Episódios
-
Haut hunn ech erem d'Jennie am Interview an des Kéier ass d'Thema PMA (Kënschtlech Befruchtung) & Reebouschwangerschaft. Ganz grouss Tabuthemen an aiser Gesellschaft nach an dovir extrem dankbar iwert déi Oppenheet a Vertrautheet déi maer am Gespréich hunn. Erem soen ech main Merci un d'Jennie vir sain Deelen vun sénger ganz privater Geschicht, sai ganze Parcours an da Kënschtlecher Befruchtung an sain Verloscht vun séngem Bébé an wéi et ass duerno awer erem schwanger ze sinn an ee gesond Meedchen op d'Welt ze bréngen. Sou een déiwen Abléck an déi ganz Trauerthematik an déi Ängscht déi an engem sinn wann een no engem Verloscht erem schwanger ass. Deep Talk. Sou ee grousse Merci.
Mell dech beim Jennie wanns du de Besoin hues. Du fenns hat um Instagram ennert @natural_souls_doula
In Love & Light
Bonnie -
Haut hunn ech d'Jennie am Interview. D'Jennie ass Life Enpowerment Coach an et begleed Menschen, Séilen wéi hat seet, op hierem Wee emmer méi zou sech selwer. D'Jennie ass betraff vun da Endometriose an doriwer dréint sech dann och des Podcast Episode. Hat gett ais en Abléck an d'Diagnos Endometriose an wéi sain Alldag ausgeseit. Wéi beaflosst d'Endometriose séng Bezeihungen, séng Partnerschaft, séng Roll als Mama an séng Bezeihung zu sech selwer.
Ech soen dem Jennie ee grousse Merci vir d'Deelen vun sénger Geschicht. Vir dat Vertrauen an deen déiwen Abléck a sai Liewen an sai Feld. Enorm beréiert sinn ech an dankbar.
Wanns du dech beim Jennie wells mellen kanns du hat um Instagram fannen ennert @natural_souls_doula
In Love & Light
Bonnie -
Estão a faltar episódios?
-
Haut hunn ech erem d'Sara De Oliveira am Interview an haut schwätze maer ganz spezifesch iwert d'Symptothermie. D'Symptothermie ass eng Technik déi eemol als Contraceptioun déngt an op daer anerer Seit awer och ennerstetzend ass beim Wonsch Kanner ze kréien.
Alles weideres ges du am Interview gewuer :)
Fill dech ganz vill inspiréiert.
Fals du d'Sara wells kontaktéieren mach dat gären ennert dem +352 691 957 221 oder du fenns hat op Instagram ennert Nature_en_toi (Sara De Oliveira). Mat him kanns de ee Suivi starten vir ganz genau d'Symptothermie Technik ze léieren. An an Zukunft bidd hat nach ganz vill schéin Sachen un :)
In Love & Light
Bonnie -
Haut schwätze maer iwert den wéiblechen Zyklus all séng Phasen.
Am Interview hunn ech d'Sara De Oliveira, hat ass Enseignante am Franséichen, Conseillère en Naturopathie an Conseillère an da Symptothermie.
Fals du d'Sara wells kontaktéieren kanns du hat op Instagram fannen ennert Nature_en_toi (Sara De Oliveira) oder du kanns hat ereechen ennert dem Nummer +352 691 957 221.
Gëff gären dai Feedback.
Ganz vill Love & Light
Dai Bonnie -
Haut geet et em d'Thema Mann & Fra. Männlech & Weiblech Energie.
Yin & Yang.
Maer schwätzen bessi iwert d'Ennerscheeder vun deenen 2 Energien an wéi se sech ergänzen.
Wéi geseit et mat da Fra aus an aiser patriarchalescher Welt? Wéi daerf ech lues a lues méi a Verbindung zu ménger weiblecher Energie kommen?
Dat alles beschwätze maer :)
Love & Light
Dai Bonnie -
Haut huelen ech dech mat a méng Welt ;)
Maer schwätzen iwert d'Psychosomatik. Wat well dai Symptom daer soen? Maer wesse jo dass aise Kierper aise Frend ass an dovir wesse maer och dass all Symptom ee Message vir ais huet :)
2 Bicher déi ech daer an da Psychosomatik recommandéieren sinn am déitschen vum Christiane Beerlandt - Der Schlüssel zur Selbstbefreiung. Enzyklopädie der Psychosomatik. An am franséichen vum Jacques Martel - Le grand dictionnaire des malaises et des maladies.
Fals de Ennerstetzung bei déngem Heelungsprozess brauchs mell dech <3
Dai Bonnie -
Hei ginn ech daer 2 Übungen un d'Hand wéis du dech vun toxesche Menschen, Situatiounen oder Undeeler vun daer selwer daerfs energetesch trennen.
Du fenns am Strichmännchen-Technik Dokument genau wéi Virgoen an wéi dës Technik op dech uwenden. D'Technik ass vum Jacques Martel an net vum Jean wéi ech an da Folg soen ;)
Hei fënns du d'Technik: https://drive.google.com/drive/folders/1rY09eAS_IbqAWek97nZKdH70jBDCT3KY?usp=drive_link
Wanns de Loscht op Ho'oponopono Meditatioun hues so maer bescheed an ech huelen eng Medi op :)
Du daerfs a Lichtegkeet & Freiheet liewen :)
Ganz vill Léift,
Bonnie -
De 15/3 organiséieren ech ee klénge Krees wou ech dech dobei begleeden déng Werter ze erkennen an festzesetzen an esou kloer vir dech anzestoen an déng Grenzen ze weisen.
Et ass essentiell vir an dénger Stabilitéit ze stoen an an dénger Secherheet.
Well wann ech eppes geléiert hunn dann ass et dass alles an ais selwer ze fannen ass :)
Ech fréeë mech voll op dech :)
Ganz vill Léift vir dech,
Bonnie -
An dëser Episode kris du de Métier vum Herboriste & Naturopath vum Benoît méi no bruecht. Hues du den Impuls hien ze kontaktéieren kanns du dat ganz gären machen enner
[email protected]
Fill dech inspiréiert :) -
Hei déi 7 Übungen vir méi an déng Kraft ze kommen. Vir méi an d'Verbindung zu daer selwer ze kommen:
1. Setz déng Intentiounen
2. Schutz ufroen
3. Aerdungsübung
4. Vertrauen!
5. Otem
6. Schréiw 3 Sachen op vir déis du haut dankbar bass. 3 Sachen déi daer gudd gelonge sinn.
Am Nachhinein ass maer eng weider Übung agefall.
7. Lachen. Einfach lachen 🤪😂
Hoffen du zits vir dech wertvoll Momenter hei raus 🙏🏽
Deel déng Erkenntnisser mat maer 💕
Mat all ménger Léift,
Bonnie 🌸 -
D’Thema vun haut ass Emotiounen.
Wat geschitt an aisem Kierper bei starke Gefiller an virwat kommen déi emmer erem?
Wéi kanns du besser mat sou Gefiller emgoen?
An wéi kann dat alles an Zukunft méi licht ginn?
Ais Emotiounen sinn Deel vun ais a maer därfen léieren se unzehuelen an se an aisem Liewen wëllkomm ze heeschen.
Schréiw maer an deel déng Themen mat maer 💞
Mat all ménger Léift 💖
Bonnie 🌸 -
Hei déi 7 Changementer déi ech ennerholl hunn vir méi an méng Kraft ze kommen 😊
100% Eierlechkeet zu maer selwerCommitment mat maer a méngem LiewenMéng Werter & Standarten festsetzenDoduech entstinn méng GrenzenMech op Nr 1 machen an esou prioretiséierenMain Herz ganz opmachenDéi Aner si lossen an naischt forcéieren -
De Primula House Podcast ass dai Podcast vir déng Gesondheet. Dai Podcast vir an déng Kraft zekommen. Dai Podcast vir an d'Verbindung mat daer selwer zekommen an dénger Emwelt an aiser wonnerschéiner Natur 🌸 Maer beschwätzen ais Themen, ais Ängscht, ais Symptomer, ob allen Ebenen. Maer schwätzen iwert Planzen & Kréider & ais Ernährung 🌱 Wéi komme maer emmer méi an ais Kraft? Emmer méi an ais Gesondheet? Emmer méi op aisen authentesche Wee? ✨️
Primula House Podcast ass déng Begleedung an déngem Selbstfindungsprozess 🌻
Stell déng Froen iwert déng Symptomer kierperlech wéi psychesch. Wat wells du beschwätzen am Podcast? Ech fréeë mech vun daer ze heieren 🥰 Maer wuessen zesummen ✨️
Du inspiréiers mech an ech inspiréieren dech 💕
Bonnie 💖
Primula House Podcast 🌱