Episódios
-
De Karel Lambert wëllt e gudde Mënsch sinn an huet d’Zil, datt a fënnef Joer all eenzel Persoun zu Lëtzebuerg mindestens ee Kleedungsstéck am Schaf huet, wat fairtrade ass.
D’Marlène Kreins curatéiert d’Centres d’Arts zu Diddeleng an ass sech hirer Responsabilitéit iwwer de Choix, wéi eng Kënschtler:innen ausgestallt ginn oder net, ganz bewosst.
De Luc Spada mécht sech mat sengen Invitéen op eng Rees, déi an d’Welt vun der Konscht a vun der Moud andaucht. -
D'Sandra Lieners ass Sportlerin a Molerin an de Georges Goerens (Bartleby Delicate) ass de Frontsänger vu Seed To Tree, eng Hallschent vum Musekerduo Englbert a Programmateur vun der Kufa. D'Sandra an de Georges philosophéiere mam Luc Spada iwwer al ginn, den Drive hanner der Kreativitéit a siche verzweifelt no leschte Wierder.
-
Estão a faltar episódios?
-
Als Journalistin war d'Josée Hansen richteg frech. Bereit si et? Vläicht. E bëssi. Mëttlerweil ass si méi roueg ginn, wat awer och sécher mat deem neien Job am Kulturministère zesummenhänkt. Wat sech awer ni ännere wäert, ass d'Angscht eppes ze verpassen. Net méi kënnen "dobäi" ze sinn. Dat gesäit de Comedien a Psycholog Alex Monteiro ganz änlech. Um Ball bleiwen, sech net einfach zefridde ginn. Hie schafft vill, éierlech, an Zynismus schéngt him e Friemwuert ze sinn. Wou bleift do nach Plaz fir ze scheiteren, wëllt de Moderator vu Fiasko Fest, de Luc Spada, wëssen.
-
De Yannick Lieners ass de Grënner vum Plooschterprojet, Sportler, Schoulmeeschter an och u Leukemie erkrankt. De Yannick bezeechent sech selwer als e Kämpfer. An d'Fabienne Dimmer ass Venue Managerin vum Atelier, fir "Catch a smile" aktiv a sëtzt am Gemengerot zu Diddeleng. Heiansdo mécht si och guer näischt. Wéini dat ass, entscheet d'Fabienne awer am léifste selwer. Wéi mat Situatiounen ëmgoen, déi net einfach sinn? Eng Fro, déi sech wéi e roude Fuedem duerch déi fënneft Episod vu Fiasko Fest zitt.
-
D'Blanche Weber ass Presidentin vum Mouvement Ecologique an iwwerzeegten Idealistin, och wann et der allgemenger Weltsituatioun net immens gutt geet. An de Cosimo Suglia ass lëtzebuergesche Schrëftsteller, dee seng Echecken och gäre mat a seng Literatur fléisse léisst. Gläichzäiteg versicht de Luc Spada sech a punkto Optimismus.
-
D’Vera Hoffmann ass Leeferin a misst hir Trainingssituatioun radikal veränneren, fir erëm gutt Zäiten ze lafen. An d’Angel Cara léisst sech gären Zäit mat hirer Karriär an huet och kee Problem domat, wann een hir Musek net feiert. De Luc Spada freet no.
-
D'Isabelle Marinov huet hire Beruff als Juristin gehaasst. An ass elo erfollegräich Schrëftstellerin vu Kanner- a Jugendbicher. An trotzdeem ass et net einfach mat de Suen. Net anescht ass dat mam bekannte Lëtzebuerger Schauspiller Luc Feit, dee genee weess, wéi et ass ze scheiteren. An och weess, datt dat deen eenzege Wee fir e räicht Liewen ass.
En déift an éierlecht Gespréich iwwer Liewen, den Doud a Sue mam Luc Spada. -
D’Joanne Goebbels wier et bal ginn: Directrice vun der Nationalbibliothéik. An de Maz wollt op d’Eurovisioun op Malmö, awer och dat gouf näischt. Wéi gi si mat hiren Echecken ëm? Dat wëllt de Luc Spada an engem éierleche Gespréich mat der Directrice Adjointe vum Kolléisch an dem Rapper Maz wëssen.