Episódios
-
Mir froen de Generalsekretär vun der CSJ an de President vun de jonke Sozialisten, wat si am Pensiounsdebat vun hire Mammeparteien erwaarden.
-
Mir froen d'Deputéiert vun déi gréng, wat d'Spezialkommissioun iwwer d'Caritas-Affär bis elo bruecht huet.
-
Estão a faltar episódios?
-
Wéi wäert d'Luxemburger Wort sech an den nächste Jore weiderentwéckelen? Mir froen déi nei Chefredaktesch.
-
Wéi realistesch ass et, datt d'Walgesetz wierklech geännert gëtt? Dat froe mir den CSV-Députéierten, den Institutiounekommissioun an der Chamber presidéiert.
-
Mir blécke mat der Ombudsman zeréck op hiert Mandat, dat elo eriwwer ass, an no vir op hir nei Aufgab als Presidentin vun der HUT ASBL.
-
Wéi geet et weider mam Stroumpräis? Wat plangt d'Regierung fir en an der Gidd ze halen? Froen un de Wirtschafts- an Energieminister.
-
Wéi staark leiden d'Lëtzebuerger Autozouliwwerer ënner der Kris vun der Automobilbranche? Froen un de President vun der ILEA (Industrie Luxembourgeoise des Equipementiers de l'Automobile)
-
Als eenzeg Partei an der Chamber huet d'ADR sech gëscht géint eng weider militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukrain ausgeschwat. Froen un hire Fraktiounschef vum Maurice Molitor.
-
Méi wéi 5 Millioune Passagéier, iwwer 800.000 Tonne Fracht: De Flughafe boomt. Wéi eng Erausfuerderunge waarden an der noer Zukunft? Froen un de Chef vu lux-Airport.
-
Dee fréieren Ausseminister kommentéiert den Eclat am Wäissen Haus a beschreift d'Konsequenzen, déi doraus ze zéie sinn.
-
Viru ronn fënnef Joer gouf deen éischte Covid-Fall hei am Land detektéiert. Mat der Gesondheetsministesch vun deemools an hirer Nofollgerin kucke mir zeréck an no vir: wat hu mir aus der Corona-Pandemie geléiert, och fir d'Zukunft? Moderatioun: Christiane Kleer
-
Den CSV-Deputéierten ass Rapporter vun engem Text, deen de Moment staark an der Kritik steet: de Projet fir een neit Naturschutzgesetz. A wéi wäit wäert de Remarke vun den Ëmweltorganisatioune elo Rechnung gedroe ginn? Dat freet d'Christiane Kleer dee jonke Politiker.
-
Wat kann a wëllt déi Lëtzebuerger Lénk sech vun hiren däitsche Kolleegen ofkucken, fir och erëm méi Uklang beim Wieler ze fannen? Dat freet d'Christiane Kleer d'Co-Spriecherin vun der Partei.
-
De fréiere President vun der Policegewerkschaft SNPGL geet elo mam OGBL - also net mat der CGFP - an d'Wale fir Staatsbeamtekammer. Wéi koum et zu där Decisioun a wat sinn d'Ambitioune vum pensionéierte Polizist? Moderatioun: Christiane Kleer
-
De Professer fir Politikwëssenschaft vun der Universitéit Tréier analyséiert d'Resultat vun der Bundestagswal.
-
Den DP-Europadeputéierte kommentéiert eng Woch am Laf vun där d'Welt eng aner ginn ass.
-
Froen un déi nei Directrice vum Nationalmusée, déi den 1. Januar d'Successioun vum Michel Polfer un der Spëtzt vum MNAHA iwwerholl huet.
-
D'Tageblatt-Journalistin huet d'Nofolleg vum Petz Lahure un der Spëtzt vu Sportpress.lu, dem Verband vun de Lëtzebuerger Sportjournalisten, iwwerholl.
-
Den Direkter vun der Gewerbeinspektioun (ITM) reagéiert op Kriticke vun Deeler vum Patronat un der Aarbecht vu senger Verwaltung.
-
Den Earth Overshoot Day, den Aarbechtsprogramm vun der EU-Kommissioun an déi nei global Sécherheetsarchitektur sinn Theemen am Gespréich mat der grénger Europadeputéierter.
- Mostrar mais