Episódios
-
Wat bedeit dat politescht Klima an den USA fir d'Finanzmarchéen, a wéi steet Europa am Verglach do? Wäert de Boom vu Crypto och 2025 weidergoen, wat fir e Stellewäert hunn ETFen, a wéi beaflossen déi aktuell Entwécklunge klassesch Investitiounsstrategien?
De Bryan Ferrari mécht mat sengen dräi Invitéen um Enn vum Joer en detailléierte Réck- an Ausbléck a puncto Marchéen. Den Nick Huberty an de Julien Kohn sinn Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsabele vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess.
Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. -
Eng Organisatioun, eng Entreprise an och de Staat brauche Reegelen, déi festleeën, op wéi eng Manéier a firwat Decisioune getraff ginn. Mat der sougenannter Gouvernance soll de Kader dofir gesat ginn. Firwat ass si besonnesch hautdesdaags esou wichteg, a wéi eng Zorte gëtt et? Funktionéiert dëst an all Secteur anescht, a wou leien d'Geforen, wann d'Gouvernance net konsequent duerchgefouert gëtt?
De Bryan Ferrari pléckt de Sujet mat sengen dräi Invitéen auserneen. D'Stéphanie Damgé ass Directrice vum Beräich Entrepreneurship bei der Chambre de Commerce an Directrice vun der House of Entrepreneurship. Den Tom Wirion ass Generaldirekter vun der Chambre des Métiers. De Marco Rasqué Da Silva ass Generalsekretär vun der Spuerkeess.
Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. -
Estão a faltar episódios?
-
Och wann alles am Detail schwaarz op wäiss opgelëscht ass, kann et fir ontrainéiert Ae schwiereg sinn, de Bilan vun enger Entreprise ze dechiffréieren. De Bryan Ferrari pléckt mat sengen dräi Invitéen déi wichtegst Aspekter vun dësem Dokument auserneen. Et gëtt dobäi theoretesch a praktesch Ablécker dran, wat dës Informatiounen aussoen, wat Lëtzebuerg an Europa vum Rescht vun der Welt ënnerscheet, a wat alles mat afléisse muss, fir enger Entreprise de Bols kënnen ze fillen.
D'Maryam Khabirpour ass Associée am Audit bei Deloitte. De Laurent Nittler ass Associate Director am Corporate Banking bei der China Construction Bank. Den Yves Bodson ass Team-Manager vun der Aktivitéit Global Credit Investments & Financial Markets bei der Spuerkeess.
Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. -
Les cyberattaques et les fraudes financières évoluent rapidement. Dans ce premier chapitre d'une série de trois épisodes hors-série, nous mettons en lumière les défis spécifiques auxquels sont confrontées les institutions financières au Luxembourg et en Europe. Bryan Ferrari et ses trois invité discutent des méthodes de prévention et de détection, du rôle clé de l’ABBL, ainsi que des opportunités et risques liés à l’utilisation de l’IA pour renforcer la résilience face à ces menaces. Des exemples concrets viendront illustrer les impacts sur les victimes et les stratégies de protection mises en place.
Camille Seillès est Secrétaire général de l'Association des Banques et Banquiers Luxembourg (ABBL). Il est membre du Conseil économique et social du Grand-Duché de Luxembourg et du Comité consultatif pour la réglementation prudentielle auprès de la Commission de Surveillance du Secteur Financier. Steve Muller est Spécialiste en cybersécurité au Ministère de l'Économie. Il occupe le poste de Conseiller technique et formateur chez Bee Secure, mettant l'accent sur la sensibilisation à la sécurité à travers diverses initiatives éducatives. Serge Wagener est Vice-President et Head of Business Unit Payments à la Spuerkeess.
Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal. -
What is the Digital Euro, and how might it reshape the European financial landscape? With the European Central Bank spearheading initiatives, questions arise about its goals, impact, and feasibility in a world of rapid technological transformation. Host Bryan Ferrari welcomes three experts to explore the vision for its implementation, from retail and wholesale applications to economic and regulatory implications.
Sven Conter is in charge of the customer desk at the Financial Markets department at Spuerkeess. Johannes Sedlmeir is a postdoctoral researcher at the Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT), focusing on blockchain technology and digital identity systems. Andrey Martovoy is a senior adviser on innovation, digitalisation, and fintech at the Luxembourg Bankers' Association (ABBL).
Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerger Journal's Studio J. -
Wéi beaflosse global politesch a wirtschaftlech Evenementer déi aktuell Finanzmäert? An dësem Episod kuckt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen op déi rezent Entwécklunge bei den US-Walen an hire potenziellen Impakt op d'Boursen, analyséiert d'Goldpräisser an d'Zënspolitik, geheit e Bléck op China an thematiséiert den Opstig vum indeschen Aktiemaart.
Den Nick Huberty an de Julien Kohn sinn Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsabele vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess.
Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. -
Le monde est en constante évolution et il en va de même pour les domaines de la finance et de l'économie. Mais comment font ceux·celles qui forment les demandeur·ses d'emploi de demain pour non seulement rendre le Luxembourg attirant, mais aussi pour rester dans l'air du temps et proposer une formation, qui prépare ses diplômé·es aux prochaines 20 années du marché ?
Bryan Ferrari parle de tous les challenge auxquels font – et vont faire – face les écoles ainsi que les recruteur·ses à l'âge de l'intelligence artificielle avec ses trois invité·e·s. Marin Njavro est le co-fondateur et directeur de la Luxembourg School of Business. Stéphanie Heck est professeure de finance à l'ESSCA, une école de commerce française qui a récemment ouvert un campus au Luxembourg. Sandra Schengen est Head of HR and People Management à la Spuerkeess.
Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal. -
Lëtzebuerg an Europa hunn d'Weiche fir d'Energietransitioun scho laang gestallt. Mee wat genee soll mam Wiessel eriwwer op erneierbar Ressourcen erreecht ginn, a wéi eng Schrëtt si mëttel- a laangfristeg geplangt, fir d'Erausfuerderungen ze meeschteren an dat éiergäizegt Zil och wierklech ze erreechen?
Iwwer den "Big Picture" a konkret Mesuren diskutéiert de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Anne Calteux vertrëtt déi Europäesch Kommissioun zu Lëtzebuerg, fir Europa méi no un d'Bierger·innen an d'Autoritéiten ze bréngen. De Fenn Faber ass Direkter vun der Klima-Agence, déi national Struktur fir gesellschaftlech Acteur·ricen an der Energietransitioun ze begleeden. De Steve Heinen ass Direkter bei EY am Beräich Digital Grid, woubäi et drëms geet, déi nei Energië mat neien Technologien ze verbannen.
Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. -
Et soll ee keng Angscht virum Investéieren hunn, mee och net blann drop lass handelen. D'Bank ass e wichtege Beroder, wann een säi Geld op eng iwwerluechte Manéier an effikass wëll schaffe loossen.
Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen, déi Expert an der Matière sinn. Den Nick Huberty ass Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsbel vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess. An den Thierry Abdiu ass Conseiller am Private Banking fir d'Spuerkeess um Kierchbierg.
Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren. -
Och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Success Stories bei de Startups. Starten ass déi eng Saach, sech weiderentwéckelen eng aner. Wou fënnt een de Finanzement, fir kënnen ze wuessen? Ass de Lëtzebuerger Ekosystem op der Héicht, fir potenzielle Grënner e fruchtbare Buedem fir hir Entreprise ze proposéieren? Firwat zitt et vill Entrepreneuren an d'USA, a wéi eng Hürde gëtt et op europäeschem Plang?
De Bryan Ferrari fillt sengen dräi Invitéen aus der Startup-Zeen op den Zant. De Christophe Folschette ass ee vun de Grënner vun Talkwalker an de Jacques Lorang ass Grënner an Direkter vu Luxcaddy. Béid si Conseilsmember bei startups.lu. De Philippe Linster ass Direkter vum House of Startups.
Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. -
D'Boursen als Handelsplaze gëtt et schonn zanter Joerhonnerten. D'Pabeiere ginn hautdesdaags awer net nëmmen anescht echangéiert, mee och d'Roll vun der klassescher Bourse huet evoluéiert. Wéi kann sech d'Lëtzebuerger Bourse am internationale Verglach nach demarkéieren, wéi eng Tendenze wäerten an Zukunft dominéieren a wéi wichteg sinn Daten dobäi?
De Bryan Ferrari schwätzt mat sengen dräi Invitéen am Detail driwwer. De Carlo Oly ass fir de Relationship Management beim Luxembourg Stock Exchange responsabel. De Raphael Duarte ass Portfolio Manager an Analyst bei CapitalAtWork vum Groupe Foyer. De Julien Kohn ass bei der Spuerkeess mat zoustänneg fir de Bond-Portefeuille vun der Bank.
Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren. -
Vous êtes-vous déjà demandé comment les banques et les institutions financières protègent vos informations, et pourquoi la réglementation en vigueur est stricte ? En effet, les exigences d'identification sont constamment adaptées pour faire face aux dangers en mutation de plus en plus rapide.
Bryan Ferrari discute des développements en matière de collecte de données personnelles et de son usage avec trois invité·e·s. Ananda Kautz est membre de la direction de l'ABBL et est en charge des domaines paiement, digitalisation et durabilité. Pierre Grasset est membre de la direction de Luxtrust et a en charge le volet qui touche aux client·e·s. Joseph Delhaye est Head Legal chez Spuerkeess et a été responsable de l'onboarding de la clientèle pendant 30 ans.
Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal. -
Une société fonctionnant sans recours à des moyens de paiement physiques est tout à fait envisageable, et même réalisable aujourd'hui. Mais qu'en est-il de l'inclusion financière, de la protection des données, de la cybersécurité et de la dépendance technologique y liées ? Peut-on atténuer de manière efficace les risques potentiels pour les consommateur·rice·s et l'économie dans son ensemble ?
Bryan Ferrari en discute en profondeur avec trois invité·e·s. Natasha Deloge est Head of Innovation de la CSSF, entre autres en charge de l'Innovation Hub. Olivier Rozet est Chief Experience Officer d'Edonys, qui est la nouvelle marque de Vireo, une start-up 100% Made in Luxembourg. Serge Wagener est Vice-President et Head of Business Unit Payments à la Spuerkeess.
Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal. -
De European Long-Term Investment Fund gouf vun der Europäescher Unioun an d'Liewe geruff, fir laangfristeg Investitiounen an Europa ze fërderen. Wéi eng Diere ginn domat fir privat Investisseuren opgemaach? A wéi profitéiert d'Wirtschaft op där anerer Säit vun dëser neier Méiglechkeet, fir Kapital ze bannen?
De Bryan Ferrari diskutéiert mat sengen dräi Invitéen am Detail zu dëse Froen. De Marc Meyers ass Associé an der Étude Loyens & Loeff, ass Responsabel fir d'Fongendepartement a gouf vun der Luxembourg Private Equity and Venture Capital Association (LPEA) invitéiert. Den David Zackenfels ass zanter 10 Joer Jurist beim Lëtzebuerger Fongverband ALFI a betreit am alternative Beräich och de Volet ELTIF. De Claudio Pompei schafft bei der Spuerkeess am Departement vun der Clientèle institutionnelle mat Fokus op alternativ Fongen.
Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren. -
Et war e mouvementéiert Joer, dat och d'Banken- a Finanzwelt net kal gelooss huet. Am leschten Episod 2023 steet bei Evergreens generell déi Lëtzebuerger Ekonomie am Fokus, déi nieft Maartturbulenzen och den Afloss vu Krich, héijen Zënsen an Inflatioun ze spiere krut. Wéi schwiereg ass et, dëst alles an engem europäesche Kontext ze navigéieren, a wéi problematesch ass d'Situatioun am Logement fir déi zukünfteg Entwécklung?
De Bryan Ferrari mécht mat sengen zwee Invitéen e Réck- an Ausbléck. De Serge Allegrezza ass Direkter vum Statec, dem Institut fir Statistik a Wirtschaftsstudien. De Jean-Paul Olinger ass Direkter vun der UEL, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Patronatsorganisatiounen.
Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. -
Am November koum d'Nouvelle, dass Lëtzebuerg seng Kreditbonitéit – de sougenannten Triple A – behält. Firwat ass dëse Label esou wichteg? Wien decidéiert doriwwer, a wéi en Afloss huet den "AAA" net nëmmen op de Finanzsecteur, mee och allgemeng op d'Wirtschaft am Grand-Duché?
Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat zwee Invitéen. D'Françoise Thoma, Generaldirectrice vun der Spuerkeess, erlieft dëse Prozess vum Rating zwee mol d'Joer hautno mat. De Bob Kieffer, Direkter vum Trésor, erkläert d'Wichtegkeet vum Kreditrating aus der Siicht vum Staat.
Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. -
Verification and traceability are at the core of the blockchain technology. Is it still on its way to revolutionising the digital realm? What real-world problems is it poised to solve in the near future, for example in the financial sector?
Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Ivie Satijn is the Marketing Manager at Tokeny, provider of tokenisation solutions. Gilbert Fridgen is Professor and PayPal-FNR PEARL Chair in Digital Financial Services at the University of Luxembourg. Christophe Medinger is Deputy Head of Business Unit "Digitalisation" at Spuerkeess.
Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerger Journal's Studio J. -
Manque de diversification ou ancienne sagesse ? Les Luxembourgeois·e·s ont tendance à graviter vers l'immobilier quand il s'agit d'édifier leur patrimoine financier, ou bien de laisser l'argent à l’abri dans le confort de leur compte bancaire. Y a-t-il des évolutions contemporaines, notamment chez les jeunes, ou d'autres types investissements qui pourraient changer fondamentalement cette manière d'agir ? Quels efforts restent à faire an matière d'éducation financière ? Bryan Ferrari en discute avec trois invité·e·s qui viennent de domaines très différents.
Claudia Halmes-Coumont est directrice de Lalux Assurances-Vie. Julien Pénasse est professeur à l'Université du Luxembourg au département des Finances. Claude Hirtzig est responsable du département Retail & Professional Banking auprès de la Spuerkeess.
Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal. -
Quel est le rôle des quatre plus grands groupes d'audit et de conseil dans l'économie du Luxembourg ? Quels sont les futurs développements prévus dans leurs activités ? Quatre représentant·e·s dévoilent l'empreinte indélébile de leurs sociétés sur le Grand-Duché en discussion avec Bryan Ferrari et dressent un tableau des défis et opportunités qui dessinent leur avenir.
Julie Batsch est associée chez PwC, responsable de l'industrie bancaire et auditrice. Stanislas Chambourdon est associé chez KPMG et en charge des activités banques et assurances. Pascal Martino est associé chez Deloitte, en charge de l'industrie bancaire. Dorian Rigaud est associé chez EY et responsable du secteur bancaire.
Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal. -
Les Exchange Traded Funds sont des fonds indiciels qui cherchent à suivre fidèlement l'évolution des indices boursiers. Quelles sont les différentes catégories d'ETFs et quelle est la différence par rapport aux instruments financiers traditionnels ? Quels sont les risques associés à leur utilisation et les bonnes pratiques à adopter avant d'investir ?
C'est ce dont discute Bryan Ferrari avec trois expert·e·s en la matière. Solène Garnavault de Fidelity International s'occupe du développement commercial des solutions ETF à Luxembourg. Antoine Perrier gère la distribution des ETFs sur le Luxembourg et la Belgique chez DWS, et Guillaume Dambrine de Franklin Templeton s'occupe de la distribution de leur gamme d'ETFs en France et au Luxembourg.
Evergreens by Spuerkeess est une co-productioun avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.
Avertissement : Les invité·e·s parlent en leur nom propre et ce podcast ne constitue pas un conseil financier. Tout auditeur·rice est invité·e à se familiariser avec le sujet et à se renseigner. - Mostrar mais