Episódios
-
Bei der Recherche „Dubai Unlocked” ass Reporter.lu op Spuere vum Frank Schneider a vu senger Roll an der „OneCoin”-Affär gestouss. Wat ass soss nach bei der Recherche erauskomm? A wat fir Suite kéint si hunn? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
-
D‘Interesse vun der Lëtzebuerger Finanzplaz sinn eng Prioritéit fir d’Regierung. Mat wéi engen Argumenter gi si verdeedegt? A wéi passt dat an d’Bild vun enger soss pro-europäescher Aussepolitik? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
-
Estão a faltar episódios?
-
Déi ëffentlech Bauträger bréngen nëmme wéineg Wunnengen un de Client. Firwat sinn hir Präisser oft bal sou héich wéi um private Marché? A wéi kéint d’Politik wierklech abordabele Wunnraum schafen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
-
A knapp sechs Woche sinn Europawalen. Wéi ee Walkampf kënnt op Lëtzebuerg duer? Wat sinn déi grouss politesch Challengën? A wéi stinn d’Chancë vun de Lëtzebuerger Politiker op Top-Posten an der EU?
-
Vun der Premierpartei zum Juniorpartner: Wéi geet d’DP mat deem Rollewiessel ëm? Wat fir Persoune bestëmme mëttlerweil d’Politik vun der Partei? A wéi kéint d’Zukunft vun de Liberalen ausgesinn? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
-
D'ADR huet sech iwwer d'Joren ëmmer méi radikaliséiert. Wéi ass hir Ideologie haut anzeschätzen? Wéi eng Roll spille Rietsextremisten am Europa-Walkampf? A wéi solle Medie mat hirem Populismus ëmgoen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
-
Dräi Joer huet de Stater Schäfferot gebraucht fir ee Mobilitéitsplang virzeleeën. Wéi kann d’Stad dem Verkéiersinfarkt entgoen? Wat fir eng Roll soll den Tram dobäi spillen a firwat gëtt et Sträit iwwert den Tracé?
-
Méi wéi zwee Joer Krich an der Ukrain a keen Enn en Vue. Wéi gesäit déi Lëtzebuerger Ënnerstëtzung aus? Wéi huet sech déi national Defense-Politik verännert? A wéi kéint de Krich sech weider entwéckelen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
-
D'Parteie positionéiere sech fir d'Europawalen. Wéi een Afloss huet de Regierungswiessel op intern parteipolitesch Dynamiken? Wéi hunn d'Parteien sech personell an inhaltlech nei opgestallt? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
-
De Fall vum Science Center hat Interessekonflikter a Problemer am Ëmgang mat ëffentleche Gelder gewisen. Wéi wäit ass d’Affär mëttlerweil opgeschafft? A firwat ass si keen Eenzelfall? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.
-
Wat ass vum éischte Budget vun der neier Regierung ze halen? Wéi eng politesch Akzenter setzt Schwaarz-Blo domat? A wat geschitt, wann d’Rechnung um Enn net opgeet?
-
D’Deputéiert hunn nieft hirem Chamber-Mandat vill aner Fonctiounen. Wat verdéngen si dobäi? Wéi eng méiglech Interessekonflikter hunn si doduerch? A firwat soll d’Ëffentlechkeet dat alles wëssen?
-
Déi nei Regierung ass mëttlerweil net méi esou nei. Wéi ass de Start vu Schwaarz-Blo anzeschätzen? Kënne si hir Pläng a Verspriechen ëmsetzen? A wéi eng Roll spillt dobäi déi finanziell Entwécklung?
-
Déi Gréng schaffen aktuell hiert Waldebakel op. Dozou hunn si och hir Membere befrot. Wéi erklären si sech d’Kris? Wat wëll a muss d’Partei änneren? A wéi kann Oppositiounsaarbecht eng Chance sinn?
-
D’Regierung huet nei héich Beamten nominéiert a anerer kal gestallt. Wien sinn déi Leit? Firwat ass de System vun den héije Beamte problematesch? A wiere politesche Cabineten net déi besser Léisung?
-
Den Debat ëm d’Heescheverbuet dréit mëttlerweil ëm rechtsstaatlech Froen. Wéi kennt d’Regierung aus der kriddeleger Lag nees eraus? A wou steet si beim Kampf géint d’Aarmut, den si sech virgeholl hat?
-
Wéi wäert sech d’Situatioun um Wunnengsmaart entwéckelen? Wéi wëll déi nei Regierung mam Minister Claude Meisch de Probleem ugoen? A wat sinn aner Stellschrauwen, un deene gedréit misst ginn?
-
Wéi schwéier ass et fir kleng Parteien sech zu Lëtzebuerg z’etabléieren? Wéi eng Roll spillen dobäi d’Finanzen an de Walsystem? A wéi ofhängeg sinn Neigrënnunge vu bekannte Perséinlechkeeten?
-
D’Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg suergt fir vill Diskussiounen. Wat fir Follgen huet et fir déi Betraffen an d’Police? A wat seet dës Mesure iwwer d'Ausriichtung vun der neier CSV-DP-Koalitioun aus?
-
Wéi presentéiert sech de Luc Frieden als Premier? Wéi äussert sech déi ugekënnegt nei Politik vun der CSV-DP-Regierung? A wéi vill Kontinuitéit zu Blo-Rout-Gréng ass ze erwaarden?
- Mostrar mais