Episódios
-
De fréiere President vun der Policegewerkschaft SNPGL geet elo mam OGBL - also net mat der CGFP - an d'Wale fir Staatsbeamtekammer. Wéi koum et zu där Decisioun a wat sinn d'Ambitioune vum pensionéierte Polizist? Moderatioun: Christiane Kleer
-
De Professer fir Politikwëssenschaft vun der Universitéit Tréier analyséiert d'Resultat vun der Bundestagswal.
-
Estão a faltar episódios?
-
Den DP-Europadeputéierte kommentéiert eng Woch am Laf vun där d'Welt eng aner ginn ass.
-
Froen un déi nei Directrice vum Nationalmusée, déi den 1. Januar d'Successioun vum Michel Polfer un der Spëtzt vum MNAHA iwwerholl huet.
-
D'Tageblatt-Journalistin huet d'Nofolleg vum Petz Lahure un der Spëtzt vu Sportpress.lu, dem Verband vun de Lëtzebuerger Sportjournalisten, iwwerholl.
-
Den Direkter vun der Gewerbeinspektioun (ITM) reagéiert op Kriticke vun Deeler vum Patronat un der Aarbecht vu senger Verwaltung.
-
Den Earth Overshoot Day, den Aarbechtsprogramm vun der EU-Kommissioun an déi nei global Sécherheetsarchitektur sinn Theemen am Gespréich mat der grénger Europadeputéierter.
-
Déi zwou Enseignantsgewerkschaften SNE/CGFP an SEW/OGBL schloen zanter Méint Alarm, well d'Léierpersonal iwwerlaascht ass. Mir froe si, wat sech muss änneren.
-
Droen dem ADR-Députéierten Tom Weidig wéinst senger queerfeindlecher Äusserung Konsequenzen an der Chamber? Mir froen de Parlamentspresident.
-
Muss een d'Salariéë besser virum Klimawandel schützen? Doriwwer schwätze mir mam Direkter vun der Chambre des Salariés.
-
Wéi eng Gesondheetspolitik erwaarden d'Doktere sech vun der Regierung? Mir froen deen neie President vun der Dokteschassociatioun AMMD.
-
Mir froen d'Fraktiounscheffin vun déi gréng, firwat hir Partei sech fir méi bëllege Stroum asetzt.
-
D'Co-Fondatrice a Presidentin vun der ASBL Jewish Call for Peace schwätzt iwwer Schwieregkeeten, déi ee begéint, wann een déi israeelesch Palästina-Politik kritiséiert.
-
D'Aarbechte vun der Caritas-Spezialkommissioun an d'Ofdreiwungsgesetz sinn Theemen am Gespréich mat der Fraktiounspresidentin vun der LSAP.
-
D'CSV-Buergermeeschtesch vu Conter äussert sech zu de Reprochë vu Mobbing an toxeschem Aarbechtsklima mat deene si an de leschte Méint konfrontéiert war.
-
Wat géifen US-Stroftaxen op europäeschem Stol fir Arcelor Mittal Lëtzebuerg bedeiten? Ë. a. dat freet de Maurice Molitor den Henri Reding, Chef vun de Lëtzebuerger Aktivitéite beim Stolkonzern.
-
De Maurice Molitor schwätzt mam Buergermeeschter vun Ettelbréck (LSAP) iwwer Sécherheets- a Verkéiersproblemer a senger Gemeng.
-
De Brexit ass fënnef Joer al. Huet déi Lëtzebuerger Finanzplaz dovu profitéiert? Dat freet d'Christiane Kleer de Generaldirekter vun der Promotiounsagence Luxembourg for Finance.
-
Mat wéi enge Fuerderungen ass d'CGFP an d'Verhandlunge fir den neien Accord salarial gaangen, a firwat krut si sech net méi duerchgesat? Dat freet d'Christiane Kleer de Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft.
-
Wéi kann eng nohalteg Liewensmëttelproduktioun ausgesinn, déi all d'Acteuren un een Dësch bréngt? Déi Fro stellt d'Institut fir biologesch Landwirtschaft IBLA a lancéiert een entspriechende Projet. Froen un hir Direktesch.
- Mostrar mais