, jonk Déiere si méi selte krank. An et muss ee soen, dass wann däi jonkt Päerd schlëmm krank war, dann huet ee kuerze Prozess gemaach, well dat wier ze deier an ze ëmständlech ginn, dat laang ze pfleegen. E Päerd huet misse fonctionéieren.
    An elo gi mer vu ‘veteris’ (al) bei d'Wuert ‘veterina’ an dat ass ‘Zug- oder Lastvieh’ – also net just Päerd, mee och Ochsen zum Beispill. Dat ass eeben d'Substantivéierung vun Veterinus an dat war eeben dat Déier, wat fir ze zéie benotzt ginn. An du mierks awer vun Veterina/Veterinae komme mer méi séier bei den Veterinarius, de Véidokter. A vun do ass d’Form da just nach mat der franséische Endunge -aire komm.
    S: A wéi schreift een dat?
    C: Ech kann dat Wuert entweeder schreiwen Veterinaire mat A-I-R-E hannen, wéi am Franséischen, woubäi een oppasse muss, dass een net d'Accent aiguë setze wéi am Franséischen, well mer déi am Lëtzebuergeschen bei deene Wierder net iwwerhuelen, awer et kann een et hannen och ÄR schreiwen. Hei ass einfach eng méi integréiert Schreifweis, déi um Däitschen orientéiert ass.
    S: A wéini huet ee vum Veterinär geschwat? Also säit wéini gëtt et deen?
    C: Hei si mer lo an der zweeter Hallschecht vum 18. Joerhonnert, wou deen Terminus Veterinarius fir de Véidokter opkomm ass. An ech huelen un, dass dat domat zesummenhänkt, dass duerch déi verschidde Kricher an op den Häff immens vill Déireen agesat gi sinn an dass ëmmer besser no deenen Déiere gekuckt gouf oder d'Déieren och ëmmer méi wichteg waren. Awer am Ufank war den Veterinaire haaptsächlech fir d'Zuchdéieren do.
    S: Da soe mer der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Et geet ëm e Wuert, dat aus dem Däitsche kënnt, mee ganz à la française eriwwerkënnt. Donieft geet et och ëm Konsonanten.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wéi ee Wuert stells de haut vir?
    C: Dat Wuert ‘Rüg’ wierkt immens franséisch, also wéi den déluge, vermifuge oder centrifuge, mee mer schreiwen et net wéi am Franséischen, well mer am Franséischen iwwerhaapt kee Virbild dofir hunn.
    S: Mir fält och keent an.
    C: Dat heescht, dat Wuert existéiert guer net am Franséischen. Dat ass e Wuert, wat mer aus dem Däitschen hunn an him iergendwéi eng franséisch Allure ginn hunn.
    S: Wéi seet een dann eng Rüg op Franséisch?
    C: Dat géif een am Franséische soen als Réprimande. D'Wuert Rüg ass aus dem Däitschen an zwar vun der Rüge, mittelhochdeutsch ‚rüege’, mer kennen haut och nach d’Verb ‘jemanden rügen’. An mir hunn d’Rüge aus dem Däitschen awer esou gekierzt a lautlech verännert (lescht Silb fält ewech, de plosive ‘g’ gëtt e Reiflaut), dass et um Enn wéi e franséischt Wuert kléngt. Awer mat der Schreifweis kënne mer et net no franséischem Virbild schreiwen, well mer et jo aus dem Däitschen hunn an dofir schreiwe mer et R-Ü-G.
    S: Mee do liest ee jo bal ‘Rük’.
    C: Dat geet leider net anescht. Kuck, am Singulier gëtt et hanne mat G geschriwwen, well et och am Pluriel e G huet (Rügen). an zwar hu mer och am Däitschen e Virbildwuert mat G. A bei deene Wierder musse mer eis mat der Schreifweis um Däitschen orientéieren.
    S: an da schreiwe mer et mat G hannen.
    C: Jo, dofir musse mer dann e G schreiwen, mee du hues Recht, theoreetesch kéint een am Singulier Rüg hannen esou schreiwen, wéi een et héiert, mat SCH. Dat ass wéinst der Ennverhäerdung, déi dozou féiert, dass mëll Konsonanten (g) um Enn vum Wuert haart ausgeschwat ginn (sch), also héiere mer e geriwwene ‘g’ wie ‘sch’.
    A bei enger ganz phonologescher Schreifweis, wéi een et eeben héiert, misst et da sinn ‘Rüüsch’, mee am Pluriel dann nees ‘Rügen’ mat G, well en do nees wéi e g als mëlle Reiflaut kléngt: g. Dat ass e bësse wéi mam Wuert ‘Garage’. Dat kéint ech am Singulier och hanne schreiwe wéi ‘Aasch’, well et genee d’selwecht kléngt duerch d’Ennverhäerdung. Mee am Pluriel kënnt eng Silb bäi an dann ass et nees mëll. An do wëll een dann eng Schreifweis, déi am beschte Fall am Singulier an am Pluriel dee selwechte Konsonsant benotzt. Woubäi et do och Ausname gëtt.
    S: Also elo nach eng Kéier d’Kuerzfaassung mat der Rüg, wgl.!
    C: Ganz gär: D'Wuert Rüg kléngt immens Franséisch, mee well mer et vum Däitschen Rüge hunn, schreiwe mer et R-ü-g. Et kënnt keen E hannen, well soss kléngt et sou, wéi wa mer zwou Silbe misste liesen, wéi am Däitschen, wéi Rüge. Mir soen awer Rüg an da maache mer hanne keen E a schreiwen et och mat Ü.
    S: Ok, verstan! Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Et geet ëm Leit, déi näischt foutéieren a franséisch Wierder, déi eigentlech just nogebaut sinn.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Gudde Mëtteg, Simon!
    S: Iwwer wéi ee Wuert schwätze mer haut?
    C: Iwwer den Nonfoutisme.
    S: Haut gi mer Richtung Franséisch oder wéi?
    C: Et ass am Fong ganz interessant, dass dat Wuert guer net aus dem Franséische kënnt, well am Franséische gëtt et zesummegesat aus ‘je-m’en-foutisme’ oder ‘je-m’en-fous’. A guer net non-foutisme.
    S: Se soen am Franséischen also anescht?
    C: Jo, an déi Quelle si relativ al, well di éischt Virkommnesser vun där Form ginn zréck op 1891. Also dat ass dann och guer net esou nei. Mäi gudde Kolleeg Sam Mersch, deen s de jo och kenns.
    S: Jo.
    C: Dee géif elo soen: dat sinn nei Formen, mee hien ass Sproochhistoriker an eng al Form heescht fir hien dann 500 Joer al minimum. Dofir soen ech lo mol bei 150 Joer relativ al.
    Et ass awer interessant, dass déi Formen am Franséischen eeben anescht sinn. Am Larousse steet zum Beispill: Larousse. je-m’en-foutisme = Familier ou vieilli. Attitude de quelqu’un qui manifeste une indifférence totale à l’égard des événements.
    An da wierken di Wierder esou franséisch, mee mir hu se am Fong aus dem Lëtzebuergeschen e bëssen zesummegesat nom franséische Muster. An de lëtzebuergeschen Non-Foutisme, do hu mer och nach eng weider Variant, déi bal laténgesch wierkt, an zwar den Non-Futismus. Mir maachen also aus engem franséische Wuert eng -isme-Form am Lëtzebuergeschen an dorauser eng Réckbildung zu enger pseudo-laténgescher.
    S: Firwat pseudo?
    C: Well et dat Wuert op -ismus net gouf. Mer hunn dat Wuert réckwierkend latiniséiert. Nom laténgesche Muster gebaut.
    Effektiv hat ech och versicht, den Non-Foutisme an de franséische Quellen ze fannen, mee do fannen ech just den Je-m’en-foutisme oder och als Substantif de je-m'en-fous.
    An den Non-Futisme hunn ech och fonnt, witzegerweis awer ëmmer a lëtzebuergesche Quellen! Dat war dann entweeder op iergendwellechen Noriichtesäiten oder a Foren. An et gouf net ëmmer op Lëtzebuergesch geschriwwen, heiansdo och op Franséisch, mee da schéngt dat eng lëtzebuergesch Variant dovunner ze sinn.
    S: Lëtzebuerger Franséisch souzesoen.
    C: Ganz genee. Dat war och op ganz verschiddene Säiten, also dat war Les Frontaliers, wou Franséisch geschriwwe ginn ass, oder RTL Lëtzebuerg an de Commentairen, wou et an engem lëtzebuergesche Saz war, oder, och interessant, am Luxemburger Wort, wou zitéiert gouf „un non-foutisme général“ an da goung et weider op enger anerer Sprooch. Dat heescht et gëtt interpretéiert wéi eng franséisch Variant, mee a Frankräich selwer hunn ech déi Form net noweise kënnen.
    Vläicht ass dat dann e Mierkmol vum Lëtzebuerger Franséisch, wéi s de richteg gesot hues. Et ass jo viru Kuerzem eng Publikatioun erauskomm am Dudenverlag vum Heinz Sieburg iwwer Lëtzebuerger Däitsch an et gëtt eeben och Saachen, déi markéieren e Lëtzebuerger Franséisch. Donieft gëtt am Lëtzebuergeschen awer och Belgicismen, déi mer am Lëtzebuergeschen iwwerhuelen. Also Varianten aus dem belsche Franséisch.
    S: Hues de do e puer Beispiller?
    C: Mer hätten do och nach de ‘Chicon’ (am Franséischen Endive). Déi sinn an de groussen Dictionnairë wéi dem LeRobert oder dem Larousse als ‘en Belgique’ markéiert.
    S: Vreck, déi Bicher kennen ech nach aus der Schoul …
    C: Déi gëtt et eeben och online an als Linguistin benotzen ech déi haut nach – och wann ech mam Lëtzebuergesche schaffen. An den Tapis plain ass mol guer net an deenen Dictionnairen, well dat fir si am Franséische mol net existéiert! Do muss ech nach bëssi nofuerschen.
    Déi bescht Story an deem Kontext ass d’Wuert ‘Rüg’, mee dat erklären ech an enger anerer Episod
    S: Super, da freeën mer eis op déi nächst Kéier. Merci, Caroline!
    C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Dës Kéier geet et ëm Linguistik, Uebst a Kompost.

    D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei WiWi „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wouriwwer schwätze mer dann haut?
    C: Ech bréngen haut déi gréng Tonn, Linguistik a Kachen zesummen.
    S: A sou? A mat wéi engem Wuert?
    C: Et ass e Grupp Wierder, deen awer inhaltlech a vrun allem historesch méi no zesummenhänkt, wéi ee vläit mengt.
    S: A wat sinn déi Wierder?
    C: Et geet ëm dës dräi Wierder: Kompott, Kompost a Kompositum.
    Fänke mer mol un beim Kompott. Also Kompott ass wéi am Franséische ‘compote’ an dat gëtt et do säit dem 18. Joerhonnert an och schonn am Alfranséischen gouf domat agekachtent Uebst bezeechent. Also du hues jo dann e Mango-Kompott, en Äerdbier- Kompott, wéi och ëmmer. A Kompott kënnt vu Latäin ‘compositum’ an dat heescht su vill wéi ‘zesummegesat, zesummegestallt, zesummegeluecht’.
    S: Wat genee ass e Kompott, also wat muss do ëmmer zesummegestallt ginn?
    C: Kompott ass alles, wou Uebst agekacht ass. Wéi een et akaacht, ass do relativ egal. Dat kann och Ganzt Uebst sinn oder Stécker, déi kënne mat Waasser agekacht sinn oder mat Zocker oder mat Roudem Wäin, also alles, wat iergendwéi en Akache vun Uebst ass, ass um Enn Kompott.
    S: Dat bekanntst ass jo dann d’Äppelkompott.
    C: Genee. Gehéiert dat fir dech bei de Gromperekichelchen? Do hätt ech lo Loscht drop.
    S: __________
    C: Komme mer lo bei de Kompost. Beim Kompost héiers de am Fong déi selwecht Bestanddeeler am Wuert wéi och beim Kompott. Et geet och hei zeréck op Latäin ‘componere’ fir ‘zesummestellen, zesummesetzen’, an doraus gëtt dann de Participe passé ‘compositum’.
    S: Also gëtt och do eppes zesummegesat beim Kompost?
    C: Jo, de Kompost ass eng Mëschung aus verschiddenen Saachen, déi een ewechgehäit huet, also alles, wat organesch ass, dat heescht Uebst an gekacht Saachen, eeben alles, wat souzesoen an déi gréng Tonn kënnt. De Kompost sinn Iessreschter, gemëscht mat Buedem. D’Konzept, Iessreschter mat Buedem ze mëschen, fënnt ee schonn an England am 16. Joerhonnert.
    S: Also einfach fir de Buedem méi fruuchtbar ze maachen?
    C: Genee, do gouf et jo nach keen Industriedünger. Do huet dat gutt geklappt.
    An um Enn komme mer nach bei d'Linguistik, well do gëtt et de Kompositum. An ween sech un d’’Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch’ erënnert, dee kënnt de Begrëff vläit nach. Do hate mer schonn iwwer d'Komposita geschwat, also iwwert d'Zesummesetzungen, dat sinn lauter Wierder wéi Abrëllsgeck, Boxemännchen, Spullmaschinn, Chrëschtbeemchen, also ëmmer eng Zesummesetzung aus méi Wuertdeeler.
    S: Ech erënnere mech!
    C: Soll ech Iech um Enn nach e Knuet an de Kapp maachen?
    S: Kanns jo mol probéieren!
    C: Wann ech mäi Kompott op de Kompost geheien, dann ass et e Kompostkompott an dat ass e Kompositum.
    S: Sou komplizéiert war et dach mol guer net!
    C: An dann hunn ech nach eppes Witzeges am Larousse gesinn: “En compote” kann heeschen ‘très abîmé, rendu inutilisable’ wéi bei “Voiture en compote” an dat huet mer gutt gefall. Hues du dat schonn héieren?
    S: _____
    Ech géif soen, mer treffen eis deemnächst op Gromperekichelcher mat Äppelkompott!
    C: Deal!
    S: Mir soen dir, léift Caroline, merci fir haut a freeën eis op déi nächst Kéier!
    C: Ech mech och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  • Et geet ëm deen Allerwäertesten. Donieft gitt Dir och gewuer, wat et bedeit, d’Aaschkaart ze zéien.

    S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
    C: Moien alleguer, moie Simon!
    S: Wouriwwer schwätze mer dann haut?
    C: Haut geet et ëm den Hënner, anzwar ëm de méi graffen Term ‘Aasch’.
    S: Also Caroline, du weess, dass mer nomëttes lafen an och vläit Kanner nolauschteren.
    C: Ech muss mech elo direkt entschëllegen, dass ech haut e grafft Wuert soen, mee och als Linguistin beschäftegen ech mech mat graffe Wierder a wëll déi och gäre reflektéieren a weisen, wéi hir Bedeitungsnuancë sinn. A wien nach ni ‘Aasch’ gesot oder geduecht huet, der werfe den ersten Stein.
    S: Och wouer, jo.
    C: An wann Der mat deem ellene Wuert net su frou sidd, da stellt Iech einfach vir, ech géif en ‘t’ hanne schwätzen an ech géif vun Beem a vun Äscht schwätzen a vun engem Bam a vun engem Aascht.
    S: E Bam an en Aascht, gotcha. Wat ass dann elo linguistesch intressant?
    C: Och haut hunn ech als éischt e klengen Orthografie-Tipp matbruecht. D'Wuert ‘Aasch’ kann ech entweeder schreiwen A-A-S-C-H oder A-A-R-S-C-H. Hei ginn et zwou Optiounen, well mer et eemol schreiwen, wéi mer et am Lëtzebuergeschen héieren, ouni R. An eemol schreiwe mer mat R, wa mer dat däitscht Wuert als Virbild huelen an do ass et ‘Arsch’.
    S: A wou kënnt dat Wuert eigentlech hier?
    C: Dat geet ganz wäit an d’Zäit zréck an du kanns mer lo bestëmmt soen, wéi dat Wuert am Briteschen heescht.
    S: Arse.
    C: Genee wéi am Engleschen „arse“ an am Däitschen „arsch“ an am Lëtzebuergeschen „Aasch“ ass dat Wuert schonn Dausende vu Joren al an dat geet zréck op eng indoeuropäesch Wuerzel, déi „ers“ oder „ors“ ass. An dat ass vun engem Verb ofgeleet an et heescht ‘sech beweegen’ oder ‘erauskucken’. An elo ass awer onkloer, wéi eng Bedeitung den Ausléiser war. Well esou gesinn ass den Hënner eppes, wat sech esouwuel beweegt wéi och erauskuckt, also béid Erklärunge maache Sënn. An dat huet sech duerch déi ganz germanesch Sproochen an där Form esou erausgebilt.
    S: Ok, intressant.
    An dann hunn ech um Enn nach eng kleng Geschicht iwwer de Begrëff ‘Aaschkaart’.
    S: Du mengs wéi bei ‘d’Aaschkaart zéien’?
    C: Genee. D'Aaschkaart ass eng Bezeechnung aus dem Futtball.
    S: Ech mengen, dat hunn ech schonn eng Kéier héieren.
    C: Also haut benotze mer et zwar meeschtens ausserhalb vum Futtballkontext, soe mer sou, ‘d'Aaschkaart zéien’ bedeit jo su vill wéi ‘keng gutt Affär maachen’ oder ‘Pech hunn’ oder dass et grad net su gutt fir ee leeft. An déi Metapher kënnt aus dem Futtball, an zwar nach méi genee aus där Zäit, wou d'Tëlee nach schwaarz-wäiss war.
    S: A sou, wéinst der Rouder Kaart oder wéi?
    C: Ma, Rout Kaarten a Giel Kaarten sinn am Futtball jo ganz kloer Verweiser. Awer an enger schwaarz-wäisser Opnam gesäis du net, wéi eng déi rout ass a wéini déi giel kënnt. … an déi maache jo fir de Verlaf vum Spill en enormen Ënnerscheed! An dofir ass an der schwaarz-wäisser Tëlee déi Giel Kaart aus der Broschttäsch gezu ginn an déi Rout Kaart aus der Täsch vun der Box.
    Aus deem Grond gouf déi méi krass Rout Kaart aus der Aaschtäsch gezunn a war deementspriechend d'Aaschkaart. Sou gesinn, wann een d'Aaschkaart gezunn huet, dann krut en eng Rout Kaart an et konnt een net méi sou maachen, wéi ee wollt. An ‘d'Aaschkaart zéien’ ass awer aus dem Sportberäich erauskomm a mer benotzen dat haut allgemeng fir ze soen: also do hues de wierklech d'Aaschkaart gezunn. Bedeit: do has de awer lo guer keng Chance.
    S: Et ass zwar cool, dass dat aus dem Futtball kënnt!
    C: Kann ech nach beim Theema Aasch ganz séier eent vu menge Liblingswierder aus dem LOD soen?
    S: Jo, natierlech, lo sinn ech zwar gespaant.
    C: Aaschkréchesch.
    S: Wat e Wuert!
    C: An dat ass och mäi lescht fir haut, obwuel, séier nach: äddi!
    S: Äddi, Caroline, a merci, dass de hei waars!